Genee wéi vrun engem Joer ginn et och haut nees e puer Recommendatioune, fir all déi déi entweder op dësem Méindeg doheem (musse/welle) bleiwen. (Natierlech kann och soss jidderee muer um Feierdag dës Videoe kucken. ;)) Genee wéi vrun 365 kucke mer zréck op e puer Saache aus de läschten 12 Méint. Sou, ouni elo nach vill weider ze soen, hei e puer Videoe fir d’Silvester Nuecht/d’Neijoschdag. Vill Spaass!
1) #Xavier an De Plang
Als alleréischt musse natierlech déi 2 lëtzebuergesch Documentaire vun dësem Wahljoer um Programm stoen. Am “Plang” gesäit ee wéi den CSV Spëtzekandidat, Claude Wiseler, vum “nächste Premier” zu deem CSV Fraktiounschef gëtt, deen dës “Vollekspartei” fir déi 1. Kéier nom 2. Weltkrich fir eng 2. Amtsperiod an d’Oppositioun féiert.
Villäicht beschreift eng Szen am Documentaire einfach den Ënnerscheed tëschent dem Claude Wiseler an dem Xavier Bettel – deen ee beim “#Xavier” dat läscht Joer vun der Legislatur kann iwwert d’Schëllere ka kucken – an zwar ass dat eng, déi an der Chamber selwer stattfonnt huet. Et si Stonnen ier déi 2 Politiker an engem Face-à-Face Méint vrum Wahldag um RTL sollen openeen treffen. De Claude Wiseler ass, sou seet hien zum Xavier Bettel, “frou” wann et [deen Debat] eriwwer ass; de Premier, op der anerer Säit, behapt hie “freet sech” op deen Owend. Den Technokrat géint de “Feel good”-Politiker; d’Lëtzebuerger Land huet selten esou e Wahlkampf wéi dee vun 2018 erlieft.
2) thank u, next!
Op der ganz anerer Säit vun der Welt gouf et scho nees e neie Premier. Rudd, Gillard, Rudd, Abbott, Turnbull, Morrison; zënter dem John Howard (2007) huet et keen australesche Premier méi eng ganz Amtsperiod am Amt gehalen. Leit, déi vrun eppes iwwer 2 Joer déi konservativ “Liberal” Partei gewielt hunn, fir esou den Turnbull, a net de Bill Shorten (Labour), zum Premier ze maachen, hunn elo indirekt och den Scott Morrison gewielt.
Et war e Wanter, wéi déi australesch Politik e wuel nach ni erlieft huet. Zënter dass den Turnbull den Abbott gestierzt hat, wollt de Rietspopulist just eng Saach: den Turnbull stierzen. Déi zwee, déi zënter Jore sech politesch mateneen hunn (wat bis zréck an d’Referendumscampagne iwwert d’Staatsform/d’Monarchie), wäerte wuel ni Frënn ginn. Den Abbott huet all Moment am Parlament benotzt, fir säi Nofolger ze schwächen. Den Turnbull huet duerch eege gréisser Feeler sengem parteiinterne Kontrahent ëmmer nees eng “Angriffsfläche” gebueden. Déi (ze spéit) Wahle, wou den Turnbull herno mat just 1 Sëtz Majoritéit erausgaangen ass, sollt den Ufank vum Ënn fir den Zentrist sinn, deen d’Leit bis zum Schluss op perséinlechem Plang eigentlech gären als hire Premier gesinn hunn. Nidderlag um “Super Saturday” dëst Joer, en iwweraschende Réckzuch bei der grénger Klimapolitik (déi dem Turnbull eigentlech um Häerz läit), a massiv negativ Medienartikelen duerch d’Murdoch Press sollten all zu engem historesche Moment leeden: d’Parlament brécht um Ënn vum Wanter seng Setzung of a mécht ongewollt fir e puer Deeg (bis Mëtt September) Paus.
D’Regierungspartei muss e Problem léissen, dass eng rietspopulistesch Minoritéit an der Partei eng ganz knapps Majoritéit iwwerzeegt kritt, dass e moderate Premier muss goen. Mä am Turnbull vs Abbott Sträit ass et den Zentrist deen 2018 trotzdeem mat engem laachenden Aa wäert ophalen. En Documentaire iwwert een turbulent Joer an der australescher Politik, & wéi den Turnbull herno, wéi seng Carrière schonns eigentlech eriwwer war, seng läscht Schluecht dach nach erfollegräich konnt gestallt:
3) Dat (läscht?) Joer vrum Brexit
Et si nach manner wéi 100 Deeg bis déi 1. Kéier an der Geschicht e grousst Land d’Europäesch Unioun nees verléisst. Haut den Owend wäert d’Freedefeier zu London ënnert dem Motto vun enger europäescher, oppener Stad stoen. An der Weltmetropol liewen ronn 1/3el vun allen EU27 Bierger, déi momentan déi britesch Inselen hir Heemescht nennen. Mä villes steet fir si – a fir hir (nach-)EU Matbewunner – op dësem 31. Dezember weiderhin an de Stären. Gëtt et e No Deal, deen elo alt munchmol een “haarde Brexit” genannt gëtt, obschonns een “haarde Brexit” vrun 2 Joer beim Referendum nach een Austrëtt aus dem Bannemaart & Zollunioun war? Oder gëtt et esou een Austrëtt aus Bannemaart & Zollunioun, wéi d’May en an hirer envisagéierter Partnerschaft an der Zukunft (déi an enger Transitioun mat der EU27 soll ausgehandelt ginn) gesäit, an déi elo, wéinst dem Kontrast zum No Deal, awer schonns als “softe Brexit” gëllt?
Déi 2 Froen erkläeren e bëssche firwat sech d’Leit nach net wierklech voll Richtung EU/Remain oder No Deal/Leave gestallt hunn. Den Duerchschnëtts-Bierger huet keng Zäit alles am Detail matzeverfollegen an huet elo mat “Norway Plus,” “SuperCanada,” “Canada+++,” “backstop,” “backstop to the backstop,””Chequers,” “December Joint Agreement” etc. etc. liicht den Iwwerbléck verluer. A wann dat engem bei der Politik bis geschitt ass, dann hält een sech bekanntlech un dat, wat een einfach déif am Häerze gleewt. Bumm… statistesch Paritéit tëschent Remain a Leave bleift bestoen.
De Sir John Professor Curtice werft hei e Bléck op eng ganz Rëtsch Statistiken vun de läschte 2 Joer & erkläert nach méi genee firwat d’Remain & d’Leave Leit hir Meenung par rapport zum Juni 2016 net geännert hunn. Als eenzege Politolog kuckt hien awer och op 1 Grupp an der britescher Bevëlkerung, där hir Entscheedung vun 2016 leed deet. Jo, déi Leit sinn haut grouss fir Remain.
4) Wéi Europa an e Krich eragefall ass
Hien bitt eng liicht aner Vue op den Ufank vum 1. Weltkrich, wéi vill vu sengen Historiker Kollegen. De Christopher Clark schreift a sengem Buch, wéi Europa 1914 an de Grousse Krich eragefall ass. Eng Majoritéit vun de Staatsmänner hätt wuel 1912-14 gesot (an hei zitéiert hien e.a. Leit aus dem briteschen Ausseministère), dass d’Wahrscheinlechkeet vun engem Krich méi kleng gi wier. Et haat een et schliisslech ouni gréissere Krich tëschent den europäesche Muechten duerch den italienesch-libyesche Krich, déi 2 Balkankricher & domat och duerch den (Ufank vum) Zerfall vum ottomanesche Räich gepackt.
Mä, wéi de Christopher Clark festhält, maache stänneg Krisen d’Mensche net nach méi drop opmierksam dass Gefore laueren, mä au contraire ginn d’Leit op eemol “midd” vun de ville Krisen. Et gleewt een, dass dat schon alles esou wäert goe. “Et ass jo och bis elo nach ëmmer gaangen” war de generelle Motto an an enger multipolarer Welt, wéi déi royal Koppel vun Éisträich-Ungarn an engem Auto mat der Plackenummer A11 1118 – wat an de läschten 100 Joer ëmmer nees als een göttlecht Zeeche fir Armistice 11/11/18 zitéiert gouf – erschoss goufen. Dësen terroristeschen Akt war den Ufank vun engem laange Krich op engem Kontinent, deen op deem Moie 1914 nach a Fridde geliewt huet. Et war deem seng Elite, déi dach iergendwéi de Kontakt zu de “normale” Bierger verluer haten (wann si dann iwwerhapt schonns eng Kéier deemols de Kontakt mat hinnen haten), déi dëse Krich dem Kontinent – an dono der ganzer Welt – opgedréckt huet. A wann een dann de Bléck op 1914 esou drop pucht, dann doe sech op eemol vill Parallelen zu der aktueller Situatioun an Europa op, nee?
Dëse kuerzen (52mins) Virtrag vum Professor Christopher Clark soll als Introduktioun fir säi Buch gëllen, wat ee wuel an all gutt Bichergeschäft wäert ze kaafe kréien.
An da bleift mir elo just nach ze soen – kommt gutt an dat neit Joer eran, bleift gesond a bleift weiderhin trei Lieser vun dësem Blog/Follower vum News Feed @oppenenbreif.