[Geschate Lieszäit: 15 Minutten]
Et gouf e Moment an Europa (an esouguer an den USA), wou scheinbar jiddereen iwwert een “En Marche” a sengem Land nogeduecht huet. Dat war kuerz no der Victoire vum Emmanuel Macron am Fréijoër 2017. Et huet vu baussen einfach wonnerschéin an d’Bild gepasst. No engem Joer mat Victoire fir Populiste, vu Brexit bis Trump, a just enger knapper Nidderlag fir d’Rietsextremisten an Éisträich, war d’Idee vun enger zentristescher Beweegung an Europa (an doriwwer eraus) eng, déi scheinbar vill Leit e puer Suerge vergiesse gedoen huet. Elo kann ee, knapp 2 Joer no där Victoire vum fréieren Investmentbänker, iwwert d’Politik an de Stil vum aktuelle President vum Hexagon streiden. Dat ass awer net de Sënn vun dësem Bäitrag. Nee, et geet vill méi drëms dass déi meescht politesch Commentairen deemols (an zum Deel nach haut) entweder falsch oder, am beschte Fall, net vollstänneg ausgeduecht ware/sinn. Wann een de Macron Phänomen net versteet, versteet een och net dee vum Trump, a riskéiert ee nach eemol esou geschockt/erstaunt ze sinn iwwert e Wahlresultat, wéi een dat déi läscht Jore wuel méi wéi eng Kéier war.
Déi allgemeng Interpretatioun vun der Wahlvictoire vun “En Marche” war folgend: Sträit bei de Sozialisten iwwert d’Ausriichtung vun der Partei mat engem ëmmer méi groussen Deel, dee sech méi wollt gesi wéi de Mélenchon; eng konservativ Partei déi, wéinst dem Sträit op der anerer Säit an engem historesch onbeléifte President, just déi rietsextrem Partei als Konkurrent gesinn huet an dofir déi “rechte Flanke” – fir eng Expressioun aus der däitscher Politik ze benotzen – wollt zoumaachen. Déi Konservativ goufe méi rietspopulistesch. D’Sozialiste goufe méi lénkspopulistesch. Wann een d’Politik als 1-dimensional gesäit, da war also ganz kloër eng Ouverture an der “Mëtt” do. An an déi Platz ass eben, sou d’Schlussfolgerung, de Macron gesprongen. Déi Politiker*innen, déi vun engem “En Marche” an hirem Land dreemen, erkennen do dann direkt vill Parallelen zur Situatioun an hirem eegene Land. Et steet jo och ausser Fro, dass op ëmmer méi Platze konservativ Politiker*innen Téin vu Rietspopulisten (oder d’Extremisten) a vill sozialistesch Politiker*innen déi vun de Lénkspopulisten (oder d’Extremisten) iwwerhuelen. Dat bréngt eng Ouverture an der Mëtt mat sech, jo, & an där Mëtt befënnt sech, esou mol jiddefalls d’Theorie, och nach ëmmer déi grouss Majoritéit vun der Gesellschaft.
Mä eleng déi Erkläerung kuckt iwwert eng kruzial Saach ewech.
(Och zu Lëtzebuerg goufen et Gedankespiller fir een “En Marche” ze grënnen. Screenshot: wort.lu)
Wann dat nämlech alles esou stëmmt, da misst ee jo momentan duerch eng Renaissance fir déi zentristesch Parteie liewen. Politik um Terrain mécht schliisslech näischt léiwer, wéi erfollegräich Campagnen (vu sech oder Géigner) ze kopéieren. Trotzdeem huet een och bal 2 Joer nodeems de jonke Macron mam Beethoven senger 9ter als Hannergrond Musek bei d’Leit getrëppelt ass keng weider esou Victoiren a Westeuropa erliewt. Sécherlech kann ee verschiddenes wuel den ënnerschiddleche Wahlsystemer zou uerdnen an et muss ee jo och festhalen, dass déi 5. République dem Macron natierlech an d’Hänn gespillt huet. Mä och kleng Victoire ginn et net wierklech flächendeckend europawäit fir zentristesch Parteien ze vermelden. Verschiddener weisen elo villäicht mam Fanger op d’Bündnis 90/Die Grünen an Däitschland, op déi Gréng zu Lëtzebuerg an GroenLinks an Holland oder nach Vihreä liitto a Finnland. Mä déi 4 hunn dach och all ënnerschiddlech Ausriichtungen. B90/Grüne beispillsweis sinn ënnert hirer neier „Realo“ Duebelspëtzt politesch gesinn dach e gutt Stéck méi no un de „sozial-liberale“ Grénge vu Bausch, Braz & co. wéi elo un deene vu GroenLinks vum Jesse Klaver an Holland. Esouguer wann een déi politesch (wichteg) ënnerschiddlech Ausriichtungen emol ausser Uecht léisst, esou si gréng Parteien europawäit net wierklech um Wee no uewen. (Lëtzebuerg huet do oft eng germanesch-fokuséiert Siichtwäis.) An de nationale Parlament vum UK (1 Sëtz vu 650), Irland (2 vu 158), Frankräich (0 vu 577), Éisträich (0 vu 183), Italien (1 vu 630), Dänemark (10 vu 179), Schweden (16 vu 349) a Portugal (2 vu 230), fir emol dës hei ze nenne, gesi just wéineg gréng Politiker*innen an hire Parlamenter. Déi gréng Fraktioun am Europaparlament wäert sech wahrscheinlech d’nächste Mount och net vergréissere. Au contraire, et drot een zréck zefalen. Déi liberal Fraktioun ALDE, déi jo mam Macron sengem En Marche am Mee wäert an d’Course goe, soll zwar bei de Wahle liicht u Mandater gewannen, mä zu där Fraktioun gehéieren awer och esou Parteie wéi beispillsweis déi spuenesch Ciudadanos, déi ënnert hirem Parteichef Albert Rivera dach éischter rietspopulistesch, wéi elo zentristesch (oder liberal), Téin vu sech gëtt.
Op der anerer Säit vum Atlantik gesäit et och net besser aus, wann ee no Victoiren nom „En Marche“ Modell sicht. De fréieren Deputéierten am US Repräsentantenhaus, Beto O’Rourke, koum wuel am Texas d’läschte November am noosten drun. Nieft der (méi) zentristescher Politik huet de Mann vun El Paso e Campagne HQ gehat dee, genee wéi beim Macron 2017, vill méi wéi een Tech Start-up fonktionnéiert huet, wéi elo eng traditionnell Wahlkampf Maschinn. Mä och den O’Rourke, deen elo an der Course ëm d’Presidentschafts Nominatioun bei den Demokraten ass, sollt um Ënn de Kierzere géint den US Senator Ted Cruz (R) zéien. An am „Midwest,“ dee no 2016 wuel och d’nächst Joer nees eng wichteg Roll bei der Wahl wäert anhuelen, waren d’Gewënner op der demokratescher Säit 2018 dann och e gutt Stéck méi lénks, wéi dat eng Schabloun vun der Macron Campagne erlaabt/virgesinn hätt.
“Renew Party” genee wéi TIG, The Independent Group, aus Ex-Labour an Ex-Konservativen Deputéierten, déi all onbedéngt an der EU wëlle bleiwe, sollten an déi “Ouverture an der Mëtt” vun der britescher Politik sprangen
Wéi ass also eng „Musterléisung“ op de Rietsruck (a Lénksruck) op béide Säite vum Atlantik bis elo esou wéineg vun aneren erfollegräich ëmgesat ginn? Wann alles just wéinst enger „Ouverture an der Mëtt“ geschidd ass, da wier déi eenzeg Äntwert op dës Fro déi, dass all d’Politiker, déi nom Macron komm sinn, net schlau genuch si, fir dëst esou wéi hien ëmzesetzen. Ma dat wier genee esou simplistesch wéi déi, déi et bis elo zur Macron Victoire gouf. Obschonns de Schluss vun deem Satz e gutt Stéck méi no un dee kruziale Punkt kennt, deen traditionell ëmmer nees ignoréiert gëtt. Fir dëst esou wéi hien ëmzesetzen.
E jonke Politiker, dee bannent 5 Joer vun engem politesche Beroder vum President Hollande iwwert e kuerze Stint als Minister selwer zum President vun der 6. gréisster Weltwirtschaft gëtt, ass eng remarkabel Geschicht. Et ass eng, déi, wann et een Hollywood Film gewiescht wier, wuel zu ganz vill Kapprëssele gefouert hätt well et esou extrem onwahrscheinlech kléngt. Wann een da nach emol drun erënnert, dass dëse Mann a sengen genee 2 Joer als Minister net wierklech eng riseg, populär Reform ëmgesat huet, déi him dëse rapiden Opstig erméiglech hätt, da muss ee sech Froe stellen. De Macron war schliisslech ee vun de beléifste Politiker vun der Republik, wéi hie säi Wahlkampf gestart huet – wat och op eng extrem Schwächt vum franséische politesche System hindeit, dee no jorzéngtelaange Kléngkämpf vu scheinbar der ëmmer selwechter politescher Classe ferm gezeechent ass. Wéi konnt do dee Beroder-turned-Politiker sech mat engem neien, optimistesch ausgeriichte Mouvement un d’Spëtzt vun där Parteielandschaft setzen? Grad am sozialistesche Frankräich, wat dem Tony Blair a Gerhard Schröder kategoresch refuséiert hat, fir gemeinsam e „third way,” den ekonomesche Mariage tëschent Neoliberalismus a Sozialismus, an Europa ze goen, sollt een Ex-Investmentbänker d’Léisung sinn?
Stellt iech selwer emol d’Fro, wat déi éischt (oder zumindest eng vun den éischten) Informatioun war, déi dir iwwert dëse Politiker kritt hutt? Et war mat Sécherheet kee populärt Gesetz. Et war wuel och kaum seng éischt Indikatioun fir Reformpläng an Europa – déi hien am Januar 2017 op der Berliner Humboldt Universität virgedroen hat. Mat grousser Wahrscheinlechkeet ass et ëm säi Privatliewe gaangen, nee? De Mann ass schliisslech mat senger fréier Schoulmeechtesch zesummen. E jonken a räichen Mann ass mat enger eelerer Fra bestuet mat där hie selwer keng Kanner kann hunn. Et ass, fir d’Gesellschaft, eng ongewinnten Zesummesetzung vun der Léift a genee dat mécht wuel d’Faszinatioun nach e gutt Stéck méi grouss.
D’Koppel huet dann och en etlech Schlagzeilen kritt & d’Une vun de Magazinen a Frankräich gefëllt – “hir Léift,” “hir romantesch Vakanz”, “wéi si wierklech liewen” etc. Déi national Press, an am Laaf vun der Campagne ëmmer méi och déi international Kollege, ware scheinbar méi u sengem Liewen als Privatpersoun interesséiert, wéi un de proposéierte Reformen. Do muss ee festhalen, dass Zeitunge wéi Figaro oder Le Monde mat 308,000 respektiv 283,000 Oplage wäit hannert Magazine wéi Femme Actuelle (647,00) oder Paris Match (555,000) leien. De Macron huet, wat een him net ka veriwwelen, dat Spill a senger kuerzer Minister Zäit, an duerno an der Campagne, gäre matgespillt. Am TV Documentaire vun 2017, wou Paris Match zougëtt méi Ausgaben ze verkaafe wa Macrons um Titelbild sinn, huet de jonke Politiker zumindest och ugedeit, dass him scho bewosst war, wéi eng Muecht hien domat kéint generéieren. Hie kéint jo net fir säi Privatliewen oder dofir dass d’Leit dat interesséiert, sou de Kandidat Macron, mä d’Fransouse géifen ebe gäre Biller vun him a senger Fra kucken. An d’Leit (an d’Medienhaiser) kruten dann och wat si wollten: Biller vum perfekte Fotoshooting aus der Vakanz um Strand waren do um Ënn net déi eenzeg Ablécker, déi d’Macrons der Press (an domat dem Publique) ginn hunn.
Eng ähnlech Situatioun gouf et ebenfalls an den USA.
Eng LexisNexis Recherche vu gréisseren Zeitungen huet festgehalen, dass et tëschent Januar a November 2016 ganzer 6 – sechs! – Mol esou vill Artikelen iwwert dem Trump seng Scheedunge gouf, wéi iwwert d’Suen déi den Donald vu sengem Papp Fred kritt huet. Dat dierft fir Leit ausserhalb vun den USA net esou wichteg erschénge, mä wann e Mann sech als grousse Geschäftsmann, “dealmaker” a “self-made” Milliardär duerstellt – an dëst seng Bescheinegunge si, fir de Presidenteposte kenne gutt auszefëllen – ass et scho vu grousser Bedeitung. Do spillt et schon eng Roll, dass säi Papp den amerikaneschen Dram geliewt huet a säi Bouf nu wierklech kee “self-made” Milliardär ass. Wann een da nach bedenkt, dass déi dräi grouss US Fernsehchainen – ABC, NBC, a CBS – an hiren Owesnooriichte vum 1. Januar 2016 bis zum Wahldag am November 2016 grad emol 36 Minutten domat verbruecht hu, fir iwwer déi politesch Sujeten ze berichten (2008 waren et nach 3 Stonnen a 40 Minutten), wärend een awer op (bal) all Tweet vum Kandidat Trump gesprongen ass, muss ee sech am Nachhinein eigentlech och an der Press Froe stellen. A souguer a senger Amtszäit selwer, wéi d’Noriicht vun engem Schweigegeld fir eng Porno Schauspillerin erauskomm ass, war et méi einfach iwwert déi privat Situatioun vum President am Bett (& d’Relatioun zu senger Fra a First Lady Melania) ze schreiwe, wéi genee z’erkläre firwat ee mat där Iwwerweisung wuel d’Gesetz gebrach huet.
Béid Campagnen hu gewisse, wéi eng Muecht d’Medie bei Wahlen anhuelen, ma awer och wéi rapid sech déi Medielandschaft verännert huet. D’Muecht, wéi eng Politiker*innen elo méi Zeilen an der Zeitung, méi Fotoen oder méi Fernsehzäit kréien, haten d’Journaliste an Editeure jo bekanntlech och scho laang vrun 2016. Mä haut, wou alles vill méi op Quoten a Clicks geet, ginn déi Themen ervir gestrach, déi eng ganz breet Masse interesséiert… an ënnerhält. De Mariage vu Quote/Clicks mat der Iwwerzeegung vun der Gesellschaft als Ganzt scheinbar keng Zäit méi ze hu, fir X oder Y ganz ze liesen, ier ee säi Commentaire op de soziale Netzwierker doriwwer ofgëtt, bréngt mat sech dass um Ënn politesch Proposen a gréisser (och kritesch) Analysen deem ganzen zum Affer falen.
Da kennen zum Schluss Populiste vu lénks oder riets déi sinn, déi gewannen, oder et gëtt ebe, wéi a Frankräich, e „lachender Dritter.“ Mä eent muss, wann een op déi läscht Joren zréckkuckt kloer sinn: een „En Marche“ (oder ähnlech Projete) kenne just erfollegräich si, wann e Kapp vum Mouvement eng perséinlech Geschicht huet, déi sech gutt „verkaafe“ léisst. Et war villäicht och dat, wat 2018 e Beto O’Rourke am Texas esou knapp vrun der Ligne d’Arrive gestoppt huet. Um Ënn war hien dann awer „nëmmen“ e wäissen, heterosexuelle Mann mat enger scheinbar ganz normaler Geschicht.
Dass grad eng gutt perséinlech Geschicht wichteg ass, zielt iwwerdeems ëm sou méi, wann de Mouvement vun enger Fra sollt geleed ginn. Wéi d’Hillary Clinton 2016 wuel gemierkt huet, si nämlech vill Presentatioune vu verschiddene politesche Virschléi vun enger Kandidatin hei (leider) net den Antidote zu dësem Malaise vun där op self-marketing orientéierter Welt. Eng Etüd vun der Claremont University koum schonns 2012 zur Conclusioun, dass d’Kompetenz vun enger Politikerin der Wielerschaft net esou wichteg ass, wéi de Faite dass een déi Fra gär („like“) huet. Politikerinnen, déi sech zevill op Theme fokuséiere, gesäit d’Wielerschaft als méi kal an deemno als méi schlecht un. Dat dierft Observateure vun der däitscher Politik bekannt virkomme. D’Angela Merkel ass schliisslech bekannt dofir (bal) keng Positiounen ze besetzen a sech just wéineg konkret z’äussere, wärend si scho vrun der Flüchtlingswell gäre Selfies gemaach huet & “gestreichelt” huet. Si ass elo wäit iwwer 1 Jorzéngt Kanzlerin, wärend d’SPD Cheffin, Andrea Nahles, oft uneckt a schonns no manner wéi 1 Joer am Amt sech géint Récktrëttsfuerderungen huet misste wieren.
Falls d’Gesellschaft sech op dësem sexistesche Punkt net rapid ëm 180 Grad dréit, dann dierft déi (sozialistesch) US Senatorin fir Massachusetts, Elizabeth Warren, déi e.a. scho Pläng fir grouss Tech Firme opzebrieche presentéiert huet, trotz de villen (och internationale) Schlagzeile, um Ënn wuel net déi Persoun sinn, déi den 20. Januar 2021 an den Oval Office wäert trëppelen. Maybe, just maybe, kéint dat da wierklech esouguer e Buergermeeschter vun enger 100,000 Awunner Stad sinn. De moderate Pete Buttigieg (ausgeschwat: Boot-edge-edge), dee Parteimemberen eng éischte Kéier bei senger Kandidatur fir d’Amt vum Parteichef Ufank 2017 opgefall war, an deen den aktuelle Liebling vun de Medien am Presidentschaftswahlkampf ass, huet nämlech eng Geschicht, déi et esou nach net oft an der westlecher Politik gouf, an déi hien zesumme mat sengem Mann och mol gäre mat der Welt deelt.
Featured Image: Public Domain