Category: Lëtzebuerg

Dem Xavier Bettel säin Dram

E Bléck an d’Archiv bréngt en Interview mat engem jonke Xavier Bettel ervir, an deem dësen iwwert seng politesch Dramwelt schwätzt… an där d’CSV an der Oppositioun setzt.

Analys: Date weise, wéi déif d’CSV an der läschter Legislatur gefall ass

D’CSV huet tëschent dem Hierscht 2017 an dem Hierscht 2018 d’Landeswahle verluer, esou déi populär Analys vun de Chamberwahlen. Stëmmt dat iwwerhaapt? Soll déi haut nei gewielte Parteispëtzt esou den Oktober 2018 analyséieren? E Bléck op d’Zuele weisst, wéi déif déi stolz Partei wierklech gefall ass & firwat déi generell Analys den Haptproblem vun der Wahlnidderlag einfach ignoréiert.

E Réckblëck op 2018 [Video]

Um Ënn vum Joer (oder schon um Ufank vum Joer?) ginn et 3 Dokumentatiounen an 2 Virträg. Vum ganz spezielle Wahlkampf zu Lëtzebuerg iwwer een historesche Wanter an Australien hin zu engem neie Bléck op Europa am Joer 1914. Dee liicht anere Joresréckblëck

De Lëtzebuergesche Wahlkampf ass männlech. Eng Analys.

Dat war also de Wahlkampf 2018 zu Lëtzebuerg. E kritt, wéinst dem praktesche Refus vun engem Wahlkampf bei de Parteien, vun der politescher Ausernanersetzung eng ganz ferm Datz. Interessantes gëtt et trotzdeem erauszeliesen. Eng Analys vun den Audio & audiovisuelle Medie weist nämlech, wéi déi eenzel Parteien bei der Geschlechts-Paritéit an der Campagne ofgeschnidden hunn. Hei kennen um Ënn eigentlech just d’Resultater vun enger Partei wierklech iwwerzeegen.

YIMBY: de schnell wuessende Mouvement deen déi global Kris am Logement wëll léisen

Am Debat ëm erschwénglecht Wunnen ginn 2 Saachen ëmmer ignoréiert: den ekonomeschen Eegeninteressi an een institutionelle Rassismus. YIMBYs wëllen dat änneren. E Bléck op de schnell wuessende Mouvement vu Millennials ronderëm d’Welt.

Eng Revolutioun, manner Aarbechtsplazen

Taxi-, Bus- a Camionschaufferen, Bréifdréier, Dokteren, Leit an der Textilien Industrie; fir déi éischte Kéier wäert eng industriell Revolutioun Aarbechtsplaze kaschten, a keng schafen. E Bléck op de vläicht gréisste sozialpoliteschste Problem vun de nächste Joren a Joerzengten.