[Geschate Lieszäit: 8 Minutten]

Et si mol nach keng 15 Méint hir, dass Virginia den Zentrum vun der amerikanescher Politik war. Et war déi éischte Kéier, dass de Geroch vun der Angscht am Commonwealth ze riche war. D’Demokraten hu gefaart, géint eng Trump-inspiréiert Campagne de wichtege Governor Stull (nees) ze verléieren. De Staat war zum “Ground Zero” ginn, sou d’Parteicheffin vun de Bloen am Virginia am Hierscht 2017. Een abrupt Ënn vun der “Resistance” stoung am Raum an all d’Wonnen an der Partei (tëscht Bernie a Clinton Supporter) vun 2016 hu gedrot, nees opzebriechen. Mä dunn huet de Ralph Northam, deemols Vize Governor, d’Wahlen mat der gréisster Majoritéit zënter 1985 gewonnen. Als säi Vize wielen d’Leit an enger separater Wahl de jonken Demokrat, Justin Fairfax & den Hattrick fir déi Blo mécht um Ënn de Mark Herring mat senger Victoire zum Justizminister/ Generalstaatsanwalt perfekt. Am staatleche Parlament gewannen d’Demokraten esou vill Sëtz dobäi, dass een um Ënn (iwweraschenderweis) bal déi 2/3el Majoritéit vun de Republikaner ka kippen. D’Welt war fir déi politesch lénks Partei méi wéi an der Rei. E Joer méi spéit, ass déi “blo Well” esou grouss wéi zënter Watergate  net méi, an dem Trump seng national Agenda war/ass bis d’Wahlen 2020 gestoppt. Elo, zum staatleche Midterm Joer, steet ee kuerz virdru Virginia zum 1. Südstaat zënter Joerzéngten ze maachen, wou d’Demokraten déi absolut Majoritéit hunn.

Du koum den 1. Februar.

Deen Dag huet déi konservativ Websäit Big League Politics eng Foto aus dem Governor Northam sengem Studente “Yearbook” publizéiert. Do sinn 2 Persounen ze gesinn: déi eng ass schwaarz ugemolt (“blackface”) an déi aner huet eng KKK Kleedung un. De Governor entschëllegt sech direkt fir dat Bild, fir de nächsten Dag op enger Pressekonferenz ze soen, dass hie wuel villäicht guer net op där Foto war. (Et kann ee weder déi eng nach déi aner Persoun/Gesiicht richteg erkennen.) Hie gëtt awer zou, an den 1980er emol Schongwix op säi Gesiicht geschmiert ze hunn, fir esou auszegesi, wéi de Michael Jackson. De Schued ass grouss, riseg grouss. Mat “blackface” spaasst ee net & dem Northam säi “Witz” – hien hätt déi Schongwix deemols bal net méi aus dem Gesiicht kritt – hat fir vill Parteileit definitiv d’Faass zum Iwwerlaafe bruecht. National Demokrate – vum Ex-Vize President Joe Biden hin zur Senatorin Kamala Harris, déi déi éischt schwaarz Fra am Oval Office wëll ginn – ruffen de Governor ëffentlech op, fir zréck zetrieden. Et drot e séiert Ënn fir eng Carrière op der Iwwerhuelspuer fir dee Mann, deen d’läscht Joer nach Medicaid (federal-staatlech Gesondheetskees fir arm Leit) ausgebaut huet. Bei engem Récktrëtt vum Northam wier et deemno um jonken Justin Fairfax, deen erréischt zweete schwaarzen Amerikaner deen an dësem Südstaat eng staatlech Wahl konnt gewannen, fir d’Kontroll am Staat z’iwwerhuelen. 

Et ass dat de Moment wou Big League Politics eng zweete Kéier zouschléit. Si berichte vun engem private Facebook Post vun enger Fra, déi behapt op der demokratescher Convention 2004 zu Boston sexuell mëssbraucht gewierscht ze sinn. Den Täter – deen hir Oralsex opgezwongen hätt – wie den Justin Fairfax gewierscht. Den Demokrat dementéiert dëse Virworf direkt, ma d’Vanessa Tyson geet doropshin an d’Ëffentlechkeet, fir ënnert hirem eegene Numm de Politiker z’accuséieren. Si sollt net déi eenzeg Fra bleiwen, déi sech zu dem 39-järege Politiker äusséiert. Mam Meredith Watson gëtt et eng zweet Fra, déi de Lieutenant Governor virwërft, si vergewaltegt ze hunn. Hire Reproche geet op d’Joer 2000 zréck, wou déi zwee op der Duke University am North Carolina studéiert hunn. D’Watson wier dat Joer virdru vun engem anere Student – dem Ex-NBA Spiller & Fox Sports Analyst, Corey Maggette – vergewaltegt ginn. Dat hätt de Fairfax gewousst a fir sech benotzt, sou dem Watson seng Affekotin. “Ech wousst dass du, wéinst deem wat dir d’läscht Joer geschitt ass, ze vill Angscht häss, fir eppes ze soen,” soll de Student Fairfax dem Watson deemols gesot hunn. De Politiker dementéiert béid Virwërf nach eng Kéier an engem Statement, mä vereenzelt Stëmme vun engem Impeachment géint de Lieutenant Governor gi méi haard. An elo hunn d’republikanesch Deputéiert d’Vanessa Tyson invitéiert, fir vrum Parlament auszesoen – eppes wat de Fairfax als “politeschen Theater” bezeechent. Wann de Governor a säi Vize missten zesummen zrécktrieden, da géif den 3. Mann am Staat, de Justizminister Mark Herring, neie Governor ginn.

Wuel och dowéinst mellt sech dëse virsichtshalwer och emol zu Wuert. Hien hätt, sou den Herring, als Student och “blackface” benotzt. Hien hätt wéilten an engem Kostüm esou ausgesi, wéi de Rapper Kurtis Blow. Et ass dës Revalatioun, déi witzegerweis d’Situatioun fir d’Demokrate no hecktegen éischten Deeg vum Mount e bëssche berouegt. Säi Geständnis bréngt nämlech Parteipolitik mat an d’Spill. Falls nämlech all déi 3 staatlech gewielte Politiker missten zesumme goen, da géif de nächste Governor vum Staat Kirk Cox, ee Republikaner, heeschen. Den Cox ass aktuell Spriecher vum Representantenhaus am Virginia – an ass just an där Roll bliwwe, well et an 1 Wahlbezierk am November 2017 eng Patt Situatioun gouf an d’Lous um Ënn huet missten entscheeden. Dat dierf, an den Aa vun den Demokraten op kee Fall geschéien. 2020 si schliisslech Presidentschaftswahlen (an de Governor huet eng gewësse Muecht wat d’Ouvertür vu Wahllokaler ugeet) an och, villäicht minimum genee esou wichteg, nees eng Volkszählung nodeems d’Wahlbezierker nees frësch gezu ginn (an de Governor hei e wichtege Veto huet).

Ee Politiker muss um Ënn “iwwerliewe,” mä wéi een? Als wahrscheinlechst a normalen Zäite wier e Récktrëtt vum Governor Northam & Vize Fairfax, mä da géif zwar den Herring Governor ginn ma d’Republikaner, déi eben d’Muecht am Parlament hunn, dierften de wichtege Poste vum Justizminister/Generalstaatsanwalt nei besetzen. Et wier awer, zemools nom Northam sengem Interview vrun e puer Deeg wat ee grousse Faux Pas war, déi wahrscheinlechsten a beschten Optioun fir déi Blo. Dat misst ee just nach dem Northam bäibréngen, deen, inspiréiert um Macron sengem “Grand Debat,” elo wëll duerch de Commonwealth reese, fir mat de Leit ze schwätzen. (Säin éischten Optrëtt huet hie missten ofsoen, nodeems de Studentenpresident vun der Virginia Union University, op där vill schwaarz Amerikaner*inne studéieren, de Northam gebieden huet, dach w.e.g. eng aner Kéier ze kommen.) Falls de Northam op sengem Stull setze bleiwt oder och net, esou dierft d’Carrière vum 39-järege Fairfax eriwwer sinn. Hien huet net just politesch Problemer elo (mat den Unhéierungen am Parlament), mä kéint duerchaus och nach a legal Schwieregkeete kommen. Falls just hien deemno zrécktrëtt, da kéint de Northam e Successeur ernennen, deen dës Roll intern géif ausfëllen, ier d’Leit am November bei enger spezieller Wahl e neie Lieutenant Governor kéinte wielen. (Et ass vum staatleche Gesetz hir onkloër, a ferm ëmstridden, ob ee vum Governor nominéierte Successeur bis seng Spezialwahl zum Governor kéint ginn, falls de Northam awer nach vrum November géif goen, oder ob dat net den Herring dann awer misst iwwerhuelen.)

Déi ganz Situatioun ass e Kampf vu Parteipolitik versus Ethik. Soll een op seng Idealer setzen, och wann dat heescht dass doduerch eng Oppositioun un d’Muecht kennt, déi dës Idealer komplett mëssuecht?  A wat sinn engem seng Idealer iwwerhapt nach wäert, wann een se einfach mëssuecht? Oder, fir et anescht auszedrécken, wéi kann een am Summer 2018 bei den Unhéierunge fir d’Supreme Court dem Dr Blasey Ford nach soen, dass een alle Frae gleewt, fir Méint dono bei 2 schwaarze Fraen  (déi, en plus, den absolute Kär vun der demokratescher Wielerschaft duerstellen) einfach d’Aan zouzemaachen? Kann een de President e Rassist nennen, wann deen afrikanesch Natiounen “shithole countries” am Oval Office nennt, wann ee sengen eegene Politiker erlabt, fir rassistesch opzetrieden a “Witzer” ze maachen?

Et ass dofir een anere “Geroch vun der Angscht,” wéi dee vun 2017, deen am Staat ëmgeet. Anescht wéi nach vrun 2 Joer wäert et (wuel) keen direkten Impakt op d’Gewënnchance vun den Demokrate bei der grousser nationaler Wahl dat anert Joer hunn. Mä déi nächst Deeg – wann d’Partei nees zesumme kennt, fir iwwert weider Schrëtt ze beroden – dierften entscheede, wéi wäit den aktuelle Mann am Wäissen Haus och säi politesche Géigner geännert huet. An deem Sënn wäert wat zu Virginia dëse Mount geschidd ass (a wäert geschéien) eng éischt innepolitesch Indikatioun iwwert d’Gréisst vum Schued ginn, deen eng reng muechtorientéierent Politik ugestallt huet. 

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.