Iwwert de Blog

Logo

Den Oppenen Bréif ass den éischte politesche Blog op Lëtzebuergesch. E proposéiert Texter mat engem Fokus op déi innereuropäesch an US-amerikanesch Politik, d’Finanz- a Wirtschaftspolitik, der Aussen- a Sécherheetspolitik, an den Zivil- a Mënschenrechter.

D’Ambitioun vum Blog war zum Start am Joer 2008 fir och hoffnungsvoll an d’Zukunft ze kucken. Och wann d’Finanzkris, am September 2008, dëst Zil nach méi grouss gemaach hunn, esou hunn sech an de läschte Joren d’Texter a Commentairen um Blog op gutt a manner gutt Noriichten bezunn. Een Zil vum Blog bleift et e ganz klénge – lëtzebuergeschen – Bäitrag zum interkulturelle Versteesdemech an der transatlantescher Welt bäizedroen.

Am Mäerz 2009 goung den Oppenen Bréif op Twitter, wou en als e Newsfeed op Lëtzebuergesch probéiert Noriichten iwwert déi uewe genannte Standpunkten ze verbreeden.

Zënter Februar 2015 ass den Oppenen Bréif Member vun der Blogosphär vum Luxemburger Wort.