[Geschate Lieszäit: 8 Minutten]
Déi eigentlech Gebuertsdeeg waren e bëssche laanscht mech gaangen an awer wëll ech e klenge Réckblëck hei maachen. De läschte Juni – de 14ten, fir genee ze sinn – huet dëse Blog säin 10. Gebuertsdag gefeiert. Vrun e puer Wochen – de 7. Mäerz – huet de News Feed op Twitter säin 10. Gebuertsdag gefeiert. Dat ass nawell eng Zäitchen. A méi wéi engem Jorzéngt huet sech den Oppenen Bréif (dee, wéinst dem Vergiesse vun der Eiffeler Regelen, vun Ufank u falsch geschriwwen ass) e puer Mol verännert.
Ganz am Ufank war de Blog fir e puer Deeg aus Trauer ganz schwaarz. Am August 2008 gouf et et, dank UStream, fir d’éischte Kéier e Live Video – wat deemols nach méi exzeptionnel war, wéi haut. De Mount drop maachen ech mer Suergen ëm de politesche Comeback vun der rietsextremer FPÖ an Éisträich & sinn erstaunt driwwer, dass d’CSU a Bayern hir Majoritéit verluer huet. Am Oktober 2008 gesäit meng Wahlprognos fir d’USA richteg gutt aus; dat waren awer och nach méi einfach Zäite, wéi 8 Joer méi spéit.
Am Mäerz 2009 gëtt de Blog och op Twitter aktiv – wann och deemols nach als “Wahlen09,” well ech een Twitter Feed wollt maache, wou een all d’Informatiounen zu de Chamberwahle kéint fannen. Um lëtzebuergesche Wahldag selwer gëtt fir déi éischte Kéier mat der (deemols) ganz neier, interaktiver App CoverItLive bis an déi fréi Mueresstonne gebloggt – a setzen esou och emol kuerzerhand den Hashtag fir d’Wahlen (Chamber an EU fir Lëtzebuerg) fest. No där Opreegung ginn ech mer de Wahlkampf an Däitschland vu méi no ukucken, ier et ëm d’Studenteprotester am UK an um Kontinent geet.
Am Abrëll 2010 sinn ech ganz opgereegt, fir e britesche Wahlkampf z’erliewen, wéi déi läscht “Prime Ministerial Debate” um Campus vu menger Uni stattfënnt, an ech déi grouss Politiker a Journalisten all dierf vu ganz no gesinn.
Am Januar 2011 sprangen ech dem Minister Schmit a senger “Affär” op d’Säit – wéinst de Limite vum Positivismus. E Mount méi spéit well ech net op den Zuch opsprangen, deen esou vill politesch liberal a lénks Leit deemols esou flott hunn. Wikileaks wier keng “force for good,” an hir Supporter missten agesinn, dass sech Assange & Co. selwer net un de Slogan “Fräiheet. Transparenz. Demokratie.” géifen halen.
Am spéiden US Wahlkampf 2012 froen ech mech, firwat kee Journalist oder Politiker iwwert de Supreme Court schwätzt. Do wieren (zu deem Moment) schliisslech 4 Senioren: Justice Ginsberg, Justice Breyer, Justice Scalia, an Justice Kennedy. De läscht genannten sollt 2018 zréck trieden & vum Brett Kavanaugh ersat ginn. Den Justice Scalia stierft Ufank 2016 a säin Doud forcéiert, wéinst dem Blockage vun de Republikaner am Senat, d’Thema op de Presidentschaftswahlkampf véier Joer nodeems ech d’Fro/Thema opgeworf hat.
2013 sinn ech am August besuergt iwwert den CSV Slogan “Mir mam Premier.” Am Oktober kritiséieren ech den Demokratie Defizit am Land – vun der Unzuel vun den Deputéierte/Bezierk hin zu de Fuerderungen zum Walrecht ab 16, Opmaachung vun der Bréifwahl, verlängert Öffnungszäite vu Wahllokaler. Um Wahldag selwer schwätzen ech an engem spezielle Commentaire vun der “wichtegster Entscheedung vun ärem Liewen” & halen Ënn Oktober da fest, wéi d’CSV sech “ausspille” gelooss huet.
2014 fuerderen ech op, dass een sech e Beispill un der Privatwirtschaft hëlt an iwwert d’Salaire vun de Politiker*inne misst geschwat ginn, a fäerten een 2. Referendum a Schottland falls et net zu gréissere Verfassungsännerungen zu London kennt.
Dat Joer drop steet zu engem groussen Deel am Zeeche vum Referendum zu Lëtzebuerg – mat enger Äntwert op d’Lieserbréiwer am Luxemburger Wort fir Wahlrecht ab 16; enger Kritik un der Fro beim “Auslännerwahlrecht;” an dem Résumé vun Etüden zur Mandatslimit. Ech vergläichen awer och de sozialisteschen US Sport, notamment d’NFL, mam totale Kapitalismus vum europäesche Sport, notamment dem Fussball, a weise firwat Irland an der Eurokris guer net als Musterbeispill fir Griicheland kann (a sollt) gëllen.
An da si mer schonns bei 2016. Jo, dat Joer wat een am léiwste wéilt vergiesse, wann een et net mat Rietspopulisten huet. Ech gi nach hoffnungsvoll an dat grousst Joer mam Start vu neie Serien – “12 Rieden” an “USfAkten” – an dem Faite, dass de Senator Rubio och e Lëtzebuerger net sollt géint sech opbréngen. Am Juni kucken ech bei der EU Referendumscampagne op een “Trauerspill” a fäerten eng méiglech knapp Victoire vun der Leave Campagne – un där och d’Leit um Kontinent, wéinst deem jorzéngtelaangem Kampf géint méi Demokratie an Europa, mat Schold wieren. En faite, kommen ech net dolaanscht, mech un dem JJ Mearsheimer säin Artikel Back to the Future: Instability in Europe after the Cold War, deen ech am November 2009 op der Uni gelies hat, z’erënneren. Deemols hat ech hei e puer Zitater vun deenen 53 Säite gepost, e.a. dësen:
Since 1992, when a French referendum over the introduction of a common currency nearly failed, it has been clear that the era of “permissive consensus” has come to an end: In other words, most Europeans are no longer willing to passively and silently accept European unification. Underscoring that point are the French and Dutch rejections of the 2005 constitutional treaty and the Irish”no” to the Lisbon Treaty in 2008.
The question of legitimacy is not restricted to intra-EU policies. […] It will not be long before populists on the far left and right draw political capital from this situation.
Am September weisen ech korrekt doroper hin, dass den Trump ferm ophëlt. Ma et ass och dee Post, dee meng schlussendlech komplett falsch Aschätzung an de läschte Woche vun där Campagne sollt festsetzen. Michigan setzen ech (wéi bal jiddereen) einfach als festen demokratesche Staat fest & Wisconsin hätt jo och “eng demokratesch DNA.” Domat gouf et fir mech just 1 Wee fir den Donald Trump, fir an d’Wäisst Haus ze kommen, an dat war iwwer Pennsylvania – mä och do wier d’Clinton jo 6% vir. 8 Deeg vrun de Wahlen, wéi den FBI Chef Comey säi Bréif un de Kongress schéckt, bleiwen ech dobäi dass och Pennsylvania eng “demokratesch DNA” hätt an e Virsprong vu bis zu 8% net kéinte verspillt ginn. Ech schreiwen an engem “Memo” um Sonndeg vrun de Wahlen, dass dem Trump säi Wee kleng bleiwt… an d’Clinton wäert gewannen. (Et ass deen Owend spéit, wou ech menge Geschwëster op WhatsApp schreiwen, dass ech Angscht hunn, dass minimum 1 vun de Staate am Midwest – Wisconsin, Pennsylvania, a Michigan – mer um Ënn e Stréch duerch d’Rechnung mécht. Ech ignoréieren déi Angscht ganz séier nees… well esou ee wéi den Trump ka ni an den USA gewannen.) Ënn November entschëllegen ech mech fir déi läscht Posts zu de Wahlen a verspriechen et an Zukunft besser ze maachen. Ech ginn duerch Tonnen Date kucke, fir irgendwéi iergendeng éischt Erkläerung ze fanne, firwat e Rietspopulist konnt gewannen.
Als Äntwert op dat Joer decidéieren ech och, fir op eng Rëtsch Themen hinzeweisen, déi (menger Meenung no) net esou déi néideg Opmierksamkeet kréien. Dat éischt ass ganz kloër: Fraerechter. Lëtzebuerg huet méi een héijen Taux vu Gewalt géint Frae, wéi den Duerchschnëtt an der EU, an zielt bal zur Minoritéit an der OECD déi keen Gender Budgeting ëmsetzen. De Wahlkampf ass am Grand-Duché op den Audio & audiovisuelle Medien ëmmer richteg “schéi” männlech, a Nimm wéi Marguerite Thomas-Clement oder Louise Welter, gi nëmme selten am Schoulunterrecht erwähnt.
Déi aner Saach ass eng méi grouss Ëmsetzung vun (klenger) Daten Analys. Esou muss ee festhalen, dass d’DP an der Stad um gudde Wee ass, fir 2023 vläit an der Oppositioun ze landen & dass d’CSV schonns bei deene Gemengewahlen 2017 um Wee no hënne war.
Wéi ech vrun 10+ Joeren als éischte Politblog zu Lëtzebuerg ugefaangen hunn, hätt ech net geduecht, dass ech och iwwert e Joerzéngt dono nach géif hei schreiwen. An och net, dass et an deenen 10 Joer ronn 300 Posts géif ginn! (Dësen ass den 320ten).
D’Blogosphär huet sech an deene Jore ganz ferm verännert. Vill Blogger, déi an der “Blogbuerg” aktiv waren, hu sech lues a lues verabschied. E puer anerer, notamment, wéi am Ausland och, Fashion Blogger, sinn dobäi komm. Commentaire waren emol een integralen Deel vu Blogs – och wann een an der “Blogbuerg” vun Ufank un éischter gäre matgelies, wéi kommentéiert huet –, ier déi sech da gréisstendeels ënnert de Links op Facebook (an aner Social Media Siten) verzunn hunn. Deemols ware Blogs och nach esou e “komeschen Deel” vum Internet. Haut ass dësen & verschidden aner Blogs Member an der Blogosphär vum Luxemburger Wort. Op Twitter huet sech a mengen Aan de (@Wahlen09 / @letz_politblog /) @oppenenbreif News Feed och zu Lëtzebuerg bei der Zilgrupp “etabléiert.” A propos Twitter News Feed, ech ka mech nach gutt erënnere, wéi et mech ëmmer “genervt” huet, dass ech (zemools wärend der Eurokris) néierens e kuerz a knappe Résumé zur Woch op der Bourse fonnt hunn. Jo, et hat mech esou genervt dass ech einfach kuerzerhand selwer ugefaangen hunn, déi Daten sichen ze goen, fir se Freides Owes als läscht Posts vrum Weekend ze twitteren. (Haut natierlech huet de gréisste Fernsehsender am Land esou e Réckblëck op “Finanzwoch”).
Bleift um Ënn nach d’Fro, ob et dat Ganzt nach eemol 10 Joer esou wäert ginn. Dat weess ech haut nach net. Éischtens weisst, mengen ech emol, de kuerze Réckblëck hei uewen driwwer (e.a. Livestreams) schonns dass sech den Internet einfach rapid verännert. Et ka kee soe, wou Technologie dann elo an 10 Joer wäert dru sinn, wat méiglech ass an, minimum genee esou wichteg, wou d’Leit higinn/matmaachen. Zweetens, kéint ech déi Fro och um perséinleche Plang net beäntweren. Aktuell hunn ech nach Freed drun, Informatiounen an Analysen, déi mech selwer interesséieren an dofir selwer opstellen, hei weider ze deelen. Aktuell hunn ech nach Freed drun, fir (esou gutt dat mat menger Zäit geet) Noriichten iwwert de Feed un d’Leit weider ze ginn. Den “Oppenen Bréif” ass wuel dat Längst, wat ech esou jee gemaach hunn. Mä ech wier net 100% éierlech hei, wann ech net géif festhalen, dass ech an engem anere Liewensofschnëtt si, wéi nach vrun 10+ Joer (kudos un déi Leit, déi de klengen “Liewen”-Text um Ënn vum “Iwwer Mech” ëmmer mat gelies hunn & vläit gemierkt hunn, dass dee sech mat all Update geännert huet) an ech och zënter méi laangem un eppes anescht schaffen. Wéi dat alles wäert viru goe, weess ech am Moment nach net & verschiddenes läit do och net voll a menger Hand. Mä, wéi ech hei am éischten zweeten Blogpost geschriwwen hat:
Ech wäert op den John F. Kennedy lauschteren, dee mol eng Kéier sot: “A man does what he must in spite of personal consequences, in spite of obstacles and dangers and pressures. And that is the basis of all human morality”.
D’Hoffnung op eng besser Welt (hei sief och nach eemol un de Weltwaasserdag ërennert, dee mir perséinlech och vill um Häerz läit) hunn ech nach net opginn, a sou geet et dann och hei nach mol eng Zäitche weider. 🙂