Month: April 2019

Daten: Firwat d’CSV bei der EU Wahl wuel (all) hir Sëtz behält

CSV huet de richtege Moment erausgesicht, fir mat neie Gesiichter an d’Europawahlen ze goen. Een historesche Bléck op déi Wahlen zu Lëtzebuerg weise wéi den Oppositiounschef an der Chamber bei dëse gutt ofschneit. Eng aner Partei muss éischter fäerten hir Präsenz zu Stroossbuerg ze verléieren.

Eng zentristesch Politik braucht eng perséinlech Geschicht fir ze gewannen

De Macron sollt mat sengem “En Marche” eng zentristesch Schabloun, fir aner Parteie sinn, déi eng Ouverture an der politescher Mëtt an hire Länner gesinn. Mä no 2 Joer ass de Succès vun zentristesche Parteien éischter moer. De Grond läit wuel och dorunner, dass een net gesinn huet, op wéi engem Punkt de Macron an den Trump sech ähnlech sinn.