Fir jiddereen deen sech net besonnech fir déi britesch Politik interesséiert, mä 2015 mat dobäi ass well et 1) extrem spannend ass; 2) et och ëm d’Zukunft vun Europa geet… hei sinn e puer vun de wichtegste Wierder/Begrëffer op Lëtzebuergesch erkläert: 

Absentee ballot: Entweder e Vote deen via Bréifwahl oder “proxy” (also Persoun X am Numm vu Persoun Y) gemaach ginn ass. 

Ballot box: d’Wahlurn

Battlebus: de Bus mat deem Parteichefs wéi David Cameron, Ed Miliband oder Nick Clegg déi läscht 4 Wochen uechter d’Land gefuer sinn. 

Canvassing: Supporter vu Partei X/Kandidat Y si während de läschte 4 Wochen an deem jeweilegen Wahlbezierk d’Leit doheem/op hirer Hausdier froe gaangen ween si ënnerstëtzen, respektiv hunn d’Leit encouragéiert Partei X/Kandidat Y haut ze wielen. Deen Virgang nennt een “Canvassing” 

Confidence and supply: Wichteg hisiichtlech méiglech Labour-SNP Deal. D’SNP géif an deem Fall hire Support ginn – bei Saachen wéi dem Budget – fir dass Labour eng Minoritéitsregierung kéint stellen. 

Constituency: de Wahlbezierk. Et ginn der 650 am UK. 

David Cameron: den aktuelle Premier, Chef vun de Konservativen (och “Tories” genannt)

dave


Devolution: Zemools zënter dem Onofhängegkeetsreferendum a Schottland d’läscht Joer een ganz grousst Gespréichsthema. Et geet drëms méi Muecht vu Westminster op déi national Parlamenter a Schottland, Wales a Nordirland z’iwwerdroen. A vläit och England?!

Ed Miliband: Oppositiounschef a Chef vun der Labour Partei; wëll den David Cameron als Premier ofléisen.

ed


English votes for English laws: Devolution fir England, wat momentan vum UK Parlament zu Westminster regéiert gëtt. Do stellen sech just e puer zentral Froen. (Link)

Exit poll: Ëmfro, déi um Wahldag selwer duerch gefouert gëtt. Bei (normalerweis) iwwer 100 Wahlbezierker stinn d’Fuerscher fir d’Leit ze froen wat si grad gewielt hunn. Dat Ganzt gëtt dann op d’Land héij gerechent. 

First-Past-The-Post (FPTP): de britesche Wahlsystem. Et ass d’nämmlecht wéi bei US Presidentschaftswahlen. Deen 1. gewielten an all Bezierk (egal wéivill Prozent een kritt huet) ass den Deputéierten fir dëse Bezierk. 


Hung Parliament: E Parlament bei deem keng Partei eng absolut Majoritéit kritt huet. Anescht wéi zu Lëtzebuerg ass dat am Vereente Kinnékräich – och dank dem FPTP, deen en 2-Partei System ënnerstëtzt – zimlech selten de Fall. 2010 haten d’Briten awer esou een Parlament gewielt.

In/Out Referendum: EU Referendum, deen den David Cameron versprach huet falls hien sollt als Premier zréck gewielt ginn. Referendum sollt 2017 ofgehale ginn, nodeems de Cameron 2015 & 2016 probéiert huet EU Reformen duerch zesetzen. Sollten seng gewënschte Reformen ëmgesat ginn, well hien fir een “No” hisiichtlech engem EU Austrëtt Campagne maachen.

Manifesto: de Wahlprogramm 

Marginal seats: Déi Sëtz/Wahlbezierker, déi bei de läschte Wahlen 2010 just ganz knapp gewonnen respektiv verluer gaange sinn. 

MP (Member of Parliament): Deputéierten 

Nick Clegg: Vize Premier a Parteichef vun de pro-EU Liberaldemokraten. Hat 2010 vrun de Wahlen Verspriechen ënnerschriwwen d’Studiengebühr net z’erhéijen, no de Wahlen huet seng Partei dem Koalitiounspartner awer erlabt dës Gebühren ze verdräifachen.

Queen’s Speech: Wat d’Regierung an enger neier Legislaturperiod/Joer vun der Legsilatur well alles maachen, gëtt an d’Queen’s Speech geschriwwen. Och wann d’Queen déi Ried virliest, esou gëtt dës vun der Regierung geschriwwen. (Ähnlech wéi an Holland). 

Recount: Vläit wichteg bei dëse Wahlen. All Kandidat/in kann ufroen dass nach eemol ausgezielt gëtt – an dëst och sou oft wéi een dat eben well. Den Returning Officer (ënnen) décidéiert wéini Schluss ass. 

Returning Officer: de Chef vum Wahlbezierk. Hien/hat annoncéiert och offiziell d’Wahlresultat vu sengem Bezierk. 

SNP: Schottesch Nationalpartei (Scottish National Party), mëtt-lénks Partei déi just a Schottland untrëtt. Parteichefin: Nicola Sturgeon.

Spoiled ballots: Wahlziedelen déi falsch ausgefëllt goufen an dofir ongülteg sinn

Swing: Wéivill Stëmmen si vun enger Partei (Bsp. Conservatives) bei eng aner Partei (Labour) gaangen. Dat Ganzt am Verglach zu de läschte Wahlen. Gëtt et national e groussen ‘Swing’/Ëmschwong zu Labour, kann een mam “Swingomter” (ënnen) erausfannen wéi eng Sëtz/Wahlbezierker Labour wuel am Laaf vum Owend wäert wannen. Bsp.: nationale Swing vu Conservatives bei Labour vun 3% = all Sëtz wou déi Konservativ 2010 mat manner wéi 3% vru Labour gewonnen hunn, geet wuel héchstwahrscheinlech dann dës Kéier u Labour. 

Swingometer: Mat dësem ‘Meter’ stellt d’BBC duer wéi de “Swing” ass a wat dat wuel a Sëtz fir déi eng oder aner Partei bedeit. 

Tactical Voting: Taktesch Wielen. Dank dem FPTP-Wahlsystem si vill Stëmmen net extrem wichteg. Wa Labour a Conservatives ëm déi 1. Platz am Wahlbezierk kämpfen, kann ech eng Stëmm fir eng aner Partei ofginn, mä dat kennt dem ‘Net-wielen’ leider dann och ganz no. Also wielen ech net fir meng eigentlech Partei (bspw. LibDems oder Gréng) mä fir entweder de Labour oder de Conservatives Kandidat/in. Wann ech keng Konservativ Regierung méi wéilt zu London gesinn, géif ech an deem Fall Labour wielen.  

Target seats: déi “marginal seats” (uewen) déi eng Partei sech als Zil gesat huet ze gewannen. 

UKIP: EU-kritesch ‘United Kingdom Independence Party’; Parteichef: Nigel Farage

Vote-by-vote arrangement: Minoritéitsregierung déi vu Vote zu Vote probéiert eng Majoritéit am Parlament ze fannen; regéiert ouni een ‘confidence and supply’ Deal. 

Whitehall: d’Strooss an Zentral-London wou ganz vill Ministèren sinn. Et gëtt oft als Synonym fir d’Arbescht vun der Regierung benotzt. 

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s