[Geschate Lieszäit: 6 Minutten]
CSV huet de richtege Moment erausgesicht, fir mat neie Gesiichter an d’Europawahlen ze goen. Wärend verschiddener vrun e puer Woche virausgesot hunn, dass déi gréisste Partei wäert Krämpes hu, fir un hire Sëtz am EU Parlament festzehalen, esou war dat, wann een en historesche Bléck op déi Wahlen zu Lëtzebuerg pucht, villäicht eng Iwwerrekatioun.
Politesch Observateuren (dëse Blog included) droen do an eng Fal ze falen, déi Meenungsfuerscher ëmmer nees erwëscht. Do ass et nämlech esou, dass dës Leit no enger Wahl, wann hir Ëmfroe net wierklech richteg waren, déi nächst Wahle mat der läschter am Kapp bewäerten. Esou huet ee beispillsweis bei de Briten am Joer 2015 e Kapp u Kapp Rennen tëschent Konservativen a Labour virausgesot – et hat een den Zesummebroch vu LibDems ignoréiert an d’Angscht an England dass e Premier Ed Miliband, mat der Ënnerstëtzung vun der SNP, forcéiert gëtt e weideren Onofhängegkeetsreferendum z’erlaben verdrängt. Um Ënn sollt de Cameron eng Majoritéit kréien a Labour huet Sëtz verluer. Als Äntwert hu Meenungsfuerscher esou un hirem Modell gefréckelt, dass dësen 2017 d’Resultat vun 2015 wuel richteg virausgesot hätt. Ma zwee Joer nom Cameron huet d’May hir Majoritéit verluer an de Corbyn wier, wéinst dem Mouvement vu sozialliberale Wieler*inne vum Cameron sengen Tories, als Reaktioun op de Brexit, bei d’Labour Partei, bal an d’Number 10 agezunn.
Et lount sech dofir e méi laange Bléck op d’Lëtzebuerger Europawahlen ze werfe. Et weisst, dass d’CSV, trotz Problemer a méigleche (grousse) Verloschter, de ganz grousse Favorit d’nächste Mount ass.
Zënter 1979 kruten déi Chrëschtlech-Sozial ëmmer iwwer 30 Prozent bei den EU Wahlen. De mannste Support krut een am Fréijoër 2009 mat “grad eemol” 31,36%. Zu deem Zäitpunkt war bei der LSAP awer schonns den Ufank vum Ënn ze gesinn. D’Partei koum just méi op 19,48% an den Europawahlen (an ass mat 21,56% och just knapps iwwert der psychologesch esou wichteger 20 Prozent-Grenz fir eng „Vollékspartei“ an den zäitgläich stattfannende Nationalwahlen bliwwen). D’Juncker-Partei hat deemno eng ganz kloër Avance op hir Konkurrenz, wat hinnen, dank dem d’Hondt Berechnungssystem, dann och weiderhinn 3 Sëtz zu Stroossbuerg ginn huet. Dat steet am Kontrast zu de Joren 1994 a 1999, wéi een 31,5% respektiv 31,67% vun de Wieler konnt hannert sech versammelen, an awer „just“ 2 Sëtz krut. Dat och well d’LSAP an de 90er nach mat 24,8% respektiv 23,58% gudd ofgeschnidden huet, an och eng DP mat 18,83% respektiv 20,46% staark Resultater kritt huet.
Fir dass d’CSV awer nees eng Kéier op 2 Sëtz géif eroffale, muss sech vill änneren.
Hei muss een elo nach eemol d’Resultat vun de Chamberwahle vum Oktober erbäi kroopen. D’CSV krut vrun e puer Méint “just” 28,31%; d’LSAP 17,6%; d’Demokratesch Partei 16,91%; déi Gréng 15,12%; d’adr 8,28%; d’Piratepartei 6,45%; an déi Lénk 5,48%.
Dank der d’Hondt géif dat do Resultat am Mee de Chrëscht-Sozialen duergoe, fir hir 3 Sëtz ze behalen! Et ass ee weider grousse Virsprong op d’Konkurrenz a, vill méi wichteg, vun de klenge Parteie kennt kee wierklech un déi bal 10% erun. De Wackelsëtz tëschent CSV an adr géif un d’CSV goen – op 40,740 Stëmmen.
Als Rappel: bei de läschten Europawahle stoung d’adr bei 7,53% a war domat nach e Stéck méi vun engem Sëtz ewech. D’Rietspopuliste missten deemno e ganz kloërt bessert Resultat dëst Joer kréie, wéi vru 5 Joer a wéi nach vrun e puer Méint bei de Chamberwahlen – wéi een, trotz groussen Hoffnunge, vu Wieler*inne keng Fraktiounsstäerkt kritt huet. Dobäi muss een och bedenken, dass et 2014 d’LSAP war, déi mat grad eemol 11,75% huet misste fäerten hiren eenzege Sëtz un d’adr ze verléieren. (Um Ënn hunn d’Sozialisten dee Mätch géint déi “alternativ demokratesch” Partei op 49,207 Stëmme gewonnen).
Et heescht deemno, genee wéi schonns bei de Chamberwahlen am Oktober, och am Mee: d’Sozialiste stinn op vill méi onséchere Been wéi d’CSV. Do ergëtt et elektoral gesi scho Sënn, dass den Ex-Minister Schmit mat an d’Wahle geet, obwuel hie keng Loscht op d’Parlament zu Stroosbuerg huet a léiwer op Bréissel an d’Kommissioun wiesselt.
Dat ass d’Ausgangssituatioun. D’CSV huet e grousse Puffer, war een dach d’läschte Kéier eigentlech méi no un engem 4. Sëtz, wéi dass e säin drëtte verluer hätt. Ech hu mer awer och nach all d’Resultater vun de läschte Joerzéngten ugekuckt an hei zemools op déi jeeweileg gréissten Oppositiounspartei an der Chamber bei den EU Wahlen (par rapport zu de läschten EU Wahlen) gekuckt. Do kann e festhalen, dass de Chef vun der Oppositioun am Schnëtt bei deene Wahlen 2,17% zou leet. Elo kann et natierlech sinn, dass d’CSV, déi 2014 ganzer 6,29% par rapport zur EU Wahl 2009 konnt zouleeën, dëst Konschtstéck och wéinst enger Lëscht mat lauter neie Gesiichter dës Kéier net wäert fäerdeg bréngt. Mä dat heescht net, dass si net definitiv minimum 2 Sëtz (de niddregsten Taux de Support deen enger Partei 2 Sëtz bei EU Wahlen zu Lëtzebuerg ginn huet ass 23,58 – der LSAP am Joer 1999) wäert behalen. An och deen 3. Sëtz kéint, wann ee géif op d’Resultat vun 2009 eroffalen (31,36%) wuel geséchert bleiwen.
Nach huet de Wahlkampf offiziell nach net richteg ugefaange, ma et gesäit alles dono aus wéi wann d’Partei vum Fränk Engel d’Méiglechkeet genotzt huet, fir sech am EU Parlament “z’erneieren.” De Faite, dass déi wéinegst der Partei zoutrauen hir Sëtz ze verdeedegen, kéint dem Parteipresident, deen esou séier ëffentlech vu parteiinterne Kritiker attackéiert gouf, um Ënn da souguer an d’Kaarte spillen. Villes dierft vum adr an zemools der LSAP ofhänken. Wee wierklech wëll e Krimi erliewen, dee sollt op d’Resultat vun de Sozialisten oppassen. Et ass déi éischt Indikatioun, wéi d’Wieler*innen am Grand-Duché dës „nei“ Laangzäit-Regierungspartei, an hir Decisioun fir trotz grousse Sëtzverloschter am Hierscht d’läscht Joer weider ze fueren, bewerten.
[…] Resultat, déi ee jee bei EU Wahle konnt feieren – eng ronn 0,5% méi wéi nach 2004. Déi 3 Sëtz waren op engem séchere Fundament opgebaut. Op der anerer Säit huet déi nei Premier-Partei, d’Demokratesch Partei, mat 14,77 Prozent […]