Vill gouf schonns driwwer geschwat dass de Referendum am Juni just ‘consultativ’ ass, an d’Parteien herno trotzdem hir Positioun an der Chamber kennen verdeedegen. Stéchwierder: Drock op d’CSV opbauen an 2/3tel Majoritéit kréien. Ech well dofir och hei net drop agoen, dass esou zwou politesch Entscheedungsformen sollen mateneen vermëscht ginn: de Referendum (wou just eng Majoritéit zielt an d’Soen huet) mat enger Parlamentsofstëmmung an enger representativer Demokratie (wou och d’Minoritéit hir Daseinsberechtegung huet). [1]

Nee, mir läit vill méi deen eigentleche Problem vun enger vun de Referendumsfroen um Häerz. Natierlech mengen ech domat d’Fro zum sougenannten ‘Auslännerwahlrecht.’

Ob ech mat der „Idee“ averstanen sinn, dass Net-Lëtzebuerger, déi zënter 10 Joer zu Lëtzebuerg wunnen a minimum 1 Mol bei Lokal- oder EU-Wahlen zu Lëtzebuerg wiele gaangen sinn, d’Wahlrecht fir d’Nationalwahlen (ab 2018) solle kréien?

Dat ass déi Fro, déi sech jidder Lëtzebuerger muss stellen. Et kann ee just mat ‘Jo’ stëmmen, wann een mat där do „Idee“ averstanen ass. Et ass eben net d’Fro ob een Net-Lëtzebuerger/innen well d’Wahlrecht ginn, mä just ob een dat well wann dës schonns e puer Konditiounen erfëllt hunn. Et ass déi eenzeg Referendumsfro bei där d’Regierung sou spezifësch Konditiounen dru gehangen huet. Beim Wahlrecht ab 16 ass et net just fir déi déi politesch (Parteien, ONG etc.) aktiv sinn, a bei der Mandatslimit fir Ministeren gëllt dat och net fir jiddereen ausser déi 1. gewielten an all Bezierk. Wat also maachen bei der Fro zum ‘Auslännerwahlrecht’ wann een net ganz mat där Idee averstanen ass?

Gi mer dovunner aus, dass ech ganz einfach de Net-Lëtzebuerger wéilt d’Wahlrecht fir d’Nationalwahlen ginn. Punkt. Ech wier also an deem Szenario géint iergendeng Konditioun fir déi Leit. Et soll jo, sou de Camp vum ‘Jo’, een „Awunnerwahlrecht“ ginn. Awunner ass jo awer e bësschen wéi schwanger sinn: entweder sinn ech et oder ech sinn et net. Wann ech fir een ‘Awunnerwahlrecht’ sinn, muss ech déi proposéiert „Idee“ vun der Regierung eigentlech ofleenen. Et geet hei schliesslech ëm een Artikel an enger Verfassung a net ëm e Gesetz wat een op engem vill méi einfache Wee ka “nobesseren” goen.

An engem zweeten Szenario kéint een och soen, dass ech e Problem mat de proposéierte Konditiounen hätt. Ech wier also dofir, dass d’Residenzklausel just 7 Joer sinn – déi nämmlecht Längt also wéi wann een d’Nationalitéit ufreet.[2] Och dann wier ech net wierklech mat der Regierung averstanen. A wat ass wann ech well dass Net-Lëtzebuerger bei Lokal- an EU Wahlen musse gewielt hunn? Oder, wann ech keen groussen EU Fan wier a mer just Lokalwahlen wichteg wieren? Et bleift och an deene Fäll da just de „Nee“ zu där Propose auszedrécken.

D’Regierung hätt deen do Problem guer net missen hunn. Hätt een, wéi beim Referendum 1919, e puer Äntwertméiglechkeeten uginn, wier villäicht déi elo proposéiert Form herno déi 1. gewielten ginn. Firwat een dat net esou gemaach huet ass eng Fro déi muss gestallt ginn. Sou huet een net just de politeschen Debat verkléngert, mä eben och dofir gesuergt de Camp vum ‘Nee’ ze vergréisseren. Eng Persoun, déi de 7. Juni mat ‘Nee’ stëmmt, kann also net onbedéngt (direkt) als auslännerfeindlech bezeechent ginn; si ass vläit einfach just net mat de proposéierte Konditiounen averstanen. Eng Argumentatioun, déi d’Parteien dann villäicht selwer no deem Referendum uwenden, wa se wuel (no engem knappe Resultat) probéiere wäerten – wéi bei der Trennung vu Kierch a Staat – e politeschen Accord mat der Oppositioun ze fannen.

Wat bleift ass eng ‘Jo oder Nee’-Fro zu enger „Idee“ vun de Regierungsparteien souwéi dem eigentleche Motto vun där Fro – dem ‘schéin dass emol eng Kéier driwwer geschwat gouf.’ E richtegen ‘renouveau démocratique’, deen vun der Dräierkoalitioun grouss ugekënnegt gouf, ass dat awer net. Et ass éischter dat Lëtzebuerg-typescht, kléngt, 4-Wochen laangt, virsiichtegt Ustoussen vun engem politeschen Debat. Ob esou jeemools och am Grand-Duché eng richteg Sträitkultur, déi sou wichteg fir eng Demokratie an e Land ass, entsteet? Waarde mer et of…


Émile Friant – ‘La Discussion Politique’ (1889) (public domain)


Footnotes

[1] Souguer wa 65% fir d’Auslännerwahlrecht stëmmen, hätt eng CSV an eng adr e Recht (vläit souguer eng demokratesch Flicht?) hir Wieler/innen, déi wuel e groussen Deel vun deenen rechtlechen 35% géifen ausmaachen, an der Chamber ze representéieren. Domat géif also alles beim Alen bleiwen. Keng 2/3tel Majoritéit. Keng Verfassungsännerung.

[2] Guichet (2009), Nouvelles dispositions pour l’acquisition de la nationalité luxembourgeoise http://www.guichet.public.lu/citoyens/fr/actualites/2009/01/01-nationalite-luxembourgeoise/index.html [fr]

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

4 Comments

  1. […] d’Fro zum Auslännerwahlrecht Taktik vun der Regierung oder hu se sech e Selbstgol geschoss? Hei […]

    Reply

  2. Ganz pertinenten Kommentar. Déi Fro iwwert d’Auslännerwahlrecht ass net schwaarz-waiss. An der Hinsiicht wier eng Propositioun notamment iwwert d’Vereinfachung vun den Konditiounen zum Accès vun der Nationalitéit wichteg gewiecht. Och hett eng Fro an déi Richtung matt sech kenne brengen, ze wëssen wéivill Gewiicht d’Sprooch soll hunn an den Aan vun den Letzebuerger; d’Sprooch déi een, ouni se enner zebewäerten, an der Logik vun enger méi grousser an staarker Intégratioun awer och définitiv net iwwerbewaerten daerf.

    Reply

  3. […] Regierung fir d’Auslännerwahlrecht, huet noutgedronge misste bei “Nee” goe – wéi ech hei scho vrum Referendum kritiséiert […]

    Reply

  4. […] – mat enger Äntwert op d’Lieserbréiwer am Luxemburger Wort fir Wahlrecht ab 16; enger Kritik un der Fro beim “Auslännerwahlrecht;” an dem Résumé vun Etüden zur Mandatslimit. […]

    Reply

Leave a reply to Résumé vun akademeschen Etuden zur Mandatslimit. « Oppenen Bréif Cancel reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.