Haut ass Weltwasserdag. En Dag deen vill ze wéineg Opmierksamkeet kritt. Während den 1. Dezember AIDS grouss vun de Medien gepusht gett (wat gudd ass), bléiwt d’Wasser-Kriis eng déi am Norden scheinbar keen interesséiert. Mir hu jo genuch Wasser fir zedrenken. Hell, mir kennen eis souguer aussichen wéi eng Zort vu Wasser mer wellen drenken. Hell, souguer ob mer Wasser oder soss irgendeppes vu Cola bis hin zum Wäin wellen drenken.
Fir déi meescht Léit am Süden ass dat net de Fall. Iwwer 884 Milliounen Léit hu keen Accès zu drenkbarem Wasser. Wasser fir d’Hygiène — eppes wat net z’ennerschätzen ass, ass et dach och extrem wichteg fir d’Gesondheet vum Mensch — hunn 2,5 Milliarden Menschen net.

Wasser ass d’Nummer 1 wann et drems geet wat am meeschten Kanner op der Welt embréngt. D’knaschtegt Wasser, oder de Mangel u Wasser, bréngt méi Kanner em wéi HIV/Aids, Malaria an Tuberculosis (déi op Platzen 2, 3 resp. 4 kommen) zesummen.

Et gett Zäit eppes zemaachen. Net nemmen haut. Mä trotzdem well ech den Weltwasserdag notzen fir drop opmierksam zemachen, och opmierksam maachen op d’Organizatioun “Wine to Water“, déi mir nawell zimlech un d’Häerz gewuess ass. Et ass eng international Organizatioun déi vum Doc Hendley (CNN Hero 2009) gegrennt gouf, an bspw. Wäinowender (net limitéiert doropper, domat huet jhust ugefaang) organizéiert wou d’Léit dann Suen spenden fir dass se hier Arbescht kennen am Sudan, Haiti, Ethiopien etc. etc. weiderféieren. An hoffen dann och dass meng Lieser eng kleng Spend der Organizatioun maachen.
Et kritt een en Ziedel fir bei eng Steiererklärung. Keng Ahnung op Lëtzebuerg dat unhellt, mä ech fannen souwisou dass een sech net muss op d’Scheller klappen, wann een jhust Suen iwwerwéist fir en Ziedel bei eng Steiererklärung zeléeen.

Hei en 90 Sekonnen Promo-Video iwwert dem Doc Hendley séng Arbescht:

An hei seng genial Presentatioun op der TEDx Conference. “Here’s to being a nobody!” Absolut empfehlenswert.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s