Och wann haut ganz Fussballeuropa op Frankräich kuckt, spillt den eigentlech wichtegsten europäesch Mätch sech e puer Kilometer méi westlech of. Ugepaff gouf dësen schonns dee Moment, wou de Premier Cameron aus kompletter Angscht vrun e puer Sëtz (vun 650) fir d’rietspopulistesch UKIP senge Landsleit een „in/out“ Referendum am Fall vun engem Wahlerfolleg 2015 versprach huet. Den Deal mat den EU Partner am Februar huet d’Phase vum ‘Oftaaschten’ definitiv op en Ënn bruecht an d’Akteuren hu sech richteg positionnéiert. Als net wahlberechtegte Spectateur kann ee no gutt 80 Minutten festhalen: Et ass e schwaachen, jo zum Deel ferm knaschtegen, an zimleche traurege Mätch bis elo gewiecht.

Et fillt een sech liicht un de schottesche Referendum vun 2014 zréck erennert. Deemols haaten d’Géigner vun der Onofhängegkeet mat Angscht Stëmmung gemaach – a gewonn. „Project Fear“, wéi d’Medien et genannt hunn, ass haut nees aktiv. Béid Säiten setzen am EU Débat op d’Ängscht vun de Leit.

Fir „Remain“ PolitikerInnen ass et bal kloër, dass een Austrëtt aus der Europäescher Unioun eng economesch Apokalypse fir dat Vereenten Kinnékräich wier. De Premier schwätzt beispillsweis vun enger „Bomm“, déi een och nach selwer géif zünden. Et ass natierlech richteg, dass aktuell e.a. 44% vun de briteschen Exporter an aner EU Länner ginn (vs. 6% aus den EU-27 un de UK), an dëst deiten op economesch schwiereg Zäiten am Fall vun engem ‘Brexit’ hinn, mä dass déi britesch Zentralbank de groussen Apokalypse Szenario (massiv Astierze vu Wunnéngspräiser, massiv Usteigung vun der Inflatioun, grouss Entwertung vum Pond, massiven Abroch bei Pensiounen etc.) einfach antriede léisst ouni seng Spillmëttelen ze benotzen, schéngt naiv a gouf e.a. vun Finanzprofesseren & Oxford Economics ferm kritiséiert.

Sachlech Argumentatiounen bréngen awer zu dësem Moment, wou d’Leit uginn ëmmer méi op hirt Gefill ze lauschteren, näischt méi. Een taktescht Foul hei, een Trikotzéien do. Et ass zu engem richtege Psychospill ginn.

cc Dave Kellam

(Bild: cc by-sa 2.0 Dave Kellam)

A wéi dat der ‘Remain’ Säit een 10+% Virsprong an Ëmfroen virausgesot huet, wollt een dëst beim Kornerfändel iwwert d’Zäit retten. Dat wor awer d’Rechnung ouni d’„Leave“ Campagne gemaach. Dës huet mat e.a. EU Arméi, Tierkei als EU Member, Gewalt duerch Tierken oder Vergewaltegung vun „eise Fraen a Meedercher“ duerch déi béis Migranten, déi en plus nach „eis“ Aarbechtsplatzen ewech huelen & „eis“ Gehälter erofdrécken, nach emol alles wat se hunn eragepucht. Dat sinn zwar zu engem Deel ferm Onsportlechkeeten, mä an dësem Alles-oder-Näischt Spill muss een eben och emol eng giel Kart mat a Kaaf huelen.

Dat Gefill vun Onsportlechkeet huet een och, wa behapt gëtt dass et dem britesche Gesondheetssystem NHS, bei deem 1/4el vun den Dokteren net-Briten sinn, et an engem isoléierten Vereente Kinnékräich besser geet. D’Argument geet nämlech esou: et kéint een dann déi £350 Milliounen, déi een all Woch op Bréissel iwwerweisst, einfach an d’NHS stiechen. Dat kléngt einfach an ass dowéinst och falsch. Alleng d’Somme vun £350mio gëtt vun onofhängegen nationalen Instituter & Audits als komplett falsch a „misleading“ verworf. Den Ënnertoun vun den Argumenter kéint awer op der „Leave“ Säit net méi kloër sinn: wa mer net erausginn, da kenne „mir“ eisem Sozialsystem Äddi soen; Suen op Bréissel schécken a massiv Migratioun aus der EU, packe „mir“ einfach net méi.

Während „Remain“ mat den economeschen Ängscht vun de Leit spillt, beschäftegt sech „Leave“ mat deenen vun der Immigratioun. Béid Themen sinn de britesche WielerInnen extrem wichteg; allen zwee leien se an Ëmfroen oft gläichop op der 1. Platz. A während „Leave“ net ka soen wéi een d’Economie schützt ouni an d’EU anzebezuelen an de fräie Mouvement vun de Leit mussen ze garantéieren (sou wéi d’Schwäiz, Norwegen, etc. dat all als EFTA Memberen musse maachen), huet „Remain“ Schwieregkeeten zesoen wéi een d’Zuel vun EU Migranten reduzéiere kéint, wann d’Haptaufgab dofir – also notamment economesch Reformen – dach eigentlech an aneren europäeschen Haptstied läit.

Wat bleift ass eng iwwerhëtzten Diskussioun, wou och alt emol iwwer banal Saache gestridde gëtt wéi zum Beispill ob een den Terme „Europe“ dierf fir „European Union“ benotzen oder net. Ugedriwwe vun zum Deel falschen/misleading Daten, a mat de jeweilege Warnungen vru ganz düsteren Zäiten, probéiert all Säit nach mat engem „lucky punch“ an de läschte Minutten den decisive Goal dach nach ze schéissen. Als Spectateur erstaunt et een bei deem Misère dofir och guer net, dass d’Zuel vun de Leit, déi net wessen ob/wat si den 23. Juni wielen, mat bis zu 16% weiderhin zimlech héij läit.

flaguk_ben_towerbridge

De Faite, dass och Bréissel just duerch negativ Statements an der Campagne opgefall ass, weisst wéi schwaach den offiziellen Supporterclub dach momentan ass. Als „deserters“ huet de Kommissiounschef Juncker d’Briten elo schonns vernannt, falls si et géife woen „Leave“ ze stëmmen. A säin Chief of Staff huet op Twitter gemengt, et wier dach „Horror“ wann den inoffizielle Kapp vun der „Leave“ Campagne Boris Johnson, de fréiere konservative Buergermeeschter vu London & beléifste Politiker am Land, dem Cameron säi Nofolger an der Number 10 géif ginn. Rechter a Chancen, déi een haut an Europa dank der EU an hire Reformen a Reguléierungen huet, gi souguer vu Bréissel aus net (méi) betount.

E Recht op bezuelte Congé; de Congé parentale; Investissementer a Kultur; Ënn vu Roaming Präiser; Drénkwasserschutz; kloër definitéiert Arbeschtszäiten; Investissementer an d’Recherche; méi bëlleg Flich (ouni EU keng Ryanair, Easyjet etc.); méi bëlleg Medikamenter; Investissementer an d’Landwirtschaft; Erasmus an „Home“ Studiengebühr fir StudentenInnen; problemlost Reesen uechter Europa; besseren Déiereschutz; besseren Ëmweltschutz; ouni vill Bureaukratie (a fir UK Leit gratis) am „EU Ausland“ an d’Clinique goen; Protectioune géint sexuell Diskriminatioun; an der Pensioun an d’„EU Ausland“ (fir Briten oft Spuenien) wunne goen; ouni vill Hürden een „EU Auslänner“ bestueden & zesummen wunnen (e Brit/eng Britin muss bspw. aktuell méi wéi de Mindestloun nämlech £18,600/Joer verdéngen fir e bestuetenen net-EU PartnerIn an de UK ze kréien. Wann d’Koppel e Kand huet, da sinn et £22,400/Joer, a nach eemol £2,400 fir all weidert Kand. Akommes/Erspuertes vum net-EU BiergerIn zielt net an där Rechnung) etc. etc.

All déi grouss pro-EU „Stars“, wou hei just eng handvoll konnten opgelëscht ginn, hätt een sech als Spectateur an dësem Mätch kéinten erwaarden. Ma si hunn, bis op e puer ganz kléng Ausnahmen a Kuerzoptrëtter, alleguerte missten déi 80 Minutten op der Ersatzbänk Platz huelen. Hiren Optrëtt gëtt et an Europa scheinbar ledeglech just 1 Mol am Joer – beim Karlspräis zu Oochen. Op deem Dag setzen awer souwisou just pro-EU Leit am Publikum; „preaching to the choir“ nennt een dat am Engleschen.

Dobausse bei de Leit um Terrain spillt een 2016 dann awer villäicht léiwer de Mann wéi de Ball… mä nach ass jo nach Zäit. E puer Minutte bleiwe nach fir e puer „Stars“ anzewiesselen, fir méi e positivt Bild vun Europa a senge Virdeeler ze ginn. Dësem Mätch, der EU, dem ganze politeschen Debat an Europa géifen esou Awiesslungen jiddefalls net schueden.

A während een aktuell nach als EU Spectateur op esou e Moment hofft, fänkt de Kapp noutgedrongen schonns un ze mellen, dass an e puer Minutten och definitiv d’Leit vum ‘Brexit’ kéinten déi sinn déi an d’Lut sprangen a sech freeën. Falls dës éischt Finall ëm d’Zukunft vun der EU wierklech sollt vun anti-EU Leit gewonne ginn – an déi Unioun domat hir 2. gréisste Wirtschaft verléiert – da muss een sech och zemools um Kontinent un déi eege Nues paaken. E Spillzuch, op dee nämlech esouguer de beschten pro-EU Spiller an Trainer keng Äntwert fennt, ass schliisslech deen vum (basis)demokrateschen Defizit. Weder den EU Conseilspresident nach den aktuelle President vum Eurogroup, an och net den aktuellen Kommissiounschef hu sech fir déi Posten op Wahllëschten opsetze gelooss a sech den EU BiergerInnen gestallt. Kee Wonner demno, dass wa „Leave“ rifft ween dann aktuell déi „5 Presidenten“ vun der EU sinn, et dach opfalend roueg an der Arena gëtt.

EUref ballot

(Esou gesäit de Wahlziedel vun dësem Referendum aus.)

 


Dat Vereenten Kinnékräich aus Groussbritannien (England, Schottland a Wales op der groussbritannescher Insel) a Nordirland (op der irescher Insel) geet den 23. Juni un d’Wahlurnen fir déi ultimativ EU Fro ze beäntweren. Nieft de britesche WielerInnen (iwwer 18 Joer), dierfen och d’Commonwealth an iresch BiergerInnen am UK wiele goen. Anescht wéi bei de normale britesche Wahlen dierfen och d’Memberen vum (net-gewielten) House of Lords wiele goen, genee wéi Commonwealth Bierger déi op Gibraltar wunnen. D’Leit mat engem britesche Pass verléieren d’Wahlrecht (wéi bei normale britesche Wahlen) 15 Joer nodeems se d’Land verlooss hunn. Trotz dem groussen Impakt fir hirt Liewen, hunn EU BiergerInnen am UK kee Wahlrecht an dëser Fro.

Header Bild ass vun Landscapes of England & steet ënnert der CC Lizenz

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] Fazit ass wuel dass eng Säit an dësem “Trauerspill“/EU Debat muss eppes opginn. 2 Länner kréien definitiv net (genee) dat wat se am […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s