Category: Lëtzebuerg

De Lëtzebuergesche Wahlkampf ass männlech. Eng Analys.

Dat war also de Wahlkampf 2018 zu Lëtzebuerg. E kritt, wéinst dem praktesche Refus vun engem Wahlkampf bei de Parteien, vun der politescher Ausernanersetzung eng ganz ferm Datz. Interessantes gëtt et trotzdeem erauszeliesen. Eng Analys vun den Audio & audiovisuelle Medie weist nämlech, wéi déi eenzel Parteien bei der Geschlechts-Paritéit an der Campagne ofgeschnidden hunn. Hei kennen um Ënn eigentlech just d’Resultater vun enger Partei wierklech iwwerzeegen.

YIMBY: de schnell wuessende Mouvement deen déi global Kris am Logement wëll léisen

Am Debat ëm erschwénglecht Wunnen ginn 2 Saachen ëmmer ignoréiert: den ekonomeschen Eegeninteressi an een institutionelle Rassismus. YIMBYs wëllen dat änneren. E Bléck op de schnell wuessende Mouvement vu Millennials ronderëm d’Welt.

Eng Revolutioun, manner Aarbechtsplazen

Taxi-, Bus- a Camionschaufferen, Bréifdréier, Dokteren, Leit an der Textilien Industrie; fir déi éischte Kéier wäert eng industriell Revolutioun Aarbechtsplaze kaschten, a keng schafen. E Bléck op de vläicht gréisste sozialpoliteschste Problem vun de nächste Joren a Joerzengten.

IWD 2018: 2 Nimm, déi ee soll kennen

D’nächst Joer ginn et 100 Joer, dass dat Allgemengt Wahlrecht zu Lëtzebuerg agefouert gouf. Nach am nämmlechte Joer kennt déi éischt Fra an d’Chamber. Joerzéngten dono kennt och endlech eng Fra an eng Lëtzebuerger Regierung. Net just um internationale Fraendag lount sech dowéinst e kuerze Bléck op déi politesch Carrière vun dësen 2 Persounen, deenen hire Numm an hir Geschicht jiddereen am Land sollt kennen, ze werfen.

Budget & Gender zu Lëtzebuerg: “d’Revolutioun” huet d’Frae vergiess

Bal d’Hallschent vun den OECD Memberen benotzt Gender Budgeting, e wichtegt Mëttel fir d’Gläichstellung tëschent Fraen a Männer z’erreechen. Zënter Ufank vum Joerdausend benotzt d’EU dës Form vum Budget. An Éisträich ass et souguer e festgeschriwwent Gesetz fir all ëffentleche Budget. An zu Lëtzebuerg?

Analys: DP ass wuel um gudde Wee, fir d’Stad ze verléieren

D’DP huet d’Decisioun geholl, fir an der Stad mat der CSV an eng Koalitioun ze goen. Déi al Koalitioun mat deene Gréngen hat u Sëtz verluer – wéinst de Liberalen. D’Zuele vun de läschten 3 Gemengewahlen weisen een Trend, deen 2023 op der Oppositiounsbänk seng logesch Conclusioun kéint fannen.