Iwwer mech
Bonjour.
Hei bloggt een „20-something“ Kärel, deen zu Lëtzebuerg gebuer gouf awer gedanklech ganz oft an der Weltpolitik rondrëm hängt. Säin/mäin Numm ass Tom Heles.
Mat 11 Joer als kléng „old soul“, déi sech genee sou vill fir de Wirtschafts- & „Internationales“-Deel an der Zeitung interesséiert huet wéi fir de Sport, hunn ech e Summer domat verbruecht eng Meenung iwwer 2 US Presidentschaftskandidaten ze bilden (de Gore wollt ech herno als President hunn, wat ech haut nach besser fannen wéi deemools). Dat war de Startschoss. Eng kuerz Zäitchen dono hunn ech mengen erstaunten Elteren gesot, dass et Europa a Lëtzebuerg dat nächst Joerzéngt net méi sou gutt géif goen wéi nach am Ufank vun den 2000er. An ab 2004 verfollegen ech engem dunn nach zimlech onbekannte Mann vun Chicago seng Carrière, fir deen ech deemols schonns nëmmen allzegäeren selwer geschafft hätt: Barack Obama. 2006 schreiwen ech am Lycée een Dossier iwwer Griichenland. Fir d’Problematik Griichenland-EU z’ennersträichen benotzen ech deemols als eng vun den Iwwerschrëften “Un pieds dedans, un pieds dehors.”
Dat alles ier ech nom Start vun dësem Blog, souwéi engem kuerzen Tëschestopp op der Uni.lu, 2009 an England geplënnert sinn fir op der University of Birmingham Politikwëssenschaften ze studéieren. Am 1. Joer erliewen ech do fir déi 1. Kéier een ‘net-lëtzebuergeschen’ Wahlkampf “live” mat, an dat och net just wéi déi läscht Fernsehdebatt tëschent dem (dunn nach) Premier Brown, dem (elo Premier) Cameron & dem (elo Vize Premier) Clegg op eiser Uni stattfonnt huet, an si, genee wéi hiren Entourage an déi ganz Weltpress, ënnert de Studenten um Campus rondrëm gelaf sinn. Am nämmlechte Joer ginn ech mat aneren Jonken aus’m UK ausgewielt fir den UN Generalsekretär Ban Ki-moon ze treffen.
An deene Joeren op der Insel kréien ech och nach d’Chance de fréieren US President Jimmy Carter, de fréieren EZB Chef Jean-Claude Trichet, den aktuellen amerikanesch ‘Housing and Urban Development’ Minister & 2012 DNC Keynote Speaker Julián Castro, de fréieren UK Ausseminister David Miliband, an de franséischen Philosoph Bernard-Henri Lévy ze treffen an hinnen, wéi een dat dann sou mécht, nozelauschteren. Um Enn schreiwen ech meng Ofschlossaarbecht iwwert den amerikaneschen Gesondheetssystem (Aalen vs neien, an eng Analyse iwwer (méiglech) politesch Ënnerscheeder tëschent Konservativen a Liberalen op dësem Punkt an de leschten 100 Joer).
Aktuell pendelen ech (gedanklech a physesch) an der transatlantescher Welt hin an hir, firwat bei mir wuel och eng philosophesch Tendenz zum de Tocqueville besteet. Bei him war et Amerika entdecken/studéieren, bei mir et entdecken an do studéieren. Ech hunn elo mol zu Cambridge, Massachusetts (USA) op der Harvard University domat ugefaangen, fir do dann e.a. vu Leit dierfen ënnerriicht ze ginn, déi och alt fir Politico oder New York Times schreiwen oder dat läscht Joerzéngt iwwer e.a. fir de President Obama (D) oder de Governor Romney (R) geschafft hunn.
Politesch gesinn liewen ech an der Mëtt, mat enger Tendenz no lénks, zemools wann et ëm Civil Rights wéi LGBT Rechter oder verschiddenes aus der Sozialpolitik geet. Themen aus der Finanz- a Wirtschaftspolitik souwéi der amerikanescher/europäescher Innen- an Aussepolitik stellen d’Eckpfeiler vun dësem Blog duer.
Heiansdo wäerten dës och Deel vum Podcast „Heles & Heles“, deen ech zesummen mat mengem Brudder an enger ‘Hoppe‘-méisseger Regelméissegkeet maachen, sinn. A ween ganz allgemeng online/Twitter Noriichten op lëtzebuergesch well liesen, dierf gären mäin Twitter News Feed (@oppenenbreif), deen ech schonns zënter Ufank 2009 um Lafen hunn (méi laang wéi munch gréisser Noriichtenagence), followen.
D’Liewen huet wuel ugefaangen… an ech si frou dass dir mat dobäi sidd.
[Versioun: 2015]