Category: UK

D’EU huet e Problem

Transitiounsphase geet bis minimum 2020; all Haushalt huet zënter dem Referendum schonns £900 verluer; de Problem mat der Grenz op der irescher Insel bleift weiderhi bestoen; a wéi eng Form vun Zoll Partnerschaft ee mat der EU elo wëll hunn, wees déi britesch Regierung nach ëmmer net. Trotzdem bleift Leave an Ëmfroen zu engem 2. Referendum an enger Patt Situatioun mat Remain. De Grond heivir ass ganz einfach.

Decisioun iwwert d’Form vum Brexit fält geschwënn

Et war e rouege Start an dat neit Joer. Offiziell Brexit Verhandlungen gouf et dëse Mount net. Et huet béid Säiten Zäit ginn, fir de gréissten Challenge fir de Kontinent zënter dem Fall vun der Mauer liicht ze verdrängen. Mä an de nächsten Deeg kéinte schonns déi éischt grouss Decisiounen bezüglech dem Handel falen. Den Drock op de Parteichefs zu London gëtt méi grouss.

Réckblëck op 2017 [Video]

Um Ënn vum Joer (oder schon um Ufank vum Joer?) ginn et 5 Dokumentatiounen an 1 gréisseren Débat. Vum rapide Wandel a Frankräich iwwert een onroueg Däitschland hin zu deem Geheimnis, wat zënter 2017 definitiv keent méi ass. Dee liicht anere Joresréckblëck

Commentaire: Kee 4. Wee fir d’Sozialisten(?)

Et sinn aktuell keng schéi Momenter, fir Sozialisten a Westeuropa. A Spuenien, Norwegen, Holland, Italien, Vereenegt Kinnékräich, Däitschland etc. goufen et der “in die Fresse.” De Problem vun dëser (Ex?) Vollékspartei ass net hir ekonomesch Ausriichtung, mä eng Onentschlossenheet bei der aktuell däifgréifendster Fro um europäesche Kontinent.

Zerstridden.

Zënter dem Referendum ass dat Vereente Kinnekräich zerstridden, wat de Brexit ugeet. D’Wahlen sollten do Stabilitéit bréngen, mä hunn d’Situatioun nach méi komplex gemaach wéi se scho wor. Schottland an déi nordiresch DUP wëlle wuel eppes wat England a Wales net gefält, an d’Lords kennen elo och nees fir Kappwéi suergen. Een Iwwerbléck.

Istanbul Convention: Ënnerschriwwen mä nach (ëmmer) net ratifizéiert

38% vun de Lëtzebuerger fanne Geschlechtsverkéier ouni Averständnes “okay” & 67% vun de Fraen goufe schonns sexuell belästegt. D’Regierung huet zwar d’Istanbul Convention fir de Schutz a Preventioun vru Gewalt géint Fraen a Meedercher ënnerschriwwen, mä gouf den Traité bis haut – trotz Verspriechen – nach net ratifizéiert.