Däitschland ass dat eenzegt Membersland vun EU an NATO am UN Secherheetsroot wat géint d’Resolutioun ass, resp. géint en Deel dovun. Witzegerwéis kritt d’Unioun an d’FDP dofir am meeschten Luew vum Äerzfeind, der Linkspartei — och wann déi Lenk am Generellen de Léit enger kloërer Vue vun hierer Aussepolitik schelleg bléiwen. Souguer déi Gréng an Däitschland schwätzen sech fir d’Flugverbotszone aus an dat ass, wann een d’Geschicht vun däer Partei kuckt, net esou selbstverständlech (e.g. Kosovo & Afghanistan Debatt).
Den Ausléiser vum Problem an Däitschland ass awer, an dat dierft enger bestemmtener Lieserin vum Blog net gefaalen, de Kant. Seng Philosophie gouf an dat däitsch Grondgesetz geluecht. A séng Philosophie giff all Agreff an engem aaneren Staat als falsch bezeechnen.

Lo kann een awer behaapten dass déi aktuell Situatioun an Libyen keng gewaltsam Anmeschung ass. Kloër gouf op Ofwiersystemer geschoss, kloër sinn Kampfjets iwwert Libyen, mä d’Aktioun gett — an dat huet een geschter ganz gudd gesinn — eigentlech geleet vu Frankräich. Den Elysée huet schons vrun enger gudder Zäitchen den “National Transition Council” zu Benghazi als offiziell Regierung vu Libyen unerkannt. Déi Regierung (an de Medien als Oppositioun bezeechent) huet schons d’läscht Woch déi international Communitéit no Hellef gefroot. Dunn huet d’Conference vun den Islameschen Staaten (erkennt de Council och als Regierung un) eng Flugverbotszone gefuerdert, dunn huet d’Arabesch Liga, déi de Council zu Benghazi och als Regierung vu Libyen gesäit, sech op eng Flugverbotszone geenegt… an dunn… no laangem Diskutéieren och endlech den UN Sëcherheetsroot. Zebehaapten et wier eng Interventioun vum Westen fir un den Uelleg zekommen ass demno komplett falsch, well éischtens ass et net méi d’Bush Doctrine déi gellt, mä d’Obama Doctrine an zweetens…

…helleft déi Resolutioun — an dat Argument kann een definitiv maachen — der Regierung vu Libyen (Benghazi) nemmen fir hier legitime Souveränitéit iwwert hieren Territoire zereck zegewannen. Net méi, awer och net manner.
D’Resolutioun ass awer, an do muss een déi Responsable (Frankräich, de UK, an aanerer?) extrem luewen, zimlech vague geschriwwen. De Faite dass d’Resolutioun “all necessary measures” erlaabt fir d’Bevëlkerung zebeschützen, ass e Quasi-Blankocheck vum UN-Secherheetsroot.
China an Russland hu bekanntlech sech bei der Ofstemmung enthaalen. Fir d’éischt hunn ech geduercht dass se 1) d’Saach giffen ennersetzen (wat mech am Fall vu beide Länner iwwerascht huet/iwwerasche géif); oder 2) se eppes aaneschteres versprach kritt hunn wann se hiere Veto net giffe benotzen.
Wann ech lo d’Reaktiounen aus Moskau liesen, muss ech (1) ausschléissen, während (2) bekräftegt gett. Allerdengs kennt nach eng drëtt Méiglechkeet dobäi: béid Länner hunn d’Resolutioun net gelies, oder net richteg verstaanen.

Zum Schluss wier et och interessant gewuer zeginn op Lëtzebuerg déi Resolutioun matgestemmt hätt. Lëtzebuerg probéiert schliesslech fir e Setz am UN Secherheetsroot (2013-2014) zekréien. Hätt den Jean Asselborn decidéiert fir d’Resolutioun z’ennerstetzen, hätt een dogéint gestemmt oder sech wéi de Guido Westerwelle en Donneschten enthaalen?

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

3 Comments

  1. Zu dengem leschte Punkt, denken ech ass d’Äntwert ganz kloer: Den Asselborn hätt d’Resolutioun mat gedroen. Am éischte Video an dësem Wort-Artikel seet en dat eigentlech och:
    http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/2011/03/144992/xxx.php

    Reply

  2. BREAKING NEWS! Den Qaddafi kann opootmen:

    +++ Luxemburg will nur unter der Nato mitmachen +++

    [12.08 Uhr] Luxemburgs Außenminister Asselborn fordert eine schnelle Klärung der Aufgabenteilung zwischen der Nato und der Koalition um Frankreich, Großbritannien und den USA. Sein Land könne sich nur im Rahmen der Nato an der Operation gegen Libyen beteiligen.

    Reply

  3. @ Chris
    Merci. Hat deen Artikel net gesinn gehaat/gelies/gekuckt.
    Obwuel dem Asselborn séng Sach mat der Isolatioun och net besonneg ass, déi huet dem Gaddafi erlaabt un der Muecht zebléiwen all déi Joëren, genee wéi dat an Nordkorea och de Fall ass. Mä bon, dat ass eng aaner Diskussioun…
    .
    .
    @ Jerome
    🙂 Ech fannen et awer och nemmen normal dass en d’NATO opfuerdert d’Leaderroll z’iwwerhuelen. D’Merkel huet jo och schons gesoot dass, wann d’NATO wirklech antrett, sie der Aktioun “indirekt” giff hellefen andeems méi däitsch Zaldoten sollen an den Afghanistan, NATO Truppen entlaaschten.
    En plus muss d’NATO sech séier eenz ginn, net nemmen fir de Succès vun der Operatioun mä och fir net selwer drun zestierwen. Den Irak-Krich huet d’NATO ferm geschwächt, de Gaddafi kennt den Doudschlag ginn, wann net schnell décidéiert gett.

    Reply

Leave a reply to Chris Cancel reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.