[Geschate Lieszäit: 19 Minutten]
Ech weess, esou lues kenne vill Leit näischt méi zum Brexit héieren. Déi ganz Saach “schleeft” an elo, wou d’May och nach de “meaningful vote” am House of Commons verluer huet, weess ee guer net, wéini dat dann elo endlech op en Ënn kennt. Ween aktuell behapt ze wesse, wat als nächst geschidd, oder ween elo mat Prozenter vu Wahrscheinlechkeet kennt, dee verkeeft iech eng Ligen. Et ass een elo an onbekannte Gewässer, am Vereente Kinnekräich an an der Europäescher Unioun. Dofir geet dëse Blogpost och guer net ëm dat vun haut, mä kuckt éischter zréck op dat vu gëschter fir d’Schwieregkeete vu muer opzeweisen. Déi generell Analysen, déi an der populärer Press rapid ugeholl a verbreet goufe, gi nämlech just déi hallef Wourecht hir. Dat ass einfach duerch e Feeler am Format vun deem Medium; keng “Lügenpresse.” Et ginn einfach an der Politik a Soziologie Saachen, déi (wéi ech schonns no der Victoire vum Trump hei geschriwwen hat) Zäit brauche, fir se z’analyséieren. Zäit ass genee dat, wat d’Medie net hunn. Et kann een an der normaler Press de Leit net soen, dass een an e puer Woche, Méint oder Joren “op dëser Platz” wäert ufänke, fir d’Noriicht X z’erkläeren. Dofir woussten och scheinbar déi, déi um 22. Juni 2016 (oder um 7. November 2016) nach grouss geschriwwe/geschwat hu, firwat Remain (respektiv d’Clinton) géif gewanne, um 24. Juni (oder um 9. November) direkt ganz genee, firwat dat net esou agetrueden ass. Et ass e bëssche, wéi d’Interviews mat Fussballspiller kuerz no engem Mätch – héich verluer, 90 Minutte näischt ze gutt géint e vill méi staarke Géigner, mä Sekonne nodeems ofgepaff gouf, weess ee scheinbar ganz genee wat een hätt missten anescht maache, fir deen do Mätch awer ze gewannen. Et ass dat de Grond, firwat ech 2016 réischt Woche nom Wahlresultat an den USA eng (éischt) Analys zur Trump Victoire geschriwwen hunn. Et ass dat och de Grond, firwat ech bis elo nach kee laange Post zum 23. Juni 2016 geschriwwen hunn.
Jo, Leave huet mat Lige, wéi där ominéiser £350 Milliounen/Woch Zomm fir d’NHS op der Säit vun hirem roude Bus, Campagne gemaach. Jo, Leave huet munchmol oppe, munchmol verstoppte Rassismus an d’Spill bruecht. Jo, Leave huet méi Suen ausgi, wéi dat erlabt war. Jo, Leave huet mat Cambridge Analytica eng ganz dubiéis Firma engagéiert gehat. Jo, e “Remain/Leave” Referendum huet vun Ufank u Leave an d’Kaarte gespillt – well jiddereen ausser Supporter vum Status Quo hu misste bei Leave goen. (Dat ass e bësschen esou, wéi 2015 zu Lëtzebuerg, wou jiddereen, ausser Supporter vun der ganz detailléierter Propos vun der Regierung fir d’Auslännerwahlrecht, huet noutgedronge misste bei “Nee” goe – wéi ech hei scho vrum Referendum kritiséiert hat).
Mä, wann ee méi déif an d’Zuele an an déi britesch-europäesch Geschicht (ob um politesche, sozialle, kulturellen oder reliéise Plang) kuckt, da muss ee ganz séier festhalen, dass den David Cameron net um Brexit Schold ass.
3 grouss Parteie ware méi oder manner kritesch géigeniwwer Europa
Et ass dat eng vun den Hapt-Iwwerzeegunge vu pro-EU Leit, wat zwar verständlech ass mä leider villes carrément ignoréiert. De Cameron huet wuel wéi keen zweete vrun him gäre mam Feier gespillt (de schotteschen Onofhängegkeets-Referendum ass do dat berühmten anert Beispill), mä war den europäesche Problem schonns laang virdru present. Wann haut beispillsweis déi britesch Liberaldemokraten – déi eenzeg “gréisser” pro-EU Partei am ganze Land – sech esou fir een 2. Referendum an een “Exit vum Brexit” asetzen, esou huet dat vrun eppes iwwer 10 Joer nach anescht geklongen. D’Partei ëm den deemolege Nick Clegg, e bekennenden EU Fan, deen a senger Carrière och bei der EU Kommissioun geschafft huet, huet ganz haard e Referendum iwwert d’Memberschaft an deem Club gefuerdert gehat, wéi de Lissaboner Vertrag debattéiert gouf! Och wann haut eng riseg Majoritéit vu Labour Memberen a Labour Deputéiert och am léiwsten awer an der EU wéilte bleiwen, esou war et Labour an hei den Ex-Premier Gordon Brown, deen als Finanzminister ënnert dem Blair mat alle Mëttele verhënnert huet, fir dass den Tony Blair – de villäicht gréisste pro-EU Politiker, dee bis elo jeemols an der Number 10 souz – säi Wonsch vun enger Partizipatioun beim Euro net kéint ëmsetzen. Déi 3 grouss Parteie waren an de Jore vrum Referendum ëmmer nees kritesch géigeniwwer deem Projet um Kontinent opgestallt.
Majoritéit zënter 2 Jorzéngte géint aktuelle Kurs vun der EU
Si waren dat, wëll déi britesch Bevëlkerung esou agestallt war! Um Kontinent huet ee gären déi läscht 2.5 Joer gesot, dass d’Politiker einfach ze oft d’EU kritiséiert hunn an d’Leit dowéinst kritesch Vuen haten. Mä, wéi de britesche National Centre for Social Research d’läscht Joer festgehalen huet, waren iwwer 50% vun der Bevëlkerung an de läschten 20 – zwanzeg! – Joer ëmmer entweder fir e Brexit oder dofir, fir d’Muecht vun der EU ganz grouss ze kierzen. Vill Brexit Wieler*inne goufen deemno wuel net an där Campagne duerch Lige vu Leave hin zum Brexit gedriwwe. Si haten déi Meenung einfach scho ganz laang. En fait, war schonns den Antrëtt an de “Common Market,” dee mat 67.23% am Juni 1975 gutt geheescht gouf, aus engem Wonsch eraus entstane, fir dass et dem Land, no ville Krisen, endlech nees wirtschaftlech besser geet. Et war weder Léift op den éischten, nach op den zweete Bléck. Wéi ech schonns am Joresréckblëck gepost hunn/de Sir John Professor Curtice festgehalen huet, bleiwen d’Leit, falls si sech op enger Saach emol politesch festgesat hu, ganz oft/laang bei hirem Bauchgefill.
Oder, wéi de fréieren US President Bill Clinton emol an engem anere Kontext sot, “Follow the trend lines, not the headlines.” Wann een dat mécht, da stellt sech nämlech och d’Fro, firwat een am Juni 2016 esou iwwerascht iwwert dat Resultat war. Vun enger anerer Fro, där iwwert d’Intelligenz vun de jeeweilege Wieler, emol guer net ze schwätzen. Well ween ass/war dann elo deen “Domme” bei der ganzer Saach – deen, dee fir e Brexit gestëmmt huet, deen engem wirtschaftlech, laut nationalen & internationalen Etüde, wäert schueden oder deen, dee jorzéngtelaang Skepsis ignoréiert huet an iwwerzeegt ass, dass eng Ligen op engem Bus dozou gefouert huet, dass Leave, vun de Stëmmen hir, déi gréisste Victoire konnt feieren, déi jee e politesche Projet, Politiker oder Partei an der Geschicht vun der britescher Demokratie kritt huet?
Fir d’pro-EU Leit waren “déi Domm” allerspéistens de 24. Juni 2016 um genee 4:39 Auer GMT, wéi den David Dimbleby op der BBC matgedeelt huet, dass Leave gewonnen huet, ausgemaach. Munchmol gi Brexit Wieler*innen oppen als “domm” bezeechent, munchmol gëtt et méi diplomatesch verpaak. De Klassiker ass hei ebe, nieft “mir hunn et net richteg erkläert,” zemools dass sech d’Brexit Leit vun de Lige vun Johnson, Gove, Farage & co. blende geloss hunn. Si waren einfach “net clever” genuch, fir eraus ze fannen, dass et keng £350 Millioune/Woch Supplement fir d’NHS wäerte ginn. Dobäi gëtt do dann awer ganz séier (a ganz gäre) nees vergiess, dass d’Remain Campagne eng grouss Brexit Rezessioun ab dem 24. Juni “virausgesot” hat (wat ech hei vrum Referendum kritiséiert hat) an e Premier Cameron serieux vun engem méiglechen 3. Weltkrich geschwat huet. Mä, wann ech mäi Géigner als “domm” ugesinn, da muss ech mech net laang mat him aussernee setzen. Domat behuelen sech d’Hardcore Remain Supporter leider genee esou, wéi d’Europäesch Unioun et an der Vergaangenheet och ëmmer nees a sou Situatioune gemaach huet. Déi laang europäesch Traditioun no “falschen” Äntwerten a Referenda heescht schliisslech d’Aan zoumaachen, waarden & déi “domm Leit” einfach nach eemol froen. E richtegen Dialog mat alle Bierger gouf et net, gëtt et net & schéngt och an der Zukunft leider keng Prioritéit an dësem eemolege politesche Projet ze sinn. Wat soll d’EU sinn? Wéi soll se opgestallt sinn a fonktionnéieren? Soll et just ëm Wirtschaft a Sécherheet goen oder och ëm Ëmwelt a Soziales? Wéi no soll d’Unioun um Liewe vun de Bierger an den 28 (respektiv 27) Länner sinn a wéi wäit soll een sech aus de Saache vun engem Nationalstaat eraushalen? Soll déi nächst Joere “no vir” goe (fir de Bréisseler Language ze benotzen, d.h. méi Muecht fir d’EU Institutiounen) oder vläit e Schrëtt “zréck” (méi Muecht fir d’Staaten)?
Esou een Débat iwwert Europa gouf et weder direkt nom Brexit, nach nom “Glécksfall” vum Emmanuel Macron. Nom Brexit goufen et e puer “Pulse of Europe” Protester vun de Bierger selwer, déi awer (leider) keng Dynamik an d’Spill bruecht hunn. An dem franséische President seng Diskussiounsfore queesch uechter Europa, wéi deen deen d’läschte September zu Lëtzebuerg stattfonnt huet, sinn zwar eng gutt gemengten Idee, esou ass dat Ganzt awer op ze ville Platzen einfach ze vill inadequat opgestallt, fir dësen Challenge richteg unzegoen – vum Format vu Politiker mat Moderator/in(!) op enger Bühn(!) hin zur fräier Ticketsbestellung, wat par Definitioun net ustrieft, fir iergendeng representativ Meenung am Salle ze hunn. Esou treffen sech do, wéi an der Philharmonie am September, zum gréissten Deel Leit, déi souwisou schonns eng ähnlech Meenung zum Thema deelen. Dat fillt sech zwar an Zäite, wou dës Iwwerzeegung scheinbar ëmmer weider un Zousproch verléiert, munchmol gutt un, mä ass dann éischter eng Therapiestonn fir déi eege Séil a net, wéi eigentlech geplangt, fir déi vun deem Projet un deen een dach esou staark gleewt.
Keng Revolt vun “dommen, aale, wäisse” Leit
Dass e Vote fir d’Unioun ze verloossen, net wierklech dozou féiert, dass ee sech mat deem ganzen Thema ausernee setzt, huet een am Vereente Kinnékräich déi läscht knapp 3 Joer konnten erliewen. Déi “Schëlleg” vum Brexit Vote ware net just domm, mä och wäiss an aal. Et waren d’Senioren aus klengen Dierfer, déi esou weltfriem liewen, dass si serieux dovunner iwwerzeegt si, mat engem einfache Kräiz kennen den Ufank vun engem “Return” zum Briteschen Empire anzeleeden. Schnell si Journalisten aus dem ganze Land vu London, vum Kontinent an doriwwer eraus a kleng, verloossen Dierfer am Norden vun England gezu, fir “Verléierer vun der Globalisatioun” z’interviewen. Ignoréiert gouf do, wéi de Politolog Matthew Goodwin festgehalen huet, dass wann eleng ekonomesch Problemer zu Victoire fir dës Populiste géife féieren, esou Parteien a Spuenien & Portugal missten un der Muecht sinn, wärend an ekonomesch gudde Länner wéi Éisträich, Holland oder Däitschland kee vun hinnen dierft schwätzen; de Contraire ass awer de Fall. Firwat? Well schnell Analysen ganz villes verschwannen doen. Eleng esou eng aal a wäiss Wielerschaft hätt weder de Brexit am Vereente Kinnekräich, nach an den USA den Donald Trump an 1600 Pennsylvania Avenue bruecht. Et war 2016 eng ganz breet opgestallte Koalitioun vu Wieler*innen, déi dës populistesch Revolt bruecht hunn. (Méi zu där komplexer Situatioun an den USA fannt dir hei am Blogpost vum Ënn November 2016.)
Leave krut net just “wäiss Senioren” op hir Säit, mä konnt och
- 1/3 vun alle schwaarze Briten an aneren ethnesche Minoritéiten;
- 40% an der “Greater London” Géigend;
- bal 40% vu Leit mat Unisofschloss;
- bal 40% vu Männer tëschent 18 a 24;
- 40% an der Studentestad Manchester;
- ronn 50% vun de Fraen; a
- bal d’Hallschend vun alle 25-49 Joer aale Bierger
iwwerzeegen.
Dobäi kennt eng Leave Vicoire (mat 50.4%) zu Birmingham, där 2. gréisster Stad am ganze Land an eng vun den ethnesch diversten & jéngste Stied. (Den Undeel vun alle “wäisse” Bierger loung bei der Volkszählung 2011 bei net emol méi 58%. Am Schnëtt ass ronn all 3. Bierger an där Stad vun iwwer 1 Millioun Awunner méi jonk wéi 30 Joer.)
Vill Artikelen oder Reportagen iwwert dës Leit oder dës Stied goufen et net – fir net ze behapten (bal?) guer keng. Dat ass schlecht, ganz schlecht. Et bedeit, dass sech pro-EU Leit (genee wéi d’Clinton Leit an den USA) hannert den Argumenter vu Rassismus & Russland/dubiéis Firmen à la Cambridge Analytica kenne “verstoppe.” Et ass déi einfachst Method, well ee schliisslech net laang a schwéier muss iwwerleeë, firwat e Rassist(!) X oder Y wielt; mat Rassiste muss ee sech bekanntlech net laang aussernee setzen. An de 5 Etappe vun Trauer setzen domat vill vun hinne weiderhi bei der alleréischter, dem “denial,” fest.
“Devolution” op der Insel, méi Zentralisatioun um Kontinent
Dobäi goufen et schonns ganz laang gréisser Divergenzen tëschent dem UK an Europa, souguer an der méi rezenter Vergaangenheet.
Wärend een am Vereente Kinnekräich, no der Victoire vu “New Labour” 1997, beispillsweis iwwert de Wee vu Referenda national Parlamenter a Schottland a Wales (souwéi nom Good Friday Agreement ënner spezielle Konditiounen och a Nordirland) agefouert huet, an domat méi Muecht vu Westminster bei déi eenzel Bierger gaangen ass, esou ass een an Europa éischter an déi aner Richtung gelaaf. “Ever closer union” steet schon an de Verträg vu Roum. An der Eurokris ass alt nees däitlech gi, wat dat fir vill EU Politiker heescht. Et ass wuel just schwéier virstellbar, dass London, falls de Blair säi Wonsch vun enger Euro Memberschaft hätt dierften ëmsetzen, der Regelännerung zougestëmmt hätt, dass e Budget vun engem (National-)Staat muss fir d’éischt vun der Bréisseler Kommissioun gréng Luucht kréien. (Esou eppes gëtt et emol net an den USA – an dat ass e Land.) Nee, d’Briten hätte sech wuel mat Hänn a mat Féiss do dogéint gewiert, an esou och dofir gesuergt, dass de Budget-Sträit tëschent Roum a Bréissel d’läscht Joer guer net zustane komm wier & de Rietsextremist Salvini kee weidert Fudder a sengem Kampf géint d’EU elo hätt.
Ni méi wéi 19% vun de Brite, wéi de Politolog Matthew Goodwin festgehalen huet, waren an den 2000er Joren (also vrun der Kris!) dofir, dass een d’Relatioun mat der Europäescher Unioun soll vergréisseren/ee sech méi staark un Europa soll binden. Gedriwwe gouf déi Skepsis haptsächlech och duerch d’Ënnerscheeder tëschent England an Europa. Och déi jorzéngtelaang Memberschaft an der Europäescher Gemeinschaft/Unioun konnt do näischt un där spezieller Geschicht änneren. No 1707, esou d’Linda Colley an hirem Buch Britons, huet d’Bierger vum Land sech ebe gréisstendeels als Géigepol zum Kontinent definéiert:
“[Britons] came to define themselves as a single people not because of any political or cultural consensus at home, but rather in reaction to the Other beyond their shores.”
Protestanten versus Katholiken. London versus Roum oder Paräis. Insel versus Kontinent. 64% vun de Wieler*innen, déi sech als “Englesch, net Britesch” gesi, ware géint d’EU Memberschaft; 28% vun deenen, déi sech als “Britesch, net Englesch” gesinn, haaten eng anerer Meenung. Zënter dem Maastricht Traité an den Ufank 1990er bis zum Brexit Referendum waren an der Moyenne 62%(!) vun de britesche Wieler*innen an hiren Aa “British only.” Grad eemol 6% hunn eng Europäesch Identitéit fir sech an Usprooch geholl.
Immigratioun war scho vrun der Kris dee Problem fir d’Leit
Déi Zuele muss een am Hannerkapp hu, wann ee bedenkt, dass sech eleng d’Net Migratioun vun EU Bierger an de UK vu manner wéi 40,000 d’Joer an de 1990er Joeren hin ronn 117,000 am Referendumsjoer vergréissert huet. (Déi ganz Net Migratioun war 2016 ganzer 248,000). Et war d’Decisioun vum Tony Blair fir, anescht wéi aner EU Memberstaaten, d’Dier fir déi “nei” Memberstaaten aus Osteuropa direkt opzemaachen. Et war awer och d’Decisioun vu Konservativen a Labour Regierungen fir d’Recht op fräie Mouvement net voll ëmzesetzen (keng offiziell Registratioun vun EU Bierger; keng gréisser Kontroll ob EU Bierger d’Liewe am Land duerch eng Arbescht oder duerch eege finanziell Mëttelen konnte leeschten – eppes wat d’EU virschreiwt) a keng grouss Integratiounspolitik ze bedreiwen. D’Leit hunn deen demographeschen Ëmschwong – eleng wärend der “New Labour” Zäit (1997-2010) ass d’Populatioun vum Land ëm iwwer 2.2 Millioune geklommen – mat ëmmer méi Mësstraue gesinn. Am Ufank vum Joerzéngt ënnert dem Tony Blair loung de Prozentsaz vun de Bierger, deenen d’Immigratioun bei politeschen Entscheedungen am wichtegste war, bei 4%; 2007 du bei ganze 46%. D’Austeritéit, déi déi kleng Dierfer am Norde vum Land am meeschte sollt treffen, huet erréischt 3 Joer méi spéit ënnert Cameron/Clegg ugefaangen. D’Flüchtlingskris an Terrorattacken huet de Kontinent kuerz vrum Brexit Referendum getraff. An enger EU-wäiter Etüd kuerz vrum Vote hunn d’Briten am meeschten vun allen 28 den Terror gefaart, de “Verloscht” vun hirer “nationaler Kultur” nogetrauert, an de schlechte Schutz vu Baussegrenzen als grousse Problem ugesinn.
“Take back control,” de Motto vun der Leave Campagne, huet do genee wéi dem Farage säi “Breaking Point” Poster, fir vill Leit, wéi d’Fauscht op d’Aa gepasst. Et konnt ee scheinbar net d’Immigratioun erofsetzen (oder “kontrolléieren”) ouni och d’EU ze verlossen. Et konnt ee net “eis” speziell britesch Kultur géint “déi aner,” ob friddlech EU/net-EU Bierger oder terroristesch (EU/net-EU) Bierger, schützen ouni een Austrëtt ze wielen. Et konnt ee just nees méi Transparenz an Demokratie a säi politesche System erakréie, wann een de Brexit gewielt huet. (Wéi ech hei vrum Referendum betount hat, war dat stäerksten Argument vu Leave bei all Events an de Woche vrum 23. Juni d’Fro, ween dann déi 5 Presidente vun der Europäescher Unioun sinn.) D’Idee, dass et sech bei deem Vote ëm eng Revolt géint d’Elite zu London gehandelt huet, déi esou rapid vu verschiddene Leit an där Elite verbreet gouf, war zum groussen Deel e Produit vun engem senger Fantasie. Wéi eng Etüd vun der Oxford University festgehalen huet, war esou ee “Sentiment” bei de Brexit Wielerschaft nämlech guer net present. Immigratioun an Demokratie; dat waren d’Haptpunkten. National Identitéit ass duerch déi britesch-europäesch Geschicht ganz speziell, wärend de groussen Demokratie Defizit scheinbar e normale Bestanddeel vun deem politesche Projet EU duerstellt.
En 2. Referendum drot ähnlech auszegoen
D’Geschicht kann ee net änneren & den Demokratie Defizit an Europa wëll scheinbar keen änneren. Do muss ee sech jo just ukucke, wéi Länner wéi Holland (oder och Lëtzebuerg) op dem Macron seng Ideen reagéiert hunn oder do dropper, wéi d’Parlament mat hirem Nee zu EU-wäit Lëschte fir d’Wahlen esouguer Baby-Schrëtt Richtung gréisser pan-europäesch Demokratie ofgeleent huet. Wann een da nach bedenkt, dass statistesch gesi weiderhin eng Patt Situatioun tëschent Remain a Leave besteet, an elo, nom Nee beim “meaningful vote” d’Wahrscheinlechkeet vum “People’s Vote” wann och just ganz liicht geklommen ass, muss ee fäerten, dass bei esou engem 2. Referendum minimum dat selwecht Resultat erauskennt. Anescht wéi d’pro-EU Leit, déi sech a méi oder manner regelméissegen Ofstänn zu London fir hir Therapiestonne Protester getraff hunn, an dem Status Quo notraueren, esou reesen d’Brexit Leit zënter Méint duerch d’Land, fir nees grouss Stëmmung ze maachen. “Leave Means Leave” Events mat Farage, Johnson, Davis, Rees-Mogg a co. zéien honnerten an honnerte vu Leit un. Laang Schlaangen oder schnell ausverkaaften Hale si keng Ausnahmen. Natierlech kann haut kee genee soe, wéi d’Resultat vun esou engem Vote wier. Alles ass wier méiglech, mä eng gréisser Victoire fir d’EU (= ënner 10%) ass zu dësem Zäitpunkt awer just e “Wunschkonzert,” wéi een am beléiften Däitschland géif soen.
Et huet ee nämlech zum groussen Deel déi falsch (oder guer keng) Conclusiounen aus dem Resultat vum 23. Juni 2016 gezunn an drot dowéinst 2019 komplett ëmzefalen, egal ob am Vereente Kinnekräich oder an der ganzer Unioun. Fir d’Wahlen an der EU am Mee deit sech jo elo schonns Historesches un: fir déi 1. Kéier iwwerhapt drot déi “grouss Koalitioun” vun de mëtt-riets Parteien & mëtt-lénks Parteien am Parlament keng Majoritéit ze kréien. Do dierft, falls den EU Referendum iergendeng Indikatioun dofir ass, och e klenge Wahlkampf vun e puer Woche näischt méi drun änneren.
Egal ob et zum Brexit kennt oder net, an zu wéi enger Zort Brexit et um Ënn da sollt kommen, de Patient Europäesch Unioun ass weiderhi schwéier krank a schéngt weiderhi (leider) net gewëllt ze si, fir iergendeng Medezin dogéint ze huelen.
[…] NextEtüde soe déi generell Brexit Analyse […]