Mëttwoch. 23:57 Auer. Während dem Léieren gett eng kuerz Paus gemaach, vläicht heescht déi Paus herno och Feierowend. Aus irgendengem Grond ginn ech op YouTube, do gett mer e Video vun der Bundesliga-Meeschterschaftsfinall 2001 recommendéiert. Allez, scho laang net méi gekuckt.
Et ass de Mee 2001. Déi Rout vu München brauchen zu Hamburg um läschte Spilldag nach 1 Punkt fir den Titel ze verdeedegen. Deen Titel, deen se 12 Méint virdrun op eng dramatesch Art a Weis gewonnen haten. An et sollt 2001 nach méi dramatesch ginn. Flank an de Strofraum. Barbarez. 1-0 Hamburg. 90 Spillminutt. Alles nees do, alles wat een zënter der Champions League Finall 1999 géint Manchester verdrängt huet ass nees do. Déi 2 Korner’en. De Faite, dass mäi Papp bei deenen 2 Korneren e Goal virausgesot huet. Biller, wou d’Spiller beim Schlusspëff op de Buedem faalen, den Uli Hoeneß bei se geet, tréischt a probéiert säin eegenen Schock & Enttäuschung zréck zehalen. Déi verdammten 90. Minutt. Réckpass op de Goalkipp. Indirekte Fräistouss Bayern. 92. Minutt. Biller vun deemols gi mer duerch de Kapp, wéi ech vrum Radio souz, mech keen Milimeter beweegt hunn – genee wéi deemols 1999 – einfach elo kann e just nach hoffen… “Effenberg stößt den Ball an… und dann kommt Andersoooooooooooooon. Tooor! Der FC Bayern ist Meister!” Freed. Onheemlech vill Freed. E Gefillsausbroch. Et huet een et alle Kritiker nees eng Kéier gewissen. Allen, déi wéi 2000, schonns een aaneren Club wéi déi Rout op der 1. Platz gesinn hunn.
Fir verschiddener ass et verreckt sech engem Spill hirzeginn. Et si jo just 22 Männer déi engem Ball nolaafen, heescht et. Mä nee, et ass sou vill méi. Esou vill dass een et net wirklech a Wierder ka faassen an engem “Net-Gleewegen” kann erkläeren.
A Fan vu Bayern ze sinn ass total verreckt, well een als Member vun der Bayern Famill iwwerhapt keen Support vu baussen huet. Ni. An dat wees een. Zum Deel well een dat och net. “Bis auf die Bayern-Fans wird ganz Deutschland gegen uns sein… und was Schöneres gibt es nicht”, sot vrun deem Mätch zu Hamburg den Oliver Kahn. Et huet een als Bayern Member eigentlech just de Veräin selwer. Et huet een déi Spiller, déi Trainer… an deen Comité. Déi läscht iwwer 30 Joer hat een eben och deen Hoeneß. Et ass een mat him an d’Lut gesprongen, huet him zougejubelt wann hien engem Journalist (oder dem Lemke oder Daum) eng verbal Attack ginn huet, well si gewoot hunn eben dëse Veräin z’attackéieren. D’Münchener ginn oft als “Famill” duergestallt. Mia San Mia. Héchstens den FC Barcelona kann do mathalen. Més que un club. Fir e Politikblog stellt sech och eng aaner Analogie: eng Attack géint een Member vun der Bayern Famill, vun desem Club, ass eng Attack op all Member. D’NATO Analogie. Ma och d’NATO huet sech u Regelen zehalen.
Trotzdem ass säi Verdéngscht fir de Veräin ausser Fro gestallt. A säin Départ huet hien scho selwer preparéiert.
De Manager & President Uli Hoeneß huet de Veräin vum Sumpf bis un d’Weltspëtzt bruecht. Wéi hien 1979 beim ‘Tante-Emma-Laden’ FC Bayern ufänkt musse Spiller verkaaf ginn fir net ganz séier d’Bankrott Erklärung auszeruffen. Et si keng Suen do. Ticketen maachen eng Majoritéit vun der Geldeinnahm-Quell zu München aus, mä, zemools an de Wanterméint ginn d’Leit ongäeren an een net-iwwerdeckte Stadion. Et ginn och deemols guer keng ‘Fanshops’ am europäeschen Fussball. Eppes wat den Uli eng Kéier aus den USA mat an d’Säebener Strasse op München zréck bréngt. Sportlech a finanziell läit den FC Bayern um Buedem. Nees um Buedem muss een soen… also genee wéi nom 2. Weltkrich. Deemols huet den vun de Nazi’en als “Judenclub” verpöhnte Veräin dringend (sportlech awer och ganz ferm) finanziell Hellef gebraucht. An esou huet de President (vrun der Nazi-Iwwernahm & nom Krich) Kurt Landauer, deen während dem Krich an d’Schwäiz geflücht war, selwer Suen an de Veräin gestach. A säin FC Bayern. De Landauer gëtt posthumous zum Éierepresident vum Veräin ernannt. Dat Ganzt am November 2013… op der vläit läschter Jahreshauptversammlung vum Här Hoeneß. De Message war kloer: d’Liewen vum Veräin geet “immer weiter, immer weiter”, wéi de Kahn an enger aaner Situatioun mol eng Kéier sot. Den Uli Hoeneß ass genee esou wéineg den FC Bayern wéi de Kurt Landauer dat war. De Veräin – jo, all Veräin – ass, a muss, méi grouss sinn wéi seng Ugestallten.
2013. De Veräin huet säin eegenen Footballstadion. Finanziell op sechere Been. Sportlech klappt alles. Meeschter. Coupe-Gewënner. Champions League Gewënner. UEFA Supercup Gewënner. FIFA Klubweltmeeschter. Rekordëmsatz. Massiven Mitgliederzouwuess. Guardiola. Heynckes. Ribéry. Götze. Historesch. De Veräin ass op der absoluter Weltspëtzt ukomm. Vum méiglechen Bankrott op d’Weltspëtzt. Ouni Oligarch. Just duerch hart a konsequent schaffen
.
(Foto: AFP)
Et wier dat Joer fir de fréieren Manager gewierscht. “Seng” Bayern genee do wou just hien… an d’Supporter… de Veräin dach ëmmer gesinn hunn. Wéi et deemols an der ARD Reportage iwwert hien geheescht huet: “den Kopf immer noch voller Visionen und Ideen… gedanklich aber schon lange angekommen.” Et ass e bësschen den ‘American Spirit’, géif de Barack Obama soen. “[It is that American Spirit, that American Promise] that makes us fix our eyes not on what is seen, but what is unseen, that better place around the bend.”
Elo. Haut. Et gett keng ‘better place’. Et heescht Prisong. Dräi an een halleft Joer laang. Virausgesaat zu Karlsruhe gett am Appel net alles – an déi eng oder aaner Richtung – iwwert de Koup gepucht. D’Persoun Ulrich H. um Buedem. Um absolute Buedem.
De Veräin awer eben net, woufir hien eben och gesuergt huet. Et dierft nämlech och keen Zoufall gewiecht sinn, dass d’Allianz vrun e puer Wochen den Deal mat der FC Bayern München AG perfekt gemaach huet. D’Rescht-Scholden vum Stadion waren mat engem Coup ofbezuelt. De Veräin ass finanziell perfekt opgestallt. All Entréesticket ass elo Profit. De Loyer vun 1860 fir an der Arena ze spillen… ass Profit. Alles wat verkaaf gett… ass elo Profit. Den elo schonns vollen Girokonto wäert an de nächsten Méint a Joeren massiv uwuessen. D’Abteilung Attacke, wéi se an de Medien genannt gouf, hat scho lang virdrun ugekennegt, dass sech Bundesliga an Europa ganz waarm muss undoen, wann de Veräin d’Scholden vun der Allianz Arena ofbezuelt huet. Elo ass dat de Fall.
De Veräin, mäin Veräin, huet haut e starke Mann un der Spëtzt verluer. Een deen vill fir de Veräin, an aaner Veräiner, gemaach huet, awer ouni deen de Veräin weider bestoe kann. De Manager & President Hoeneß muss een notrauren, dem Steierbierger Hoeneß net. Et dierf een jo net vergiessen, dass de Steierbierger Hoeneß sech duerch seng eegen Sucht an Zockerei an déi do Situatioun bruecht huet. Stéierhannerzéiung ass net z’entschellegen. Et ass net e klengen Rechtsbroch. Au contraire! An egal ob 3.5 Milliounen, 18 Milliounen, 27.2 Milliounen oder nach méi… esou eppes ass net an der Rei. Eng Persoun, déi dat mescht, a net duerch eng perfekt Selbstanzeige d’Lück am däitsche Steierrecht benotzt, kann ënner guer kengen Ëmstänn de Chef vun engem Aufsichtsrat vun enger AG sinn/bleiwen. Och bei enger perfekter Selbstanzeige stellen sech Froen. E President vun engem Club, deen eng weltwäit Mark/”Brand” ass respektiv well ginn, kann déi Persoun och net (méi) sinn. Mä dat soen ech. Als eng Persoun, déi scho ganz fréi offiziell Member vum Veräin ginn ass, a vun sengem President ganz stark enttäuscht ass. De Faite, dass awer Politiker – gréisstendeels vun SPD, Gréng & Linke – e Veräin opfuerderen e President erauszepuchen, stéiert een genee esou wéi déi hannerzunnen Milliounen vum Ulrich H. Et ass eng Saach seng “Enttäuschung” bekannt ze ginn, wéi d’Kanzlerin dat vrun 12 Méint gemaach huet; eng aaner fir als Politiker an déi intern Affairen vun engem Veräin wellen anzegräifen.
An do muss een och d’Medien kritiséieren. Et konnt een an dem läschte Joer net eng oder zwou Wochen Zeitung, Radio oder Tele kucken/lauschteren/liesen ouni dass een ‘Expert’ iwwert den Ulrich H. gefrot gouf. A wann, deen dann och nach sot, dass e Geriicht muss entscheeden, da gouf deen Expert och direkt kritiséiert. Deen géif Steierhannerzéiung kléng schwätzen. Géigneresch Footballfans déi “Hoeneß in den Knast” sangen. Selten koum eng Kritik doriwwer. Gesellschaft hat hirt Urteel längst vrun dëser Verhandlungswoch gefällt. Ugedriwwen vun den Medien a Politiker. Déi Leit, déi elo de “Rechtsstaat” luewen, hunn dësen an de läschten 12 Méint selwer mat de Féiss getreppelt. Ouni dass een Abléck an d’Dossieren hat, ouni dass een voll Kenntnisser iwwert dat, souguer fir ‘Experten’ komplizéiert, däitsch Steierrecht hat, konnt een bierelen. Dat soll op kee Fall an irgendenger Weis d’Steierhannerzéiung vum Hoeneß kléng schwätzen, mä eng eegthaft Kritik un der Gesellschaft sinn. Hei gouf een duerch d’Duerf gedriwwe – wuel och vu Leit déi selwer e Konto am Ausland hunn/eng Selbstanzeige gemaach hunn, oder der Botzfra d’Paie an de Grapp drécken. Et war dat dann och wuel dat eenzeget wou sech haut de Riichter, d’Staatsanwaltschaft an d’Défense eenz waren.
De Rechtsstaat huet net fonktionnéiert… mä dat stoung scho vrum Virliesen vun der Uklo e Méindeg de Moien fest.