[Geschate Lieszäit: 8 Minutten]

Nodeems vrun engem Joer hei op dëser Platz e Bléck op d’Geschicht vu Politikerinnen, notamment op Marguerite Thomas-Clement, déi éischt Deputéiert an der Geschicht vum Land, an d’Madeleine Frieden-Kinnen, déi alleréischt Ministesch, geworf gouf, wëll ech haut Fraen aus der Zivilgesellschaft an dem Sport ervirhiewen, déi gehollef hu, fir de Grand-Duché e bëssche besser, e bëssche méi gerecht, ze maachen. 

 

  • Marcelle Dauphin (1893-1976)

Déi éischt Fra ass d’Marcelle Dauphin, déi de 7. September 1893 am Rollingergronn op d’Welt komm ass. Si geet op d’Universitéit Medezin studéiert, an den 12. Oktober 1922 fänkt déi 29-jähreg vun Holleresch u mat praktizéieren. D’Dauphin war déi alleréischt Zänndoktesch am Grand-Duché. Am neie Joer 1923 mécht si hir eege Praxis zu Woltz op a bleiwt do fir 3 Joer. Den 1. Juli 1926 plënnert si erof an d’Stad a praktizéiert just nach Sonndes a Méindes zu Woltz, wéi dat d’Luxemburger Wort a senger Ausgab vum 6. Juli 1926 annoncéiert huet. 1953 verleet d’Marcelle Dauphin hir Praxis an de Süde vum Land – op Péiteng, wou si am Mee 1976 hir läscht Rou fënnt.

 

  • Louise Welter (1897-1999)

E Joer nodeems d’Marcelle Dauphin ugefaangen huet, fir hire Landsleit d’Zänn z’ënnersichen – also 1923 –schreiwt eng weider Lëtzebuergerin Geschicht. D’Louise Welter “ist die erste Ärztin unseres Landes,” sou d’Luxemburger Wort ënner der Rubrik Lokales de 26. November 1923. Et war deemols scheinbar keng grouss Headline wäert, dass d’Land elo och endlech eng Generalistin huet. Et gëtt éischter niewebäi notéiert. Hir Aarbecht awer ass alles anescht wéi eng Randnotiz an der Geschicht vum Land. Am Juli 1926 gëtt si Schouldoktesch an der Stad – e Posten, dee ganz nei geschaaf gouf. Si bemängelt an hirem éischte Rapport 1927 den “état déplorablement sale des enfants des taudis” aus de städesche Viruerter vu Clausen, Eich, Paffendal, a Weimerskierch. An Zukunft, sou d’Doktesch Welter, soll all Kand minimum zwee Mol d’Woch duschen, a net méi just 1 Mol de Mount. 1932 gëtt op hiren Drock hin d’Schoulschwamme fir d’Kanner aus dem 5. a 6. Schouljoer agefouert & all Schoul kritt e Schaf an deem Basis medezinesch Pfleg dran ass. 

(Screenshot vum Luxemburger Wort vum 26. November 1923)

Am Laf vun hirer Carrière organiséiert d’Louise Welter ënnert anerem och Cure thermale fir Kanner. A mat hire Kämpf fir medezinesch Errungenschafte, wéi den Impfungen, méi zu Lëtzebuerg ëmzesetzen, souwéi mat hirem Asaz géint Mangelernährung bei Kanner setzt déi éischt lëtzebuergesch Generalistin sech voll a ganz fir d’Zukunft vum Land an. 1962 geet si an hir wuelverdéngte Pensioun. Am Mäerz 1999 – am Alter vun 101(!) Joer – verléisst si eis. 

 

  • Marguerite Welter

D’Marguerite Welter, déi 1899 op d’Welt komm ass, ass eng weider Fra, där hire Numm ee soll kennen. Si ass nämlech 1923 déi alleréischt Affekotin am Land ginn. 

Nodeems si hir Droit Etüden ofgeschloss huet, addresséiert sech d’Welter un de Bâtonnier, fir dass dësen si vrun der Cour Supérieur de Justice presentéiert, sou dass si hire Schwur kann ofleeën. No der Sëtzung vum Conseil de l’Ordre du Barreau vum 11. Juli 1923 kritt si als éischt eng erfreelech Äntwert: “Le Conseil de l’Ordre estime qu’aucun text ne s’oppose à cette présentation.” De Procureur Général, Glaesener, geet awer an Appel an d’Marguerite Welter muss vru Geriicht fir hirt Recht kämpfen. Den 28. Juli 1923 hält dëst fest, dass et “aucun texte de loi” gëtt, deen “directement ou indirectement” enger Fra verbitt, fir de Beruf vum Affekot auszeüben. 3 Deeg drop gëtt déi jonk Fra an de Barreau opgeholl, deen domat am Grand-Duché net méi exklusiv männlech ass. 

D’Welter plädéiert 1 Fall vru Geriicht ier si, no hirem Mariage, ophält als Affekotin ze schaffen.  

 

  • Lory (oder Laure) Koster (1902-1999)

Mat 22 Joer huet d’Lory Koster d’Land bei den olympesche Summerspiller 1924 zu Paräis vertrueden. Si war domat déi éischt Athletin, déi fir de Grand-Duché bei Olympia ugetrueden ass – an d’Resultat vun der Schwëmmerin léisst sech och duerchaus weisen. An den Eliminatoire vun hirer Discipline (200 Meter Brasse) kennt si de 16. Juli an hirer Serie mat enger Zäit vun 3:35.0 op déi 2. Platz & qualifizéiert sech domat fir d’Final zwee Deeg méi spéit. Do schwëmmt si an 3:39.2 op déi 6. Platz. Olympiagewënnerin gëtt d’Britin Lucy Morton (3:33.2) vrum Agnes Geraghty aus den USA (3:34.0) an der Britin Gladys Carson (3:35.4). 

 

  • Simone Lutgen (1906-1994)

D’Simone Lutgen ass wuel vun alle Fraen hei am onbekanntesten. Si koum 4 Joer nom Lory Koster zu Metz op d’Welt an huet vill Zäit vun hirem Liewen zu Antwerpen verbruecht. Nodeems si an der hollännescher Stad hir Ausbildung als Sculptrice op der Académie Royale des Beaux-Arts souwéi eng praktesch orientéiert Ausbildung a Werbegraphik an der Ecole des Métiers d’Arts gemaach huet, kritt si am Joer 1937 als alleréischt Lëtzebuergin de “Prix Grand-Duc Adolphe.” (Dëse Lëtzebuerger Konschtpräis ass iwwregens op Initiativ vun der Fra vum Grand-Duc Adolphe, dem Adélaïde-Marie, eng Molerin, entstanen.) 2 Joer méi spéit hänkt eng grouss Photomontage vun hir an der Agangshall vum Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung zu New York. D’Montage géif, sou d’Luxemburger Wort an hirem Artikel “Luxemburg auf der Weltausstellung in New York” vum 15. Juni 1939, Blécker op sech zéien. Et wieren “Episoden aus der Nachkriegszeit, als die Amerikaner in Luxemburg einzogen” duergestallt, wärend op der Géigesäit “Szenen aus dem Eisenindustrieleben” ze gesi waren. 

 

  • Elsy Jacobs (1933-1998)

Déi dach villäicht bekannteste Fra vun dësem Post kennt zum Schluss. Si ass ënnert dëse 6 déi jéngst a no hir ass haut mam “Festival luxembourgeois du Cyclisme Féminin Elsy Jacobs” (virdrun: Grand Prix Elsy-Jacobs) eng UCI Etappecourse zu Lëtzebuerg benannt. Dat verdeckt awer all déi méi schwiereg Momenter an dëser spezieller “Love Story.”

Trailer zum kuerzen 2012 Documentaire “Elsy Jacobs – Grouss-Herzogin vum Velosport” 

D’Elsy Jacobs, déi am Mäerz 1933 an der Maternité am Pafendall op d’Welt komm ass, huet nämlech am Ufank vun hirer Carrière guer net zu Lëtzebuerg u Coursen dierften deelhuelen. Fraen haten am Grand-Duché näischt op engem Drotiesel ze sichen. Si huet dowéinst missten an d’Nopeschlänner – notamment Frankräich an d’Belsch – fuere, fir u Coursen deelzehuelen. Dës 2 Staaten hunn hir Lizenz nämlech unerkannt gehat. Erréischt am Joer 1955 ännert d’Federatioun, wéinst dem Elsy Jacobs, hir Statuen an erlabt der Lëtzebuergerin esou och an hirem Gebuertsland hirem Sport nozegoen. Et sollt der Federatioun net Leed doen.

3 Joer no der Decisioun Fraen opzehuelen, gewënnt d’Elsy Jacobs den 30. August 1958 zu Reims vru favoriséierte Cyclistinnen aus der Sowjetunioun déi alleréischt Weltmeeschterschaft am Stroosserenne bei de Fraen. E puer Méint dono, de 9. November, brécht si de Frae-Stonneweltrekord zu Mailand, deen zu deem Zäitpunkt vun der Britin Millie Robinson (39,718 Kilometer) gehale gouf.  D’Lëtzebuergerin bréngt et fäerdeg bannent enger Stonn 41,347 Kilometer ze fueren. Et sollt bis 1972 daueren ier d’Maria Cressari aus Italien dëse Rekord konnt briechen – awer net bei hirem 1. Versuch! Den 23. November 1972 feelen der italienescher Cyclistin a Mexiko Stad, wou si dëse Rekordversuch ugeet, nämlech 11,20 Meter op de Weltrekord vum Elsy Jacobs. Den italienesche Konsul, dee selwer op der Platz war, reservéiert doropshin d’Vélospist direkt fir de nächsten Dag nach eemol. Do packt d’Italienerin et da, fir sech de Weltrekord ze huelen. Si fiert an enger Stonn 41,471 Kilometer – grad eemol 124 Meter méi wéi d’Lëtzebuergerin 14 Joer virdrun.

2 Joer nodeems hire Rekord gefall ass, a no enger langjärege Serie als Landesmeeschter (1959-1974!) an enger 2. Platz (Poursuite) op der Weltmeeschterschaft 1959, enger 3. Platz op der Strooss bei der Weltmeeschterschaft 1961, souwéi zwou 4. Platzen op der Strooss bei der WM 1966 respektiv 1968, kennt et zum Broch mat der Federatioun a mam Grand-Duché. Et hat een d’Elsy Jacobs net bei der Weltmeeschterschaft 1974 ugemellt – “aus finanzielle Grënn,” wéi et deemols geheescht huet. D’Sportlerin huet nach ugebuede, fir d’Käschten aus der eegener Täsch ze bezuelen, ma och dat bréngt hire Wonsch vun enger Participatioun am kanadesche Montréal kee Schrëtt weider. D’Jacobs verléisst doropshin d’Land. Si zitt op Paräis, dono weider an Bretagne – wou si bis 1996 eng Jugendequipp trainéiert – an hëlt déi franséisch Nationalitéit un.

 

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] NextIWD 2019: Lëtzebuerger Fraen, déi ee soll […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.