[Geschate Lieszäit: 3 Minutten + 2 Minutten Audio]

Ech hunn dëser Deeg a mengem Archiv eng al Episod vu “Riicht Eraus” (vum radio 100,7) mam Xavier Bettel nees erëm fonnt, déi nawell zimlech interessant ass. Den aktuelle Premier ass do nämlech “just” e ganz einfache Politiker – mat engem Duebelmandat als Deputéiert a Schäffen an der Stad. Hie kritiséiert direkt vrun dësem Audioclip (hei ënnen drënner) déi kathoulesch Kierch an d’Diskriminatioun vu Schwulen & Lesbe beim Bestiednis an der Adoptioun. Eng Legaliséierung op deene Punkte wier awer schwéier mat enger CSV ëmzesetze, seet de Jay Schilz vum 100,7. Doropshi seet dee Mann, deen an der Stad op eng Koalitioun mat deene Gréngen & um nationale Plang op eng Koalitioun mat de Sozialisten an deene Gréngen (an trotz méi Sëtz bis elo ni eng CSV-DP Regierung ëmgesat huet) folgendes:

“Ech dreemen dovunner nuets heiandsdo, dass een eng Koalitioun ouni d’CSV  géif kréien. Ech hunn déi Arroganz vun der Muecht net gären. (…) [Hir Ministeren] hunn ëmmer Recht, si hunn d’Wëssen. Ech hunn dat net gär. (…) A ville verschidde Matière wier et wichteg, dass d’CSV hei eng Kéier an d’Oppositioun géif fléien.” 

Secherlech stoung een deemols kuerz vrun engem Wahlkampf (bei deem d’Oppositiounspartei um Ënn e weidere Sëtz sollt verléieren), an esou ass den Toun vun där Ausso och an deem Kontext ze verstoe, mä déi nei Parteispëtzt vun der CSV misst trotzdem op déi Wierder vu vru bal 1 Joerzéngt lauschteren. Si géife nämlech der Partei e méigleche Wee opweise, fir nees zréck un d’Muecht ze kommen. D’CSV huet sech nämlech par rapport zum Mäerz 2009, wéi deen Interview stattfonnt huet, oder och dem Hierscht 2013, wéi een aus den eegene Wolleke gefall ass well een an d’Oppositioun geflunn ass, nach net wierklech op dësem Punkt vill verännert. Do muss ee net just menger Aschätzung gleewen, nee, et konnt een dat vun de Protagoniste selwer dëse Mount nees héieren. E langjäregen Deputéierte vun der Partei huet dem Magazin Reporter dëse Mount gebeischt, dass sech scho vill Chrëscht-Sozialiste nees an engem Ministerauto gesinn haten. An och de neie Parteichef bei de Konservative, Frank Engel, selwer huet am Interview op RTL Tele wësse gedoen, dass “och” hien um Wahldag geduecht huet, “dass déi Oppositiouns-Phas elo nees eriwwer wier.” 

Et gouf also keen direkte Grond, fir de Xavier Bettel d’Koalitioun mat sengen 2 Partner (an de Stull vum Premier) opzegi, fir an eng Koalitioun mat der CSV ze goen. Natierlech hat d’CSV och d’Optioun (no de Wahle) fir eng Koalitioun mat der LSAP anzegoen, mä och de Chrëscht-Sozialiste misst – trotz de ville Verspriechen am “Plang,” déi déi 3 Regierungsparteien hätt sollten zefridde stellen – kloër gewiecht sinn, dass eng konservativ-liberal Koalitioun weiderhin déi rechneresch secherste Variant fir si duerstellt, fir nees d’Muecht z’iwwerhuelen.

A wéi kéint een esou eng Orange-Blo Koalitioun fäerdeg bréngen, wann ee sech selwer net (zevill?) wëll änneren? An deems ee beipsillsweis géif ufänke, fir de méi wirtschaftsliberalen Deel vun der Premier-Partei entgéint ze kommen. Et dierft deem Fligel wuel kaum gefalen, dass een déi “lasteg” Sozialiste an déi sozialliberal Gréng muss mathuelen, déi engem ënnert anerem eng gréisser (ekonomesch aktuell onnéideg a vläit souguer kontraproduktiv) Steiererliichterung fir d’Betriber stoppt. Et solle jo och bei de Liberale verschiddener ginn, déi net méi ofgeneigt si, fir souguer eng nei Partei ze grënnen.

Esou ass d’CSV-Taktik vun de läschte 5 Joer – scheinbar ouni konkrete Plang (pun intended!) dofir ze suergen, dass déi aktuell Koalitioun einfach just keng Majoritéit méi kritt – weder um Wahlowend (nach an de Wahlen do virdrun) opgaange, nach dierft se d’Partei als manner iwwerhiefleg duergestallt hu (fir den eigentleche Parteichef bei de Liberale vun enger Koalitioun z’iwwerzeegen) oder eng Romanz mat de Wirtschaftsliberalen opzebaue (fir dass dee Parteifligel de sozialliberale Xavier Bettel aus sengem Dram eraushëlt an hien zu enger Koalitioun mat der CSV drängt). Oder, wéi den deemolegen Oppositiounspolitiker 2009 dem Jay Schilz géigeniwwer sot:

“Wann een eng Koalitioun mat der CSV muss maachen, da muss een eben e Programm fannen. Mä wann et do ass nëmme fir ze schlécken, wou si soen, hei d’DP déi ënnerschreift, soss gidd dir net mat, da ginn ech net mat!”

A sou war et am Oktober 2018 kloër, wéi déi magesch Zuel 31 um Owend geblénkt huet, an d’Parteicheffe fir d’Elefanteronn um Fernseh zesumme komm sinn, dass de Regierungs-Zuch d’Gare scho längst nees verlooss hat. De Claude Wiseler konnt, genee wéi e Jean-Claude Juncker 5 Joer virdru, just nach mat traurege Blécker Richtung Xavier Bettel festhalen, dass seng Partei jo awer déi stäerksten am Land wier. Falls et fir d’CSV net soll heesche “jamais deux sans trois,” da misst sech bei der “Vollékspartei” elo méi doe, wéi kléng Muechtkämpf (iwwert eng méiglech Spëtzekandidatur) ze féieren oder just de Mantra auszeginn, dass een elo “cool” wier. 

(Déi ganz Episod vun deemols kann een hei um Site vum Sender nach eemol lauschteren.)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] Déi sozialliberal Parteie mat engem méi klengen/grousse gréngen “Touch,” d’Demokratesch Partei an déi Gréng, kruten am ganze Land zesummen 7 Prozent méi Stëmme, wéi déi zwou traditionell Parteien. De Grafik hei weisst, wéi grouss sech d’Situatioun bannent 25 Joer geännert huet. A, wéi mer virdru gesinn hunn, läit den Erfolleg vun där DP/Gréng “Unioun” net wierklech um Resultat vun der DP – mat där ee nach ëmmer misst am meeschten Iwwerschneidungen hunn.  […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.