[Geschate Lieszäit: 15 Minutten]

Fir déi éischte Kéier ass d’CSV net méi bei Wahlen déi stäerkste Kraaft zu Lëtzebuerg. Déi Saach huet een emol e puer Deeg misste sacke loossen. Elo ass et dann awer un der Zäit, fir eng éischte Kéier méi genee op d’Performance vun dëser “Vollekspartei” ze kucken. Et ass souzesoen e Suivi vun dësem Post. Deemols hat ech mer d’Resultater an de 44. gréisste Gemenge vum Land ugekuckt – méi genee bei de Lokal- a Nationalwahlen an de Joren 2011, 2013, 2017 an 2018. Haut setzen ech d’EU Wahle vun 2014 an 2019 nach dobäi. Et wäert e bekanntent Muster zustane kommen.

Als alleréischt muss een awer natierlech nees op d’Limitte vun esou enger “Analys” hiweisen. Bei den EU- a bei de Lokalwahle sinn d’EU Bierger*innen am Land och op de Wielerlëschten ze fanne, wärend dëst jo bei Chamberswahlen net de Fall ass. En plus spillt bei Gemengewahlen de grousse Parteie, wéi enger CSV, hir Gréisst och an d’Hand – zemools méi kleng Parteie, wéi déi Lénk oder d’Piraten, kenne net iwwerall bei esou Wahlen eng Lëscht opstellen. Genee wéi d’leschte Kéier “vergiesse” mer déi Limitatioune elo fir ee Moment. 

Par rapport zur EU Wahl 2014

Am Fréijoer 2014 war d’Welt fir déi Chrëschtlech-Sozial zum Deel nach an der Rei. Et hat ee secherlech géint säi Wëllen e puer Méint virdru missten de battere Wee an d’Oppositioun goe, mä am Mee 2014 huet nach eemol déi grouss Stonn vun der CSV geschloen. Mat enger Lëscht vun 2 EU Deputéiert, dorënner de President vun haut, Fränk Engel, enger EU Kommissärin, dem Viviane Reding, an engem “siwente Kandidat” – dem EU Spëtzekandidat vun der EVP, Jean-Claude Juncker – war e gewëssen Dream Team um Start. D’CSV krut mat 37,64 Prozent hirt beschte Resultat, déi ee jee bei EU Wahle konnt feieren – eng ronn 0,5% méi wéi nach 2004. Déi 3 Sëtz waren op engem séchere Fundament opgebaut. Op der anerer Säit huet déi nei Premier-Partei, d’Demokratesch Partei, mat 14,77 Prozent deemols nach méi schlecht ofgeschnidde, wéi een dat 2004 gemaach hat, wéi d’Wieler*innen ee fir d’Aarbecht an der CSV/DP Koalitioun ferm ofgestroft haten. 

Leschte Mount huet d’CSV dunn awer an alle Gemenge (vun de 44, déi ech hei gekuckt hunn) par rapport zu 2014 verluer. An et huet ee net just einfach verluer, et huet een esou richteg grouss verluer. Zu Iechternach ass ee vun 41,63% op 23,34% erof gefall. Zu Dikrech koum ee vru fënnef Joer nach op 39,04%, ma elo stounge just nach 21,14% hannert engem. Zu Stroossen goung et vu 40,47% op grad emol méi 19,77%. An der Stad – do wou ee bei de Gemengewahlen 2017 nach eng vun de grousse Victoire konnt feieren – huet een ebenfalls iwwer 20 Prozent verluer a loung just méi bei grad eemol 17,07(!) Prozent. An zu Esch, deem anere groussen Erfolleg vun deene Gemengewahlen 2017, koum ee mat 17,82% (e Minus vu 16,46% par rapport zu den EU Wahlen 2014) och net vill besser ewech. Nach méi schlecht war een do just nach zu Diddeleng, wou déi stolz Partei just méi 15,4% vun de Wielerstëmme kritt huet. 

D’Moyenne vum Verloscht an den eenzele Bezierker gesäit dann och guer net schéin aus, fir déi Partei, déi national elo réischt an hirem 11. Joer Oppositioun zënter dem 2. Weltkrich ass. 

Wéi ee gesäit, schneit d’Partei am Norden nach am beschten of. Och wann ee muss festhalen, dass e Verloscht vu wäit iwwer 10% fir eng Partei mam Usproch vun enger Vollekspartei kloer vill ze vill ass.

Par rapport zur Landeswahl 2018

Wann een elo de Verloscht an deene Gemengen an de leschte puer Méint kuckt, dann deet sech een zimlech ähnlecht Bild op. D’Partei verléiert an alle Bezierker, ma am Norden (wann och just knapps) am mannsten. Den Zentrum, wou een de Verloscht vun de Gemengewahlen 2017 op d’Chamberwahlen 2018 nach konnt ferm a Grenzen halen (méi), gouf elo och voll vun där Well géint Partei getraff. An eppes iwwer engem halwe Joer huet d’CSV hei an de grousse Gemenge vum Land am Schnëtt bal 10% verluer. E puer Beispiller w.e.g.? Zu Bartreng krut een am Oktober nach 29,03%, ma elo stoung ee bei 19,07%. Zu Steesel ass ee vun  iwwer 28 Prozent op 18% erof gefall. Zu Hesper huet ee vu bal 36% am Oktober iwwer 10% missten ofginn, fir bei just méi 23.53% ze landen (a net méi déi stäerkst Partei an där Gemeng ze sinn).

Am meeschten dierft awer de kléngste Bezierk, den Osten, wuel hei opfalen. Wärend een par rapport zur Chamberwahl an de gréisste Gemenge vun deem Bezierk “just” 5.35% an der Moyenne verluer huet, esou ass et, wéi uewe gesinn, par rapport zur leschter Europawahl e Verloscht vun iwwer 17,5% an deem Deel vum Land. Et weist, wat zënter 2011 mat der fréierer Vollekspartei geschitt ass. 

Gewënn/Verloscht vun der CSV an de gréisste Gemenge am Osten vun där enger Wahl op déi nächst

Eng normal Partei

Vill gouf an de Stonnen an Deeg nom Wahlsonndeg driwwer geschwat, dass en Deel vun der Partei, déi de neie Chef Fränk Engel net gutt fennt, dësem wollt een Denkziedel verpassen. Jo, wéi Reporter gemellt huet, wier och kee vun de “grousse” Politiker an der Partei iwwerhapt bereet gewiescht, fir bei dëser Wahl unzetrieden & de Parteichef wier esou praktesch forcéiert ginn, fir e Renouveau ze maachen.

Esou Diskussiounen schränken awer d’Siichtfeld, menger Meenung no, ze vill op d’Aktualitéit an. De Problem vun der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei läit net onbedengt direkt um haut, mä um gëschter. Haut ass een eng ganz normal Partei.

N.B. An dësem Grafik sinn déi national Resultater bei EU Wahlen (also vun alle Gemengen am Land) duergestallt

Et läit een op engem Niveau mat der Demokratescher Partei, déi, wéi dëse Grafik festhält, zumindest bei dëser EU Wahl net dramatesch besser war, wéi hiren Duerchschnëttswäert bei Kontinentalwahlen. Et ass d’CSV, déi agebrach ass. Eng DP konnt dovunner just minimal profitéieren. (Mir sinn also nach e gutt Stéck ewech vun engem elektoralen DP-Staat.)

Et muss een sech also als Partei froe, wéi dat konnt geschéien. Et ass wuel esou, dass eng nei Generatioun am Land geléiert huet, dass och eng Regierung ouni CSV e Land ka féieren. De “séchere” Wee zu Lëtzebuerg ass net méi onbedengt e Kräiz bei der CSV. Zemools wann ee sech déi parteiintern Streidereien ugekuckt huet, déi et do goufen, dierft deen een oder anere Wieler sech et 2 Mol iwwerluecht hunn, ob een déi Partei soll schwärzen. Fir engem Parteipresident, deen zwar wuel gär uneckt, mä awer réischt zënter e puer Méint am Amt ass, d’Schold un dësem Wahl-Malaise ze gi, wier awer ze vill einfach. Et ass jo och net wierklech dat, wat d’Kommentaren an de Medien hei gemaach hunn. Et sicht een sech just, menger Meenung no, déi falsch Leit eraus. 

Wann ee nämlech d’Resultater an de 44. gréisste Gemenge vum Land op d’EU Wahlen eben ausbaut – also all d’Wahle vun 2011 bis 2019 kuckt – da gesäit een eppes ganz kloër: de Broch koum 2014.

Bei deene leschte Wahle “mam” Jean-Claude Juncker krut een 2014 esouguer an de grousse Gemenge vum Land liicht méi Stëmme, wéi een national herno um Konto stoen hat (38,21% vs. 37,64%). Et war den Héichpunkt. E leschte grousse Vote fir e Politiker, dee laang de beléifsten am Land war.

De Problem fir d’CSV ass, dass och duerch de Stil vum langjärege Premier kee wierklech als Nofolger oder Nofolgerin opgebaut gouf. Et huet sech alles ronderem den Här Juncker gedréit. Hien huet déi Partei geleet, wéi och just wéineg Leit, ob zu Lëtzebuerg oder am Ausland, dat fäerdeg bréngen. (Et denkt een hei e.a. just emol un d’Decisioun beim Euthanasie Gesetz, dem Wonsch no gratis Kannerbetreiung oder d’Entscheedung dass de gläichgeschlechtleche Mariage an enger CSV/LSAP Regierung (2009-14) sollt ëmgesat ginn.) Wat hie gesot huet, war d’Positioun vun der Partei. Punkt. Dat ass grousse Leadership… respektiv esou wéi en an der Ëffentlechkeet ëmmer gären duergestallt gëtt. 

Et ass nämlech grad dee Grafik hei uewen driwwer, mat deem kloeren Opstig a rapide Fall no der Juncker Zäit, dee wéi keen aneren weist, dass dem Här Juncker een Haptbestanddeel vum Leadership gefeelt huet. Déi beschte Leaders, ob an der Politik oder Privatwirtschaft, bréngen et nämlech fäerdeg eppes langfristeges opzebauen. “Level 5 Leaders,” wéi den Jim Collins dës a sengem Recherche Buch nennt, gesäit een eigentlech esou richteg, wa si net méi do sinn. Nee, ebe grad net well hire Verloscht dann opfält (sou wéi beim Jean-Claude Juncker). Et mierkt een et, well den Iwwergang op déi nächst Persoun keen dramateschen Impakt op d’Situatioun vun der Firma/Partei huet. Apple ass beispillsweis net agebrach, wéi een gewëssenen Tim Cook iwwerholl huet. (Ganz au contraire.) D’CSV ass net zesumme gefall, wéi e Pierre Werner oder Jacques Santer fort gaange sinn.

Et ginn an der Politik 2 Saachen, wourunner een e ganz grousse Politiker erkennt: (1) déi politesch Konkurrenz huet Deeler vun engem senger Philosophie a sengem Stil iwwerholl (zB den Impakt vu Thatcher/Reagan op Labour/Demokraten am Vereente Kinnekräich respektiv den USA; d’Akzeptanz vun der SPD an Däitschland vun enger “Schwarze Null”) an (2) eben dass engem seng parteiintern Nofolleg minimum genee esou e gudden Erfolleg huet.

Et ass secherlech méi einfach beschriwwe, wéi gemaach. An dëse Blog ass net déi richteg Platz, fir en détails eng Analys vum Jean-Claude Juncker senger Zäit un der Spëtzt vum Land ze maachen. Mä op een éischte Bléck schéngt den aktuelle Nach-EU Kommissiounspresident a béiden Hisiichte versot ze hunn. D’Dräierkoalitioun besteet och, well e Géigepol zum Jean-Claude Juncker sengem Stil Politik ze maachen vun der Konkurrenz gewënscht gouf. An e Nofolger gouf, wéi d’Zuelen hei an d’Wahlresultater am allgemenge weisen, net wierklech gutt opgebaut. Den Här Juncker ass net deen éischten, a wuel och net de leschten, deen et net fäerdeg bruecht huet. Mä seng Partei, déi him no all deene Jorzéngte Memberschaft misst ferm um Häerz leien, muss haut domatter eens ginn, wat gëschter falsch gemaach gouf. Oft gëtt an esou Zäite vu verschiddenen aus nostalgesche Grënn sech esou guer gären den aale Chef zréck gewënscht. Mä dat géif just bedeiten, dass een als Partei net déi néideg Schrëtt mécht, fir sech endlech op déi nei Realitéiten anzestellen. 

Eng aner Politiklandschaft

Fir déi 1. Kéier koume bei Europawahlen dëst Fréijoër nämlech déi zwou grouss Volleksparteie vu lénks a riets der Mëtt net méi als klore Gewënner iwwert d’Arrivé. 

N.B. Och hei goufen déi national Resultater geholl

Déi sozialliberal Parteie mat engem méi klengen/grousse gréngen “Touch,” d’Demokratesch Partei an déi Gréng, kruten am ganze Land zesummen 7 Prozent méi Stëmme, wéi déi zwou traditionell Parteien. De Grafik hei weisst, wéi grouss sech d’Situatioun bannent 25 Joer geännert huet. A, wéi mer virdru gesinn hunn, läit den Erfolleg vun där DP/Gréng “Unioun” net wierklech um Resultat vun der DP – mat där ee nach ëmmer misst am meeschten Iwwerschneidungen hunn

Dat mécht et fir eng CSV, déi weiderhin den Usproch huet, fir eng Vollekspartei ze sinn, net méi einfach. Wann de Parteichef Engel an d’Fraktiounscheffin Hansen zesumme no riets ginn, fir dem adr (an de Piraten) e puer Stëmmen ewech ze huelen, dann drot ee, wéi e.a. an Däitschland oder Frankräich, nach méi un déi Gréng a liberal Kräften ze verléieren. Mä, falls een elo sollt déi nei gréng Partei ginn, drot een wirtschaftsliberal Wieler*innen entweder un d’Premier-Partei DP (an ekonomesch gudden Zäiten) oder esouguer vläit un eng adr (a schlechten Zäiten & falls déi Partei an der post-Gibéryen Zäit an esou eng Lucke-AfD Regioun geet) ze verléieren.

Fazit

Et stécht ee, genee wéi engem seng Schwësterparteien uechter Europa, fest. D’Zäit, wou een als Konservativ sech de Koalitiounspartner konnt aussiche, schéngt fir de Moment emol eriwwer ze sinn. Gutt Leit hunn d’Partei an de leschte Juncker Joren (oder an der 1. Oppositiounszäit) doriwwer eraus verlooss. Eng nei, staark Equipp opbauen, déi dem speziellen elektorale System zu Lëtzebuerg gerecht gëtt, brauch Zäit. D’DP huet no der Koalitioun mat der Juncker-CSV 15 Joer gebraucht, fir bei Europawahlen emol nees liicht iwwer hirer nationaler Moyenne ze leien (a bei de Nationalwahlen ass e weiderhin vun de 15 Sëtz vun 1999 ewech). An an där Zäit goufen et e gläich puer Leit um President(inne)stull an eng ganz Rëtsch méi um Stull vum Generalsekretär. Wann d’Wahlresultater zënter 2014 eppes weisen, dann dat, dass déi Chrëschtlech-Sozial wahrscheinlech eng ähnlech turbulent Zäit kéinte vru sech hunn.

Oder, fir beim Bild vum leschte Post ze bleiwen: et huet een an de Juncker Jore gutt am Gronn mat deem engen oder anere Pätchen esou richteg gefeiert. Dat war flott. Ma elo fiert den ale Chef mam Auto heem, de Lift erop an d’Stad realiséiert een ass futti, an dat alkoholescht Gedrénks léisst de Breedewee nach vill méi steil wierken, wéi e schonns ass. Jo, et wäert e wuel seng Zäitche brauchen, ier ee nees do uewen ass. Avis aux amateurs!

 


Featured: “Breedewee” by nitachem is licensed under CC BY-NC-ND 2.0 

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.