D’Medien waren sech scheinbar eenz: d’Ried zur Lag vun der Natioun 2009 vum CSV-Spëtzekandidat a aktuellen Regierungschef Jean-Claude Juncker war net besonnesch. D’Tageblatt huet fonnt dass den Herr Juncker “recht hilflos” gewierkt huet, de Lëtzebuerger Journal op der aanerer Hand war der Meenung dass hien “Lösungsvorschläge schuldig” bléiwt. De Quotidien huet geschriwwen gehat:

Hier, Jean-Claude Juncker n’a pas vraiment donné l’impression de vouloir mobiliser le pays en faveur d’une politique anticrise dynamique et orienté vers le futur.

De Claude Meisch vun der DP hat jo e Méinden schonns vum Premier gefuerdert Hoffnung ze verbreeden. Laut de Medien huet hien dëst awer net gemaach.

Mee dat Wichtegst ass jo op Dir erem néi Hoffnung hutt, Hoffnung dës Kriis kennen zebewältegen. Ass dëst de Fall oder war Dir wéi d’Medien enttäuscht?

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] Jean-Claude, mee bon, dat huet en net gemaach. Mee séng Ried war genee wéi d’läscht Joër [mir erenneren eis] net besonneg. Hei e puer […]

    Reply

Leave a reply to Lëtzebuerg: Wéi hudd dir dem JCJ séng Ried fonnt? « Oppenen Bréif Cancel reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.