Endlech, endlech kämpft de Gordon Brown em d’Downing Street 10. Hätt hien et nemmen eischter scho gemaach, well d’Potential hätt/haat e gehaat. Schued. Trotzdem eng genial Ried, wuel déi beschten vun him bis elo:
Iwwrengs, eppes waat an de lëtzebuerger Medien net gesoot gett/gouf, ass de Faite dass all déi Zeitungen (aus Guardian) déi elo op d’Tories gesprongen sinn dem Murdoch, engem ferme Konservative gehéieren. Dat war an ass also keng Iwweraschung gewierscht.
Muer gett gewielt. An ech dierf dann och matwiele goen – bei de Gemengewahlen. Ech si gespaant…
De Murdoch wollt d’Tories guer net ënnerstëtzen, hien ass e gudde Frënd vum Brown. Dem Murdoch säi Bouf huet en esoulaang bearbëscht, bis deen de Cameron ënnerstëtzt huet. Dem Murdoch seng Fra an dem Brown seng ginn nach ëmmer zesumme Kaffi drénken.
Naja, wann ech zreck kucke ginn, huet hien Thatcher deemols och ennerstetzt gehaat a wéi soen d’Geigner vun den Tories hei sou schéin “same old Tories.”
Mee bon, wäer ech elo esou grouss an de Medien a bestued kéinnt meng Fra och roueg zu Lëtzebuerg mat der Madame Juncker Kaffi drénke goen, dofir giff ech de Juncker awer nie ennerstetzen. 😉
Mee komm, et war dach kloër dass dem Murdoch séng Zeitungen giffen op déi Konservativ sprangen, sie hu jo eigentlech och schons an de läschte Méint emmer méi op Labour geklappt wéi op Tories.
Holà,
Frustreaktioun? Gesäit ganz duerno äus…
http://www.guardian.co.uk/politics/blog/2010/apr/22/murdoch-wade-crash-independent
Hasta
Pancho
Also déi Independent Reklamm ass eigentlech eng wéider Oplach vun hierer Reklamm “Debates won’t decide this election. You will” 😉