12 Rieden (7): Och Fraen hu Rechter.

Haut vru grad emol 170 Joer treffen sech fir déi éischte Kéier iwwerhapt d’Leit fir eng Fraenrechter Convention. Dës fënnt zu Seneca Falls am US Staat New York statt a sollt den Ufank vun enger […]

12 Rieden (6): Sëlver ass dat bessert Gold

Haut vrun 122 Joer. Op der Demokratescher Convention zu Chicago. 14 Auer. Et ass d’Gebuertsstonn vum William Jennings Bryan. Anescht wéi haut sinn et deemols an den USA nach keng richteg Virwahle ginn; de Presidentschaftskandidat […]

De UK kéint (a wäert?) säi ganz speziellen Deal kréien

D’Theresa May ass eng Zort Politikerin, déi all d’Informatioune wëll um Dësch leien hunn, ier se eng Entscheedung trefft. Dat ass hier an hirer Carrière schonns oft ze gutt komm, mä huet hier an de Brexit Negotiatioune nawell zimlech geschuett gehat… oder sou kéint ee mengen. D’EU steet haut vrun der Fro, ob ee no der neister Propose vu London net och, fir d’Sécherheet op der irescher Insel ze garantéieren, wëll endlech e klénge Schrëtt op de Verhandlungspartner duergoen.

Den Doud vun engem moderate Geriicht oder de nächste Schrëtt vun der Hyperpolariséierung

Nodeems Republikaner am Senat dem Obama sengem moderate Kandidat, Merrick Garland, keng Unhéierung 2016 ginn hunn, ass d’Zuel vun zentristesche Riichter um ieweschte Geriicht an den USA bei just 1 bliwwen. An dëse Riichter huet elo decidéiert, fir an d’Pensioun ze goen. Domat sti reliéis Ofdreiwungsgeigner kuerz vrun hirem Zil, fir direkt emol a minimum 33 Staaten de Fraen dat Recht nees ewech ze huelen. Déi eenzeg Optioun fir progressiv Leit ass wuel just d’Ëmsetzung vum Roosevelt senger Drohung.

12 Rieden (5): E Mann vu Boston gëtt e Berliner

Haut vrun 55 Joer gi grad eemol 484 Minutten Openthalt vun engem amerikanesche President zu Berlin an d’Geschicht an. 22 Méint nodeems d’Soviets dës europäesch Stad mat enger Mauer an 2 gespléckt hunn, gëtt de jonken […]

Commentaire: Een Aarmutszeugnis

Et hat ageschloe, wéi eng Bomm. Den LSAP Fraktiounschef seet d’Dräierkoalitioun hätt keng gemeinsam Projete méi, déi ee nach kéint ëmsetzen. Eng liberal DP wier elo genee esou wäit vu senger Partei ewech, wéi déi gréissten Oppositiounspartei, d’CSV. D’Äusserungen an d’Reaktioun doropper ënnersträicht d’Ideelosegkeet vun der lëtzebuergescher Politlandschaft. Ee Commentaire.