Month: May 2019

Daten: De Presseclub kéint och Männerclub heeschen.

All zweete Weekend gesi sech op RTL Radio Lëtzebuerg e Grupp vu Journaliste. Si maache fir d’Leit de Point vun der Aktualitéit hei heem, an Europa an doriwwer eraus. D’Stëmm vun enger Fra héiert ee net oft. Stëmme vu ville Fraen zesumme bal ni. Grad emol 3 Medie schécken iwwerhapt eng Fra hannert de Mikro. E Bléck op den Gender Balance an de leschten 12 Méint vum “RTL Presseclub.”