[Geschate Lieszäit: 9 Minutten]
Haut ass de grousse Kongress vun der gréisster Partei am Land. Et soll een eng ganz nei Spëtzt kréien, déi een aus dem aktuellen “Déif” nees soll erausféieren. Vrun e puer Deeg war de Nach-CSV Parteipresident, Marc Spautz, den Invité vun der Redaktioun op RTL Radio. Do sot hien ënnert anerem, dass sech d’Oppositiounspartei misst d’Fro stelle, wat tëschent dem Hierscht 2017, wéi d’Partei hir gutt Resultater bei der Gemengewahle gefeiert huet, an dem Hierscht 2018 geschitt ass. Et ass dat déi generell Analys, déi nom Wahlresultat am Oktober ganz séier verbreet ginn ass. (Wat geschitt, wann ee séier generell Analyse mécht, kann een ënnert anerem a mengem läschte Blogpost noliesen.)
Dat ass op den éischte Bléck eppes, wat Sënn ergëtt. D’CSV konnt schliisslech am Joer 2017 an der Stad nees Koalitiounspartner ginn (an hat esouguer bal vum schläichenden Zerfall vun den DP Eenzelstëmme profitéiert, fir sech de Buergermeeschter Stull ze kroopen), an huet sech mam Gewënn vun der Muecht zu Esch e richtegt Denkmol gesat gehat. D’Partei war, wéi schonns déi Wahle virdru, ganz kloër d’Nummer 1 am Land. Et war een, esou d’Meenung wuel an der Partei (an am ganze Land), um richtege Wee, fir grad emol 12 Méint méi spéit säi Spëtzekandidat, Claude Wiseler, zum Premier vum Land ze maachen.
Wann een dovunner ausgeet, dass dat esou stëmmt – dass d’Partei also bannent grad emol 12 Méint op eemol esou vill u Support verluer huet, dass ee net nëmme net zréck an d’Regierung komm ass, mä esouguer nach Sëtz verluer – da muss ee noutgedronge kucke, wou dann elo d’Partei dee Support verluer huet. Dat ass natierlech extrem schwéier ze maache, well et do 3 gréisser Problemer bei engem Verglach am Wee stinn. Éischtens trëtt net all Partei an all Gemeng bei Gemengewahlen u, wat et zemools enger gréisser Partei, wéi der CSV, erlabt e bessert Resultat bei Lokalwahlen z’ereechen. Zweetens, kenne bei Gemengewahle bekanntlech och d’EU Matbierger*inne mat ofstëmmen an domat ass déi potentiell Wielerschaft einfach scho mol e gutt Stéck méi grouss, wéi bei Landeswahlen. An drëttens wiele net all Gemenge bei hire Wahlen och Parteien. Trotzdem hunn ech, fir dës kleng Analys emol dës Problemer mental “vergiess” a 44 Gemengen an de 4 Wahlbezierker erausgeholl, wou et no der 2017 Wahl eng proportionell Representatioun am Gemengerot gouf.
Mir ginn elo hin a berechnen den Duerchschnëtts-Plus/Minus fir d’Partei an deene Gemenge (pro Wahlbezierk) par rapport zu de Lokalwahlen 2017.
Da fält op, dass ee sech am Zentrum mat -0.05% ongeféier um Niveau vun vrun 12 Méint gehalen. Mä am allgemengen huet d’Partei an all Bezierk an de gréisste Gemenge vum Land Stëmmen hänke gelooss. Dee Grafik seet awer och nach 2 weider, ganz interessant Saachen aus. Als éischt kucke mer ganz kuerz op de kléngste Wahlbezierk, den Osten. Wärend d’Partei an dësem kléngste Bezierk vum Land par rapport zu Landeswahlen 2013 een heftege Minus vu 7.5% kritt huet, ass de Support fir d’Partei an de grousse Gemenge vum Oste an der Period tëschent Hiersch 2017 an Hierscht 2018 am Schnëtt ëm 3.68% gefall. (Méi dozou geschwënn.)
Deen anere Bezierk ass natierlech deen, deen hei am meeschten opfält – de Norden. Hei huet d’CSV (par rapport zu de Landeswahlen 2013) “just” 1,46% verluer an déi nei CSV Fraktiounscheffin, Martine Hansen, gouf fir dat Resultat vun hirer Partei (an der Press) grouss geluewt. Elo mécht eis hei de Problem #3 (keng proportional Representatioun an alle Gemengeréit vum Land) e klenge Stréch duerch dës Analys. Et kéint dëst eng Erkläerung fir deen extreme Verloscht, fir d’CSV an dësem Bezierk tëschent dem Hierscht 2017 an deem vun 2018 duerstellen.
Dofir gi mer hin a kucken eis dat nämlecht fir déi Wahlperiod virdrun un. Esou kritt een zumindest e (ganz) klengen historesche Verglach. Jo, déi läschte Kéier waren 2 Joer tëschent de Gemengen- an de Landeswahlen, an awer bidden si hei en interessant Bléck. Deemols huet d’Partei nämlech an de grousse Gemengen an alle Bezierker dobäi gewonnen – och am Norden. Hei huet een deemols (an de selwechte Gemenge wéi déi, déi ech fir 2017/18 gekuckt hunn) e minimale Plus vu 0.04% vum Hierscht 2011 op den Hierscht 2013 konnten ereechen. Et stellt d’2018 Resultat am Norden, wou ee beispillsweis zu Ettelbréck vu 39.97% (Gemengewahl 2017) op 30.1% (Landeswahlen 2018) gefall ass, e bësschen an een anert Liicht.
Elo schéngen d’Daten also der allgemenger Theorie Recht ze ginn, dass déi gréissten Oppositiounspartei d’Wahlen an den 12 Méint vrum Oktober 2018 verluer huet. Et huet ee schliisslech 2017/18 an de grousse Gemenge queesch duerch d’Land verluer, wärend een 2011/13 iwwerall dobäi gewonnen hat.
Mä dat ignoréiert awer eng ganz grouss Saach, nee? Et muss ee sech jo net just d’Fro stellen, ob d’Nidderlag vun der CSV am Oktober wierklech op dësem Verloscht u Support tëschent dem Hierscht 2017 an 2018 zréck geet. Nee, et muss ee grad esou kucken, ob d’Resultat bei de Gemengewahlen 2017 dann elo och esou gutt fir d’CSV war, wéi d’Partei (an all d’Observatoren) et zu deem Zäitpunkt gesinn huet, oder ob ee sech net awer vun de prestigräiche Victoiren an der Stad an/oder zu Esch villäicht blende gelooss huet. An anere Wierder, ass de Retour op d’Oppositiounsbänk just op de Verloscht tëschent 2017 an 2018 zréck ze féieren oder ass schonns eppes an de 4 éischte Jore vun der Legislaturperiod schief gelaaf?
Ech sinn higaangen an hunn eng national Moyenne fir d’CSV Wahlresultat an deene 44 Gemenge an de Wahljoren 2011, 2013, 2017, an 2018 geholl. D’Resultat fir d’Partei ass erschreckend.
D’Moyenne an dëse Gemenge fir d’CSV loung bei de Neiwahlen 2013 bei 34,13%. An de nämmlechte Gemenge koum ee 4 Joer méi spéit, am esou “gëllenen” Hierscht 2017, op “just” méi 32,92%. Secherlech war et e gréissere Plus par rapport zu de Gemengewahlen 2011 – mat deem d’Resultater um Wahlowend 2017 jo och (zu Recht) verglach goufen – mä gehéiert dat net eigentlech bei enger Oppositiounspartei zum normale Programm vun enger Legislaturperiod? Och wann an der Gemeng ganz aner Leit schaffe, wéi um nationale Plang, esou notze Wieler*innen an Demokratien dach gären (bal) all Wahl wärend enger Legislatur, fir den aktuelle nationale Regierungsparteien eng mat ze ginn. Dee grousse Plus vun 2011 op 2017 ass also guer net esou aussergewéinlech. Wat méi interessant ass, ass éischter dass een, trotz senger Roll an der Oppositioun, an deene grousse Gemengen vum Land net besser ofgeschnidden huet, wéi bei de Landeswahlen 2013 – wéi ee no 34 Joer un der Muecht eng weider 5 Joer d’Soen um Krautmaart wollt hunn.
An anere Wierder: d’Statistik weisst dat, wat déi populär Analys no de Chamberwahlen ignoréiert huet. Esouguer wann d’CSV am Oktober “esou gutt” an deene grousse Gemenge vum Land ofgeschnidden hätt, wéi si dat e Joer virdru nach fäerdeg bruecht hat, da wier ee nach ëmmer méi schlecht gewierscht wéi 2013! Et hätt een dann op all déi kleng Gemengen (am Osten an am Norde) missten hoffen, fir seng Sëtz ze behalen. Natierlech hätt esou e Resultat, wéi dat vun 2017, bei de Landeswahle kéinten e politesche Wiessel um Krautmaart mat sech bréngen. Dëst wier dann awer just geschitt, well d’adr a wuel (zemools) d’Piraten den 3 Regierungsparteien déi 2 Sëtz vun hirer Majoritéit ofgeholl hätten, a net well den Oppositiounschef, d’CSV, esou staark bei de Wahlen ofgeschnidden hätt.
Dat ass de Constat, deen ee muss maachen. E weisst wéi grouss d’Problemer fir d’Partei sinn. D’Resultat vun 2018 an deene 44 Gemenge (grad emol 28.67%), wat esouguer iwwer 1.34 Prozent ënnert dem Resultat vun de Gemengewalen 2011 läit, weisst wéi wäit ee gefall ass. Déi nei Parteispëtzt, ob Engel oder Wilmes als Chef, muss eng Steigung, wéi déi vum Breedewee, an de Wahlresultater fäerdeg brénge, wann déi stolz “Vollékspartei” déi nächste Kéier net och nach eng drëtte Kéier dee battere Wee an d’Oppositioun soll untrieden.
(Gemengen, Osten: Echternach, Junglinster, Mertert, Betzdorf, Grevenmacher, Remich, Mondorf-les-Bains; Norden: Wincrange, Wiltz, Rambrouch, Ettelbruck, Diekirch; Zentrum: Mersch, Lorentzweiler, Steinsel, Walferdange, Niederanven, Betrange, Strassen, Luxembourg, Sandweiler, Schutterange, Contern, Hesperange; Süden: Hobscheid, Steinford, Kehlen, Kopstal, Mamer, Kaerjeng, Dippach, Petange, Differdange, Sanem, Roeser, Frisange, Bettembourg, Dudelange, Kayl, Schifflange, Monderange, Sanem, Esch-sur-Alzette, Rumelange)
[…] vläit an der Oppositioun ze landen & dass d’CSV schonns bei deene Gemengewahlen 2017 um Wee no hënne […]
[…] d’Performance vun dëser “Vollekspartei” ze kucken. Et ass souzesoen e Suivi vun dësem Post. Deemols hat ech mer d’Resultater an de 44. gréisste Gemenge vum Land ugekuckt – méi […]