Den RTL an d’US Politik

January 19, 2012 at 7:10 pm | Posted in Commentaire, Edukatioun, Gedanken, Innenpolitik, USA, Wahlkampf | Leave a comment

Haut ass an den USA bekanntlech EXTREM vill geschidd wat d’Presidentschaftscourse ugeet. Vun der Karibik iwwert eng Santorum Victoire zu Iowa bis hin zu… dem Réckzuch vum Rick Perry.

Den eemolegen “Frontrunner” Perry séng Campaign war eigentlech schon zënter Méint eriwwer. Dat nodeems hien säin berühmten “Oops! Moment” an enger TV Debatt haat. Säi Réckzuch ass dann och eng schlecht Nouvelle fir de Mitt Romney. Fir d’Romney Campaign war et ëmmer kloer: wat méi Konservativer & méiglech Tea Party Lieblinger am Ufank dobäi sinn, wat besser fir eis.
Firwat?
Ganz einfach. De Romney giff Stëmmen vun de méi liberalen & moderaten Republikaner kréien (wat hien, wéi een zu New Hampshire gesinn huet, extrem gudd fäerdeg bréngt) an déi aaner méi konservativ Leit giffen sech geigensäiteg Stëmmen ewech huelen. Faalen also Persounen ewech, an de Krees gett méi kléng kann et vill méi séier zu engem Duell teschend dem Mitt Romney an dem “Anti-Romney” kommen. Wat dat éischter geschidd, wat d’Chancen fir den “Anti-Romney” — ween et dann och ëmmer giff ginn — guer net sou schlecht wieren fir d’Nominatioun vun der Partei awer nach zekréien.

Logesch, nee?

Scheinbar net fir den RTL, déi hei mengen, dass de Réckzuch vum Perry guer net sou schlecht wier fir den Romney. E Gedankengang deen een net wirklech ka verstoen, zumools wann een op Demographics vum nächsten Staat South Carolina kuckt.
Ech well net soen, dass de Romney wäert verléieren, mä bei däer Nouvelle si bestëmmt keng Schampes Stepp am Romney HQ geflunn.

perry
“Ich bin dann mal weg!” (Bild vun The Atlantic)

Wéi ech dunn, per Zoufall, op d’RTL Noricht iwwert “SOPA” (an dann eigentlech och “PIPA” an “OPEN”) komm sinn, hunn ech mech nach eng Kéier missten rësselen.
Zitat:

Déi amerikanesch Regierung ass kuerz virdrun iwwer SOPA (Stop Online Piracy Act) ofzestëmmen.
(Ganz Noricht liesen)

Dat ass just extrem Onwessenheet iwwert d’US Politik, well e.a., anescht wéi an Europa huet d’USA nämlech eng Trennung vun de Gewalten!

Bei sou engem Gesetz zu Lëtzebuerg, oder soss engem europäeschen Land, giff et heeschen, dass d’Regierung kuerz virdrun steet, well d’Regierung (leider) sou opgestallt gett, dass sie eng Majoritéit am Parlament huet. De Pouvoir législatif an de Pouvoir exécutif hänken extrem zesummen an Europa a sinn, souzesoen, eent. De Montesquieu giff sech am Graf emdréinen.
Bei der Trennung vun de Gewalten, wéi dat an den USA de Fall ass, stëmmt de Kongress iwwert d’Gesetzer of. Wann d’Regierung, also de Pouvoir exécutif, dat Gesetz net gudd fënnt, kann de President säin Veto benotzen. Et gëtt awer dann e Gesetz (also a Kraft gesaat), wann nom Veto de Kongress mat enger 2/3tel Majoritéit fir dat Gesetz nach eng Kéier stëmmt an domatter dem President säin Veto futti mécht. Dat alles fir dass net eng eenzeg vun den 3 Gewalten kann herrschen an, an den USA dann och, dass zumools de President net als Tyran alleng kann herrschen. (Ween dat lo net versteet, soll säi Geschichtsbuch beim Joer 1776 opschloen ;) )

Dat ass Punkt Nummer 1: eng US Regierung stëmmt net iwwert e Gesetz of! (Och wann dat an Europa och net de Fall ass, kann een duerch d’Muechtverhältnisser awer behapten, dass se dat zumindest hei indirekt man)

Zweetens: “SOPA” kennt guer net vun der US Regierung. Dat proposéiert “SOPA” Gesetz kënnt aus dem House of Representatives, dem ënneschten Haus vum amerikaneschen Kongress. Dat Ganzt koum e puer Méint nodeems et en ähnlecht Gesetz (PIPA) am Senat, dem ieweschten Haus vum amerikaneschen Kongress, gouf.
Dat Ganzt ass keng Propose vun der US Regierung! Zumools dierft dat awer zënter läschtem Weekend kloër sinn, wou d’Wäisst Haus sech perséinlech op hirem Blog géint d’Gesetz ausgeschwat hunn. (cf. Liest dat hei)

An dann den Punkt Nummer 3: “SOPA” steet net kuerz vrun engem Vote! Jiddefalls net virun engem deen et giff zu engem Gesetz machen. Well wann een dat schreiwt, hätt den RTL bspw och missten vrun 2 oder 3 Joer schréiwen, dass d’Chamber kuerz virdrun steet lo iwwert eng Verstäerkung vum Anti-Tubak Gesetz ofzestëmmen. E Project de loi deen jo och nach net an der Chamber zur Diskussioun steet –- wann och wuel awer geschwënn (d.h. an nächste Méint).
“SOPA” ass momentan am House Judiciary Committee, wat mat der “Commission judiciaire” an der Chamber ze vergläichen wier. Déi Kommissioun muss elo mol (an nächsten Deeg, Wochen etc) driwwer ofstëmmen ob dat esou ka weidergoen oder net. Dat ass schon e Vote, awer keen deen et zu engem Gesetz mécht. Loin de là.
“SOPA” a “PIPA” (an “OPEN”) hunn nach e längeren Wee vrun sech, deen duerch den “Blackout” gëschter nach méi lang gouf.


(Fir rëm rofzekommen: “Campaign” vum Alexandre Desplat fir de Film “The Ides Of March”)

USA: Kampf géint Diskriminatioun vun LGBT Leit

December 8, 2011 at 12:11 pm | Posted in Aussepolitik, Divers, Gedanken, USA | Comments Off

D’Obama Regierung huet sech an de läschten Joëren jo eigentlech zimlech stark fir d’LGBT (Lesbian, Gay, Bisexual, Transgender) Communitéit agesaat. Dat geet vu Stéierreform bis hin zur Ofschafung vun “Don’t Ask, Don’t Tell” (de Marriage vun Gläichgeschlechtlechen zu New York am Ufank vum Joër ass en Erfolg vum Staat New York an huet nix mam “federal government” vu Washington zedinn.)

Dës Woch huet d’Obama Regierung dunn nach méi grouss ausgeholl: Rechter vun LGBT Menschen sinn och Menschenrechter; a sollen dofir och geschützt ginn. De Faktor “Diskriminatioun vun LGBT” wäert an Zukunft e.a. an d’Finanzhëllef (foreign aid) vun den USA un aaner Länner afléissen. Dat hunn den Obama an séng Ausseministesch Hillary Clinton an enger gemeinsamer Aktioun bekannt ginn. Den Obama duerch e Communiqué zu Washington, d’Clinton mat enger Ried zu Genf bei der UN Menschenrechtsversammlung.

Et geet hei net drëm, dass d’USA well dass all Länner de Marriage vun Gläichgeschlechtlechen aféiert – well do hu sie selwer nach e laangen Wee zegoen; nee, et geet just einfach drëms dass Diskrimatioun géint déi Leit ophällt. Et huet, wéi d’Hillary Clinton soot, näischt mat der “Kultur” vun engem Land zedinn, wann bspw. Lesben a verschiddenen Länner op dëser Welt vergewaltegt ginn fir se “ze heelen.”

De Succès vun däer Campagne hängt awer dovunner of, ob aaner Länner mat op de Woon sprangen. Dat ass fragwürdeg, schliesslech steet d’EU, déi wuel als éischt misst opsprangen, finanziell esou schlecht do, dass een sech baal net erlaabe kann bspw. keng (oder net vill) Finanzhellefen aus Russland, e Land wou et LGBT Leit nach emmer net besonneg geet, zekréien.
Wann sech en grousse internationalen Grupp fennt, ass et emsou besser. Soss kéint déi Aktioun vun vun verschiddenen Länner ofgewäert ginn als eng Aktioun vun den USA hir Wäerten opzezwengen. D’Reaktiounen bei, respektiv kuerz no der Ried, vum Hillary Clinton waren kloër: déi Länner, bei deenen Diskriminatiounen géint deen Deel vun hirer Bevëlkerung am gréissten ass, hu keen Applaus ginn oder sinn (alt schonns während der Ried) roosen aus dem Salle gaangen.

Mä egal, de Kampf géint LGBT Diskriminatioun ass ab dëser Woch e globalen Kampf ginn. D’USA ward momentan just drop wéi eng Länner mat hinnen zesummen an eng “coalition of the willing” ginn :)


(Dem Hillary Clinton séng historesch Ried. Mat engleschem Ennertitel. Déi Leit déi net sou staark sinn am Engleschen hunn also keng Excuse et net zekucken. ;) )

Filmtipp: “Machine Gun Preacher” #LRA

November 6, 2011 at 1:07 am | Posted in Aussepolitik, Divers, Gedanken | Comments Off

Haut war eigentlech e “gebrauchtenen Dag.” Näischt ass wirklech sou richteg gaangen. Do hat ech Decisioun geholl, well jo haut Bonfire Night war, vir d’éischt e Freedeféier kucken zegoen an dono an de Kino zegoen. Vun do kommen ech grad erem.

Ech war de “Machine Gun Preacher” kucken. Ech hat de Film vrun e puer Deeg/Wochen als Virfilm an Story, déi wirklech geschidd ass, huet mech (wat déi mannst dierft iwweraschen) direkt ugesprach gehaat. Aanescht wéi een lo vläit mengt geet de Film net ëm en Hollywood 08-15 Actionfilm, wou ee Kärel mat sénger Waff irgendeng US Staat vrun Ausserirdechen oder Roboteren beschützt.
Nee, de Film geet ëm d’Liewen vum Sam Childers. Hien ass e Biker, drogenofhängeg an huet a séngem Liewen villes gemaach ob dat hien — zu Recht — net wirklech stolz ass. Wéi hien aus dem Prisong erauskennt, muss en materliewen, dass d’Welt sech dobaussen verännert huet: séng Fra huet hiren Job gekennegt, well deen net méi an hirt néit gefonntenen chrëschtlechen Glaawen passt.

Et geschidd eppes, wat ech op dëser Platz net well verooden, wat den Sam Childers zum Emdenken bréngt. Dat féiert dozou dass hien fir e puer Deeg an den Uganda geet fir do zehellefen Héiser fir déi Leit opzebauen — eppes wat hien virdrun zu Pennsylvania gemaach huet.
Hien entscheed sech enges Dags Richtung Südsudan zefueren. Déi Entscheedung ännert säi Liewen an dat vu sénger Famill. De Sam Childers léiert d’Methoden vun der LRA (Lord’s Resistance Army) kennen. Déi terroristesch Organisatioun brengt einfach sou Leit em, messbraucht Fraen a Meedcher, mécht dës zu Prostituéierten Sexsklaven, verbrennen de Leit hir Héiser an, jo, heiandsdo och d’Leit selwer. D’Leit gi verstümmelt an d’Jongen ginn ganz oft zu Kannerzaldoten gemaach, a mussen dat maachen wat LRA Leit hinnen soen.

De Sam Childers decidéiert e Camp fir d’Kanner opzebauen. Praktesch alleguerten d’Suen déi séng Famill zu Pennsylvania huet, ginn an dee Project gestach. Et ass souwäit dass hien herno souguer de Kanner eng Spillplatz am Haff kann oprichten.

http://www.internationalchristianherald.com/images/SamChilders.jpg
de Sam Childers (Source)

Dat ass déi “schéin” Säit vum Sam Childers, deen vum Gerard Butler phenomenal gespillt gett, huet och eng net sou schéin Säit. Dat ass den Machine Gun Deel aus dem Titel. Hien huet et saat nozekucken wéi d’LRA virgeet an decidéiert dat zemaachen, wat hien och an den USA schonns gemaach huet, séng Waff benotzen.

Hien geet domatter ob e ganz kriddelegen Wee, wéi eng Doktesch am Südsudan him seet. De Kony, de Leader vun der LRA, wier och am Ufank sou vun de Leit gefeiert ginn, wéi den Childers, deen “White Preacher” vun de Leit dohannen genannt gett. Hien misst oppassen…

Ween de Film kucke geet, wat ech jidderengem giff urooden, deem sierf gesoot, dass een déi “typesch” lëtzebuergesch (zënter dass ech an England liewen, stemmt dat net méi dat maachen d’Leit hei nämlech och!) Eegenschaft fir opzestoen soubaal e mengt de Film wier fäerdeg, soll si loosen. Et kommen nämlech nach privat Biller a Video’en vum Sam Childers.
An et soll een schonns guer net einfach sou erausgoen, well de Sam Childers ganz zum Schluss selwer e puer Wuert seet. Et muss een séng Philosophie net gudd fannen, dat muss een definitiv net, mä sou ass et de perfekte Schluss vun engem Film, deen een ferm un d’Nodenken bréngt.


(Den Trailer zum Film —— net fir kleng Kanner!)

——————————————————————————————————————————————————————————————————
Vrun e puer Wochen huet d’US Regierung ëm de President Obama décidéiert fir 100 Zaldoten an déi Regioun zeschecken, déi de Secherheetskräften an Zaldoten do sollen hellefen géint d’LRA virzegoen.
Ech war schockéiert, wéi ech déi vill Messagen gelies hunn, a Gespréicher gefouert hunn, wou Leit d’USA & den Obama dofir kritiséieren. Den Obama sollt säi Friddensnobelpräis erem ofginn, oder, d’USA well wuel nach méi Kontroll a nach méi Uelleg, gouf do méi wéi eng Kéier gesoot.

Dat dégoûtéiert een eigentlech. Vläit helleft de Film do alt e besschen de Leit zewéisen wat d’LRA mecht. Dobäi sierf gesoot, dass de Film, wéi de Produzent soot, net alles konnt weisen, well dat souguer fir Hollywood ze schlëmm wier.

D’Obama Regierung huet am Mee 2009 den “Lord’s Resistance Army Disarmament and Northern Uganda Recovery Act” unanime duerch den Senat an d’House of Representative bruecht. Vrun engem Joer huet den Obama de Kongress fir méi Suen gefroot fir d’Ziel aus dem “Act” z’erfellen.

Zënter 2005 gett et en internationalen Haftbefehl vum Internationalen Gerichtshaff géint de Joseph Kony a séng Leit vun der LRA.
2006 probéiert d’UN mat US-amerikanesch trainéierten Zaldoten aus Guatemala den Joseph Kony zefänken oder ëmzebréngen. 5 LRA Zaldoten stierwen, sou wéi allerguerten Zaldoten aus Guatemala.

http://yesicare.files.wordpress.com/2010/05/joseph-kony.jpg?w=550
de Joseph Kony, Chef vun der LRA (Source)

Wat huet d’EU bis elo gemaach, froot der? Si hunn 2009 d’LRA mendlech opgefuerdert dach w.e.g. e Friddensaccord z’ennerschréiwen. Ween lo nach behaapt d’EU giff sech ëm hiren Nooper Afrika kemmeren, soll an där Phantasie-Welt weider liewen. Ob LRA, Hongersnout an Ostafrika oder d’Ophuelen vun Flüchtlingen, d’EU mecht keng gudd Figur. (Stechwuert: Gaddafi un der Muecht haalen fir de Flüchtlingsstroum Richtung Europa, deen iwwert Benghazi/Libyen gefouert huet, z’ennerbannen)
Et kann een an e puer Stonnen Milliarden fannen fir Banken zeretten, fir Betrieber zeretten, fir Länner zeretten, deenen hire Fall een selwer giff berappen. Et kann een souguer mat engem “Hiewel”, wann aaner Länner da wellen matmaachen (wat momentan keen well, mol net d’Chinesen!), nach vill méi Milliarden Euro hunn fir dat zemaachen. Wann et ëm Menschenliewen geet, déi elo, während dir dat hei liest, ausgeläscht kenne ginn, kennt vu Bréissel éischter warm Loft.

Ech war, a sinn, jiddefalls frou dass d’US Regierung dee Choix gemaach huet fir géint déi rietsradikal a krank Ideologie vun der LRA an dem Joseph Kony virzegoen.

Jo, den Euro Problem ass grouss. Jo, d’Zäiten sinn net gudd. Mä musse mir fäerten dass eist Haus an der Nuecht attackéiert gett, dass et ugefaangen gett, dass mer stierwen, dass eis Kanner stierwen oder weg transportéiert ginn, eis Fraen a Meedecher alt vrun eisen Aan sexuell messbraucht ginn, dass mir oder een aus eiser Famill einfach sou vun enger friemer Persoun verstümmelt gett?!? Nee. A vun dohier ass eisen Problem, sou grouss wéi en och emmer ass, an eis Zäiten, sou schlëmm wéi se och sinn, absolut näischt am Verglach wat Leit op der aanerer Säit vun eisem Planet mussen matmaachen.

Vun dohier, froen ech mech, ob eis Politiker sech iwwerhapt nach kennen an de Spiegel kucken. Ech froe mech ob déi Leit, déi sou Meenungen iwwert den Asaatz vun den USA géint d’LRA an de Joseph Kony hunn, sech nach kennen an de Spiegel kucken. Wa jo, dann hoffen ech dass sie mer kennen soen wéi déi Persoun ausgesäit, déi näischt mécht, während aanerer musse leiden…


Chris Cornell säi Lidd “The Keeper” (et leeft während de Credits)

~~~~~~~~
UPDATE (6.11.2011 — 18:05 GMT): Laut dem däitschen Ambassadeur am Uganda, wier d’EU “prett” fir de Kampf géint d’LRA an hire Leader, Joseph Kony, opzehuelen. “This is not a forgotten conflict”, sot den Klaus Dieter Duxmann haut um Sonnden.
Mol kucken wéi séier d’EU da wirklech prett ass, fir de Leit do iwwer zehellefen.

USA: Johnny Comes Marching Home

October 22, 2011 at 10:00 am | Posted in Aussepolitik, Secherheetspolitik, USA | Comments Off

.
Truppen kommen rëm Heem. Endlech.

.

Commentaire: Quo vadis, EU?

September 28, 2011 at 9:20 pm | Posted in Divers, Gedanken, Innenpolitik | 2 Comments

Muer (Donneschten) gett am däitschen Bundestag iwwert den sougenannten “EFSF” ofgestemmt. Dat kléngt méi elegant wéi beispillswéis “Mir sinn am A*** wann et schief geet, mä hu lo keng aaner Wiel méi”—Gesetz. Déi eenzeg Meiglechkeet wéi een de Brand an der Eurozone ka läschen ass an deem een zesummensteet a Griechenland helleft.

Wat giff awer geschéien wann een dat net méi giff maachen? Eng “geordnete Insolvenz” an alles ass eriwwer? Jo, mä da läit d’Betounung awer op “alles.”

1) Et wier dat d’Enn vum europäeschen Draam.
Den Draam setzt op Secherheet an Europa an déi Secherheet kann just bestoen wann een zesummensteet an zesummekämpft. Alles aanescht giff eis rëm an eng, fir Europa, grausam Krichszäit puchen… sou jiddefalls d’Theorie. Sollt een Griechenland faale loosen giff een dem europäeschen Draam Äddi soen. Et giff der ganzer Welt soen, dass een an der Europäescher Unioun awer just a gudden Zäiten zesummen steet. Domatter kéinnt een dann an eng néi Versioun vum Realismus an den Internationalen Bezéiungen kommen. Jiddereen kuckt no sech, probéiert sech zebeschützen… d’Kris hätt eis all auserneen gerappt an e gemeinsamt Europa giff et net méi ginn.

2) Et wier dat d’Enn vum Euro
Och wann den Euro gäeren vu ville Leit verdäifelt gett, esou ass dat net ganz fair. Den Euro ass beispillsweis geigeniwwer séngen “Konkurrenten” aus Japan an USA zimlech staark. Dat war alles d’Ziel vum Euro, d’Ziel vu Maastricht, dass een international zumools géint den Dollar kéinnt gutt dostoen. Dat huet der europäescher Wirtschaft massiv gehollef (bsp. Export an Däitschland).

Mä Griechenland faale loosen dréit zum Enn vum Euro bäi. Firwat? Et giff e Flächebrand ginn. Portugal huet schonns ugekennegt gehaat, dass sie Suen brauchen wann Griechenland fällt. Irland, déi sech nemmen lues erhuelen, giffen erëm ferm Problemer kréien. Elo seet en Euro Expert: “Keen Problem. Dofir hätte mer den EFSF.” Richteg, mä, éischtens, giff de Fall vu Griechenland net nemmen Irland an Portugal wéi doen an, zweeteens, kann den EFSF just déi 3 Länner eigentlech droen.

Jo, den EFSF, als grouss Léisung gefeiert, ass awer zimlech kléng. De Rettungspaak misst weider vergréissert ginn, wann een komplett wellt preparéiert sinn. Oder fir d’Wierder vum Jay Bryson (Global Economist vun Wells Fargo) iwwert den EFSF zebenotzen: “That’s fighting last year’s war.”
Genee dowéinst goufen d’EU an hir Politiker an de läschten Deeg vum IMF, dem EZB-Chef Trichet, dem US President Obama an, souguer, vu China (mol méi, mol manner) kritiséiert.
Déi grouss Léisung ass net déi ganz grouss Léisung. Sie ass just sou grouss fir dass et duer geet Griechenland um Liewen zehaalen, Portugal z’ennerstetzen an Irland weider rëm zehellefen op de richtegen Wee zreck zekréien. Den EFSF ka weder Spuenien hellefen nach Italien, zwee Staaten déi momentan richteg ‘wackelen.’ Fir déi franzéisch Economie, déi an de läschten Wochen och net grad e super Laaf haat, geet et dowéinst schons guer net duer.

“That’s the irony — out of fear of contagion, the leaders in Brussels … have continuously tried to minimize and sweep it under the rug.”
~ Jeffrey Frankel (Proff un der JFK School of Government, déi zur Harvard University zielt)

3) Et wier dat d’Enn vun der europäescher Wirtschaft.
Wa Griechenland faale geloos gett, wäerten aaner Länner (zumools Italien & Spuenien, vläit och Frankräich) ganz séier a Problemer kommen. Schon alleng well d’Marché’en net méi giffe glëwen, dass sie et da giffe packen. Den “EFSF” wier dann um Enn a misst opgestockt ginn — eppes wat momentan all EU Politiker, e.a. den Jean-Claude Juncker (en Dennschten um ZDF), kategoresch ausgeschloss huet, dass dat je eng Kéier wäert geschéien.

Da sti mer dann eben erem richteg zesummen? Et geet da méi ‘einfach’ well mer eis vun eisem gréissten ‘Problem’, nämlech Griechenland, ‘befreit’ hunn? Nee. Definitiv NEE.
Déi Europäesch Zentralbank, déi dann awer fir eis alleguer zimlech wichteg ass, hätt op e Schlag eigentlech wäit iwwer €100 Milliarden Euro ‘verluer.’ Den “EFSF”, wann en dann komplett a Kraft wier, giff da gräifen an all d’Memberen vu Lëtzebuerg iwwert Italien bis hin zu Däitschland a Frankräich missten hieren versprachenen Deel Geld iwwerweisen. Souguer fir Lëtzebuerg wier dat e Montant, deen dann wuel mat enormen Spuermoosnahmen erem misst erageholl ginn. Firwat? Soss hätt Lëtzebuerg sech selwer massiv verschold a kéinnt Opfer vum ‘Flächenbrand’ ginn.

Dobäi kennt dann nach dass (europäesch) Banken, déi un der griechescher Schold hänken, massiv Verloschter giffe man. Verloschter vun de Banken heescht rëm generell grouss Verloschter op der Bourse. De Brand giff emmer méi grouss ginn… an d’Meiglechkeet, dass vläit déi eng oder aaner Bank kéinnt Faillite goen, ass keng Schwarzmolerei. Beim läschten ‘Test’ hu schliesslech net all d’Banken gudd ausgesinn. Dat hätt dann natierlech erem, nierft dem indirekten, och en direkten Effekt op den eenzelnen Bierger. A well et sech em Banken handelt, a Lëtzebuerg praktesch just vum Bankesector liewt, giff dat och de Grand-Duché betreffen.

&
[Source]

Verschidden Economisten mengen dass déi eenzeg Léisung zum Problem ass, dass Griechenland aus der Eurozone austrëtt a séng aal Währung erem unhellt. Dat giff Griechenland awer nach eng Kéier massiv an de Buedem puchen, hir Wirtschaft wier komplett um Enn; a mir wieren éischtens erem zum Deel um Problem vun uewen, an zweetens giff et e weideren Problem bidden: e weideren Währungs-Problem. A wéi enger Währung giff Griechenland séng Schold zreck bezuelen, wann hier Wirtschaft no Deeg, Wochen, Méint erem giff laafen? An staarken Euro’en oder an da vill méi schwacher ‘Drachme’? Fir e Laien dierft dat wéi e klénge Problem ausgesinn, mä den Ennerscheed giff wuel wäit an de Milliounenberäich goen.

Wéi ech ugefaangen hunn mat Bloggen, haat ech am éischte Post gesoot, dass ech keng Schwarzmolerei wéillt maachen. Och wann dëse Post elo sou ausgesäit, stemmt dat net. Heiandsdo muss een der Realitéit och an d’Aa kucken. An den batteren Appel bäissen. Europa huet déi gréissten Herausfuerderung vrun sech zënter dem Enn vum zweete Weltkrich. D’Weltwirtschaft séng gréissten zenter den 1930er.
“Kris ass eriwwer!”, hu vill Leit scho geruff gehaat. Am Fussball gett et e Sprechwuert, dass de Mätch erréischt eriwwer ass, wann den Arbitter ofgepaff huet. An dëser Weltwirtschaft, wou jiddereen u jidderengem drun hängt an ofhängeg ass, kann e soen: d’Kris ass erréicht eriwwer, wann et all Land erem besser geet…

1
[Source]

… a fir dass et all Land erem besser geet, mussen d’Politiker och ufänken endlech e Balance Akt teschend Spuermoosnahmen an Undréiwen vu Wuesstem hinzekréien. Well wann d’Leit keng Suen hunn, well de Staat déi all kritt huet an awer — am Fall vu Griechenland — Problemer huet, kennen d’Leit och keng Suen ausginn. Keng Suen ausginn, heescht manner TVA Recetten fir de Staat… an, vill méi wichteg, manner Emsatz fir d’Betrieber, wat erem zu Kennegungen a schlechten Noorichten op der Bourse féiert. Dofir, an dat ass meng perséinlech Meenung, ass déi aktuell Politik a villen europäeschen Länner (an och ausgedreckt vun der Tea Party an den USA) fir just un d’Spueren zedenken e Schoss, deen, sou batter wéi et ass, no hannen lass geet.

Ech hoffen all Dag dass ech domatter falsch léien. Ech hätt näischt méi gäer wéi dat een Dag zebehapten. Mä momentan gesäit et net deno aus. Bourse verännert sech méi séier an adaptéiert sech méi séier un déi néi Saachen wéi d’Politiker dat kennen maachen. E weideren Problem bei der EU: et ginn zevill Käsch a keen huet wirklech d’Soen. Aussoen vum Chef vum Eurogrupp Juncker, vum Kommissiounspresident Barroso, vun engem Member vun der EU Kommissioun, vum “EU President” Van Rompuy, vun engem Staats- oder Regierungschef aus der EU, vun engem ‘einfachen’ EU oder [wiel en EU Land-]Parlamentarier… all déi suergen just dofir dass d’Bourse dës evaluéiert — op positiv oder negativ, mä wirklech eppes geschidd a Form vu Gesetzer, déi eppes veränneren, ass dann nach näischt.

Do ginn et dann 3 Méiglechkeeten:
1) D’EU wisst massiv zesummen an domatter mengen ech dass massiv vill Muecht op Bréissel geet, dass et eng gewielten europäesch Regierung gett etc.
2) D’EU dann awer decidéiert sech opzeléisen — mat alle Konsequenzen wat dat hätt;
3) D’EU esou weider mécht wéi bis elo — mat allen (zum Deel bekannten) Konsequenzen déi dat dann hätt.

Quo vadis, EU?
A
[Source]

Next Page »

Blog at WordPress.com. | Theme: Pool by Borja Fernandez.
Entries and comments feeds.

Follow

Get every new post delivered to your Inbox.