[Geschate Lieszäit: 7 Minutten]
Fir all déi Leit, déi um läschten Dag vum Joer net erausginn. Fir all déi Leit, déi um läschten Dag vum Joer hoffen iergendeppes op hirer Tele ze fannen, wat een alt ka kucken. Fir all déi Leit, déi dann awer e schlechte Countdown beim Silvesterstadl musse materliewen. Fir all déi Leit ginn et hei e puer Virschléi, fir d’Stonnen bis Mëtternuecht z’iwwerbrécken. E Joresbréckblëck op eng aner Aart a Weis.
1) Dégagisme a Frankräich
Sarkozy, Juppé, Hollande, Valls, Fillon; et war eng historesch Presidentschaftswahl a Frankräich. Soubal een Favorit ginn ass, fir an den Élysée anzezéien, war een och scho nees fort.
Mam Emmanuel Macron gewënnt herno eng Persoun, déi ville Leit vrun 3 Joer nach guer kee Begrëff war. D’TF1 huet dierfen an der Campagne hannert d’Kulisse kucken. An dësem Dokumentaire, dee momentan op Netflix ze fannen ass, schwätzt de President ganz fräi eraus. E Beispill? Seng Popularitéit a säi Bekanntheetsgrad huet hie gréisstendeels senger perséinlecher Geschicht ze verdanken – an der Medienlandschaft am Hexagon. D’Magazine Artikelen iwwert hien, esou de Macron am “Les Coulisses d’une victoire”, wieren zwar oft ganz negativ gewierscht, “mä d’Leit kucke just d’Biller.”
2) Eng onroueg Republik
“Merkel muss weg!” ruffen se op de Stroossen. Och wann de sougenannte “Schulz-Zug” keen ICE an d’Kanzleramt war mä ee Regionalzuch an de Bundestag, d’Stëmmung an deem aneren Nopeschland ass net gutt. All 6. Däitschen ass, trotz (oder wéinst?) der “schwarze Null”, aarm. Setzt een dach déi héich Zuel u Flüchtlingen dobäi, an de Buedem fir Populisten, Propaganda an Extremismus ass geluecht. D’Merkel ass um Ënn net gefall, mä, falls et zu enger GroKo kennt, wier mat der AfD nees eng rietsextrem Partei den “Oppositionsführer” an Däitschland. D’NDR an d’RBB kucken op Politik a Medien an enger Republik, déi och op dësem Silvester Dag nach net esou richteg zur Rou komm ass.
3) Eng Unioun um “Scheideweg”
De 29. Mäerz war et esou wäit. D’Theresa May huet an der Number 10 den Artikel 50 Bréif ënnerschriwwen. Dono koum dëse via TGV op Bréissel, wou de briteschen Ambassadeur dem Donald Tusk en iwwereecht huet. Domat huet de “Kampf ëm Europa” ugefaangen. Am éischten Deel vun de Verhandlungen waren déi 27 EU Staaten (nach?) schéin enger Meenung. Et ass net unzehuelen, dass dat 2018 och esou bleift. D’Vergaangenheet seet nämlech eppes anescht…
Et kéint een esouguer esou wäit goen, dass d’EU weiderhin kuerz vru sengem Enn steet. Sécher war d’Wirtschaft 2017 besser a mam Macron gouf d’Schreckgespenst Le Pen verhënnert, mä mat de Wahlen an Éisträich, Däitschland an Italien – vun der Politik a verschiddenen osteuropäesche Länner guer net ze schwätzen – ass ee nach weit dovunner ewech, fir eng Victoire iwwert de “Nativism” ze deklaréieren. An dann huet ee nach guer net vun de Problemer a Spuenien a Katalounie geschwat, déi d’EU an dat neit Joer mat era wäert huelen. Et ass deemno derwäert fir ze debattéieren, ob d’EU kuerz vru sengem Ënn steet. Esou een Débat aus der Oxford Union kann een hei nach eemol kucken:
4) Een oppent Geheimnis
D’Harvey Weinstein Geschicht war een oppent Geheimnis. Hie war/ass awer net deen eenzegen zu Hollywood, dee sech net konnt behuelen. Schauspiller, Produzenten, Regisseueren; keen konnt sech dësen Hierscht méi vru sengen Affer “schützen.” D’Harvey Weinstein Story war bis elo den Héichpunkt vun enge revolutionären 18 Méint an den USA, déi mat Accusatioune géint den deemolege Chef vu Fox News, Bill Ayres, ugefaangen hunn, mam Donald Trump sengem “Grab them by…” Tape e virleegen Héichpunkt fonnt huet ier et am Fréijoër och de Star Moderator vu Fox News, Bill O’Reilly, getraff huet. D’Gréisst vu #MeToo huet verschiddener iwwerascht – obwuel d’Statistik genee esou een Ausmoos ëmmer gewissen huet. Et weisst dass mer alleguer eis zimlech wéineg mat deem Thema beschäftegt.
2014 huet d’Oscar Gewënnerin, Amy Berg, hiren Documentaire “An Open Secret” erausbruecht. Et geet do dran ëm déi systematesch sexuell Ausbeutung vu Mannerjäregen an der Dramwelt Hollywood. De Film, dee sech gréisstendeels rondrëm 5 Affer dréit, gouf just an enger klénger Unzuel vu Kino’en gewissen. D’Kritiker ware alt nees vum Berg, déi 2006 mat “Deliver Us From Evil”, engem Documentaire iwwert déi sexuell Ausbeutung vu Kanner an der kathoulescher Kierch, den Oscar konnt gewannen, begeeschtert. “An Open Secret” krut trotzdem 0 – null – Offeren aus Hollywood, fir um Fernseh oder op engem “on Demand” Site dierfen ze laafen.
Am Oktober hunn d’Produzente vum Film dëse fir 9 Deeg op Vimeo gesat – “to commemorate serial predator Harvey Weinstein finally being exposed.” De Film gouf esou séier esou oft gekuckt, dass een d’Period verlängert huet. Et ass net gewousst, wéini de Film net méi online ass oder wéini de Film hannert enger Paywall verschwënnt.
Dat hei ass also elo är Chance, fir méi iwwert dat “oppent Geheimnis” gewuer ze ginn. Kuckt de Film hei an den Trailer hei:
[…] wéi vrun engem Joer ginn et och haut nees e puer Recommendatioune, fir all déi déi entweder op dësem Méindeg doheem […]