Europa kritt Problemer wann dat ‘neit Amerika’ seng Immigratiounsreform bis ëmgesat huet Reply

De Blogpost als Audio lauschteren:

(Intro “Tidal Basin Corporation” by Little Glass Men, Free Music Archive, CC license)


“The state of the Union is strong.“ Et war d’läschte Mount fir déi 1. Kéier iwwerhapt dass de President Obama déi do Wierder an de Mond geholl huet. Fir dat z’ënnersträichen hu sech déi meescht Medien op verschidden Zuelen, konzentréiert: bspw. op de Chômage: 10% (Oktober 2009) op 5.7% (Januar 2015), op de Budgetsdefizit: iwwer $1,250 Milliarden (2009) op $480 Milliarden (2014) erof – de nämmlechte Level wéi vrun der Finanzkris, a just méi 3.2% vum PIB. Dat sinn Zuelen déi een op där aanerer Säit vum Atlantik nëmmen all ze gäeren géif gesinn. Fir ze gesinn firwat d'”Union” (nees) staark ass/gett, muss een nierft der neier Aussen- & Energiepolitik (1. Deel vu ‘Neit Amerika’), och een 2. Deel vun dësem ‘neien Amerika’ kennen; een deen, wéi schonns den éischten, Konsequenzen fir Europa bedeit.

Momentan läit nämlech e gréisseren Gesetzesprojet am US Kongress: d’Immigratiounsreform. De President wäert déi zwar net an där Form duerchkréien wéi hien se well, mä d’Hoffnung op een Deal mat de Republikaner ass do, schliesslech kennen déi sech net erlaaben och 2016 nees Latinos/Hispanics massiv un d’Demokraten ze verléieren. Dat géif dem Hillary Clinton(?) wuel d’Wäisst Haus ginn. A wann et awer haut näischt gett, da spéistens 2017. Op engem vu villen Punkten vun där Reform si sech béid Parteien scho méi laang eenz: d’DV Lottery gett ofgeschaaf.

Déi Lotterie, am Volléksmond gäeren ‘Green Card Lottery’ genannt, huet vläit 2014 fir d’läscht stattfonnt. Well een fir matzemaachen (nierft dem richtegen Gebuertsland) just e Lycée-Ofschloss oder e puer Joer Beruffserfahrung muss an der Täsch hunn, gett dës Lotterie den USA keen direkten risegen finanziell Avantage. Et kommen sou och vill onqualifizéiert Leit an d’Land, wat engem just a verschiddenen Zäiten economesch gutt deet. De neien System gesäit vir mat den agespuerten Green Cards e „STEM Visa“-System opzestellen. Een Net-Amerikaner, deen dann op enger US-Uni een unerkannten STEM Fach (= Science, Technology, Engineering, Maths) léiert, kann dono e Visa kréien fir an den USA ze bleiwen. Et ass dëst een Obama Verspriechen vum Ufank vun der 2008 Campaign; an eent wat Europa, China & co. misst opschrecke loossen.

Fir genee ze verstoen firwat dat esou ass, musse mer d’Situatioun an der EU ënnert d’Lupp huelen. Zënter der Aféierung vum Euro hu méi qualifizéiert Arbechter Europa verlooss wéi der an Europa liewe komm sinn (e Minus vun ~120,000/Joer – vrun der Kris). Alleng Italien huet vun 2000 bis 2008 eng 1.5 Milliounen héich qualifizéiert Leit verluer. Haut bleiwen ronn 27% vun den fräien Arbeschtsplatzen an Europa net gefëllt. Bis 2020, a manner wéi 5 Joer demno, wäert alleng dem Digitalsekteur vun der EU bal 1 Millioun qualifizéiert Leit feelen. A wann een ‘STEM’ Leit hëllt, esou wäerten a 5 Joer ronn 1 Millioun vun hinnen alleng dem „Motor vun der Eurozone“, Däitschland, feelen. „The state of the European Union is… weak“, kéint een do bal just soen. [1]

Fir héich qualifizéiert EU Leit geet et éischter eraus, wéi eran (cc Diego Menna)

Fir géint deen Trend virzegoen huet een vrun e puer Joer zu Bréissel entscheed eng sougenannt „Blue Card“ anzeféieren. Mä hat een an der europäescher Haptstadt gehofft sou eng 20 Milliounen qualifizéiert Leit an d’EU ze bréngen, ass d’Resultat bis lo éischter ernüchternt ausgefall: 2012 an 2013 goungen – zesummen gerechent! – net emol 20,000 „Blue Cards“ eraus. [1]

Ween gemengt huet dass “Blue Card“ eng europäesch Äntwert op een europäeschen Problem ass, huet sech leider geierrt. Éischtens maachen net all EU Länner mat (bspw. de UK & Dänemark sinn exclus) an all EU Land ka weiderhin seng eegen Virstellungen a Regelen opstellen. [2] 


Een ‘Blue Card’ Beispill

En héich qualifizéierten Net-EU Bierger, nenne mer hien Alejandro, well zu Lëtzebuerg fir eng Firma schaffe kommen. Hien brauch eng Job Offer vu minimum 1 Joer, wou hien (demno wéi) mininum 1.5x den normalen Duerchschnëtts-salaire vum Land (= €69,858) verdéngt. [3]

En plus, muss een am ‘Blue Card’ Programm fir minimum 18 Méint an deem EU Memberstaat wunnen an deem een och schafft, (fir zu Tréier ze wunnen & zu Lëtzebuerg ze schaffen si weider ganz aaner administrativ Hürden ze huelen). Géif d’Firma leider no 12 Méint bankrott goen, dierf den Alejandro net einfach sou Lëtzebuerg verloossen – souguer bei enger aanerer europäescher Job Offer. Hien muss zu Lëtzebuerg bleiwen an bannend 3 Méint eng nei Platz fonnt hunn. Et dierf een nämlech am Programm just 3 Méint am Chômage sinn. [4] Kritt den Alejandro bannend 3 Méint keng aaner gudd bezuelten Platz hei am Land, ass d’Blue Card, an mat hir eisen héich qualifizéierten Mann, nees fort.

No 2 Joer zu Lëtzebuerg well den Alejandro elo vläit op Paräis fir eng aaner Firma schaffe goen. Erfëllt hien all déi national Viraussetzungen (zu Lëtzebuerg) fir de Beruff ze wiesselen an a Frankräich schaffen ze goen, muss hien awer – wait for it! – an deem 2. Memberstaat (hei: Frankräich) fir d’éischt emol deenen hir national Ufuerderungen erfëllen an, en plus, muss eisen Alejandro nach eemol eng Demande op eng nei ‘Blue Card’ fir dat 2. Land (Frankräich) stellen. [4]

Zu Bréissel gett oft gesot, dass d’Blue Card déi „europäesch Green Card“ ass. Et ass éischter eng vill méi bureaukratesch Versioun vun enger Green Card, déi net wirklech de vollen economeschen Avantage vun engem héich qualifizéierten Immigrant ausschöpft. E „STEM Visa“ Mann/Fra kann, no der Immigratiounsreform, an den USA liewen a schaffen wou hien/hat well. D’USA ass eben e Land, während d’EU scheinbar weiderhin eng gréisstendeels wirtschaftlech Verbindung vun europäeschen Staaten ass.

Zuelen vun 2007 aus SpOn[5]

Prozentsatz vun héich qualifizéierten auslänneschen Arbechter (2007) [5]

N.B. Dass ouni déi aktuell nach minimal „Net Immigratioun“ an der ganzer EU (a Länner wéi Irland ass dësen Wert zënter 2009 negativ[6]) d’Populatioun vun der EU schonns dëst Joer géif schrumpfen an ganz séier vill méi aal géif ginn. [7]  Stéchwuert hei: Renten, Krankekeessen etc.

Fir engem ähnlechen demographeschen a sozialpoliteschen Problem wéi Europa, Russland, China a Japan entgéint ze wierken spillt d’USA schonns zënter Joeren op hir Immigratioun. (D’Projektiounen si net all ze schlecht (Link)). A bei deem “Spill” setzen si op hir populärste Kaart: hir Kultur; den ‘American Dream’. D’Cultural Diplomacy hëlleft dass d’Beléiftheet fir Amerika weider unhällt (Link); a wann héich qualifizéiert Jonker dann och nach ugebuede kréien an deem Land ze bleiwen, da gett et fir Europa a co. nach méi schwéier fir economesch matzehalen. Vum amerikaneschen Point de Vue kéint et d’ailleurs net besser laafen. Et bréngt een déi beschten Leit op déi beschten Uni’en op der Welt a probéiert, zumindest emol, een Deel vun deenen Leit dann och am Land ze behaalen. Do schaffen se dann fir US Firmen, déi an dëser globaler Welt géint Firmen aus alle Länner um fräie Marché kämpfen. Obwuel… dat ass och just d’Hallschend vun der Geschicht. De proposéierten ‘STEM Visa’ bréngt nämlech een weideren immense Virdeel mat sech: (auslännesch) Kultur.


Wéi d’USA sech esou aktuell op TTIP virbereet…

Et gett bekanntlech näischt schlëmmeres am Marketing wéi kulturell Onkenntnisser; een Paradebeispill ass do e.a. d’Sproochebarrière. Mat ‘STEM Visa’ ginn déi Problemer ugepaak. Et mécht déi 1. Pflicht vun all Geschäftsmann (aka “säi” Client ze kennen) e kléngt Stéck méi einfach. D’Immigratiounsreform kennt zemools den net-Apple, net-Facebook Betriber entgéint, déi net iwwer e risegen Marketing Budget verfügen. Dat ‘neit Amerika’ bereet sech eben esou op Fräihandelsofkommes wéi TTIP vir. Et ass dofir och keen Zoufall dass een an Zukunft an den USA mat Däitsch/Franséisch Kentnisser méi wäert verdéngen wéi een deen ‘just’ Englesch/Spuenesch Kentnisser huet. [8]

„Fann eraus ween däin Client ass, denk wéi däi Client, a gëff deem dann genee dat wat e well!“ Dat ass, an esou enger globaler Welt, méi einfach gesot wéi gemaach. Betriber an der EU mat bal ausschliesslech Europäer am ‘Board of Directors’/Executives’ mécht sech d’Liewen an där Hinsiicht, zemools wann Fräihandelsofkommes wéi dat mat den USA, Kanada oder och dat mat China a Kraft trieden, jiddefalls och net méi einfach. 

Kennen déi Europäer bspw. den ‘amerikaneschen’ Client, deen anescht ass wéi si? Wuel net onbedéngt an deene Saachen déi een brauch, dofir awer an deem wéi een eppes konsuméiert, an wéi een Marketing Message een méi usprécht. Et ass jo sou dass hei schonns een Anglo-Amerikaner aanescht denkt/handelt wéi een Hispanic/Latino oder en Asian American; een aus Massachusetts aanescht wéi een aus Alabama. Genee wéi e Lëtzebuerger jo aanescht ass wéi een Däitschen, Englänner oder Kroat.[9] Fir déi verschidden Vue’n an hir Betriber ze kréien benotzen d’USA hir Unzéiungskraft an eng nei Immigratiounsreform. A wat mécht d’EU?

Einfach ewech diskutéieren kann Europa dësen wirtschaftlechen Nodeel net. Eng ganz Rëtsch Etuden hunn den Impakt vun der Villfältegkeet an de Betriber ënnerstrach. Eng Etude vun Kellogg (net ze verwiesselen mat Kellogg’s) huet bspw. festgehalen, dass alleng beim Brainstorming d’Zuel vun den Ideen ëm 15% fällt wann de Grupp zimlech d’nämlecht ‘ausgesäit’ (als Beispill: just ‘wäiss’, Mëtt-40 Männer). D’Qualitéit vu gudden Decisiounen vu sou engem Board of Directors/Executives fält ëm ganzer 50%. [10]

Dowéinst spillt an der aktueller Phase dann och TTIP (Ofkommes mat der EU), an zu engem méi kléngen Deel TPP (Ofkommes mat de Länner aus dem Pazifik), den USA méi an d’Kaarten wéi hire Partner. Si hunn hir Aufgaben gemaach, respektiv sinn am Gaangen dorun ze schaffen. Och dat wäert een Deel vum President Obama senger ‘Legacy’ ginn. A wann d’EU den Opschwong, deen sou e Fräihandelsofkommes wäert hunn, an d’Interkonnektivitéit net wäert notzen fir gréisser Reformen an e gréissert EU-intern Ëmdenken ze vollzéien [11] [12], dann ass dat Ofkommes, fir Europa, definitiv just eng wirtschaftlech Spillerei déi gutt fir Clients ass. Dann ass et definitiv keng Hellef fir déi europäesch Economie a Wirtschaft, als Ganzt, fir dat 21. Joerhonnert opzestellen; fir nees een Joerhonnert kennen um Weltniveau matzespillen, an, par consequence, dann och keng Hellef fir den extrem schwächelnden europäeschen Sozialstaat ënnert d’Ärm zegräifen. Europa muss sech eben och erneieren. Ob dat a Krisenzäiten mam Opschwong vun populisteschen a riets-/lénksextremen Parteien um ganze Kontinent iwwerhapt méiglech ass, gett eng vun den zentralen Froen vun de nächsten 10-15 Joer, an domat vun dësem Joerhonnert…

Bild: “New York – Welcome to the land of freedom” (public domain)


Säit 2: Footnotes mat weideren Erläuterungen

Een Ausbléck op 2015: 15 Stories déi eis wäerte begleeden…  Reply

Mir starten een neien Tour rondrëm d’Sonn. Hei si mol 15 Stories, déi iwwert déi nächst 365 Deeg eis wuel méi wéi eng Kéier dierften iwwert de Wee laafen…

 

1) Griichenland, Italien… 

Wëllkomm zréck, léif Eurokris. Verschiddener haate gehofft den Euro géif vläit 2015 endlech d’Clinique verloossen, nodeems een jo 2014 scheinbar d’Intensivstatioun verloosse konnt (zumindest huet een dat emol bis d’Mëtt vum Summer geduecht, ier den Euro du nees ofgebaut huet). Elo ass een nees voll dran. Bei de Neiwahlen a Griichenland am Januar kéint d’Koalitioun vun der Radikaler Lénker déi bescht Partei ginn an déi rietsextrem Neonazi Partei ‘Golden Dawn’ souguer op déi 3. Platz kommen. An an Italien huet de President Napolitano ugekënnegt elo awer wirklech an d’Pensioun ze goen. Een Premier, deen Problemer huet d’Land hannert seng Reformen zekréien, muss elo fir e breede Konsens bei dëser Wahl suergen. An a Frankräich muss d’Wirtschaft 2015 endlech nees ufänken mat rullen (eppes wat Economisten bezweifelen), soss ass den Hollande eng ‘lame duck’, an de Front National nach méi stark. Momentan ka just de Sarkozy (UMP) d’Le Pen an Ëmfroen klappen, mä ob de fréieren President och seng Partei hannert sech zesumme kritt ass eng aaner Fro. De rietsextremen FN bleiwt aktuell déi stäerkste Kraft a Frankräich. Zurück in die Zukunft fir Europa? Fir den Euro a fir d’EU steet vill um Spill. 2015 ass alt nees e weidert Schicksalsjoer. 

2) Referendum zu Lëtzebuerg

Keen Referendum iwwert d’Regierung, mä een deen Blo-Rout-Gréng extrem wichteg ass. Déi 3 Parteien wéilten wuel beim Referendum 4 Mol een “Jo” gesinn, ob dat awer geschidd ass onkloër respektiv just gedreems (z.Bsp. fir Wahlrecht ab 16). Zemools déi Jonk mat abauen an d’Politik huet 2014 a Schottland beim Referendum extrem gutt geklappt. Déi Jonk waren engagéiert & sinn och massiv mat wiele gaangen. Ob een zu Lëtzebuerg och esou fortschrëttlech ass, gesäit een dann am Juni. Eppes steet fest, 4 Mol “Nee” stierzt net d’Regierung, et stäerkt se awer och net wirklech. 2014 konnt een nach duerch d’Fangere kucken, et war jo dat 1. Joer an der Verantwortung, mä 2015 gett de Géigenwand (vun Oppositioun & wuel och aus den eegenen Parteien) méi grouss. 

3) Kriis an der Ukraine & mat Russland

Deen nächste Kaale Krich gouf schonns oft ausgeruff, esou richteg kennt hien awer net op Touren. Zum Gléck. Obwuel… 2014 ass et jo schonns richteg ‘flott’ ginn. Militärreformen vu Moskau, d’Annektioun vun der Krim, an Onstabilitéit an der Ukraine ënnerstëtzen. Wat den USA, an awer zemools der EU, net an de Kroom gepasst huet. Sanktiounen hunn dofir gesuergt, dass dat wirtschaftlecht schlecht Russland nach méi séier wéi geplangt an de Keller rutscht. Dëst Joer kennt eng Rezessioun, déi och Auswierkungen op verschidde Secteuren zu Lëtzebuerg (e gréisseren Handelspartner) wäert hunn. Een Enn vum Putin Regime a Russland, oder souguer een ‘russescht Fréijoër’, dierft dat Ganzt awer wuel net bedeiten, dofir steet d’Land ze fest hannert sengem Chef, deen sech och emmer perfekt an d’Szene ze setze weess, d’Krim an der Neijoschsusprooch “zréck an der Heemescht” begréisst huet, a seng ‘Géigner’, dorënner zënter 2014 och (Deeler vun der) EU, iwwer seng Staatsmedien wéi ‘RT’ kritiséieren deet. Do dogéint well d’EU 2015 an doriwwer eraus iwwregens virgoen: een russesch-sproochegen EU Sender soll wuel an d’Liewe geruff ginn. 

4) De niddrege Petrolspräis

“Wenn 2 sich streiten, freut sich der Dritte.” An dësem Fall ass dat de Client. D’USA sinn um gudde Wee de gréissten Petrolexporteur vun der Welt ze ginn (a Saudi Arabien z’iwwerhuelen), wat een an der arabescher Welt net gäere gesäit. Fir um Marché e.a. géint den bellegen US-Gas (dank Fracking) virzegoen, gett sou vill schwarzt Gold aus dem Buedem erausgeholl wéi et nemme geet. De Präis vum Petrol soll deen vum Gas ënnerbidden, an d’USA – zemools den US Clients – nees un de Petrol bréngen, an all Effort sech vum arabeschen “schwarze Gold” lass ze léisen stoppen. Saudi Arabien geet een Präis vu ronn $60/Barrel duer fir mam Budget iwwer d’Ronnen ze kommen. Aaner Länner wéi den Iran oder souguer Russland brauchen iwwer $100/Barrel. Een Grond firwat wuel och Washington D.C. haut net direkt e Problem huet deen “Kampf” ëm een niddregen Uellegpräis mam “Partner” Saudi Arabien duerch zeféieren. Ob d’Partner vu Saudi Arabien an der OPEC deem Spillchen nach laang 2015 nokucken, ass eng vu ville Froen am neie Joer. 

More…

Commentaire: Victoire vum ‘No’ dank dem grousse Versprieche vu London = grouss Reform am UK oder een 2. Referendum 3

Juli 2014: de “No” läit nach komfortabel vir an den Ëmfroen. 

Ufank August 2014: weiderhin iwwer 10% Virsprong fir de “No” vrun & no der 1. TV Debatt

Ënn August 2014: de “Yes” hëllt lues a lues op

kuerz vrum Referendum: “Yes” op 48-49%.

Dunn huet London ugefaangen op Schottland ze kucken. De fréiere Premier Gordon Brown gouf dohinner geschéckt, d’PMQs goufen ofgesoot, Premier, Vize-Premier & Oppositiounschef sinn a Schottland gereest. Mat aller Muecht dat verhënneren, wat elo eng richteg Possibilitéit ass: eng Victoire vum ‘Yes.’ 

An der Hektik & aus der Angscht eraus, gi Saache versprach. ‘Wielt “No”, a mir ginn iech méi Muecht!’ Déi britesch Devolution, eppes wat déi ganz Campagne iwwer keng Roll gespillt huet, sollt d’Rettung fir Better Together sinn. A Saachen wéi e.a. Sozialhellef & Steieren soll dat schottescht Parlament d’Muecht iwwer Schottland kréien. Op deenen Themen géif London sech eraushaalen. An passionnéierte Rieden huet de Gordon Brown d’Pläng virgeluecht. Hien huet dëst vollstänneg gemaach, ceci dit mat engem ‘Timetable.’ Bannend 9 Méint soll e groussen Deel vum Wee scho gemaach sinn. Kuerz drop sinn déi 3 grouss britesch Parteien – Konservativ, Labour & Liberal Demokraten – op den Zuch opgesprongen & déi 3 Leaderen, Cameron, Miliband, an Clegg, hunn et mat engem ‘Pledge’, deen an enger Zeitung ofgedréckt gouf, de schottesche Bierger versprach.

.

Problem mam grousse Verspriechen

Scho wéi d’Wahlbureau’en awer um Donneschdeg zougaangen sinn, koumen d’Stëmmen vun pro-UK Leit, dass “dat do esou net ëmzesetzen wier.” Zemools den Zäitplang vum Gordon Brown wier net méiglech – scho guer net well d’nächst Joer am Mee Parlamentswahlen am UK sinn. Dëst ass awer net deen eenzegen Grond. Méi Muecht fir Schottland ass einfach gesot, awer schwéier gemaach. Et heescht nämlech och méi Muecht fir Wales a fir Nordirland – eppes wat Westminster ni wollt & scho guer net no engem Referendum a just engem vun de 4 Länner.

Dat schwieregst um groussen Wahlverspriechen vu Better Together & Westminster ass awer déi sougenannten “English Question.”

More…

Schottland 2014: 10 Froen & Äntwerten zum Referendum. 1

Een Donneschdeg kéinten d’Schotten hir iwwer 300 Joer aal Unioun mat England nees opléisen. An der Geschicht goufen alt gréisser Kricher a Schluechten tëschent Schottland an England. En Donneschdeg entscheeden d’Leit per Referendum. Gréisser Auswierkungen op déi schottesch, déi britesch & déi europäesch Politik (an op Lëtzebuerger Studenten) huet dëst awer trotzdem. 

Hei sinn 10 Froen an Äntwerten zum Referendum:

More…

“Habemus Juncker!” Reply

Zum Glëck huet den EU Conseil also elo e Mann nominéiert, deen finanzpolitesch Wäitsiicht huet… ;)

 .

Februar 2008 – Immobilienkris an den USA, 7 Méint vru Lehman Brothers

“Et wäert an Europa [dëst Joer] net zu enger Rezessioun kommen”, sot de Jean-Claude Juncker als Mister Euro. Während vill Economisten ugefaangen hunn vun enger méiglecher Rezessioun an den USA ze schwätzen, déi och hire gréissten Partner, d’EU, kéint treffen… wollt de Jean-Claude Juncker näischt dovunner wessen. Souguer déi no ënnen revidéiert Zuelen vun der IMF fir Europa huet de Jean-Claude Juncker verworf. D’EU bräicht och dowéint a noer Zukunft ‘aanescht wéi d’USA’ guer keen Stimulus Paak fir d’Economie unzekurbelen. Et wier alles an der Rei. 

AFTX, “Euro group’s Juncker sees no recession in Europe this year”, http://www.finanznachrichten.de/nachrichten-2008-02/10027004-euro-group-s-juncker-sees-no-recession-in-europe-this-year-update-020.htm


Abrëll 2008 – 5 Méint vru Lehman Brothers

De Jean-Claude Juncker mengt, dass d’Kris an den USA e puer Konsequenzen an Europa hätt. Et wier awer net esou dass déi Kris Europa giff ganz erreechen. Et handelt sech ëm eng Kris an den USA, déi d’EU zwar géif dat ganzt Joer 2008 beschäftegen… mä net voll géif treffen. Schued fir d’Eurozone kéint just duerch een ze staarken Euro kommen. 

Reuters, “Juncker: Finanzkrise ohne dramatische Folgen für Europa”, http://de.reuters.com/article/economicsNews/idDEKOE61857620080416

Die Presse, “Juncker: Finanzkrise wird uns auch 2009 beschäftigen”, http://diepresse.com/home/wirtschaft/finanzkrise/376517/Juncker_Finanzkrise-wird-uns-auch-2009-beschaeftigen


September 2008 – De Fall vu Lehman Brothers

De Jean-Claude Juncker seet d’Finanzkris ass nach net eriwwer, d’Auswierkungen wieren weiderhin “ungewiss.” Et géif zwar e Vertrauensverloscht ginn, mä d’Konsequenzen vum Fall vu Lehman Brothers géifen, laut dem Jean-Claude Juncker, net all ze hefteg ausfaalen. 

NTV, “Juncker warnt – Finanzkrise nicht zu Ende”, http://mobil.n-tv.de/wirtschaft/meldungen/Finanzkrise-nicht-zu-Ende-article23473.html


Präisser

De Jean-Claude Juncker sollt fir dat Joer, a wat hien gesot & gemaach huet, herno e.a. den Titel “Schärfste Klinge des Jahres 2008″ kréien (via) an deen vum Europäeschen Bänker vum Joer (via). 


Mee 2009 – Puer Deeg vrun de Wahlen, 5 Méint ier Griichenland Kris ufänkt

Et sti Lëtzebuerg nach minimum 2 weider hart Joeren bevir, ier et nees de Bierg op geet, sou de Jean-Claude Juncker bei enger “Juncker on Tour” Ried zu Déifferdéng. “Es sind aber schon jetzt deutliche Zeichen von Stabilisierung und Konsolidierung erkennbar”, sou de Premier. Fir Lëtzebuerg huet de Premier e.a. versprach d’Scholdelaascht  net uwuessen ze lossen, a mam Titel “Zesummen Wuessen” hätt CSV och Léisungen fir den Immobilienmarché an de nächsten Joeren an de Grëff ze kréien. Béides sollt net geschéien.  

Hien huet de Leit op engem “Juncker on Tour” Event awer och versprach, dass wann si Leit wellen an der Regierung hunn déi elo an der Kris wessen wat muss gemaach ginn, dann dierften si net fir d’CSV stëmmen an net fir hien. 

Luxemburger Wort, “Juncker redet Tacheles”, http://www.flickr.com/photos/pitschspics/3541316261/sizes/o/in/photostream/

YouTube, “Juncker: Stemmt e Sonnden weder fir d’CSV nach fir mech!”, http://www.youtube.com/watch?v=xC5XWcIBSfE


Präisser

2009 hällt hien d’Laudatio fir de Josef Ackermann, deen den Titel “Europäeschen Bänker vum Joer” kritt. De Jean-Claude Juncker luewt den Ackermann e.a. dofir dass hien “Deutsche Bank” zu enger globaler Bank gemaach huet. Dobäi huet deen Mann net nëmmen massiv vill Leit entloos fir massiven Profit ze maachen, mä seng Taktik fir vill an déi US Immobilienblos z’investéieren/eranzegoen, huet d’Bank dunn iwwerhapt zu där grousser globaler Bank gemaach. An den USA gëllt se als eng vun de Banken, déi Schold un der Immobilienblos & domat der globaler Finanz- & Wirtschaftskris stinn. Eppes wat den Ackermann selwer 2008 zum Deel um ZDF zougett.

Luxemburger Wort, “Juncker hielt Laudatio auf Josef Ackermann”, http://newwww.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/2010/11/125300/ehrendoktorwuerde-fuer-jean-claude-juncker.php;

Spiegel Online, “Kreditkrise bei Maybritt Illner: Die Ackermann Show”, http://www.spiegel.de/kultur/gesellschaft/kreditkrise-bei-maybrit-illner-die-ackermann-show-a-506988.html;

Public Integrity, “Data shows Deutsche Bank was key patron of questionable mortgage lenders”, http://www.publicintegrity.org/2011/04/18/4173/data-shows-deutsche-bank-was-key-patron-questionable-mortgage-lenders

SwissInfo, “Vom Buhman zum Liebling der Deutschen”, http://www.swissinfo.ch/ger/archiv/Vom_Buhmann_zum_Liebling_der_Deutschen.html?cid=633848

Bloomberg, “Bankers Learn What Happens in Vegas Can Lead Back to D.C.”, http://www.bloomberg.com/news/2014-05-02/bankers-learn-what-happens-in-vegas-can-land-back-in-d-c-.html

 


 

Video Tipp:

Méi iwwert Deutsche Bank & dem Jean-Claude Juncker säi Kolleg, Josef Ackermann, an deenen hir Roll an der US Immobilienkris & domat der Weltwirtschaftskris souwéi der Eurokris, gëtt et e.a. an dëser ARD Dokumentatioun “Verzockt und verklagt – Die ‘Guten Geschäfte’ der Deutschen Bank”: http://www.youtube.com/watch?v=D1QB01nF0qg

 

 

EU 2014/LGBT: Dem Sylvia Camarda (DP) hiren politeschen (Net-)Asatz fir LGBT Rechter… [UPDATE] Reply

UPDATE (8. Mee 2014; 11.55 Auer): D’Madame Camarda huet op Twitter op dës Diskussioun Stellung geholl. Si huet den Account vum homophoben Grupp “Schutz fir d’Kand” ent-followed a seet “‘sorry’ bei all denen dei ech verletzt hun!’ (Bild vun den Tweets). Dëse Blogpost soll demno just méi als e (Léier-)Beispill wat ‘Social Media PR’ an ‘Social Media Footprint’ ugeet ugesi ginn & wéi een eng gutt Aktioun vu sech selwer (ILGA Pledge ënnerschreiwen) duerch eng aner Social Media Aktioun (ongewollt) dann z’erstéiert & doduerch dann Froen zu engem senger richteger Positioun opkommen. 


Fir d’Europawahlen 2014 huet ILGA Europe e Pledge ausgeschafft, deen esou vill Kandidaten fir d’EU Parlament sollen ënnerschreiwen wéi nëmme méiglech. An deem ‘Pledge’ verspriechen déi jeeweileg Signatairen sech e.a. 


„I pledge to stand up for human rights and equality in Europe as a member of the European Parliament, including the human rights of lesbian, gay, bisexual, trans and intersex people (LGBTI).

I pledge to advance LGBTI equality by supporting the following actions:

– adopt an EU roadmap on LGBTI equality (…)

– actively work towards the adoption of a comprehensive anti-discrimination legislation (…)

– combat homophobic and transphobic violence (…)

– promote an inclusive definition of family in EU policies (…)

– make the EU the world champion of equality for LGBTI people (…)“

Zu Lëtzebuerg schafft ILGA Europe fir deen Pledge mat Rosa Lëtzebuerg zesummen. Momentan hu just bei der Piratepartei all d’Kandidaten_innen dat Verspriechen ënnerschriwwen. Et muss een sech awer haut schonns – also vrun de Wahlen! – Froen zu der Wierksamkeet vun deem ‘Pledge’ stellen – zumindest emol wat lëtzebuerger Kandidaten fir de 25. Mee ugeet. Wéi ech nämlech vrun e puer Deeg d’Lëscht nach eemol duerch gekuckt hunn, ass mer opgefall dass do e.a. d’Sylvia Camarda vun der DP drop steet. Dëst huet mech direkt e bësschen stutzeg gemaach. Firwat ass dat esou? 

Well ech mech froen, wéi een esou een Pledge kann ënnerschreiwen, an dann awer gläichzäiteg een vun de momentan just 25(!) Followers vun der homophober ‘Schutz fir d’Kand’ op Twitter ka sinn. Ass dat just massiv schlecht Online PR? Et stellt een sech jiddefalls domatter als Politikerin op béid Säiten vun dësem politeschen a sozialen Debat – gewollt oder ongewollt. Dat 1. wier fatal, dat 2. dann eben déi genannten massiv schlecht PR Strategie. Egal wéi ass dëst (op béid Säiten vun esou engem Debat ze stoen) wuel net onbedéngt dat Bild wat e Politiker/eng Politikerin well ofginn – zemools net sou kuerz vrun de Wahlen. Europa, an d’Politik am Allgemengen, brauch Leit, déi keng zweedäiteg Signaler senden mä entweder “Jo” oder “Nee” soen. 

Wann een béid Saachen niewenteneen setzt gëtt meng Reaktioun nach méi däitlech: wéi kann een verspriechen géint Gewalt baséiert op Homophobie & Transphobie zekämpfen a sech fir ‘Respekt an Unerkennung vun de Rechter vun LGBTI Famillen’ („to promote respect and recognition of the rights of LGBTI families“) am neien EU Parlament wëllen anzesetzen, wann een gläichzäiteg awer och een vun de wéinegen Followers op Twitter ass, vun enger Organisatioun, déi momentan aktiv géint LGBTI Rechter an LGBTI Famillen kämpft?

Eng Organisatioun, déi momentan an hirer Online Petitioun bei der Chamber behaapt dass den Homo Mariage automatesch och géif Dir opmaachen fir „polygamie, polyandrie, mariages de groupe etc.“ an een „accès à l’enfant (gestation pour autrie (GPA) pour les couples d’hommes“ kritiséiert. De Projet de Loi, deen den Homo Mariage & Adoptioun duerch LGBT Koppelen legaliséire géif, wier laut dem ‘Schutz fir d’Kand’ definitiv „anticonstitutionels“ & „contraires à l’intérêt supérieur de l’enfant et à l’intérêt général (…)“ [1]

Et ka sinn dass d’Sylvia Camarda déi Petitioun vu „Schutz fir d’Kand“ net gutt fënnt. Trotzdem werft dëst schon eng ganz Rei Froen zur Wierksamkeet vum ILGA Europa/Rosa Lëtzebuerg Pledge op. An zweetens, werft et och nach Froen zu der genannter Kandidatin an hire politeschen Iwwerzeegungen op. Den Twitter Account vum „Schutz fir d’Kand“ (@DfenseEnfantLux) gëtt et nämlech och eréischt zënter Ufank Abrëll, an zënterhier steet do an hirer Bio: „E Kand huet Recht op eng Mamm an e Papp.“ De klasseschen homophoben ‘Schlachtruf.’ Hiren (bis elo) leschten Tweet gëtt hiren 25 Followers dann bekannt, dass een déi uewen genannten homophob Petitioun vun hinnen elo bei der Chamber kéint ënnerschreiwen. Ob d’Madame Camarda och dëst ënnerschriwwen huet, kann een net soen. Hiren Numm steet zumindest net öffentlech bei de Signataire vun der Petitioun, dofir awer eben op Twitter… genee do wou d’Madame Camarda Ënn Abrëll stolz bekannt ginn huet, den ILGA Pledge ënnerschriwwen ze hunn…

 

UPDATE (8. Mee 2014; 10:10 Auer):

D’Madame Camarda huet via Twitter eng éischt Reaktioun op dës Diskussioun ofginn. Do heescht et dann “@letz_politblog (…) geet et nach mam Kapp? 40% vun mengen Frenn sin homosexuel!”; “waat leeft? Waat muss ech elo maachen fir aus dem ganzen NonSense eraus ze kommen?”; an huet nach eemol betount: “I engage myself for the Europeans. I fight for the freedom in Europe. I support minorities & I am against any kind of homophobia!”

 


Footnotes

[1] All dës homophob Argumenter gi weiderhi gemaach, obwuel et elo schonns eng ganz Rëtsch vu wëssenschaftlechen Etuden ginn, déi festgehalen hunn dass et Kanner vun homosexuellen Koppelen minimum esou gutt geet wéi deenen vun heterosexuellen Koppelen, a bei verschidde Saachen, wéi e.a. Freed/Glëcklechkeet, esou guer nach besser… Méi op http://www.huffingtonpost.co.uk/2013/06/05/gay-couples-children-happier_n_3388498.html & http://www.freedomtomarry.org/page/-/files/pdfs/SPSSIPsychologicalSocialOutcomesforChildren.pdf

– Den ‘Pledge’ vun ILGA Europe, deen e.a. Madame Camarda ënnerschriwwen huet & hiren offiziellen Statement dozou “Diversity makes us stronger!” ass, kann een hei noliesen: http://www.rosa-letzebuerg.lu/?page_id=1550; http://www.ilga-europe.org/home/how_we_work/european_institutions/ep2014/candidate/signed

– Nimm vun alle lëtzebuergeschen Signataire gëtt et dann hei: http://www.rosa-letzebuerg.lu/?page_id=1550

– A ween den homophoben Text vun „Schutz fir d’Kand“ fir hir Petitioun well liesen, kann dat hei maachen ënner http://chd.lu/ maachen.