Ech haat mer erwaart dass en erem giff kräischen, de Jean-Claude, mee bon, dat huet en net gemaach. Mee séng Ried war genee wéi d’läscht Joër [mir erenneren eis] net besonneg. Hei e puer Haaptschlachzeilen:

– Kannergeld gett ofgeschaaft, mee keng Angscht jiddereen kritt wéider Kannergeld, mee mir spueren eng 40 Milliounen mat dëser Mesure. Häh?
– Encouragementsprimen fir Studenten ginn ofgeschafft
– Buslinien ofgeschaaft aka Buschauffeuren entloos
– Partei’en geschter: “Nenn eis Zuelen!” – Juncker haut: “Ech wëes dir hudd Zuelen net gäeren” [Du Arsch lauschter NO!]
– de Velodrom gett net gebaut, an dat dann wéinst dem “Nee, elo net” vun der DP an deenen Gréngen an der Staat, schliesslech sicht de Sportsminister dann elo laut dem Juncker en néie Site

Interessant ass awer menger Meenung no Folgendes:
– eisen Diktator (an nee, dat soen ech lo net am Witz mee glëwen dat wirklech) huet net gesoot wéivill dann d’Patronat vielleicht muss kuerz trieden an dëse Kris
– eisen Diktator huet net gesoot wéivill dass HIEN a séng Ministeschkollegen dann elo muss ofginn a wéivill sie dann vun hierer Paie ofginn an ob sie op hier Chauffeuren verzichten

Och witzeg war de Faite dass d’CSV Députéiert während der Ried gelaacht hunn, d’LSAP Ministeren dra gekuckt hunn wéi wann sie all eenzel Wielerstemm gesinn fort laafen, d’Oppositiounspartei’en d’Hänn iwwert dem Kapp zesumme geschloen hunn, an den Chamberpresident (CSV!) sech um Ouer geriwwen huet, a jiddereen deen Kierpersproch kennt wees waat dat heescht.

Mee bon, dat wichtegst ass wéi DIR d’Ried fonnt huet. Dofir…

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

14 Comments

  1. Holà,

    “…quand une image vaut mille mots…”
    &
    “…quand y a pas photo…et…bien…y a pas photo…”

    http://bit.ly/bEVSW0

    Hasta
    Pancho

    Reply

  2. Diktator? Do sinn ech net averstanen well d’Lëtzebuerger hunn deen Mann gewielt. All Land huet bekanntlech déi Regierung déi et verdéngt an eis geet et net anescht. Wisou mer en gewielt hunn ass jo och kloer, well en fir keng Verännerung stoung. Wei virdrun schonns richteg geschriwwen ass d’Regierung gerett ginn an net den Problem geléist ginn. An den Problem ass och net d’Lach an der Staatskeess, dat ass just en Symptom.

    Ech fäerten datt et eis wärt d’selwecht goen ewéi dem Rescht vun den klatzkäppegen Länner all. Eenzegen Virdeel wäert sinn datt mer als deen décksten a fettsten, deene méi moere Staaten kennen nokucken wei se ënner ginn ier et dann och un eis ass.
    Den Part vum Nokucken huet jo schonns ugefangen (Griechenland). An eisen Tour wäert spéitstens kommen wann bei der nächster Panikreaktioun un den Finanzmäert den globalen ekonomeschen System zesummen brécht.
    Et ass nämlech net nëmmen hei zou Lëtzebuerg näischt um System geännert ginn, mä ob der ganzer Welt ass näischt passéiert. D’Problemer goufen mat Pabeiersuen déi an den System gepompelt ginn sinn iwwermoolt an alles wat d’Politik opweises huet ass eng Rally un den Aktiemäert gewiescht. Dat ass säit leschter Woch dann och eriwwer.
    Mir kennen elo nokucken ewéi eis Suen sech an dat verwandelen wat se sinn, nämlech Pabeier. D’Inflatioun ass schonns um klammen an wäert nach weider klammen. Dann mussen d’Zënsen ugehuewen ginn. Wat dat fir all d’Leit heescht déi hei am Land iwerdeiert Haiser kaaft hunn oder fir Länner déi Suen brauchen. Wien elo keng Ahnung huet vun wat ech schwätzen kann jo emol kucken wou d’Zënsen 1980 stoungen.

    D’Visionären déi eis d’Banken bruecht hunn sinn an enger schwiereger Situatioun en enormen Risiko agaangen an hunn gewonnen. Haut wëllen mer keen Risiko méi, mer wëllen dat behalen wat mer hunn a werten herno mam Fanger am Mond do stoen.

    Aus deem Grond war d’Ried am Fong net enttäuschend mä genau esou viraus ze gesinn.

    Reply

  3. Diktator? Do sinn ech net averstanen well d’Lëtzebuerger hunn deen Mann gewielt. All Land huet bekanntlech déi Regierung déi et verdéngt an eis geet et net anescht.

    Ech hunn den Terme éischter psychologesch gemengt, well et dem Juncker einfach emmer gelengt fir de Lëtzebuerger esou zemanipuléieren, dass sie herno him rem nolaafen wéi wann hien d’Welt gerett hätt, souguer dann wann en iwwerhaapt näischt gemaach huet. A falls een beispills op Feeler opmierksam mécht, déi hien da gemaach huet, mault hien (an normalerwéis séng Supporter) ferm zreck. E kann also mat Kritk ganz schlecht emgoen, woumat en “Diktator” jo och Problemer huet. Ech hunn et allerdéngs net esou gemengt: “dir musst mech wielen”, obwuel hien dat jo dann eigentlech 2004 esou och gemaach haat.
    A fir dem Mill säin berühmten Zitat zebenotzen ass gewoht, wann am Ganzen nemmen 40% vun der Bevëlkerung d’Parlament gewielt hunn.

    Esou ass vielleicht nach zesoen, dass sech de Kapitalismus bis elo emmer verännert huet an op déi verschidde Krisen konnt reagéieren, eppes waat dem Kommunismus jo definitiv net gelongen ass. Ech giff dofir och nach net d’Bängelen bei d’Tromm puchen, a giff awer och net wéi den Herr Juncker elo dëser Deeg déi ganz Welt beschellegen “eng Attack géint den Euro” zemachen. Dat ass lächerlech well 1) verschidden Länner an Afrika oder Südamerika oder och an Asien bspw. iwwerhaapt näischt mam Finanzmarché an de Spekulatiounen grouss um Hutt hunn, 2) Länner wéi d’USA och e staarken Euro (wann och net en zestaarken) brauchen. Mee bon, och dat passt an d’Politik vun Europa resp. dem Herr Juncker: Fir d’éischt gi mer bei déi aaner Hausdieren, an dann irgendwann eng Kéier vielleicht bei sech selwer. Mat esou populistesche Sprëch wäert sech dann och näischt um Marché konkret änneren, well wien well sech da schons serieux op een Desch setzen mat Juncker, Barosso, van Rompuy a co.? A leider ass dat (esou grouss Meetinger) wuel déi schnellsten Méiglechkeet d’Saach nees un d’Rullen zekréien.

    Reply

  4. JC:

    Gudde Comment! Do ass (leider) vill Woures drun.

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s