All posts by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

(Méi wéi) 10 Joer Bloggen

Den “Oppenen Bréif” (als Blog an als Noriichte Feed op Twitter) gëtt et elo schonns zënter iwwer 10 Joer. Et ass Zäit e klénge Réckblëck op d’Themen um Blog ze zéien, ier ech e puer perséinlech Gedanken zu dësem (an engem nächsten?) Jorzéngt wëll lass ginn.

IWD 2019: Lëtzebuerger Fraen, déi ee soll kennen (2)

Vrun engem Joer gouf op dëser Platz iwwert déi 2 éischt, grouss Fraen an der Lëtzebuerger Politik geschriwwen. 2019, wou d’Land den 100ten Anniversaire vum allgemenge Wahlrecht feiert, kucke mer op eng Rëtsch Fraen déi Historesches an der Zivilgesellschaft an am Sport fäerdeg bruecht hunn. Och hir Nimm sollt all Kand (an Erwuessenen) am Land kennen.

Dem Xavier Bettel säin Dram

E Bléck an d’Archiv bréngt en Interview mat engem jonke Xavier Bettel ervir, an deem dësen iwwert seng politesch Dramwelt schwätzt… an där d’CSV an der Oppositioun setzt.

De Geroch vun der Angscht (Deel 2)

Am Hierscht 2017 huet hallef Amerika op Virginia gekuckt. Déi staatlech Wahlen an deem Südstaat waren vun äusserst wichteger Bedeitung, fir déi national Politik an de Fridden bei de Bloen tëschent béide Parteifligelen. Dësen Hierscht gëtt nees gewielt am Virginia – fir d’Presidentschaftswahl dierft dat esou wichteg sinn, mä dofir decidéieren déi aktuell Skandaler wéi wäit sech d’Parteien an der Ära Trump geännert hunn.

Analys: Date weise, wéi déif d’CSV an der läschter Legislatur gefall ass

D’CSV huet tëschent dem Hierscht 2017 an dem Hierscht 2018 d’Landeswahle verluer, esou déi populär Analys vun de Chamberwahlen. Stëmmt dat iwwerhaapt? Soll déi haut nei gewielte Parteispëtzt esou den Oktober 2018 analyséieren? E Bléck op d’Zuele weisst, wéi déif déi stolz Partei wierklech gefall ass & firwat déi generell Analys den Haptproblem vun der Wahlnidderlag einfach ignoréiert.

Etüde soe déi generell Brexit Analyse si falsch

An elo? Knapp 3 Joer nom Referendum ass een haut nach genee esou schlau wéi um Moie vum 24. Juni 2016. De proposéierten Divorce Accord mat der EU ass doud an d’May, wéi all Dag zënter de Wahlen 2017, ass nees ugezielt. Fir d’pro-EU Leit ass domat kloër, dass si vun Ufank u Recht haten & “déi domm” Brexit Wieler*innen et net wollte verstoen. Dobäi weisen Etüden, dass Brexit Leit besser wësse, firwat hir Matbierger “Remain” gewielt hunn, wéi ëmgedréint. E Bléck op gëscht fir dat vu muer kennen e bësschen viraus ze gesinn.