All posts by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

De Lëtzebuergesche Wahlkampf ass männlech. Eng Analys.

Dat war also de Wahlkampf 2018 zu Lëtzebuerg. E kritt, wéinst dem praktesche Refus vun engem Wahlkampf bei de Parteien, vun der politescher Ausernanersetzung eng ganz ferm Datz. Interessantes gëtt et trotzdeem erauszeliesen. Eng Analys vun den Audio & audiovisuelle Medie weist nämlech, wéi déi eenzel Parteien bei der Geschlechts-Paritéit an der Campagne ofgeschnidden hunn. Hei kennen um Ënn eigentlech just d’Resultater vun enger Partei wierklech iwwerzeegen.

YIMBY: de schnell wuessende Mouvement deen déi global Kris am Logement wëll léisen

Am Debat ëm erschwénglecht Wunnen ginn 2 Saachen ëmmer ignoréiert: den ekonomeschen Eegeninteressi an een institutionelle Rassismus. YIMBYs wëllen dat änneren. E Bléck op de schnell wuessende Mouvement vu Millennials ronderëm d’Welt.

Eng Revolutioun, manner Aarbechtsplazen

Taxi-, Bus- a Camionschaufferen, Bréifdréier, Dokteren, Leit an der Textilien Industrie; fir déi éischte Kéier wäert eng industriell Revolutioun Aarbechtsplaze kaschten, a keng schafen. E Bléck op de vläicht gréisste sozialpoliteschste Problem vun de nächste Joren a Joerzengten.

12 Rieden (8): E puer Warnungen un d’Bierger.

Als alleréischt Ried hate mer op d’Farewell Ried vum President Eisenhower zréck gekuckt. Haut, vru genee 222 Joer, sollt den George Washington deen éischte President ginn deen esou eng Ofschlossried ginn huet – zu senger […]

USfAkten (6): Wa Politiker decidéiere ween hir Wieler solle sinn

Wéi kann een et fäerdeg bréngen, dass ee bei Wahlen an engem Staat zwar manner Stëmme kritt wéi säi Géigner, mä een um Ënn awer 60 vu 99 Sëtz am Parlament huet? Wëllkomm beim politeschen Gerrymandering! Mat dëser “Strategie,” déi e gréisseren Impakt op d’Wahlen am November wäert hunn, hu sech déi läscht Méint eng Rëtsch Geriichter am Land beschäftegt. Hei e kuerzen Iwwerbléck iwwert d’Situatioun.

12 Rieden (7): Och Fraen hu Rechter.

Haut vru grad emol 170 Joer treffen sech fir déi éischte Kéier iwwerhapt d’Leit fir eng Fraenrechter Convention. Dës fënnt zu Seneca Falls am US Staat New York statt a sollt den Ufank vun enger […]