[Geschate Lieszäit: 7 Minutten]

Duerch d’Verloschter vun de Sozialisten zu Esch gouf iwwert déi aner grouss Partei an der aktueller Koalitioun net esou vill geschwat. D’Demokratesch Partei ass d’läschte Mount jo och nach eemol mat engem bloen Aa dovu komm – no pun intended. D’Ofschneide an der Stad vun enger, op personellem Plang, erneierter CSV mat hirem Spëtzekandidat, Serge Wilmes, misst der Partei vum Premier awer ferm Suerge maachen. Ee Moment hat et um Wahlowend ausgesinn, wéi wann d’DP an d’CSV op enger Héicht géife leien, ier déi Blo nach 2 Sëtz tëschend sech an hire neie Koalitiounspartner konnte bréngen.

D’Resultater an der Stad weisen zwou verschidde Welten fir d’DP. Op der enger Säit sinn d’Lëschtestëmmen – déi 2005 bei 111,753 louchen; 2011 bei 120,069; an dëst Joer bei 131,706. Dat ass bannent 12 Joer e Plus vun 19,953 Stëmmen. Op der anerer Säit steet de Gesamtundeel vun de Stëmmen fir d’DP. 2005 konnt ee nach 35.86% vun de Wieler*innen an der Stad vu sech iwwerzeegen. 6 Joer méi spéit huet ee nach 33.65% hannert sech versammelt kritt a vrun engem Mount ass een um Ënn mat 30.04% nach sou just iwwert d’Mark vun 30 Prozent geklomme gewierscht.

Wéi ass dat méiglech?

Ween einfach op d’Endresultat kuckt, gëtt dem Spëtzemann oder, wéi an dësem Fall der Spëtzefra d’Schold um méi schlechten Ofschneiden. E kuerze Bléck op d’Zuelen weist awer och hei, dass esou eng Denkweis fir d’DP kéint katastophal Folgen hunn. Et war d’Lydie Polfer wat, vum Resultat hir, d’Wahlen an der Stad nach gerett huet. Fir dat z’ënnerleeën kucke mer nees op déi 3 läscht Gemengewahlen zréck.

Vrun 12 Joer huet ee mam Paul Helminger, Anne Brasseur, Lydie Polfer, a Xavier Bettel gläich 4 Politiker gehat, déi iwwer 10,000 Stëmme kritt hunn.

D’Colette Flesch a Simone Beissel ware mat iwwer 9,000 och nach ganz gutt dobäi. Et war dëst déi läscht gemeinsam Gemengewahl vun der “grousser Generatioun.” D’Anne Brasseur an d’Colette Flesch si beispillsweis dono net méi um Knuedler mat gaangen.

6 Joer méi spéit iwwerascht de Xavier Bettel verschidden Observatoren & steet um Ënn vrum Spëtzekandidat a Buergermeeschter, Paul Helminger. Deen huet doropshin d’Politik verlooss. D’Zuel vun de Leit mat iwwer 10,000 Stëmmen fält op 3 erof; déi vun iwwer 9,000 Stëmmen op just méi 1 – d’Simone Beissel.

2 Joer méi spéit fält d’Juncker-Asselborn Regierung. Et gi Neiwahlen. D’DP gewënnt Sëtz dobäi, geet an eng Regierung mat der LSAP an de Gréngen, a gëtt hire populäre Staater Buergermeeschter dem ganze Land als Premier. Op dem Xavier Bettel seng Platz kennt d’Lydie Polfer, déi d’Partei dëst Joer an d’Wahle gefouert huet. Si ass déi läscht vun den Top 4 vun 2005, a mécht 2017 dann och nach e perséinlech bessert Resultat wéi an den 2 Gemengewahle virdrun.

D’Lydie Polfer ass nach déi eenzeg Politikerin, déi iwwer 10,000 Stëmmen kritt. D’Simone Beissel verléiert liicht, bleift awer déi eenzeg Politikerin an der Kategorie 9,000-10,000. Ween et wëll kuerz faassen, ka soen: zënter 2005 koum kee méi an de Grupp mat iwwer 9,000 Stëmmen. 

D’Demokratesch Partei konnt hir Héichbuerg also nach esou just retten, mä d’Feier brennt op a rondrëm d’Tierm. Déi Liberal ginn Affer vum lëtzebuergesche Wahlsystem vum Panachage. Während d’Mark “Demokratesch Partei” an hirer Héichbuerg staark genuch ass, fir Stëmmen als Lëscht dobäi ze wannen, esou wier d’Lydie Polfer a Fro stellen, baséiert op de perséinleche Resultater vun den eenzelne Leit, eben eng geféierlech Strategie. DP huet grouss Käpp an de läschte Joren an der Stad verluer – entweder duerch Récktrëtt oder duerch d’Resultat vu Parlamentswahlen. Aner Käpp kennen dee Verloscht net gutt maachen. De Jeff Wirtz koum 2017 beispillsweis mat knapp 7,000 Stëmmen op déi 5. Platz op der Lëscht, während esou e Resultat 12 Joer virdrun emol net fir déi 11. Platz duergaange wier. 

Een anert Beispill. 

D’CSV kennt 2011 beim ‘suffrage nominatif’ op  42,407 Stëmmen. D’DP koum deemols op 72,087. Dëst Joer goung d’CSV op 49,284 erop, während d’DP op 54,869 gefall ass. Déi Chrëschtlech-Sozial konnten hire Réckstand vun 29,680 Stëmmen op 5,585 verkierzen. Do wéilt een als DP den Ëmschwong vun 2005 (94,123 beim suffrage nominatif; 39,088 Virsprong op d’CSV) op 2017 scho bal net méi ausrechnen. (Et ass e Minus vun 39,254(!), wat de Plus vu 19,953 Lëschtestëmmen zënter 2005 ferm an de Keller zitt).

An anere Wierder: et gesäit net gutt aus, fir déi Staater DP. Polfer a Beissel (with all due respect) stinn haut net méi fir d’Zukunft vun der Partei. An ob e Premier wierklech, falls et 2018 sollt eng aner Koalitioun am Land ginn, nees bei de nächste Wahlen zréck op de Knuedler wëll wiesselen, ass eng ganz aner Fro. Sollten déi 3 läscht “Déck” vun 2005 d’Decisioun huelen, fir déi nächste Kéier net méi mat ze goen, dann deit sech fir déi Liberal an der Stad eng Zäit op der Oppositiounsbänk un.

De Serge Wilmes sot Wort.lu géigeniwwer, dass hien 2017 guer net wollt Buergermeeschter ginn; mä dee Stull wäert him, no 6 Joer als “Junior Partner”, awer 2023 vläit vill besser gefaale wéi haut.

(Featured Image: cc 3.0 Roland Struwe)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s