All posts by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

Estland: E Parlament… bequem vun doheem aus wielen

Haut iwwerhëlt Estland d’EU Presidence fir déi nächst 6 Méint. Et gëtt an Ost- an a Westeuropa wuel kee Land wat esou vill op Digitalitéit setzt wéi Estland. Een vun deenen “e”-Projeten leeft zënter 2005 an erlaabt et de Bierger fir bei de Wahlen einfach online ofzestëmmen.

Zerstridden.

Zënter dem Referendum ass dat Vereente Kinnekräich zerstridden, wat de Brexit ugeet. D’Wahlen sollten do Stabilitéit bréngen, mä hunn d’Situatioun nach méi komplex gemaach wéi se scho wor. Schottland an déi nordiresch DUP wëlle wuel eppes wat England a Wales net gefält, an d’Lords kennen elo och nees fir Kappwéi suergen. Een Iwwerbléck.

Horrorwochen

Watergate? Impeachment? FBI Chef fort, Special Counsel ernannt, Affekoten eru gezunn etc. Do kann een eemol den Iwwerbléck verléieren. Wat alles an dëse ganz turbulent Wochen ronderëm de President Trump a seng Equippe geschitt ass, nach ee Mol a Rou duerchliesen – vum Sally Yates senger Ausso am Senat bis hin zu de leschten “scoops” vu Washington Post a New York Times.

Istanbul Convention: Ënnerschriwwen mä nach (ëmmer) net ratifizéiert

38% vun de Lëtzebuerger fanne Geschlechtsverkéier ouni Averständnes “okay” & 67% vun de Fraen goufe schonns sexuell belästegt. D’Regierung huet zwar d’Istanbul Convention fir de Schutz a Preventioun vru Gewalt géint Fraen a Meedercher ënnerschriwwen, mä gouf den Traité bis haut – trotz Verspriechen – nach net ratifizéiert.

Fraen (a Männer) marschéieren fir d’Gläichberechtegung

Grad eemol 1 Dag nom Trump senger Inauguration marschéieren Fraen (a Männer) zu Washington D.C., uechter d’USA, a ronderëm d’Welt, fir d’Gläichberechtegung vu Mann a Fra. Zu Lëtzebuerg fënnt kee Marsch statt, obschonns de Grand-Duché Joer fir Joer am “Gender Gap” Rapport no hanne fält.

66% Alkoholiker, 70% Chômage… Pine Ridge: Dat anert Amerika

“Make America Great Again” huet de President-elect Trump déi läscht Méint iwwer ëmmer nees gesot. Et gëtt eng Platz am Land wou esou e Slogan definitiv sollt Realitéit ginn: Pine Ridge. Hei läit de Chômage, Alkoholkonsum a Suizid vu Jonken esou héich wéi soss bal néierens an der westlecher Hemisphär. Wëllkomm an deem aneren Amerika.