[Geschate Lieszäit: 20 Minutten]

Eng perséinlech Note…

Als alleréischt muss ech mech selwer erklären. No den amerikanesche Wahlen kann ee just schwéier zur normaler Dagesuerdnung iwwergoen – an dat zielt och fir dëse Blog. Et wier, menger Meenung no, falsch sech net z’erklären a selwer no Feeler sichen ze goen. Dat probéieren ech an dësem Post ze maachen, genee wéi een Ufank vun enger Erklärung firwat dëse Mount geschidd ass wat geschidd ass.

Als alleréischt awer: Sorry. Et deet mer leed.

Ech wor zwar bei Wäitem net deen eenzegen, deen eng Clinton Victoire gesinn huet – Date vu béide Parteien a vu béide Campagne, genee wéi ëffentlech Ëmfroen, hunn dat all um Wahlmoien nach esou gesinn –, mä dat mécht et direkt net besser. Et hëlleft och net, dass mäin Tweet a meng Behaptung, dass d’Course ni knapp wor, net esou wäit vum Nate Silver senger Analyse während dëser Campagne ewech wor. Et gëtt direkt keen deen dës Campagne a seng Schlussvictoire vun Ufank u komme gesinn huet. (Okay, ausser scheinbar de Keith Ellison, deen de nächste Parteichef vun den Demokrate well ginn; hien hat d’läscht Joer am Juli d’Leit op ABC mat där Prognose zum Laache bruecht.)

Eng Excuse fir mech ass et net. Ech hätt dem Trump seng Chance géint d’Clinton méi héich missten aschätzen, well ech selwer ee vun de Wieler sinn déi d’Clinton dëse Mount net un d’Wahlurnen bruecht huet: Millennials. Wee mech scho méi laang kennt weess, dass ech ni de ganz grousse Fan vum Hillary Clinton wor. Ech wor extrem frou dass de Barack Obama Ufank 2007 an d’Course gaangen ass. Ech wollt d’Clinton (an anerer) net, well et fir mech eng Art Politiker*innen verkierpert, déi ech net sou vill méi well an der Politik gesinn: also déi Leit, déi sech sou dréinen wéi de Wand; Leit, déi scheinbar selwer keng fest Idealer a Standpunkten hunn. Dobäi kennt dass déi Zort Politiker*innen awer oft behapten, dass hir aktuell Positioun déi ass déi se schonns ëmmer haten. Net nëmmen ass een domat eng Persoun, déi just der Majoritéit well gefaalen – egal wat dat um Enn heescht –, mä eben och eng déi mat esou Behaptungen kloër stellt dass se hir Wielerschaft fir domm hält. Dat hunn ech 2007 an 2008 net gutt fonnt… an ech hunn et och 2015 net gutt fonnt, wéi ech hei vrun 13 Méint, mengen ech, och ugedeit hunn.

Wéi de Vize President Joe Biden awer decidéiert hat net an d’Course ze goen, sot ech am Familjen- a Frëndeskrees, dass ech domat keng Persoun am Presidentschaftswahlkampf hunn, déi ech onbedéngt am Wäissen Haus wéilt gesinn. „Ech interesséire mech dann 2016 léiwer fir d’Coursen an den eenzelnen Staaten oder US Senat,“ sot ech.

A wann d’Republikaner een Jeb Bush oder John Kasich nominéiert hätten, da wier dat och esou ofgelaaf. Wéi awer 40% vun der republikanescher Parteibasis dofir gesuergt hunn, dass den Donald Trump, eng Persoun déi esou krass fir de komplette Contraire vum President Obama senger Politik steet, géif wannen, hat ech bal keng aner Méiglechkeet wéi mech an dee Wahlkampf ze puchen. De Problem ass just, dass ech ignoréiert hunn dass et den Donald Trump gebraucht huet fir dass ee politikverréckten Obama Supporter vun der (bal) alleréischter Stonn sech lues awer secher op dem Clinton seng Säit gestallt huet. Ech glewe weider, dass d’Clinton déi beschte Kandidatin wor déi d’Demokraten 2016 dobäi haten; e Bernie Sanders hätt vläit méi Jonker kritt gehat, mä dowéinst déi aner wichteg Basis vun der Partei, schwaarz Amerikaner*innen, genee wéi am Virwahlkampf grouss verluer gehat. Trotzdem hunn ech mech selwer vu Saachen a (schlechten) Ëmfroen blende gelooss an dem Trump seng Chancen – um Blog, op Twitter an am Familjen-/Frëndeskrees – ëmmer als méi kleng duergestallt wéi een dat eigentlech hätt misste maachen. 

Trump

Wéi konnt et geschéien? 

Ech hu mech duerch eng Rëtsch Analysen gelies, déi awer oft, fannen ech, just eng Story eriwwer bréngen a méiglech aner Informatiounen, déi déi Vermutung vläit géif kritiséieren, net wierklech mat berücksichtegt. Keen huet momentan eng genee Idee firwat den Trump konnt wannen – vill méi genee Date an éischt Etuden kommen erréicht 2017 eraus – mä dierf een, géif ech mengen, net elo de selwechte Feeler maachen wéi vrun de Wahlen a just mat einfachen Erklärungen (Bsp.: “Et ass just Rassismus”, “Et ass just Sexismus”, …) probéieren “Trumpism” ze verstoen. Populisten proposéieren zwar einfach Léisungen fir Problemer, mä de Problem vum Populismus kann ee net an enger einfacher Formule erklären.

Den Trump krut, wann all d’Stëmmen a Kalifornien ausgezielt sinn, prozentual gesinn manner Stëmmen wéi de Mitt Romney vru 4 Joer kritt huet (an domat op 4% verluer huet). ‘The Donald’ huet awer gewonnen, well d’Clinton wuel ronn 4-5 Millioune manner Stëmme kritt huet wéi den Obama 2012, a 7-8 Millioune manner wéi den Obama 2008. Läit dat dorunner dass wuel manner wéi 60% vun de Leit wiele gaange sinn? (Wat kéint um Wahldag an der Woch leien, deen aus Traditioun eraus entstanen ass). Oder läit et net och un de Kandidate selwer? Grouss Clinton Supporter wäerten dat vläit net gär héieren a behapten, dass d’Clinton déi gréissten ‘Electoral College’ Verléierin/’Popular Vote’ Gewënnerin an der Geschicht ass – mat (aktuell) iwwer 2 Millioune Stëmme Virsprong.

Loung et “just” un ‘Anti-Wielen’ Gesetzer?

Et huet een awer verluer well een eben op de ganz wichtege Platzen d’Leit net un d’Wahlurnen kritt huet.

Loung dat um Hillary Clinton? Oder muss een net och festhalen, dass 2016 déi éischt Wahl wor zënter dass d’Supreme Court en Deel vum Voting Rights Act als verfassungswiddreg deklaréiert huet? ElectionLand rechent domat dass et 868 manner Wahlbureau’en a Staaten wéi Texas, Arizona, oder North Carolina gi sinn – déi 2 läscht genannten woren ‘battleground states.’ Den Donald Trump huet  Wisconsin, een demokratesche Staat am Midwest, mat 27,000 Stëmme Virsprong gewonnen, während 300,000 registréiert Wieler*innen net konnte wielen well se net 1 vun de wéinegen Identitéitskaarten haten, déi d’Republikaner, déi an dësem Staat aktuell un der Muecht sinn, fir 2016 vun alle Wieler*innen gefuerdert hunn. Loung et also un den ‘anti-Wielen’ Gesetzer vu Republikaner an de jeweilege Staaten? Déi eng soe Jo a wellen de Start vun enger längerer Diskussioun iwwert d’Supreme Court Entscheedung iwwert de Voting Rights Act aus de 1960er. (Dëst wäert just, dank der Trump Victoire, net geschéien/vum Supreme Court nees réckgängeg gemaach ginn.) Mä kann et wierklech un deene Gesetzer leien, wann d’Clinton och Staaten wéi Florida a Pennsylvania verluer huet, déi keng sou restriktiv Wahlgesetzer hunn? Nee soen déi eng; dat verharmlost de Problem, soen déi aner. D’Kritiker vun deene Gesetzer weisen drop hin, dass dës awer bspw. am Wisconsin dofir gesuergt hunn, dass d’Participatioun zemools an deenen Deeler vu Milwaukee (gréisstendeels méi demokratesch) gefall ass, wou d’Leit gréisstendeels keng Identitéitskaart haten/hunn, an domat hätt dat een Impakt op d’Wahlen gehat.

lbj_votingrightsact

MLK an anerer kucken no wéi de President Johnson de Voting Rights Act ënnerschreiwt

Huet “just” d’Kandidatin versot?

Et kéint een d’Situatioun awer och nach anescht gesinn.

D’Clinton huet ni e Campagne Event am Wisconsin gemaach (an zemools d’Zuele a Studentebezierker wore schwaach) an och dat huet wuel dozou bäigedroen, dass een zu Milwaukee  40,000 Stëmme manner wéi de President Obama vru 4 Joer kritt huet. An am Nopeschstaat Michigan, e weideren “demokrateschen” US Staat am Midwest deen d’Clinton verluer huet, huet een alleng zu Detroit, wou ee bombastesch vill Stëmme hätt misste kréien, ronn 70,000 Stëmmen par rapport zu 2012 verluer. Am Laaf vum Nomëtteg, sou d’Andrea Mitchell an der Wahlnuecht op NBC News, wier et zimlech roueg a ville Wahllokaler do gewierscht. Zum Schluss vum Wahlkampf soll esouguer déi lokal Demokratesch Partei $300,000 u Spenden gesammelt hunn fir weider Leit an de Staat ze bréngen, well een d’Sirenen net zu Brooklyn (Headquarter Clinton Campagne) héieren hätt; et hat een am Verglach zu de Wahlen 2004(!) grad eemol 1/10tel vun de Fräiwellegen, déi sech am Staat engagéiert hunn. Michigan konnt den Trump um Ënn  mat 12,000 Stëmme Virsprong gewannen.

Am Swing State schlechthin, Ohio, konnt den Trump de republikanesche Virsprong a verschiddene Bezierker bal verduebelen (vun 20% op 39%). All dat während am Cuyahoga County, e Bezierk mat ville schwaarzen Amerikaner*innen, d’Wahlbedeelegung ëm 11% gefall ass – e Problem fir eng Campagne déi d'”Obama Coalition” aus Jonken an ethnesche Minoritéite well zesumme bauen.

An och vun der Schwächt vum Géigner konnt d’Demokratin net wierklech profitéieren. Am Utah hunn 36% vun de Republikaner, déi 2012 nach fir de Romney gestëmmt hunn, net den Trump gewielt; d’Clinton krut, trotz ville Campagne Events, just ganzer 2% dovunner. Ee weidert, wann och liicht anescht, Beispill ass wuel Missouri. Dëse republikanesche Staat wor ni an der Course fir d’Clinton an den Trump huet hei mat bal 20% Virsprong gewonnen. Mä an der US Senatswahl huet de jonken Demokrat Jason Kander, dee politesch lénks ass, awer just op grad eemol 3.1% verluer. Loung et also un der Kandidatin an un der Organisatioun vun der Clinton Campagne oder awer um Message (dozou spéider méi)? 

Hu “just” d’Daten versot? 

De richtege Message un déi richteg Leit bréngen ass d’Haptaufgab vum Daten Departement. Hunn déi versot? Natierlech kéint dat op éischt Vue de Fall gewierscht sinn, schliisslech gëtt déi grouss Datesammelung erréicht zënter dem Obama 2012 esou präzis agesat. Mä woren d’Date wierklech schlecht oder wor de System beim Clinton just schlecht agestallt?

Hätt der Clinton Campagne net missten opfalen, dass een zu Cedar Rapids (Iowa), wat den Obama 2012 mat bal 14% Virsprong konnt gewannen, een elo mat 14% géif verléieren? Esouguer wann een Iowa opginn huet, wat ech selwer hei um Blog eigentlech gemaach hunn, hätt een déi do Zuelen fir d’Staaten am ganze Midwest dach missten beonrouegen. A kann d’Idee fir grouss op Daten ze setzen wierklech versot hunn, wann de System a méi “klénge” Coursen an den eenzelnen Staaten (an a Coursen fir US Senat & Repräsentantenhaus), laut de jeweilege Responsablen vu béide Parteien, zimlech gutt fonktionnéiert huet. An et muss ee jo och festhalen, dass de Modell vun der Republikanescher Partei zwar och eng Clinton Victoire virausgesot huet, dësen d’Course awer als vill méi spannend gesinn huet wéi d’Demokraten oder d’Medien (oder ech) et wollte wouer hunn. 

(RNC = Republikanesch Partei; FLA = Florida)

Woren et “just” déi kléng Parteien?

Et wor awer och esou knapps, dass een d’Nidderlag vum Clinton theoretesch den “3rd party” Kandidaten kéint zouschreiwen. Si kruten esou vill Stëmmen wéi zënter 1996 net méi. Och am Midwest, deen d’Wahlen fir den Trump entscheed huet, woren hir Stëmmen net ganz onwichteg. Zu Wisconsin huet d’Clinton op 1% verluer, während de Gary Johnson vun der Libertarian Party 3.6% an d’Jill Stein vun deene Gréngen 1.1% kritt huet; zu Michigan huet d’Clinton op 0.3% verluer, während Johnson a Stein bei hire Resultater (3.6% an 1.1%) bliwwe sinn; am Pennsylvania konnt den Trump op 1.2% wannen, während den Johnson 2.4% do kritt huet. Verschiddener géife soen, dass dat net fair de Libertarians a Gréngen géigeniwwer wier – ass et wuel och net – mä während méi aal Leit (an dowéinst méi wahrscheinlech Trump Wieler) a läschten Deeg vum Johnson fort gaange sinn an hie just 2% vun den 65+ Järege kritt huet, goungen 8% vun den ënner-45 Järegen un de Libertarian. 


Oder awer “just” Rassismus?

This was a whitelash,” sot den Demokrat Van Jones an der Wahlnuecht op CNN. Et stëmmt, dass den Donald Trump besser an Deeler vum Land, déi méi wäiss sinn, ofgeschnidden huet wéi nach de Mitt Romney vru 4 Joer. Dat ënnersträichen dës 2 Biller ganz kloër. An den Trump huet natierlech eng Rëtsch rassisteschen Aussoen gemaach a mam Bannon, e bekannten grousse Rassist an Antisemit, deem seng (Ex-)Firma “Potential” an Europa gesäit, och esou Leit a seng Campagne an elo mat an d’Wäisst Haus bruecht. Mä wann et vun de Wieler hir “just Rassismus” wor, “just” e Mouvement géint déi grouss sozial Verännerungen am Land, firwat sinn dann een Drëttel vun den 700 Bezierker, déi 2008 an 2012 fir den Obama – an domat dee Wiesel – gestëmmt hunn, 2016 un den Donald Trump gaangen? Sinn déi Leit no 8 Joer zu Rassiste ginn? Onwahrscheinlech. En faite, krut d’Clinton hir gréisste Nidderlagen op deene Platzen, wou den Obama am stärksten mat der wäisse Wielerschicht wor, wéi de Nate Cohn vu New York Times Upshot festgehalen huet. Ech hu selwer emol hei 2 Counties eraus gepickt: am Clinton County (Iowa) si bal 96% vun den Awunner wäiss a 46% vun Obama Wieler*innen si bei den Trump iwwergelaaf; am Lafayette County (Wisconsin), wou 95.5% wäiss sinn, si 44% vun Obama Wieler*innen zu Trump Wieler*innen ginn. Wor et also wierkleche e wäissen “backlash” géint méi een oppent, tolerant, a gläichberechtegt Land?

Kann et “just” Rassismus sinn, wann den Trump een Drëttel vun de 700 Bezierker gewanne konnt, déi 2 Mol fir den Obama gestëmmt hunn, an 194 vun deene 207 Bezierker, déi 2008 oder 2012 fir de President Obama gestëmmt hunn?

Natierlech kenne verschiddener vun deene Leit och fonnt hunn, dass et an de läschte 4 Joer ze wäit an/oder ze séier gaangen ass, mä schwätzen d’Resultater “down ballot” (Kongress, Governor, State Senate etc.) net och eng méi differenzéiert Sprooch? Den Donald Trump krut an 10 vun den 13 US Staaten, déi eng knapp US Senatscourse haten, manner Stëmmen wéi d’republikanesch Kandidaten fir de Senat. Dat ass eigentlech net normal. E Marco Rubio (Florida), John McCain (Arizona) oder och e Pat Toomey (Pennsylvania) hu sech all wéi ‘normal’ Republikaner beholl, a si hu méi Leit op hir Säit bruecht wéi den (dunn) soi-disant Chef vun hirer Partei. Et ass, wéi de Ryan Lizza am New Yorker schreiwt, “méiglech dass de wäissen Nationalismus dem Trump méi Stëmme kascht huet wéi et him der bruecht huet.” Déi Zuelen géife wuel bedeiten dass d’Clinton einfach déi falsch Kandidatin wor an een anere Republikaner, wéi Jeb Bush oder John Kasich, si wahrscheinlech nach méi däitlech ofgezunn hätt.


globalisation

Oder wor et “just” eng Revolte vun de “Verléierer vun der Globalisatioun”?

Et ass deen Terme deen an dësen Zäite gäre benotzt gëtt: “Verléierer.” Alleng d’Benotzung dovunner spillt de Populisten (ob lénks oder riets) an d’Karten. Kee Mensch well e “Verléierer” sinn, säi Liewen net als eng “Nidderlag” vu Politiker a Medien kommentéiert gesinn. Populiste kennen dat da ganz gutt ausnotzen. “Si denke net méi un iech/déi kleng Leit” gett da vu Leit wéi Trump, Le Pen, oder Corbyn behapt. Mä ass dat esou? Wa jo, firwat hunn dann 51% vun de Leit, déi manner wéi $50,000 am Joer maachen, fir d’Clinton gestëmmt? A kann et wierklech eng “einfach” Revolutioun vun der Arbeschterschicht sinn, wann déi net-wäiss Arbeschterschicht fir d’Clinton stëmmt

Den Donald Trump huet gréisstendeels op wäiss Arbeschter gesat, déi – sou d’Behaptung – wéinst dem fräien Handel hir Platze verluer hunn. “China zitt eis iwwert den Dësch” oder “Mir hu scho laang näischt méi gewonnen” huet hien oft am Wahlkampf an de Mikro geruff. Fir genee alles am Liewen a Gewënner an a Verléierer z’ënnerdeelen mécht den Trump, esou den John Paul Rollert vun der University of Chicago, definitiv zu engem “Mann vun eiser Zäit.”

Mä ignoréiert een bei där Erklärung vun de ‘Globalisatiounsverléierer’ net och eppes? Laut enger Etude vun der Ball State University, hunn d’USA zwar zënter 1979 eng 7 Milliounen Platzen an hire Fabrike verluer hunn, mä d’Produktioun an deenen US Fabriken huet sech awer bis d’läscht Joer op $1.91 Trilliounen verduebelt gehat. De Grond fir de Verloscht vun deene Platze läit nämlech net um Handel, mä zu 88% e.a. un de Computeren oder Roboteren. (Wëllkomm an der Transitioun op “Wëssenseconomie” – wou Taxiswelt, nom Schock vun Uber a Lyft, déi nächst kéint sinn déi duerch automatiséiert Autoen ersat gëtt.) Ob dat déi Wahlbezierker wëssen, wou de Chômage Taux zënter 2010 am meeschte gefall ass, a si einfach net zefridde sinn dass keen den Impakt vun der Technologie komme gesinn huet? Egalwéi… den Donald Trump huet do jiddefalls bal 66% gewonnen. 

 

A wann d’Leit “just” eng Verännerung wollten?

Dat Argument hunn d’Trump Leit déi ganz Campagne iwwer gemaach. Dank hirer Victoire kéint een dat wuel och unhuelen. D’Clinton steet definitiv net fir Verännerung zu Washington D.C., mä ass, nierft Bush, wuel dee Numm vum ‘Establishment.’ Mä wéi vill Verännerung well een dann an den USA wierklech – oder, besser gesot, wou? De President Obama huet ee Support vun 58% – dat ass méi héich wéi de Ronald Reagan am November 1988. Wéi kann een also ee Mann an d’Platz schécken, dee fir de komplette Contraire steet? Läit et dorunner, dass den Obama versot huet fir Washington D.C. nees un d’Rullen ze kréien (hien huet dat selwer an enger Ried zu Springfield (Illinois) d’läscht Joer festgehalen)? Dat ka sinn, mä ass dorunner net och de Kongress schold. Deem säi Support loung jo och kuerz vrun de Wahlen bei grad emol 20%, während ganzer 78% onzefridde woren.

Wann d’Leit wierklech eng Verännerung wollten, wann et wierklech eng Revolte géint déi “liberal Elite” op der Ost- & Westküst wor – wat déi grouss Popular Vote Victoire fir d’Clinton kéint erklären –, muss een da net och de Kongress ersetzen? Hei huet een déi nämmlecht Partei nees un d’Spëtzt vu béide Kummere gewielt. En faite, goufen an der grousser “Verännerung Wahl 2016” grad eemol 13 (= 3%) vun den 393 Deputéierten am Repräsentantenhaus net zréck gewielt – souguer Gerrymandering kann dat net ganz erklären. Ass hei also dann d’Taktik vun de Republikaner opgaangen sech als “Sheriffs” géigeniwwer dem Trump an dem Clinton duerzestellen? Dat ass méiglech, mä d’Resultat bedeit dann elo wuel awer dass een als Wieler*innen sech déi Verännerung gewielt huet, déi een dach eigentlech net wierklech (majoritär) wollt gesinn. 

A wann et “einfach” Sexismus wor?

Et läit op der Hand, dass wann e Kandidat fir d’Presidentschaft Fraen als “Schwäin” bezeechent, si op d’Gréisst vun hire Brëscht reduzéiert, oder seet hie kéint si kussen an iwwerall upaaken well hien als Star (an elo als President?) d’Muecht huet fir dass kee mault an hie bestroft géif ginn, dass een da bei enger Wahlvictoire – géint eng Fra – op Sexismus kuckt. An och den zukünftegen Vize President Mike Pence huet wat Fraerechter ugeet net wierklech e wonnerschéine Bilan. Wann een da nach gesäit dass 53% vun de Männer wuel trotz deenen Aussoen & Positiounen fir den Trump gestëmmt hunn, kennt déi Uklo vu Sexismus méi no – zemools wann e bedenkt, dass bis elo 15 Fraen den Trump accuséiert hunn sexuell Iwwergrëffer gemaach ze hunn.

Et gouf jo och Sexismus am Wahlkampf, e.a. dem Clinton seng Stëmm gouf kritiséiert oder de Faite dass si net esou vill Gefiller géif weissen. Mä hunn d’Männer net och an der Vergaangenheet éischter fir d’Republikaner an d’Fraen fir Demokrate gestëmmt; hat dat wierklech 2016 eppes mam Geschlecht vun der Géignerin ze dinn? Oder wor et 2016, wéinst deenen Aussoen, e konkrete Message un all d’Fraen dobaussen? Esou ass et jiddefalls bei e puer Leit eriwwer komm. Mä wat ass dann mat de wäisse Fraen ouni Unisofschloss, déi wuel grouss fir den Donald Trump gestëmmt hunn, oder wäiss Fraen am allgemengen déi zu 53% fir den Trump gestëmmt hunn? Oder wor dat just eng Form vu “reverse sexism” vun de wäisse (93% vun de schwarzen Amerikanerinnen hu fir d’Clinton gestëmmt) Fraen? Mä woren et net an de Virwahlen grad déi jonk, liberal an multiethnesch Fraen déi d’Clinton staark ofgeleent hunn – zum Deel aus de nämmlechte Grënn wéi ech fir mech selwer uewe beschriwwen hunn.

Oder wor et “just” den FBI Chef Comey? 

comey-fbi-portrait

FBI Chef James Comey

Vill gouf déi läscht Méint iwwert den FBI Chef Comey geschwat. (Note: Dass een e méiglechen Impakt vun him erréicht fréistens um Wahlowend gesäit ass vläit dat eenzegt wat ech vrun de Wahlen richteg virausgesot hunn :)). Hien huet (genee wéi den Anthony Weiner) eng Footnote an de Geschichtsbicher. Et ass eigentlech net erlabt, dass den FBI Chef 60 Deeg vrun de Wahlen eng Äusserung mécht déi d’Wahle kéinte beaflossen. Wor et also dass e Republikaner einfach wollt dofir suergen, dass “säi” Mann gewënnt? Dat wier eng grouss Accusatioun, déi ee misst beweisen. Et ass awer esou, dass de Comey hei och an enger “lose-lose” Situatioun wor: entweder gëtt hie bekannt, dass seng Leit nei Emailen fonnt hunn oder e riskéiert dass FBI Leit et un d’Press oder un d’Trump Campagne leaken (an dann wier net just dem Comey mä och dem FBI säi Ruff definitiv futti). An de Rudy Guiliani, e grousse Supporter vum Trump, hat jo och duerchblécke gelooss, dass hie vun der Decouverte vun engem Ex-FBI Mann a Kenntnis gesat gouf an dat nach ier de Comey Bréif un de Kongress goung. 

D’Clinton mécht den FBI Chef alleng responsable fir hir Nidderlag. Hunn déi iwwer 20 Milliounen Leit, déi tëschent dem 1. an dem 2. Bréif vum Comey gewielt hunn, hir Stëmm wierklech wéinst de neien Emailen geännert gehat? Dat wier méiglech. Misst een awer als Clinton net och selwer e Feeler bei sech siche goen? Zënter hirer Concession Speech 2008 gouf iwwert e méiglechen zweete Versuch spekuléiert, an d’läscht Joer huet d’Clinton selwer an engem Debat behapt d’Republikaner wieren hir Feinden. Hätt een da net missten erwaarden, dass déi Partei op e privaten Email Server bei sech am Keller géifen sprangen – obwuel hire Presidentschaftskandidat 2012 och privat Email Serveren hat an déi geläscht huet an de nächste Vize President vru Geriicht dofir kämpft dass seng Emails net publik gemaach ginn? Loung et hei also ganz alleng um FBI Chef oder ass d’Politikerin Hillary Clinton net iwwert e Feeler aus der Vergaangenheet gefall? A wann et dat läscht genannten ass, wor et wierklech eng gutt Taktik vum Bernie Sanders (an allen Demokraten) zesoen “Enough about the damn emails“, wat ech hei um Site scho vrun 13 Méint kritiséiert hat a behapt hunn dass d’Republikaner net esou einfach wäerte mat hir ëmgoen.


A wat ass wann et “just” de Message wor? A “just” d’Medien? 

Vum 1. Januar bis 21. Oktober gouf an den Owesnoriichten just 32 Minutten iwwer politesch Positioune vun de Kandidate geschwat.Huet d’Clinton et iwwerhapt fäerdeg bruecht hire Message eriwwer ze bréngen, oder wor et net einfach méi “net den Trump” wat een op Events wollt eriwwer bréngen? Et gouf alt ferm kritiséiert, dass d’Clinton hire Message an der Campagne net op hir progressiv/lénk Politik geluecht huet, déi zemools de wäissen Amerikaner*innen ze gutt komm wier. Och de President Obama huet op senger Pressekonferenz no der Wahl d’Clinton (op eng diplomatesch Aart a Weis) kritiséiert gehat net genuch gemaach ze hunn fir op d’Leit duerzegoen an hinnen de Programm z’erklären. Jo, souguer de Bill Clinton, selwer 1992 an 1996 extrem beléift bei deene Wieler, soll an der Campagne drop gepocht hunn fir dass seng Fra méi iwwert déi Themen sollt schwätzen. Wäit iwwer d’Hallschent vum demokratesche Wahlprogramm woren Themen vum Bernie Sanders an et huet een dës net verbreed, heescht et.

Mä konnt een dat?

Vum 1. Januar bis 21. Oktober hunn déi 3 grouss TV Senderen an hiren Owesnoriichten zesumme grad emol 32 Minutten(!) iwwer politesch Punkten vun de Kandidaten geschwat. (2012 woren et nach 114 Minutten, 2008 esouguer 220). An dem Leslie Moonves, CEO vum Fernsehsender CBS, wäert säi Satz vum läschte Februar, “[Donald Trump] may not be good for America, but [he’s] damn good for CBS“, wuel bis zu sengem Doud nohänken. Ëmmer nees hunn d’Fernsehsenderen alt ganz Events vum Trump integral iwwerdroen (aus just 1 eenzege Grond: Einschaltquoten); firwat eng Etude vun der Harvard University vum läschte Summer d’Medien och an e ganz schlecht Liicht stellt, wat den Opstieg vum Donald Trump betrëfft. Mä kann een einfach just d’Medien kritiséieren? D’Printmedien haten sech zwar och méi mam Clinton sengen Emails wéi dem Trump sengem Muslimen-Verbuet, mä wor et dach och d’New York Times déi en Deel vum Trump senger Steiererklärung fonnt huet an et wor d’Washington Post, déi dem Trump seng Foundation ganz kritesch ënnert d’Lupp geholl huet an och de “Grab them by the p…” Video erausbruecht huet – nodeems NBC News Deeg laang op deem Tape soutz. 

Wor et also wierklech dass d’Leit net genuch Informatioune kritt hunn? Oder kruten se falscher? Eng Rëtsch Falschmeldungen goufen op Facebook , Twitter a co. verbreet. De Mark Zuckerberg huet no de Wahlen direkt gemengt, dass déi d’Wahlen net beaflosst hunn. Dono gouf awer bei Facebook scheinbar intern driwwer diskutéiert op engem säi Site net och vläit den Donald Trump zum President gemaach huet; an de Zuckerberg huet seng Meenung zënterhir och liicht geännert. Zemools hie steet ënner Drock, hunn aner Social Media Servicer, wéi beispillsweis Snapchat, scho méi laang Leit, déi oppassen dass sech falsch Noriichten net doriwwer verbreeden, agestallt. Mä kann e just Facebook a “fake news” verantwortlech maachen, wann dem Trump säi gréisste Support vun deene Leit komm ass, déi zum Deel guer net op de soziale Netzwierker (oder iwwerhapt am Internet) sinn?


Wat ass also elo de Grond firwat den Donald Trump de 45. US President gëtt? Gëtt et een eenzege Grond oder ass et eng bestëmmte Mixture aus e puer Grënn?

Um läschten Dag vun der konstitutioneller Convention 1787, wéi den Benjamin Franklin d’Independence Hall verlooss huet, huet eng Fra hie gefrot: “Well, Doctor, what have we got – a Republic or a Monarchy?” De Franklin huet se ugekuckt a geäntwert: “A Republic, if you can keep it.”

D’Demokrate musse verstoen wat de Grond (resp. wéi eng genee Mixture et wor) déi den Trump zum President gemaach huet. Anescht ass et net méiglech hien a 4 Joer nees eraus zepuchen; an dat ass schliisslech elo d’Zil vu villen Demokraten, a villen Pappen a Mammen déi hire Kanner zum Deel ganz emotional Bréifer dëse Mount geschriwwen hunn. 

Populiste bréngen einfach Léisungen fir Problemer, mä Populismus richteg ze bekämpfen ass alles anescht wéi einfach.

[Featured Image: cc Krassotkin]

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s