Salut!
Verschiddener vun Ierch kennen mech schons, hu villeicht mäi Podcast gelauschtert. Elo sinn ech dann awer och ennert d’Blogger gaangen. Eigentlech haat ech alles virbereed. Deen éischten Post gouf an der Woch geschriwwen a waar […]
Politesches vu béide Säiten vum Atlantik
“No one wants an election,” the Prime Minister said. But another snap poll seems inevitable after the government lost its working majority in Parliament. Going back to the country might not break the impasse in Westminster.
[“Kee wëll Neiwahlen,” seet de Premier. Ma nodeems d’Regierung hir Majoritéit am Parlament verluer huet, ass et selbstverstänndlech dass et zu esou engem elektorale Prozess nees eng Kéier muss kommen. Kee kann awer wierklech dobäi sécher sinn, dass d’Land esou aus hirem politesche Problem eraus kennt]
“Alles Guddes am neie Joer.” Dat sot de Premier Bettel déi leschte Kéier, wéi hien d’Press op e Briefing nom Regierungsrot invitéiert huet. Zënterhier gouf et d’Affär vum Bréif vum François Bausch un d’Procureur Général, de “geheime Casier” an elo ee klengen diplomatesche Eklat mat Israel. D’Regierung ass an all Szenario ënnergedaucht an der Hoffnung, dass de Skandal esou scho verschwënnt. Beim “geheime Casier” ass dat bis elo awer net geschitt. Laut der Wëssenschaft ass dat ganz normal. D’Regierung muss seng Kommunikatioun änneren.
Some 2.3 million Americans are today locked behind bars. There, they work for some of the most well-known companies. As the nation enters its quadrennial debate on its future, a look at life inside correctional facilities, however, reveals an inconvenient truth.
(Eng ronn 2.3 Millioune Leit setzen haut an amerikanesche Prisongen. Si schaffen do e.a. fir verschiddene weltbekannte Betriber. E Bléck op d’Liewen hannert den héiche Mauere weisst awer eng ongemiddlech Wouerecht, déi d’Wahlen 2020 scho fréizäiteg beaflosst. [De ganzen Text ass op Säit 2 op Lëtzebuergesch ze liesen.])
Et war eng richteg Nidderlag, eng déi wéi deet. D’CSV ass bei der Europawahl fir déi 1. Kéier a senger Geschicht net déi stäerkste Partei am Land gewiescht. Et ass d’Fortsetzung vun engem Trend, dee sech scho bei der Landeswahl ugekënnegt hat. Mä et ass nach vill méi. Wann een op d’Zuele vun de leschten 8 Joer kuckt, da deet sech e ganz kloert Muster op, wat den eigentleche Problem vun der “Vollekspartei” kloer duerstellt an och um Denkmol vun engem grousse Politiker kratzt.
Verschiddener vun Ierch kennen mech schons, hu villeicht mäi Podcast gelauschtert. Elo sinn ech dann awer och ennert d’Blogger gaangen. Eigentlech haat ech alles virbereed. Deen éischten Post gouf an der Woch geschriwwen a waar […]