Category: USA

YIMBY: de schnell wuessende Mouvement deen déi global Kris am Logement wëll léisen

Am Debat ëm erschwénglecht Wunnen ginn 2 Saachen ëmmer ignoréiert: den ekonomeschen Eegeninteressi an een institutionelle Rassismus. YIMBYs wëllen dat änneren. E Bléck op de schnell wuessende Mouvement vu Millennials ronderëm d’Welt.

12 Rieden (8): E puer Warnungen un d’Bierger.

Als alleréischt Ried hate mer op d’Farewell Ried vum President Eisenhower zréck gekuckt. Haut, vru genee 222 Joer, sollt den George Washington deen éischte President ginn deen esou eng Ofschlossried ginn huet – zu senger […]

USfAkten (6): Wa Politiker decidéiere ween hir Wieler solle sinn

Wéi kann een et fäerdeg bréngen, dass ee bei Wahlen an engem Staat zwar manner Stëmme kritt wéi säi Géigner, mä een um Ënn awer 60 vu 99 Sëtz am Parlament huet? Wëllkomm beim politeschen Gerrymandering! Mat dëser “Strategie,” déi e gréisseren Impakt op d’Wahlen am November wäert hunn, hu sech déi läscht Méint eng Rëtsch Geriichter am Land beschäftegt. Hei e kuerzen Iwwerbléck iwwert d’Situatioun.

12 Rieden (7): Och Fraen hu Rechter.

Haut vru grad emol 170 Joer treffen sech fir déi éischte Kéier iwwerhapt d’Leit fir eng Fraenrechter Convention. Dës fënnt zu Seneca Falls am US Staat New York statt a sollt den Ufank vun enger […]

12 Rieden (6): Sëlver ass dat bessert Gold

Haut vrun 122 Joer. Op der Demokratescher Convention zu Chicago. 14 Auer. Et ass d’Gebuertsstonn vum William Jennings Bryan. Anescht wéi haut sinn et deemols an den USA nach keng richteg Virwahle ginn; de Presidentschaftskandidat […]

Den Doud vun engem moderate Geriicht oder de nächste Schrëtt vun der Hyperpolariséierung

Nodeems Republikaner am Senat dem Obama sengem moderate Kandidat, Merrick Garland, keng Unhéierung 2016 ginn hunn, ass d’Zuel vun zentristesche Riichter um ieweschte Geriicht an den USA bei just 1 bliwwen. An dëse Riichter huet elo decidéiert, fir an d’Pensioun ze goen. Domat sti reliéis Ofdreiwungsgeigner kuerz vrun hirem Zil, fir direkt emol a minimum 33 Staaten de Fraen dat Recht nees ewech ze huelen. Déi eenzeg Optioun fir progressiv Leit ass wuel just d’Ëmsetzung vum Roosevelt senger Drohung.