[Geschate Lieszäit: 10 Minutten]
Haut sinn et genee 6 Méint hier, dass de Xavier Bettel no engem Regierungsrot zu engem Briefing agelueden huet. Deemols huet de Premier, zesumme mam Ausseminister Asselborn, de Leit nach alles Guddes fir dat neit Joer gewënscht. Zënterhir huet sech de liberale Politiker net méi wierklech oft de Medien a Pressekonferenze gestallt. En fait, goufen et där Optrëtter just méi sechs Stéck. Zwee Mol war dat um Ënn vun engem EU Sommet (22. Mäerz an 21. Juni), wou et da natierlech ëm déi europäesch Agenda gaangen ass, de Fall. Déi aner véier Mol – eng Pressekonferenz mam Barnier (11. Februar), mam Merkel (13. Februar), mam britesche Brexit Minister Barclay (18. Juni) a mam iresche Premier Varadkar (21. Juni) – goungen ebenfalls ëm europäesch Themen. Soss gouf et kuerz Aussoe vrun EU Sommeten an och natierlech kuerz Interviewen um Owend vun der EU Wahl. Deen eenzege längeren audiovisuellen Interview, deen de Staatsminister an dësem Joer ginn huet, war den 2. Juni am Riicht Eraus um radio 100,7.
Domat ass dës Regierung wäit ewech vun deem faméisen LSAP Verspriechen aus dem Wahljoer 2013 – wéi de Spëtzekandidat Etienne Schneider sot, “Mir mussen d’Fënsteren an deem Land hei grouss oprappe, fir ze lëften. (…) Mir mussen de Leit nees Vertrauen an d’Institutioune ginn.” Haut gesäit d’Welt anescht aus. De Briefing, deen d’Dräierkoalitioun um Ufank vun hirem 1. Mandat, direkt ëmmer wollt an Zukufnt live streamen, ass scheinbar dout. Iwwerholl; net méi zäitgeméiss. Schonns vrun 2 Joer hat d’Woxx dëst luest Stierwe vun enger lëtzebuerger Traditioun – e Stierwe, wat zum Schluss vun der Juncker Ära ugefaangen huet – bedauert. E vun de leschten(?) Highlights war dann also wuel déi ominéis Pressekonferenz vu Mëtt November 2015. Deemols hunn “LuxLeaks” d’Ländchen international esou richteg nach eemol bekannt gemaach. Do ass et jo da ganz normal, dass Journalisten e bëssche méi haart nofroen. De Finanzminister Gramenga hat dat bekanntlech net sou flott fonnt an huet zimlech gereizt op Froe reagéiert – eng Verhalensweis, déi een an esou Momenter, laut Experte, soll vermeiden. Jo, souguer d’Ausso, dass de Finanzminister sech bei enger Pressekonferenz géif virkomme, wéi wann hien an engem Bureau d’Inquisition wier, ass dem Mann, deen am Laf vun der Legislatur gehofft hat, fir “Mister Euro” ze ginn, eraus gerutscht.
Elo ass déi politesch Situatioun 2019 – mam Bréif vum François Bausch un d’Generalstaatsanwältin, dem sougenannte “geheime Casier,” an dem diplomateschen Eklat mat Israel – net mat där vun 2015 ze vergläichen. Ma all dës Beispiller weisen, dass déi “nei” Kommunikatiounsstrategie vun dëser sozialliberaler Regierung, fir sech quasi vrun der 4. Gewalt ze verstoppe, net wierklech besser ass, wéi déi al.
Am Ufank vun der Affär ronderem de “geheime Casier” huet d’Regierung sech bal guer net an der Ëffentlechkeet dozou richteg geäussert. Iergendwann, wann ee sech laang genuch kleng gehalen huet, sou wuel d’Hoffnung, da sprangen d’Leit, wéi schonns beim Bréif vum Minister Bausch, op een anert Thema. Dat schéngt zumindest vu bausse betruecht de Motto vun dëser Kommunikatiouns Taktik ze sinn. Ob et deemols wierklech Zoufall war, dass de François Bausch, deen déi online Medie laang nëmmen allzegäre benotzt huet, grad zu deem Zäitpunkt vun der Kontrovers ronderem säi Bréif decidéiert hat, fir déi Apps ze läsche, weess wuel just hie selwer. Den Zäitpunkt huet awer e battere Nogeschmaach hannerlooss.
De Problem fir d’Regierung ass awer deen, dass de “geheime Casier” eng Affär vun engem aneren Ausmoos duerstellt, wéi déi vu Bausch/Procureur Général. Nee, net aus der Siicht vu Politik a Rechtstaatlechkeet. Nee, de “geheime Casier” war vun Ufank un eng Saach, wou mënschlech, emotional Geschichten hannendru stoungen. Wéi d’Alice Tybout an d’Michelle Roehm an hirem bekannten Harvard Business Review Artikel vun 2009 (“Let the Response Fit the Scandal“), deen op iwwer 10 Joer Recherche zréck kuckt, geschriwwen hate, muss een e méigleche Skandal ëmmer aus der Vue vun de Leit kucke, net vu sengem eegene Stull aus. A wann een Incident dann ebe “surprising, vivid, emotional, or pertinent to a central attribute of the company or brand” ass, sinn d’Acteuren an deem Skandal praktesch gezwonge, fir eng gréisser Äntwert doropper ze hunn. Dat ass beim “geheime Casier,” deem seng Existenz just un d’Ëffentlechkeet komm ass, well eng Persoun zu Informatiounen aus deem Casier an engem Virstellungsgespréich gefrot gouf, nu wierklech de Fall.
D’Taktik fir Ënnerzedauche war deemno vun Ufank un zum Scheitere verdammt. Den Dossier ass an ass net verschwonnen. D’Oppositioun, déi sech (zumindest am Ufank och) net medien-technesch gutt ugeluecht huet, huet eng Question Parlementaire no där anerer gestallt. D’Press huet probéiert selwer erauszefanne, wat do genee lass ass. Dat huet natierlech dozou gefouert, dass wuel net all Wuert, all Expressioun, all Numm fir dee Casier, richteg war. Dass de Justizminister Braz an de Minister fir bannzégt Sécherheet Bausch dunn Ënn Juni mat engem oppene Bréif un Press doropper reagéiert hu, war och nees net de richtege Wee. Fir iwwert dee Medium Saachen “kloerzestellen” huet éischter den Androck vermëttelt, wéi wann “déi do uewen deenen do ënne” géife soe, wat ze soen an ze gleewen ass. Bei bal all politeschem Skandal ronderem d’Welt seet ee réckbléckend, dass et net de Skandal selwer war, deen de Politiker/d’Politikerin zu Fall bruecht huet, mä wéi déi Persoun eben drop reagéiert huet. (Op keen trefft dat beispillsweis an der germanescher Welt an de leschte Joerzéngte besser zou, wéi op den däitschen Ex-Bundespresident, Christian Wulff.)
D’Quitting, wann ee sou wëll, op dës “onglécklech” Aktioun koum zimlech direkt. Den RTL bericht vun engem Mann, deen trotz engem Casier “vierge” aus Grënn vun der Staatssécherheet 2018 net huet dierfen un der Zeremonie fir Nationalfeierdag an der Philharmonie deel huelen. Et ass e weideren emotionale Moment an där Affär, a nees ass d’Regierung roueg.
Elo kann ee vum Briefing hale, wat ee well. Mä e Regierungschef huet sech, zemools an Zäite vu klengen a grousse Skandaler, de Froe vun der Press an engem nationale Kader ze stellen. Wann d’Format vum Briefing villäicht net méi zu 100 Prozent an d’Welt vun haut passt, ass et och un der Regierung, fir e neit Format z’entweckelen. Och grad well et um Ënn an hirem eegenen Interessi wier, fir déi politesch Noriichtelaag no hirem Gout z’änneren. Op de soziale Netzwierker vun der Regierung beispillsweis gouf de gennante “Bréif” mat all senge “Kloerstellungen” guer net emol weider gedeelt. Iwwerhapt ass dat eenzegt, wat een zu dësem Dossier als Reaktioun vun de responsabele Ministeren oder der ganzer Regierung op hire Netzwierker fënnt, ee Retweet beim Felix Braz. An deem Tweet “verstoppt” sech de Link op de Verbatim vun der Chamberkomissioun, wou hien d’Froe vun den Deputéiert zu deem Dossier beäntwert huet.
Dat ass alles.
De Bierger huet keng Zäit (an oft och keng richteg Loscht) fir am Feierowend nach e Chamber Verbatim – vun 126 Säiten! – duerch ze liesen. Natierlech ass et (och) d’Aufgab vun de Medien, dëst z’ënnerhuelen an d’Leit de Kär dovunner ërem ze ginn. Ma d’Medie sinn eng onofhängeg Instanz, net e Kommunikatiounsappart vun enger Regierung, enger Partei oder engem Politiker. Grad vun engem Premier, dee vru senger Zäit an der Regierung wuel déi sozial Medie benotzt huet, wéi keen aneren am Grand-Duché, hätt een sech eppes anescht erwaart.
Wou sinn beispillsweis haut kuerz Videoen, déi d’Leit an esou einfach wéi méigleche Wierder d’Sitatioun erklären. Wou ass d’Online Strategie vun enger Regierung, déi no der Aktioun vum Premier Bettel elo schonns déi drëtt (kleng) Affär bannent net emol 6 Méint huet, fir op alles z’äntweren? Wann den techneschen a kreative Know-How, deen ee, wéi McKinsey dat schonns 2013 festgehalen huet, haut einfach fir esou eng SEO-baséiert Taktik muss hunn, am Staatsappart feelt, misst een dat wuel éischter haut wéi muer änneren. D’Maueren, d’Ënnerdauchen, diplomatesch Texter publizéiere, bréngt, wéi gesi, net de néidegen Erfolleg. Well, wann e Betrib oder Politiker medial net vill Aussoen tätegt, léisst dat et ausgesi, wéi wann een eppes ze verstoppen hätt. Esou spillt dës Kommunikatiounstaktik vun der Regierung bei all weiderem Dag, wou se benotzt gëtt, der Oppositioun an d’Kaarten. Dës kann den Dossier vum “geheime Casier” lues awer secher probéieren zu enger Staatsaffär opzebauen, déi d’Gréisst vum Srel-Skandal hätt.
Elo, nodeems all Fraktioun hire Briefing zum Chamber Joer gemaach hu, fueren d’Leit am Grand-Duché all an hir Summervakanz. Et wier gutt, wann d’Bettel-Schneider-Braz dës Zäit notzt, fir sech kommunikatiouns-technesch ze hannerfroen an dono anescht opzestellen. D’Iwwerzeegung, dass och dësen Dossier am September nees aus de Käpp vun de Leit ass, an een deemno einfach esou kéint weider fueren, kéint fréier oder spéider “déitlech” Konsequenze fir dës Koalitioun hunn. Et war de Staatsminister Thorn, deen de Pressebriefing an de 1970er Joeren agefouert huet. Et ass u sengem liberale Nofolger fir de Staatsappart op deem Punkt an d’21. Joerhonnert ze huelen… soss mécht dat um Ënn vläicht een aneren.
Featured Image: “Media mob”by Toucanradio is licensed under CC BY-NC-ND 2.0