Lues awer secher seet eis 2016 Äddi. Verschiddener géife wuel soe: mir soen endlech 2016 Äddi. Et wor fir all d’Leit, déi un eng liberal, gläichberechtegt a multikulturel Welt gleewen, scheinbar kee gutt Joer. Vum Brexit Vote am Juni zur Donald Trump Victoire am November, all Kéiers schéngen d’Ängscht vun enger (knapper) Majoritéit 2016 eis am Grëff gehat ze hunn. Ier een op dat nächst Joer kuckt – mat e.a. Wahlen a Frankräich, Holland an Däitschland – gëtt et awer Zäit op déi Noriichten ze kucken déi een 2016 wuel verpasst huet. Anescht wéi de Poopst nämlech 2014 behapt huet, laafe mer net Richtung 3. Weltkrich. En faite, gëtt d’Liewen op dëser Welt ëmmer besser. Hei si 6 gudd Noriichten fir d’Joer ofzeschléissen: 

1. Extrem Armut ass op engem historeschen Déif

Jo, déi extrem Armut (zënter 2015 vun der Weltbank definéiert als $1.90/Dag, do virdrun als $1/Dag) fält a fält. Während 1820 just eng ganz kleng Elite net an extremer Armut geliewt huet, ass et haut eng kleng – wann och nach ëmmer ze grouss – Minoritéit déi an esou schwieregen economeschen Verhältnisser liewt. (Do muss een och nach dobäi bedenken, dass sech zënter 1820 d’Populatioun op dëser Äerd ver-7-facht huet.) 1981 wore nach 44% vun der Weltbevëlkerung an extremen Armutsverhältnisser; beim Fall vum Kommunismus woren et dunn 37 Prozent, an zënterhir geet et ganz rapid erof. 2015 ass ee wuel fir déi éischte Kéier  an der Geschicht ënner 10 Prozent gefall. Dës Generatioun kéint deemno déi ginn, déi déi extrem Armut ausläscht – een Zil wat d’Weltbank zesumme mat der UN a senge Memberstaaten bis 2030 well packen. 

2. Ëmmer méi Leit kenne liesen a schreiwen

Vru 50 Joer konnt eng Majoritéit vun de Leit weder liese nach schreiwen; bal all 4. Jonken wor betraff. Haut ass dës Zuel bei de Jonken op ënner 10 Prozent gefall. Am Norde vun Afrika ass ee vun 32% Jonken (vru 50 Joer), déi liesen a schreiwe konnten, op elo iwwer 90% geklommen. E Beispill? An Tunesien ass d’Zuel vu 26% op 97% geklommen. A südlech vun der Sahara huet ee sech méi wéi verduebelt, vun 34% op 71% – mat Länner wéi dem Cap Verde, deem säi Wäert vun 33% op 98% gestiegen ass. Weltwäit hunn zënter de 1960er zemools Fraen e ganz grousse Sprong gemaach, och wann zwee Drëttel vun de (nach) 758 Milliounen Erwuessenen, déi weder liese nach schreiwe kennen, weiderhin Frae sinn. Och hei ass d’Zil bis 2030 dës Zuel op 0 zesetzen. 

3. D’Zuel vun Doudegen duerch Terrorattacken ass dëst Joer ëm 10% gefall

Mat all de Noriichten rondrëm Nice, Bréissel an elo Berlin (a Melbourne an Oberhausen) kéint een d’Impressioun kréien, dass d’Welt ëmmer méi däischter gëtt, dass een de “state of nature” ereecht an deem et, laut dem politesche Philosoph Thomas Hobbes, just Chaos an Doudesfäll ginn. Dat ass eng Geschicht déi sech zwar gutt verkeeft, mä si entsprécht – zum Gléck – net der Wouerecht. En faite, stierwe haut vill, vill manner Leit wéinst Terrorismus wéi duerch Tubak, Alkohol oder Autosaccidenter. An d’Zuel vun den Affer ass bannent engem Joer ëm ganzer 10 Prozent gefall; a 76 Länner op der Welt huet sech d’Terrorsituatioun verbessert. Och a Westeuropa sinn d’Zuelen vun Doudegen duerch Terrorismus bäi wäitem net méi esou héich wéi nach an de 1970er oder 80er; an d’Zuel vun den “Islam inspiréierten” Attacken sinn a Westeuropa och extrem kléng par rapport zu allen Terrorattacken déi et um ganze Kontinent ginn.  

4. Et gi manner Kricher a manner Krichsdoudeger wéi je virdrun

Krich an Doudeger: och dëst ass, nodeems een 12 Méint regelméisseg op Syrien gekuckt huet (a ganz oft da Platzen wéi Jemen oder Ostukraine vergiess huet), e Gefill wat een wuel ëmmer mat 2016 wäert verbannen. Déi bestänneg Biller a Noriichten iwwer Flüchtlingen an ‘hir’ “Kris” – firwat schwätzt eigentlech ni een dovunner dass dat fir e Kontinent deen extrem séier méi al gëtt net och eng Flüchtlingschance ka sinn? – bréngt een och zu der Conclusioun, dass een als Mënschheet nees an aal, bekannte Musteren verfält. Et stëmmt just net. Mir liewen, trotz donkelen Schlagzeilen, aktuell an der friddlechster Phase an der Geschicht vun der Mënschheet. Et goufe nach ni esou wéineg Kricher a Konflikter. Et schéngt ganz wéi wa sech déi liberal “Democratic Peace Theory,” déi seet dass Demokratien net géinteneen Krich féieren, géif um Ënn wierklech bestätegen.  

An d’Zuel vun Doudegen bei arméierten Konflikter si vill méi niddreg haut wéi je virdrun. E puer Beispiller vu Konflikter an dësem Joerhonnert an aus dem läschten: a Syrien – e Konflikt deen elo schonns méi laang dauert wéi den 2. Weltkrich (an Europa) gedauert huet – koume bis ewell ronn 500,000 Leit ëm d’Liewen; am Zivilkrich an Algerien (1991-2002) 200,000 Leit; beim Krich am Afghanistan sinn et ronn 60,000; während de russeschen Zivilkrich (1917-1922) bis zu 9 Millioune Affer gefuerdert huet; am Vietnam eng 3.8 Milliounen Leit gestuerwe sinn; ronn 1.2 Milliounen a Korea; an 1.6 Milliounen am Afghanistan an den 1980er (Soviets); an am 1. Golfkrich tëschent Iran & Irak gouf et eng Millioun Affer.

Do muss ee mol guer net ufänken vu Genocide ze schreiwen, deen haut bei wäitem net méi sou héich ass wéi nach am läschte Joerhonnert

5. Krankheeten ginn ausgeläscht

Et gëtt geschaat dass “smallpox” zum Schluss vum 18. Joerhonnert eng 400,000 Europäer pro Joer ëmbruecht huet. Dat si 7% vun der Bevëlkerung. All Joer. Zënter 1979 ass d’Krankheet offiziell ausgeläscht. Et huet Joerhonnerte gebrauch fir dohinner zekommen…

… dat goung bei 2 Krankheeten vun haut vill méi séier. “Polio” a “Guinea Worm Disease” gi sech zënter e puer Joer e Kapp u Kapp Rennen ween als nächst ausgeläscht gëtt. Nach ni huet eng Generatioun vu Mënschen konnten 2 Krankheeten ausläschen, mä dës ass aktuell extrem no drun. 

Am Kampf fir Polio auszeläschen ass een 1988 beim Start vun iwwer 300,000 Fäll op 716 am Joer 2011, op iwwer 80 d’läscht Joer, op iwwer 30 dëst Joer gefall. 

Beim Guinea Worm Disease, géint deen et keng Medikamenter gëtt mä een de Parasite iwwer e puer Deeg ganz lues muss aus dem Kierper eraushuelen/dréinen, ass de Progrès nach méi faszinant. Wéi de “Carter Center” vum fréieren US President Jimmy Carter am Joer 1986 decidéiert huet déi Krankheet auszeläschen, goufen et ronn 3.5 Milliounen Fäll an iwwer 20 Länner (an iwwer 23,700 Dierfer). 2015 wore nach 4 Länner betraff, 2016 sinn et der just méi 3 – Chad mat 14 Fäll, Südsudan mat 5 an Ethiopien mat 3.

A weem dat elo alles zevill “wäit ewech” ass, dee sief drop higewissen, dass eng nei Lasermethod fir Prostatakriibs Patienten bei 50% vun hinnen de Kriibs bekämpft huet, wéi Dokteren dës Woch matgedeelt hunn.  

6. Manner Honger op der Welt

Ufank de 1990er wor bal 1 Milliard Leit op der Welt déi net genuch oder näischt fir z’iessen haten. Zënter dem Fall vum Kommunismus ass déi Zuel schonns e gutt Stéck gefall. En faite, ass se ëm iwwer 20% gefall. Haut si manner wéi 800 Millioune Leit, déi an déi Kategorie falen. Natierlech ass dat nach ëmmer vill ze vill, mä den Trend weisst ganz kloër no ënnen. De Prozentsaz vun der Bevëlkerung an Entwécklungslänner, déi net genuch/näischt z’iessen hunn, ass vu bal 25% Ufank de 90er op haut 12.9% gefall. Wéi een hei nach ee Mol e grousse Sprong kéint maachen? Ganz einfach, wa Fraen als Bauer genee esou een Accès zu Resourcen hätten wéi d’Männer, kéinte bis zu 150 Millioune Leit all Dag genuch an hirem Bauch hunn. 

child-1566470_1280

“Follow the trend lines, not the headlines.”  – Bill Clinton

Ween, baséiert op de politeschen Entscheedungen vun dësem Joer, schwaarz fir d’Zukunft gesäit, dee sief drun erënnert, dass wa just Jonker gewielt hätten de UK ganz stark Remain gewielt hätt (d’Bedeelegung um Referendum wor bei Jonken iwwerengs 64% – méi wéi duebel sou héich wéi déi alleréischt Zuelen dat um Owend selwer behapt hunn); an d’Hillary Clinton mat minimum iwwer 400 Wahlleit gewonne gehat hätt. A wee mengt, dass Jonker einfach net wiele ginn, dee soll un d’Wahl vum Alexander “Öbama” Van der Bellen an Éisterräich denken. Hie konnt sech nämlech dank de Jonken, déi eng Wahlbedeelegung vun iwwer 80% haten, géint de rietsextremen Norbert Hofer duerchsetzen. 

An dësem Sënn… loosst iech, trotz de schlechten Schlagzeilen, dës Deeg net emotional erofzéien! Op Angscht a Virurteeler zesetzen huet zwar 2016 e puer Etappen gewonnen, mä am Generalklassement läit eng besser Welt nach ëmmer grouss vir. A ween dat a vill méi enger emotionaler Form well liesen, dee soll definitiv e Bléck op der Auteurin Zadie Smith hiren Text “On Optimism and Despair” puchen. 

Erhuelsam Feierdeeg an e gudde Rutsch!

 


Update: Eng éischt Versioun vum Blogpost huet fälschlecherweis gesot et wiere just 5 gutt Noriichten. Et sinn der 6. Esou schlecht wor d’Joer dann awer definitiv net. 😉

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s