Category: Lëtzebuerg

IWD 2018: 2 Nimm, déi ee soll kennen

D’nächst Joer ginn et 100 Joer, dass dat Allgemengt Wahlrecht zu Lëtzebuerg agefouert gouf. Nach am nämmlechte Joer kennt déi éischt Fra an d’Chamber. Joerzéngten dono kennt och endlech eng Fra an eng Lëtzebuerger Regierung. Net just um internationale Fraendag lount sech dowéinst e kuerze Bléck op déi politesch Carrière vun dësen 2 Persounen, deenen hire Numm an hir Geschicht jiddereen am Land sollt kennen, ze werfen.

Budget & Gender zu Lëtzebuerg: “d’Revolutioun” huet d’Frae vergiess

Bal d’Hallschent vun den OECD Memberen benotzt Gender Budgeting, e wichtegt Mëttel fir d’Gläichstellung tëschent Fraen a Männer z’erreechen. Zënter Ufank vum Joerdausend benotzt d’EU dës Form vum Budget. An Éisträich ass et souguer e festgeschriwwent Gesetz fir all ëffentleche Budget. An zu Lëtzebuerg?

Analys: DP ass wuel um gudde Wee, fir d’Stad ze verléieren

D’DP huet d’Decisioun geholl, fir an der Stad mat der CSV an eng Koalitioun ze goen. Déi al Koalitioun mat deene Gréngen hat u Sëtz verluer – wéinst de Liberalen. D’Zuele vun de läschten 3 Gemengewahlen weisen een Trend, deen 2023 op der Oppositiounsbänk seng logesch Conclusioun kéint fannen.

Zu Reykjavik setzen d’Leit d’Agenda vum Gemengerot fest

Wéi d’Finanzkris 2008 Island getraff huet, ass d’Vertraue vun de Leit an hir politesch Institutiounen ganz séier gefall. 2011 loung deen Taux nach bei grad eemol mickregen 11 Prozent. Dat ass schlecht, fir d’Politik an d’Demokratie u sech. Et gouf deemno Zäit fir e neie Model ze probéieren. De Gunnar Grímsson a Róbert Bjarnason hunn dat gemaach.

Commentaire: Kee 4. Wee fir d’Sozialisten(?)

Et sinn aktuell keng schéi Momenter, fir Sozialisten a Westeuropa. A Spuenien, Norwegen, Holland, Italien, Vereenegt Kinnékräich, Däitschland etc. goufen et der “in die Fresse.” De Problem vun dëser (Ex?) Vollékspartei ass net hir ekonomesch Ausriichtung, mä eng Onentschlossenheet bei der aktuell däifgréifendster Fro um europäesche Kontinent.

Istanbul Convention: Ënnerschriwwen mä nach (ëmmer) net ratifizéiert

38% vun de Lëtzebuerger fanne Geschlechtsverkéier ouni Averständnes “okay” & 67% vun de Fraen goufe schonns sexuell belästegt. D’Regierung huet zwar d’Istanbul Convention fir de Schutz a Preventioun vru Gewalt géint Fraen a Meedercher ënnerschriwwen, mä gouf den Traité bis haut – trotz Verspriechen – nach net ratifizéiert.