Et kuckt ee wuel mat gemeschte Gefiller op d’Sondagen vum Tageblatt. E richtegen Favorit fir d’Wahlen ass nach net bekannt. An ausser dem Norden wënnt déi rietsextrem, populistesch Partei adr an all Bezierk bei. Och am Süden.

Do gett et jo wuel den spannesten Kampf vun dëse Wahlen: Juncker, Asselborn, Meisch an Gybérien.

CSV: 33,9 % (2004: 35,6 %)
LSAP: 29,6 % (2004: 32,25 %)
DP: 10,3 % (2004: 9,48 %)
ADR: 10,9 % (2004: 8,45 %)
Déi gréng: 10,5 % (2004: 10,25 %)
KPL: 2,1 % (2004: 1,68)
Déi Lénk: 2,7 % (2,28 %)

(via)

Den Jean-Claude Juncker an den Jean Asselborn hier Partei’en verléieren. D’CSV muss 1,7% vun den Stemmen ofginn, d’LSAP ganzer 2,65%. Den adr gewennt wéi gesoot dobäi, och déi Gréng wannen liicht dobäi. KPL an déi Lénk wannen ebenfalls ganz liecht dobäi. Nieft dem adr huet awer zumools d’Demokratesch Partei em hieren Nationalen Spëtzekandidat Claude Meisch dobäi gewonnen. Baal 1% geet et fir den jéngsten Spëtzekandidat an d’Luut.

Verléieren den Juncker an den Asselborn an ‘hierem’ Bezierk am meeschten? Kann de Claude Meisch an d’DP grad an deem fir déi Liberal sou schwieregen Bezierk punkten? Eppes méi wéi 5 Wochen nach da wësse mer Bescheed. Mee jiddefalls am Süden ass d’DP an den Claude Meisch gudd an den Wahlkampf gestart.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

5 Comments

  1. DP verléiert awer an all den aneren Bezierken, ausser dem Gewenn am Süden den wierklech marginal ass, an kéint souguer ennert Wahlschlapp vun 2004 faalen…an um Enn just nach mat 9 Sëtz an Chamber kommen, ech mengen daat ergett een historeschen Déifpunkt?
    Iwréiens der DP hier Wahlcampagne ‘niddreg Stéiren’ an groussen weissen Buchstaben op bloen Hannergrond ass mei populistesch ugehaucht wei’s de daat enger anerer Partei ennerstells. Giff nemmen nach een ‘gratis öffentlechen Transport’ vun den Sozialisten feelen, fir d’Kabarett ze ergänzen…

    Reply

  2. Also am Norden behällt DP säin 2. Setz. Dëst ouni de Charel Goerens. Extrem vill Léit haaten direkt sech jo dunn geäussert dass d’DP dann do e Setz giff verléieren. Déi Equipp am Norden mécht awer extrem gudd Arbescht bis elo fir dee Setz dann do ze “gewannen”.
    Am Osten giff d’DP hiere Sëtz behaalen. Fir do op 2 zekommen ass extrem schwiereg, och well déi Gréng am Osten méi staark gi sinn wéi nach 1999 bspw. Mee och do huet d’DP dann nach Chance fir laanscht den adr zegoen, wëll d’DP aus de 5 gréisste Gemengen am Norden all Kéiers e Vertrieder huet (Panachage).
    Am Zentrum giff momentan awer och nemmen marginal verluer ginn.

    An wann en de Süden nach eng Kéier hellt, gesäit et momentan ganz gudd aus fir dass d’DP de Wackelsëtz do giff kréien. Et muss een nämlech nach dem adr eng +/- 0,5% ofrechnen wéinst der Biergerlescht em den Aly Jaerling déi an deem Sondage nach net berücksechtegt gouf.
    Also momentan giff d’DP éischter mat 11 Sëtz (also +1) aus de Wahlen erausgoen. Dat ass als Ausgangspositioun fir de Wahlkampf net schlecht.

    Zu de Wahlplakater: DP ass déi eenzeg Partei, déi d’Stéiererhéichung als dat läscht Mettel ugesäit fir den Defizit ze regléieren. Eppes aanescht giff jo schons géint de liberalen Gedanken goen.

    Reply

  3. A wann “A Wann” net wier, wier Steenem zu Iechternach. (Dat muss lo kee verstoen, deen net vun Iechternach ass.)

    Wat ech domat soe wollt: déi Spekulatioune sinn dach egal wat.

    Reply

  4. Ech hu mer déi Zuelen grad nach emol ugekuckt, a mir ass opgefall, dass d’DP net wierklech gewënnt, mä vun der véiert stäerkster zur fënneft stäerkster Partei gëtt.

    Hoffe mer dass am Walprogramm vun der DP méi Wourecht stécht, wéi an denger Iwwerschrëft…

    Reply

  5. D’CSV verléiert 1,7% vis-à-vis vun 2004. D’LSAP verléiert 2,65%. D’DP wennt 0,82%. Also stemmt meng Iwwerschreft schon. A wéi gesoot d’Biergerlescht wäert zumools am Süden mam Aly Jaerling dem adr nach Stemmen ofhuelen. D’Biergerlescht gouf awer nach net an dësem Sondage berücksichtegt.

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s