De Blogpost als Audio lauschteren:

 


De Weekend hat d’Luxemburger Wort hir Lieserbréif-Säiten der Fro vum Wahlrecht ab 16 gewidmet. (E puer sinn hei online ze fannen, déi aner wuel just via ePaper). Well et fir mech wuel déi Referendumsfro ass, déi mir am meeschten um Häerz läit, well ech och meng Vue zu dësem Thema ofginn an dobäi op e puer spezifesch Géigenargumenter, déi och an e puer Lieserbréiwer ze fanne waren, agoen.

.

• “Mat 16 interesséiert een sech nach net fir Politik!”

Ech kann do, wéi all Mënsch, just aus menger eegener Erfahrung eraus schwätzen. Ech hu mech am Alter vun 11 ugefaangen fir Politik z’interesséieren. Jo, dat ass eppes wat déi mannsten (vläit just meng direkt Famill) mer gleewen. ‘Esou jonk interesséiert een sech dach éischter fir de Fussball’, kritt een dann alt ze héieren. Wourops ech just äntweren, dass ech dat och gemaach hunn. Dono kommen a Gespréicher déi bekannten Virurteeler, dass ech awer wuel net richteg wousst wat lass wor oder wéi eng Partei fir wat géif stoen. Jo, mat 11 wousst ech dat wahrscheinlech net ganz… mä dono awer a mat 16 honnert-prozenteg. Ech hätt bei de Parlamentswahlen 2004 (mäin Alter: 15) genee sou gewielt wéi ech herno bei de Wahlen 2009 (20) respektiv bei de Wahlen 2013 (24) gewielt hunn. A beim läschte Referendum zu Lëtzebuerg wor ech eben déi ominéis 16 Joer al an hätt ganz roueg (a ganz gären) mäi Kräiz gemaach. E Kräiz, wat ech, wéi déi aner virdrun och, och haut nach op genee der nämmlechter Platz géif maachen.

Mat 16 kann een sech fir Politik interesséieren a sech dran auskennen. Vläit kennt net all 16-järegen sech do aus, jo, mä ze soen dass een fir iwwerhaapt eppes dovunner ze kennen nach ‘ze jonk’ ass, ass falsch.

Alleng wann ech kucken wéi oft ech schonns erlieft hunn wéi Erwuessener net woussten wéi vill Deputéierten elo an hirem Bezierk sinn, wéi oft Landes- oder Gemengewahlen sinn, de Chamberspresident just als ‘de Mann deen ëmmer hannert dem Riedner sëtzt’ kannt hunn, a net woussten wéi e Minister fir de Ministère X oder Y zoustänneg ass, also da geet mer eppes anescht duerch de Kapp. An zwar… wa mer d’Wahlrecht u politeschen Interessi bannen, do kéint et awer ganz séier fir deen een oder aneren Erwuessenen gedoen sinn… an domatter och fir eis Demokratie. Wéi eng Demokratie bënnt d’Wahlrecht u grousse politeschen Interessi?! Wéi vill dêmos a krátos géif da nach an enger Demokratie stiechen? Net vill!

Vun dohier ass d’Argument dass een fir am politeschen Liewen aktiv deelzehuelen muss Interessi an Engagement weisen, wéi dat ganz spezifesch an engem Bréif festgehale gouf, komplett falsch. An dass och Jonker sech fir Politik interesséieren huet och net zulescht deen enorme Succès d’läscht Joer a Schottland gewisen. Do konnten 16/17-järeg beim Referendum matwiele goen an hunn dat an engem ganz grousse Moos gemaach. E Grond firwat de UK driwwer nodenkt d’Wahlrecht an der nächster Legislaturperiod op 16 erofzesetzen. (An domat jo net dat 1. Land mat Wahlrecht ab 16 wier).

Oft héiert een dat uewen genannten Argument awer och vun enger Rëtsch Jonken. Dat weist, a mengen Aen, éischter wéi schlecht villäicht déi politesch Bildung an enge Rëtsch Schoulen ass. Do stécht nämlech eppes ganz Besonnesches dohannert…


“Mat 16 weess een dach net ween ee genee soll wielen!”

Ech hunn hei uewen schonns gesot, dass dat net op all 16-järegen zoutrëfft. Trotzdem héiert een och vu ville Jonken dëst Argument. Firwat? Well een d’Thema net richteg versteet (Schoul!) a wuel aus enger klenger Naivitéit eraus.

Et mengt een dass een enges Daags einfach esou seng politesch Richtung/Ideologie wäert fannen. Bis een déi fonnt huet, freet een dann a ville Fäll wuel d’Elteren wat déi da wielen oder an der Vergaangenheet ëmmer gewielt hunn. Et geet een als sou ee Jonken also dovunner aus, dass déi Erwuessen genee wëssen ween se wiele wëllen. „Genee“ ass hei net onbedéngt also persounen-spezifesch Wuert gemengt (bsp. ‘Ech wielen de Xavier Bettel/Jean-Claude Juncker’ oder ‘Ech wielen d’CSV’), mä bezitt sech an dësem Fall op engem seng politesch Richtung. Et kéint een och soen, et mengt een dass all déi Erwuessenen wëssen firwat si fir de Kandidat X oder Partei Y gestëmmt hunn.

Et setzt een mam uewen genannten Argument viraus, dass just déi Leit déi hir politesch Orientéierung fonnt hunn dierfe wielen. An dass dëst just kann op Erwuessener zoutreffen. Hei gëtt d’Wahlrecht un ‘Politics with a big P’ (‘Politik mam grousse P’), wéi een et an England gären nennt, gebonnen. Während een an der ‘politics with a small p’ just ganz winzeg/kléng politesch Kenntnisser huet, ass een bei der ‘Politik mam grousse P’ fest verankert.

Et ass den Ënnerscheed tëschent konservativ a Konservativ, den Ënnerscheed tëschent minimaler politescher Kenntniss an gréisser Kenntnisser ze hunn souwéi seng politesch Ideologie ze kennen. Déi meescht Wieler sinn éischter ‘politik mam kléngen p’ zouzeurdnen: e bësschen politesch Kenntnisser, déi een an de Joeren sou opgeraf huet, a Meenungen zu deem engen oder aneren Thema, wat dann och meeschtens Themen sinn déi ee selwer betreffen. D’politik mam kléngen p zielt dofir fir bal all Mënsch; et ass (wéi schonns beim 1. Argument gewisen) net un den Alter gebonnen. Schliisslech ass de Mënsch, wéi den Aristotles mol sot, ‘vun Natur aus e politescht Déier.’

Ech kennen perséinlech genuch Leit, déi nach mat 30 oder 50 oder alt 70, net woussten wéi een Politiker a wéi eng Partei se sollte wielen. Si liewen an der ‘politik mam kléngen p’, interesséieren sech just kuerz vrun de Wahlen fir d’Politik a reegen sech soss e puer Mol d’Joer iwwert eppes op wat aus der Chamber erauskënnt. Dat ass och an der Rei sou. Dass een sech genee an der ‘Politik’ auskennt, war an der Vergaangenheet keen Critère fir d’Wahlrecht ze kréien; firwat also elo?

A souguer wa mer ‘Politik mam grousse P’ géifen un d’Wahlrecht bannen, kéinte verschidden 16-järeger wiele goen, während anerer – och eben Erwuessener – missten doheem bleiwen. Weder ‘politik mam kléngen p’ nach déi mam ‘grousse P’ sinn un een Alter gebonnen. Politik an engem seng politesch Orientéierung ass nämlech näischt wat engem einfach esou op eemol an de Schouss fält. E Member vun der ‘Politik mam grousse P’ gëtt een net einfach sou iwwer Nuecht. Et steet een net enges Daags op a weess dann wéi eng politesch Richtung déi ‘richteg’ ass, een ganz konkret weess wéi eng Partei een aus wéi engem (politesche) Grond wäert wielen. Wann är Elteren iech dat sou soen, dann hu se e bësschen „geflunkert.“

Den Alter setzt genee sou wéineg wéi d’Geschlecht politesch Kenntnisser viraus. (cc Rama)

 


Bei engem drëtten Géigenargument geet et ëm de Prinzip vun der Groussjäregkeet. Et gëtt da behaapt:

 „Mat 18 groussjäreg awer mat 16 schonns wielen?! Dat ass net kohärent.“ // „Mat 16 ass een nach net räif genuch!“

Do kann ee just soen: wéini waren Altersgrenzen fir divers Saachen jee kohärent? Bis zur Ännerung vum Mariage-Gesetz den 1. Januar konnt een sech och als Mannerjäregen zu Lëtzebuerg bestueden. Fir Geschlechtsverkéier mat enger anerer Persoun dierfen ze hunn musse béid minimum 16 Joer hunn, fir ‘explizit’ Material online ze kucken ‘muss’ een awer bis 18 waarden. Mat 16 ass een ‘Erwuessen a räif genuch’ säi Kierper mat Zigaretten oder Alkohol futti ze maachen, mä nach net fir ze wielen? Dofir dierf een da jo awer schonns mat 17 mam Auto op der Strooss e Verkéiersaffer ginn. Oder sech, wann een (wéi ech) duerch de Lycée Technique gaangen ass, schonns op senger 9e am Alter vu 14/15 Joer entscheeden wéi een Beruffswee een da soll/well aschloen. Ween dat uewen genannten Argument benotzt, muss sech dann och dofir ausschwätzen dass alleguerten d’Alterslimiten – egal wéi eng (an et ginn der vill) – op 18 Joer eropgesat ginn.

Zemools op engem Punkt ass dëst extrem wichteg: d’Schoulflicht.

Zu Lëtzebuerg muss een bis 16 Joer an d’Schoul goen. Dat heescht et kann een als Mannerjäregen mat der Schoul ophalen an op den Aarbechtsmarché goen. Et bezilt een an deem Fall seng Steieren (also och déi Steieren déi iwwer TVA erausginn) an seng Sozialleeschtungen, mä et dierf een awer net mat wiele goen. E 17-järegen, deen 2013 schonns schaffe gaangen ass, muss zwar seng Steieren bezuelen dofir awer bis 2018 waarden ier hien dierf wiele goen. Et ass de Problem vun der „Besteierung ouni politesch Representatioun“ („Taxation without representation“). E Problem fir deen an den USA den Téi zu Boston an d’Waasser gepucht gouf an een Onofhängegkeetskrich ugefaangen huet. Ech ruffen hei net zu sou Moossnahmen op, well awer ze bedenken ginn – zemools un déi Leit, déi plangen beim Referendum fir d’Auslännerwahlrecht ofzestëmmen – déi nämmlecht Logik beim Wahlrecht ab 16 gëllen ze loossen. ‘Jiddereen, deen zu Lëtzebuerg schafft a seng Steieren bezilt, soll kenne wiele goen.’ Wann dat äert Argument bei där enger Referendumsfro ass, da muss se och bei där anerer gëllen – soss ass dat net kohärent. 😉

 

(cc Ross UK)

 


De läscht Punkt op deen ech well ze schwätze kommen ass:

• „Et ass dach guer kee Besoin do fir 16/17-järeger wielen ze loossen“/“Hu mer soss keng Problemer?“

Och dëst kéint net méi falsch sinn. Et besteet grad elo am 21. Joerhonnert e Besoin fir d’Wahlrecht op 16 erofzesetzen. Nee, dat ass keen ‘Mir liewen am 21. Joerhonnert’-Argument, mä eent wat sech op déi politesch Realitéit vun dësem Joerhonnert baséiert. Ech hunn a mengem läschte Blogpost driwwer geschriwwen wéi d’USA probéieren mat hirer (neier) Immigratiounspolitik engem sozialpoliteschen an demographeschen Problem entgéint ze wierken. D’EU a seng Staaten hänken do, wéi an deem Post gewisen, komplett hannendrun. De Problem vun sou enger europäescher Gesellschaft, déi ëmmer méi al gëtt, ass awer een dee vill méi wäit geet wéi elo ‘just’ Renten a Krankekeesen. Europa steiert mat Vollgas Richtung Gerontokratie.

An Däitschland gëtt bspw. de ‘gebuertenstärkste Joergang’ dëst Joer 51 Joër al. [1] An och zu Lëtzebuerg läit d’Zuel vun de Neigebuerten bei 1.5 an domat ënnert dem wichtegen Wäert vun der Erneierung (spréch: och Lëtzebuerg gëtt all Dag méi al).

Dat heescht déi méi eeler Leit entscheeden wat am Land geschitt. Baby Boomers an den Ufank vun der Generatioun X si villäicht déi politesch stäerkste Generatiounen zënter laangem. Si haten déi politesch Muecht praktesch vu klengem un, a ginn déi och elo net hir. Au contraire, well d’Senioren si schonns zu vill a ginn all Dag ëmmer méi. Hiren Undeel bei de Wahlen wäert all 5 Joer méi grouss ginn. Dofir ass et politesch gesinn just normal dass sech d’Parteien fir d’Problemer vun de Senioren méi Zäit wäert huelen wéi fir aner Altersgruppen. Firwat soll ech probéieren d’Problemer vu méi jonke Leit ze léisen, firwat soll ech fir déi Suen ausginn, wann ech bei de Wahlen d’Stëmmen vun de (bal-)Senioren muss kréien fir ze gewannen? Den Ufank vun esou Spillereien huet een schonns an der Kris e bëssche gesinn. Fir d’éischt gouf queesch duerch Europa bei Jonken gespuert, ob dat bspw. d’Ewechfalen vun de Primen no Bachelor/Master/PhD zu Lëtzebuerg oder dat neit Studiebäihellef-Gesetz vum läschte Joer oder d’Verdräifachung vun de Studiengebühr an England war. Dat alles während een, op där anerer Säit, Saachen wéi Pensiounsreformen mat net sou enger staarker Hand upeekt. Beispill: ‘Rentenreform-chen’ zu Lëtzebuerg oder d”Rentenpaket’ vun der Unioun-SPD Koalitioun an Däitschland, wat e.a. de Rentenalter erofsetzt an €160mia an de nächsten 16 Joer wäert kaschten. Virgestallt gouf dat ‘Paket’ vun der SPD Ministesch mat engem – géigeniwwer Jonken – scho bal freschen Slogan: ‘Nicht geschenkt. Sondern verdient.’[1]

„Ich fürchte, wir sehen gerade die Vorboten einer Rentnerdemokratie: Die Älteren werden immer mehr, und alle Parteien nehmen überproportional Rücksicht auf sie. Das könnte am Ende in die Richtung gehen, dass die Älteren die Jüngeren ausplündern.“

~ Altbundespräsident Roman Herzog (2008) [2]

Ween an esou engem Land well liewen, dee soll mat „Nee“ am Referendum stëmmen. Wee well dass d’Politiker sech zumindest e bësschen fir Saachen vun de Jonken (resp. <45-järegen) interesséieren an och Projet fir si ëmgesat ginn, deem bleift de 7. Juni keng aner Méiglechkeet wéi mat „Jo“ ze stëmmen an d’Zuel vun den <45-järege Wieler (liicht) ze vergréisseren.

Ech fäerten, dass et grad wéinst enger kommender Gerontokratie net fir de ‘Jo’ wäert duergoen. Ween gëtt scho gären e bësschen, wann och net ganz vill, Muecht of? An engem Wort Lieserbréif, wollt bspw. e Mann déi Jonk mat muechtlosen Institutiounen wéi dem Jugendparlament tréischten.

Ween awer zu Lëtzebuerg keen Generatiounskonflikt well gesinn, muss probéieren déi Jonk richteg mat eranzehuelen. Et sinn si déi d’Laascht wäerten droen. Eng economesch an ecologesch Laascht, déi eigentlech vill ze schwéier fir si ass, an just duerch Aktiounen vun hiren Elteren a Grousselteren entstanen ass. Wa sech bei der Fro zum Auslännerwahlrecht de Charakter vum lëtzebuerger Vollek weist, wéi déi eng oder aner Leit a Journalisten zemools zënter der Charlie Hebdo Attack geschriwwen hunn, da weist sech mam Resultat beim Wahlrecht ab 16 och de Charakter vu de méi ‘eeleren’ Lëtzebuerger.

D’Wahlrecht gouf an der Vergaangenheet schonns oft reforméiert (Wahlalter op 18 erof gesat, Wahlrecht fir Fraen etc.). D’Wahlrecht ass fir Erwuessener net u politeschen Interessi oder Kenntnisser gebonnen. Firwat et demno elo beim Wahlrecht ab 16 zu engem Critère maachen? A souguer dann… et gi Jonker déi dëse Critère erfëllen. D’Basis vum Wahlrecht wor an enger Demokratie awer nach ëmmer déi: steierpflichteg Bierger sollen hir politesch Représentante dierfe wielen. Eppes wat – de Problem vun de Net-Lëtzebuerger exclus – zu Lëtzebuerg net fir all Bierger/Lëtzebuerger de Fall ass. Et gëtt (héij) Zäit Jonker, déi wielen wëllen (Wahlrecht ≠ Wahlflicht), an de politeschen Debat mat eranzehuelen. God forbid… dass een nach géigesäiteg eppes vun enaner géif léieren.

Säit 2: Footnotes

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] Déi 4 Argumenter géint “Wahlrecht ab 16″ goufen ënnert d’Lupp geholl. Liest et hei. […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s