Versprach fir all Mount, gemaach all Quartal. No verschiddene techneschen Problemer kennt déi 2. Episod vun “Heles & Heles” e bësschen méi spéit wéi geplangt. Trotzdem elo ass se do… a mir schwätzen iwwert déi nei “muechtlos” Positiounen vun de fréieren CSV Ministeren/Majoritéitspolitiker, dono gi mer e puer (perséinlech) Impressiounen iwwert dat historescht naasst Wierder op de briteschen Inselen respektiv dat extrem kaalt an den USA, ier mer eis dann iwwer “Netflix” & “AmazonPrime” ënnerhalen, déi probéieren d’TV Welt z’änneren. Een Thema wou mer eis vrum Ophuelen vun der Episod net ganz eenz waaren a wat eis dann dono och op eng Diskussioun iwwert Reklammen/Advertising an de Medien bruecht huet. 

Jo, mech héiert een an der Episod e gutt Stéck méi schlecht wéi den Thierry, an dat ass e Problem deen ech hoffentlech bis déi nächst Episod geléist hunn. 😉

Vill Spass beim Lauschteren.

Eroflueden | Abonnéieren | iTunes

———————————
Den Intro ass “There It Is” vum Kevin MacLeod a steet ënnert enger CC By Lizenz.
 

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s