[Geschate Lieszäit: 6 Minutten]

Nodeems ech Mëtt Oktober hei gekuckt hat, wéi vill Fraen d’Parteien op den audiovisuelle Medien am Wahlkampf hate, wëll ech haut op d’Medie selwer kucken. Fir méi genee ze sinn: et geet mer ëm de „Presseclub“ vun RTL Radio Lëtzebuerg. Do setze (méi oder wéineger) all 2. Weekend d’Journalisten zesumme fir iwwert déi aktuell politesch Situatioun ze diskutéieren. Et gëtt souzesoen de Point gemaach vun der aktueller Lag vum Land, Europa an der Welt. Et gëtt de männleche Point gemaach, misst et eigentlech fir richteg heeschen.

An de leschten 12 Méint (8. Abrëll 2018 bis 7. Abrëll 2019) gouf et vun där RTL Emissioun am Ganzen 23 Sendungen. Et goufen am Total 94 Invitéen, déi sech op insgesamt 22 Journalist*innen aus 10 Medienhaiser opdeelen. D’Luxemburger Wort, d’Tageblatt, de Lëtzebuerger Journal, d’Woxx, d’Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, Reporter, de radio 100,7, d’Lëtzebuerger Land, de Quotidien an den RTL (RTL.lu an RTL Radio – allebéid an der läschter Ausgab vrum Wahlsonndeg) waren dobäi.

Moderéiert goufen d’Emissiounen iwwert dat ganzt Joer gekuckt vu 4 männleche Journalisten: Roy Grotz, Eric Ewald, Pit Everling, a Francois Aulner.

Vun den 22 Journalisten, déi op de Plateau invitéiert goufe, ware grad eemol 5 Fraen. Fir et nach méi schlëmm ze maachen, kann een direkt dobäi soen, dass just 3 Medien iwwerhaapt Fraen an de „Presseclub“ geschéckt hunn. Dat waren d’Luxemburger Wort, de radio 100,7, an d’Lëtzebuerger Land. De soziokulturelle Radio krut eng Paritéit (bei insgesamt 2 Optrëtter) hin, wärend d’Land mat 7 Optrëtter fir 3 vun hire Journalistinnen a „just“ 4 fir 2 vun hire Journalisten eng Frae Quot vun 63.64% fäerdeg bruecht huet.

(Gréng: Männer; Blo: Fraen)

Et goufen 8 Emissioune, wou keng eenzeg Fra konnt matschwätzen. 13 Mol souz just 1 Fra mat um Dësch, woubäi dovunner an eleng 8 Fäll d’Dani Schumacher vum Luxemburger Wort dës eenzeg Persoun ouni Y Chromosom am Studio war. (Als Verglach: fir de Journal war de Chefredakter Claude Karger a 14 Emissioune mat dobäi.) Bei 2 Sendungen haten d’Nolauschter*innen esouguer d’Chance fir vun 2 Fraen ze héieren. Eng dovunner war déi vum 27. Mee 2018, wou een, falls een d’Moderatioun duerch de Roy Grotz emol „op der Säit“ léisst, esouguer eng Paritéit hat. D’Dani Schumacher (Wort) an Ines Kurschat (Land) hunn do zesumme mam Claude Karger (Journal) a Richard Graf (Woxx) diskutéiert. Et huet dunn awer bis den 12. Oktober gedauert – de „grousse“ Wahlkampf-Ofschloss Presseclub – bis nees 2 Fraen hannert dem Mikro hunn dierfe setzen: d’José Hansen (Land) an d’Pia Oppel (radio 100,7). Si waren awer deemols géint de Marc Schlammes (Wort), Dhiraj Sabharwal (Tageblatt), Luc Marteling (RTL.lu) a Roy Grotz (RTL) an der Minoritéit. D’Emissioun gouf deemols vum Pit Everling moderéiert.

Mam Problem vu just männleche Stëmmen an der Mediewelt steet een zu Lëtzebuerg net eleng do. An den USA si beispillsweis haut zwar vill méi Fraen op den Universitéiten a Journalismus Coursen ageschriwwe wéi Männer (grad eemol all 3. Absolvent ass e Mann), ma an der Pressewelt maachen d’Fraen awer grad emol 41,7 Prozent aus. Gréisser Poste an der Industrie kréien d’Fraen och net, wéi eng Analys vum Columbia Journalism Review festgehalen huet. D’Chefredaktere vun den 135 gréissten Zeitungen am Land sinn zu 73 Prozent männlech (an zu 90 Prozent wäiss). Och bei Noriichtenagence kommen dës Frae, wéi emg rezenst Etüd vum Women’s Media Center weist, net zu Wuert. Bal 70% vun alle „bylines“ iwwer 500 Wierder gi bei den 2 groussen Agencen, Associated Press a Reuters, un d’Männer. D’Journalistinne fënnt ee just an der Majoritéit an deene Beräicher, déi d’Suzanne Frank an hirem Buch Women and Journalism „pink ghettoes“ genannt huet – Lifestyle, Fräizäit an Entertainment.

D’Stëmm vun der Fra héiert een leider ebe net just an der Politik vill ze wéineg. Déi offiziell éischt Table ronde zur Europawahl huet de Problem op béide Säite fir all Zuschauer*inne nees eng Kéier däitlech opgewissen: just 1 Moderator, dee männlech ass, an 10 Politiker, dorënner just 2 Fraen, déi iwwert (déi nächst) “Schicksalswahl” vun dësem europäesche Projet diskutéiert hunn. A ween um um Radio wollt nolauschteren, deen huet matkritt wéi 1 männleche Moderator den Debat tëschent nees 2 Fraen an 8 Männer geleed huet. Och 100 Joer nom Allgemenge Wahlrecht ass et nach e wäite Wee, ier d’Land da wierklech Gläichberechtegung a Politik a Gesellschaft ëmgesat huet.  


Featured Image: “On air” by alexisdupuis is licensed under CC PDM 1.0

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.