Déi 4 Argumenter géint “Wahlrecht ab 16” goufen ënnert d’Lupp geholl. Liest et hei.

Ass d’Fro zum Auslännerwahlrecht Taktik vun der Regierung oder hu se sech e Selbstgol geschoss? Hei noliesen.


Ob een zu Lëtzebuerg soll eng Mandatslimit fir Ministeren (max. 2 Mandatsperioden noeneen) soll aféieren? Dat ass déi 3. Referendumsfro iwwert déi nach manner geschwat gëtt wéi d’Wahlrecht ab 16.

Een Argument vu béide Säiten bei där 3. Fro ass: „den amerikanesche President kann och just 2 Amtsperioden maachen“ respektiv „Dat zielt do och just fir de President.“ Dat éischt Argument ass richteg, dat zweet net ganz/ass falsch.

Et gëtt vläit op der Welt kee Land wat Mandatslimiten esou gäer huet wéi d’USA. Dofir zielt et do och fir eng Rëtsch Governors (zu Virginia dierf deen souguer keng 2 Amtsperioden noeneen maachen, mä muss tëschent der Amstperiod 1 an der Amtsperiod 2 minimum 4 Joer aus dem Govenor Haus verschwannen), genee wéi fir Buergermeeschteren (ob NYC, San Antonio oder Houston fir just déi ze nennen), an Deputéierten an enger Rëtsch vu ‘State Legislatures’ (staatlech Parlamenter), souwéi fir Gemengerotsmemberen an der Stad Philadelphia. En plus, si laut Ëmfroen 70% vun den Amerikaner fir eng Mandatslimit fir hir federal/national Deputéiert a Senatoren zu Washington D.C.; dräi Republikaner, déi an der Course fir d’Presidentschaft sinn, nämlech Sens. Cruz, Rubio a Paul, si fir d’Aféierung vun sou enger Limit.

A kengem Fall awer gëtt et Limit fir Ministeren. Dat wier een Novum. Trotzdem kann een d’USA benotzen fir ze kucken wat eng Mandatslimit fir PolitikerInnen ka bedeiten. Etuden dozou goufen et an de läschte puer Joeren ëmmer méi. Och wann déi akademesch Literatur doranner nach net komplett ass, lount sech wuel – grad elo vru sou engem Referendum – e kléngen Iwwerbléck zu dësem Thema ze ginn.

(cc-by-2.0 EPP)

PolitikerInnen, déi am Amt sinn, probéieren sech eng gutt Reputatioun opzebauen fir zréckgewielt ze ginn. Dat gouf schonns 1970 an engem Model vum Barro festgehalen. An enger Etude vun 1993 (Banks & Sundaram) gouf een ähnlechen Effort vun aktuelle PolitikerInnen festgestallt. Eng besser Reputatioun – vläit och wéinst vill (sougenannt) „Wahlcadeau’en“ – hëlleft natierlech definitiv fir erëm gewielt ze ginn. An engem Pabéier vun 1991 argumentéiert den James Payne dowéinst dass Politiker, déi laang um Rudder sinn, ëmmer méi ‘socialized’ ginn/méi Suen fir Soziales ausginn. Dat géif och erkläeren firwat PolitikerInnen, déi um Wahlziedel stinn fir zréck gewielt ze ginn, laut enger Etude vu King an Gelman (1991), an der Regel eng 11% méi Stëmmen kréien wéi nach déi läschte Kéier. An der Politikwëssenschaft schwätzt een hei vum „incumbency advantage.“ Vun 1960-1990, konnt an den USA – wann een aktuelle PolitikerIn ugetrueden ass – just a 5% vun de Fäll eng aner Partei gewannen. Wa keen aktuelle PolitikerIn ugetrueden ass, war d’Chance fir dass sech deen Bezierk vu „roud“ (Republikaner) op „blo“ (Demokrat) wiesselt – a vice versa – bei iwwer 25%. Ouni Mandatslimit, (bal) keng Rotatioun.

Laut dem „Jo“ zur Mandatslimit stellt sech doduerch e gréissere Problem: Et entstinn Beruffspolitiker, cf. Juncker, Boden oder (an den USA) Ted Kennedy, Joe Biden etc.. Béides ass fir vill Leit ze verwerfen. Eng Persoun, déi Politik an een Amt als Beruff ugesäit, hëllt net méi déi grouss, a meeschtens onbeléift, Decisiounen.

Dofir ginn et an der Wëssenschaft Leit wéi Crane (1990) oder Coyne a Fund (1992), déi argumentéieren dass eng Mandatslimit d’Beruffspolitiker vun der Haptstadt ofzitt an „citizen-statesman“ souwéi „citizen legislature“ nees un d’Rudder kommen. An anere Wierder: déi ‘normal’ Leit (keng Affekoten, Economisten oder Politilogen) nees hir eegen Zukunft an d’Hand huelen.

D’Argument fir eng Mandatslimit – fir den US Kongress – gesäit, laut Hayek (1979), esou aus: d’Leit wellen dass sech de Kongress ëm déi grouss ‘Public Policy’ Themen këmmert. Dofir wéilt een eigentlech och esou een PolitikerIn wielen. De Kongress besteet awer aus ganz ville Leit a wann aner Bezierker/Wieler net esou e PolitikerIn op Washington D.C. schécken, dann hëlleft et och net wa just 1 sou do setzt. Au contraire, hu sech dann déi Leit/deen Bezierk e Selbstgol geschoss. Schliislech hu si keen ‘Fleesch’-PolitikerIn gewielt, deen dofir suergt dass d’Leit am Bezierk genuch Fleesch um Dësch hunn. Duerch hire Vote fir e ‘Public Policy’ Politiker ännert sech de Kongress net, an all déi aner Leit hunn vläit liicht méi Fleesch um Dësch. Dofir stëmmt jiddereen direkt – an ëmmer erem – fir déi 2. Zort Politiker. „Prisoner’s Dilemna“ nennt een dat.

Wat wier an esou engem Szenario, wann een eng Mandatslimit aféiert? PolitikerIn huet a senger läschter Amtsperiod keen Grond fir nach weidert ‘Fleesch’ heem ze bréngen a konzentréiert sech spéistens dann op déi ganz grouss Themen. Wann een dat mat Lëtzebuerg a Ministeren géif vergläichen, da mécht bspw. een Arbeschtsminister vläit an der 1. Period eng Erhéijung vum Mindestloun a geet während der 2. Period erréicht op eng Reform vum Arbeschtslosegeld an.

Deen aktuellen „prisoner’s dilemna“ bedeit awer och dass, wéi hei uewen schonns gesot, iwwer 70% vun den Amerikaner eng Mandatslimit fir de Kongress wellen… op der anerer Säit awer eigentlech ëmmer hire PolitikerIn nees zréck op Washington D.C. schécken. Verschidde Leit, wéi den Tabarrok (1994), bezeechnen dëst als ‘conflict theory.’ Et ass een fir eng Mandatslimit an dat net well een säin aktuelle PolitikerIn net gutt fënnt, mä well een fäert dass e schlechte PolitikerIn (fir déi meescht Wieler = een vun enger anerer Partei) un d’Muecht kennt an dann do bleift. Eng ganz Rëtsch vun CSV Wieler si wahrscheinlech fir eng Mandatslimit fir déi aktuell Regierung, hätten et awer guer net gäer gesinn, wann dëst ënnert de Werner/Santer/Juncker-Regierungen och schonns gegollt hätt.

Laut där Theorie, ass et, en plus, esou dass wat eng Regioun méi politesch Konflikter kennt, wat d’Demande fir Mandatslimiten méi grouss ass. De Grond ass de nämmlechten: et traut een deenen aneren net. Een Beispill ass hei e.a. Bosnien. Dëst Land huet e „Presidentencomité“, deen aus 1 Serb, 1 Kroat an 1 Bosnier besteet. All 8 Méint ass een aneren den „chairman“ vum Comité an domat offiziell de President.

(Jo oder Nee – Är Entscheedung huet een Impakt op d’Land)

 

Geet et de Leit wirklech domat besser? Wat ass mat der Erfahrung? Kommen wirklech anerer un d’Muecht? Eng kuerz Auswiel vun enger Rei Etuden zu deene Froen:

• Aidt an Shvets (2012) hunn all US Staaten Budget vun 1993-2004 ënnert d’Lupp geholl a festgehalen, dass wirklech e PolitikerIn éischter „Wahlcadeau’en“, déi net onbedéngt gutt fir de Staat/d’Allgemengheet ass, ausdeelt, wann een nees probéiert zréck gewielt ze ginn.

• Alt, de Mesquita & Rose hunn an hirer Etude festgehal, dass ‘per capita’ Ausgaben vum Staat 3% méi héij sinn wann de Governor a senger 1. Amtsperiod ass (hien huet nach eng Wahl z’iwwerstoen) wéi a senger 2. Amtsperiod. Op der anerer Säit sinn ‘per capita’ Steieren 3% méi heij gewierscht ënnert deem Governor, deen net méi huet dierften fir eng weider Period untrieden, wéi bei Governors, déi keng Mandatslimit hunn.

• Déi Etude widdersprécht domat Reed a Schansberg (1993), déi deemols zur Conclusioun komm waren, dass et keng wirklech direkt Relatioun tëschend de sozialen Ausgaben an der Mandatslimit gëtt.

• E puer Etuden hu festgehalen, dass d’Zuel vun den „normale“ Bierger déi PolitikerIn ginn sech net verännert mat enger Mandatslimit. Et si weiderhin Leit, déi och virdrun schonns politesch aktiv waren a méi eng grouss schoulesch Bildung hunn wéi den ‘normale’ Bierger. Zënter 1850er maachen d’Affekoten ëmmer eng 50-60% vun den US PolitikerInnen aus, 20% vun de Leit am Kongress si weiderhin Geschäftsleit. (Bogue, 1976)

• Bogue (1976) huet och festgehall, dass zwar am 19. Joerhonnert d’Zuel vun der politescher Erneierung am Kongress (Erneierung = e Parteiwiessel an den Districts) zimlech héij war – 4 bis 6 Mol de Stand vun den 1970er – mä Affekoten hunn och deemols iwwer 60% vun de Politiker ausgemaach.

• Zuel vun de Fraen déi gewielt goufen huet sech zwar an de Staaten mat Mandatslimit vergréissert, mä dëst wier an de meeschte Fäll wuel och ouni Mandatslimit geschidd. De Sprong ass net esou grouss, dass en an d’Gewiicht fält.

• Wann een US Staat eng Mandatslimit fir de Governor huet, hunn d’Demokraten méi Chance dësen ze gewannen. 66% ginn, laut der Etude vun Besley & Case (1995), un d’Demokraten. Bei Staaten ouni Mandatslimit fir deen héchsten Posten sinn et ‘just’ 51%. (Etude bezitt sech hei op Joren 1950-1986). An deenen Staaten mat Mandatslimit goung an där Zäit d’Akommessteier an d’Lut. An der Moyenne loung d’Steier eng $9 méi héij an der ‘lame duck’ Period (= PolitikerIn dierf net méi fir e weidert Mandat untrieden).

• Och Smart & Sturm (2013) kommen zum Schluss dass PolitikerIn ouni Mandatslimit ëmmer nees Decisiounen huelen déi dem Portemonnaie vun de Wieler gutt dinn, awer net onbedengt ëmmer am Interessi vum Land sinn – zumindest op lange Vue. Si halen och fest dass souguer „gudd“ Politiker dozou geneigt sinn esou Decisiounen ze huelen, well d’Gefor fir net zréck gewielt ze ginn soss ze grouss gëtt.

• An der nämlechter LSE Etude huelen d’Leit och d’ Argument “Erfahrung”, déi een a Spëtzeposten domat géif verléieren, op de Leescht. Si testen déi Hypothèse a kommen zum Schluss:

„ (…) Interestingly, the benefits to voters of such increases in experience may be limited in the absence of term limits. In the timid equilibrium of the game without term limits both types of politicians always disregarded their private information about the state of nature. Any improvement in politicians’ ability to determine the correct state of nature therefore does not benefit voters in this case. However, as term limits change behavior from timidity to truthfulness, an improvement in good politicians’ ability to determine the state of nature in their second term in office will directly improve voter welfare.“ [emphasis added]


tl;dr

Wann d’Leit e Sonndeg „Jo“ zur Mandatslimit soen, ännert sech eppes an der Politik. Déi nämmlecht Leit wäerten net méi stänneg um Rudder sinn, wat awer net heescht dass d’Diversitéit an der lëtzebuerger Politik méi grouss wäert ginn. Op kuerz Siicht gekuckt bréngt d’Mandatslimit fir de Bierger wuel eng méi schlecht Welt mat sech (manner Wahlcadeau’en, méi héij Steieren), wat dem Land awer op laang Vue e Virdeel ka bréngen. Sollt e „Jo“ erauskommen, da mussen d’Parteien och een ganz groussen Deontologiecodex ausschaffen, schliesslech vergréissert sech duerch eng Mandatslimit de Risiko, dass Ministeren an hirer 2. Amtsperiod engem/méi Betriber Cadeau’en maachen, well dëst ka gutt fir eng post-politesch Carrière an der Privatwirtschaft sinn. De Verléierer beim ‘Jo’ ass wuel de Posten vum Ausseminister, deen seng “Senioritéit” géif verléieren, déi méi “Fleesch” op den Teller bréngt/Influenz um internationalen Diplomaten-Parket huet. (De Géigen-“Spin” zum “incumbency advantage”). 

D’Fro, déi d’Leit sech dann awer muer bei där 3. Referendumsfro musse stellen ass folgend: well ech e Xavier Bettel eng 18 Joer am Staatsministère gesinn? Well ech een Juncker-méissege Politiker nees 18 Joer un der Muecht hunn? Den „incumbency advantage“, deen et zu Lëtzebuerg och dank dem Panaschéieren gëtt (wouriwwer een och an engem Referendum hätt kéinten ofstëmmen), spillt den aktuellen PolitikerInnen/Ministeren an d’Kaarten. Ausnahmen bestätegen hei leider just d’Regel.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. Bon, ech hat mäin Argument op d’Federal Regierungsebene bzw d’Ministeren bezunn, well mer jo an dësem Fall dovu schwätzen. Duerfir ganz richteg Remarque an Ergänzung, gudden Artikel. 🙂

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s