Category: EU

Analys: Wéi déif ass d’CSV dann elo wierklech gefall? (2)
Et war eng richteg Nidderlag, eng déi wéi deet. D’CSV ass bei der Europawahl fir déi 1. Kéier a senger Geschicht net déi stäerkste Partei am Land gewiescht. Et ass d’Fortsetzung vun engem Trend, dee sech scho bei der Landeswahl ugekënnegt hat. Mä et ass nach vill méi. Wann een op d’Zuele vun de leschten 8 Joer kuckt, da deet sech e ganz kloert Muster op, wat den eigentleche Problem vun der “Vollekspartei” kloer duerstellt an och um Denkmol vun engem grousse Politiker kratzt.

Daten: Firwat d’CSV bei der EU Wahl wuel (all) hir Sëtz behält
CSV huet de richtege Moment erausgesicht, fir mat neie Gesiichter an d’Europawahlen ze goen. Een historesche Bléck op déi Wahlen zu Lëtzebuerg weise wéi den Oppositiounschef an der Chamber bei dëse gutt ofschneit. Eng aner Partei muss éischter fäerten hir Präsenz zu Stroossbuerg ze verléieren.

Eng zentristesch Politik braucht eng perséinlech Geschicht fir ze gewannen
De Macron sollt mat sengem “En Marche” eng zentristesch Schabloun, fir aner Parteie sinn, déi eng Ouverture an der politescher Mëtt an hire Länner gesinn. Mä no 2 Joer ass de Succès vun zentristesche Parteien éischter moer. De Grond läit wuel och dorunner, dass een net gesinn huet, op wéi engem Punkt de Macron an den Trump sech ähnlech sinn.

Etüde soe déi generell Brexit Analyse si falsch
An elo? Knapp 3 Joer nom Referendum ass een haut nach genee esou schlau wéi um Moie vum 24. Juni 2016. De proposéierten Divorce Accord mat der EU ass doud an d’May, wéi all Dag zënter de Wahlen 2017, ass nees ugezielt. Fir d’pro-EU Leit ass domat kloër, dass si vun Ufank u Recht haten & “déi domm” Brexit Wieler*innen et net wollte verstoen. Dobäi weisen Etüden, dass Brexit Leit besser wësse, firwat hir Matbierger “Remain” gewielt hunn, wéi ëmgedréint. E Bléck op gëscht fir dat vu muer kennen e bësschen viraus ze gesinn.

E Réckblëck op 2018 [Video]
Um Ënn vum Joer (oder schon um Ufank vum Joer?) ginn et 3 Dokumentatiounen an 2 Virträg. Vum ganz spezielle Wahlkampf zu Lëtzebuerg iwwer een historesche Wanter an Australien hin zu engem neie Bléck op Europa am Joer 1914. Dee liicht anere Joresréckblëck

YIMBY: de schnell wuessende Mouvement deen déi global Kris am Logement wëll léisen
Am Debat ëm erschwénglecht Wunnen ginn 2 Saachen ëmmer ignoréiert: den ekonomeschen Eegeninteressi an een institutionelle Rassismus. YIMBYs wëllen dat änneren. E Bléck op de schnell wuessende Mouvement vu Millennials ronderëm d’Welt.