Obwuel déi meescht Politiker keng weider Neiwahl wëlle, schéngt et esou sécher wéi Bonjour dass déi britesch Wieler*inne nees eng Kéier gefrot ginn. Eleng scho well d’Regierung hir Majoritéit am Parlament verluer huet – zum Deel duerch Deputéiert, déi iwwergelaaf sinn, zum aneren duerch d’Suspendéierung vu Politiker déi sech géint d’Brexit Politik vum Premier Johnson gestallt hunn. Ma kee ka wierklech soe wéi eng Neiwahl – de 5. grousse politeschen Event a grad eemol 5 Joer – wäert ausgoen an ob d’Land wierklech esou aus senger Patt Situatioun eraus kennt.

Problem #1: Schottland

Kee wëll eng Neiwahl esou vill wéi déi schottesch Nationalisten. En fait, wëll d’SNP dass esou séier wéi méiglech Wahlen ofgehale ginn – an dëst definitiv vrun der Geriichtsprozedur géint hire fréiere Parteichef, Alex Salmond, d’nächst Joer geschitt. Déi aktuell Situatioun kéint fir d’First Minister Sturgeon net méi favorabel sinn. D’Partei bekennt sech zu enger klorer pro-EU Positioun – déi wuel esou wierklech just vun de Liberal Demokraten Konkurrenz gemaach kritt – an enger Natioun, wou bal zwee Drëttel “Remain” gewielt hunn.

2015 haten d’Nationaliste bekanntlech bal alleguerten déi schottesch Sëtz zu Westminster gewonnen. Grad eemol 3 Wahlbezierker hat d’SNP deemols net gewonnen. Haut ass déi fréier Muecht a Schottland, d’Labour Partei, nach ëmmer net wierklech sécher, wéi eng Positioun ee bei dësem Thema soll genee anhuelen. Op zimlech chaotesche Parteideeg zu Brighton d’leschte Mount hunn d’Memberen sech um Ënn hannert d’Positioun vum Parteichef Corbyn gestallt. Déi beseet dass déi gréissten Oppositiounspartei beim Thema Brexit bis no de nächste Wahle neutral bleiwt. Ëmfroe vu Gewerkschaften weisen dass dës “constructive ambiguity” Strategie, déi d’Partei erfollegräich vrun de Wahlen 2017 benotzt huet, Labour elo néierens esou vill schued, wéi a Schottland. D’Partei kéint, esou d’Ëmfroen, eng weider elektoral Katastrof, wéi déi vun 2015 erliewen, a vun SNP a Liberal Demokrate komplett “nördlech vun der Grenz” verdriwwe ginn.

Déi Konservativ, op der anerer Säit, déi 2017 hire beschte Score zënter 35 Joer fäerdeg bruecht hunn, an esou eleng dofir verantwortlech sinn dass d’Theresa May an der Number 10 konnt bleiwen, hunn dëse Summer hir charismatesch Parteicheffin, Ruth Davidson, verluer. Nach méi problematesch bleift awer fir d’Partei d’Politik vu Westminster an d’Versprieche vun der Johnson Regierung fir d’EU “mat oder ouni Deal” den 31. Oktober ze verloossen. Sou laang déi schottesch Konservativ sech net vun der Mammepartei wëlle léise – fir dann dono en elektorale Pakt mat hir anzegoen, deen deem vun der CDU an CSU an Däitschland géif gläich kommen – dierft et schwiereg si, fir d’Tories sech a Schottland weidere Support zou ze sécheren. D’leschte Mount soten d’Ëmfroen d’SNP kéint op eng 43% bei enger Neiwahl kommen – dat war hirt bescht Resultat an enger “Sonndesfro” zënter de Wahle vun 2017. Déi Konservativ kéimen d’ailleurs “nëmme” méi op 30%. Sollt dat flächendeckend a Schottland de Fall sinn, da géif déi gréissten “Unionist” Partei a Schottland all hir 13 Sëtz zu Westminster verléieren.

#2: D’Liberaldemokrate si nees zréck

“Cleggmania” am Wahlkampf 2010 hat jo esou eppes amerikanesches. Ma haut, wou d’Liberaldemokrate sech praktesch als eng 1-Punkt Partei vermaarten, brauchen si wuel keng “Swinson-mania” fir vill Sëtz am Land dobäi ze gewannen. D’Partei, déi, ier si an eng Koalitioun mam David Cameron gaange sinn, ënnert dem Clegg selwer een “In/Out” Referendum iwwert d’EU gefuerdert hunn, verspriechen elo, dass een den Artikel 50 einfach nees zréck zitt, falls e sollt eng Majoritéit bei de Wahlen ereechen. Elo schéngt eng Majoritéit fir eng Liberal Demokrate Regierung an dem britesche “First-Past-The-Post” Wahlsystem zimlech onwahrscheinlech, mä déi rapid Verännerung vun der politescher Positioun ass schonns erstaunlech. D’LibDems si fir Remain Wieler*inne wat d’Brexit Partei fir d’Brexiteers ass. Béid wëllen eigentlech dass keen Deal zustane kennt. Déi eng gesinn dat als Endpunkt u, fir esou e “proppere” Broch mat Europa ze kréien. Déi aner gesinn et als Beweis, dass de beschten Deal mat Europa nach ëmmer dee vun der voller Memberschaft ass.

Déi simplistesch “Revoke Article 50” Positioun wäert elektoral wuel zimlech populär a pro-Remain Platze vum Land sinn. Dëst dierft e.a. zu London an a gréisseren Unistied de Fall sinn. D’LibDems brauchen och net iwwerall e grousse “Swing” fir sech e Sëtz ze kroopen. Zu Richmond Park zu London beispillsweis brauch d’Partei vum Jo Swinson grad eemol e “Swing” vu 0.04% fir dee Sëtz de Konservativen ewech ze huelen. D’Zentriste stellen deemno eng gréisser Gefor fir hire fréiere Koalitiounspartner duer. Si setzen aktuell an 38 Sëtz op der zweeter Platz. An 28 vun dëse Fäll ass e konservativen Deputéierten aktuell op deem Stull. Iwwert de Summer hat eng Analysis vun der konservativer Partei gemengt dass een iwwert d’Hallschent vun de “key marginal” Sëtz un d’LibDems kéint verléieren. A wëll ee bei der Swinson Partei op eng grouss Wahlnuecht hofft, hunn d’LibDems och domat ugefaange, fir e.a. de Sëtz z’attackéieren deen aktuell dem Ausseminister Dominic Raab gehéiert.

#3: D’Beléifheet vu “Corbynomics”

All Sëtz deen een un d’SNP a Schottland oder un d’Liberaldemokraten zu London (oder aner Remain Platze) verléiert, ass e weideren dee sech d’Johnson Partei muss bei Labour siche goen. Aktuell leeft hir Strategie doropper eraus fir d’Brexit Wielerschaft ausserhalb vu London – zemools an de Midlands, dem Norde vun England an a Wales – hir langjäreg Oppositioun géint d’Tory Partei ofzeleeën. Falls dat engem bekannt vir kennt: dat war d’Strategie déi d’Theresa May 2017 probéiert hat… a ferm domat verluer huet. Ma eng Woch ass eng laang Zäit an der Politik, soen se an England, an da sinn iwwer 2 Joer eng hallef Éiwegkeet. Oder? En ben, Analyse deiten un dass Labour Brexit Wieler*inne nach ëmmer fir d’alleréischt Labour Wieler*inne sinn. Si si vläit net wierklech mam inoffizielle Slogan vun de Parteideeg vun de leschten 2 Joer averstanen – “Love Corbyn, Hate Brexit” – mä Etüde weisen dass si (a ganz vill net-Labour Wieler*innen) déi politesch lénk Finanzpolitik  vum Oppositiounschef, “Corbynomics,” gär hunn.

Iwwert de Summer huet den Johnson scho mat ville Versprieche fir méi Suen auszegi probéiert dës Leit bei sech ze kréien. Wéi wäit d’Tories ënnert hirem neie Chef wierklech bereet si fir Corbynomics ëmzesetzen/ze verspriechen ass eng vun den Haptfroen, déi eng Neiwahl wuel wäert entscheeden. D’Noriicht um Wahlowend muss deemno net onbedengt d’Fragmentatioun vun der pro-EU/Remain Säit si, mä wéi vill Labour Brexit Wieler, déi a fréiere Wahlen och emol UKIP gewielt hunn ier si 2017 nees “Heem” komm sinn, wierklech gewollt ware, fir hirt Kräiz bei den Tories ze maachen… oder och einfach doheem ze bleiwen.

#4: Leit wësse net méi, ween si 2017 gewielt hunn

Et gi net just gutt  Noriichte fir d’Oppositioun. Definitiv net. Wéi YouGov am Juli d’Leit gefrot huet, ween si vrun zwee Joer da gewielt hu, sote 45% déi Konservativ (déi kruten eigentlech 44%). 9% hu behapt si hätten d’Liberal Demokrate gewielt (obwuel et just 7% waren). Dat sinn awer nach zimlech kleng Feeler. Dat kennt vir. Dat ass net grave. Fir d’Labour Partei gesäit et anescht aus. Do hunn 33% gesot d’Sozialiste gewielt ze hunn, wann eigentlech 41% vun de Leit am Freijoer 2017 där Partei hir Stëmm ginn hunn. 

E sougenannte “false recall” vun 8 Prozent ass esou grouss, dass et en direkte Problem fir Ëmfroen duerstellt. E puer Haiser benotze nämlech d’Fro, ween ee bei de leschte Wahle gewielt huet, fir esou e richtege Sample fir déi nächst Sonndesfro ze hunn. Dat bréngt bal eng “lose-lose” Situatioun fir Meenungsfuerscher mat sech. Wann een dovun ausgeet, dass déi 8% als Ganzt e “false recall” sinn, an een deemno dann och näischt méi u sengem Sample muss ännere, kéint et herno sinn, dass ee eben awer net genuch Labour Wieler*innen a senger Ëmfro dran huet an de Support vun der Partei ënnerschat huet. Op der anerer Säit, wann een et verbessere geet, an also nach weider Labour Supporter a säi Sample ophëlt, fir esou op déi 41% vun 2017 ze kommen, kéint een de Support vun der Partei kënschtlech vergréissert hunn. A béide Fäll wieren d’Ëmfroe méiglecherweis zimlech wäit vum Endresultat ewech. Villäicht wier ee nees bei engem Desaster fir d’Ëmfroe, wéi een dat 2015 schonns gesinn huet, wéi déi eenzel Meenungsfuerscher vun engem Kapp-u-Kapp Rennen tëschent Labour a Konservativen ausgaange waren.

Fir eng politesch Partei stellt esou e “false recall” eng aner Zort Problem duer. E groussen Deel vun denge Wieler wëlle Meenungsfuerscher net méi onbedéngt soe, fir wee si elo wierklech d’leschte Kéier gewielt hunn. Dat kléngt net grad wéi wann déi Leit nach voll hannert deem sti, wat een aktuell fir d’Zukunft vum Land proposéiert. Ob dës Leit Remain Wieler*inne sinn, déi scho bei d’LibDems (oder SNP oder déi Gréng) iwwergelaaf sinn, oder ob et Brexit Wieler*inne sinn, déi iwwerleeë fir bei déi Konservativ oder d’Brexit Partei iwwer ze laafen, ass 1 vun den 2 grousse Froe fir d’Labour Strategen. Déi aner ass natierlech déi, wou déi Leit wunnen. Verléiert Labour “just” Support a Wahlbezierker, wou een eng grouss Majoritéit huet, an d’Gefor de Sëtz ze verléieren deemno méi kleng ass? Oder, an dat wier méi schlëmm fir si (a gutt fir d’Tories), geschitt dat Ganzt a Sëtz wou d’Majoritéit fir Labour (oder fir Tories) zimlech kleng ass, d.h. an deene Sëtz déi eng Wahl wäerten entscheeden?

#5: Déi nei Parteien

Fir seng “Sonndesfro” ganz op d’Ofstëmmung vun 2017 ze baséiere bréngt en aneren Challenge mat sech. D’Brexit Partei (an, zu engem méi klengen Deel, Change UK) kennen esou net wierklech richteg erfaasst ginn. Et wäert schliisslech déi éischte Kéier sinn, dass dës bei enger UK Nationalwahl wäerten um Wahlziedel stoen. Vrun 2 Joer hunn d’Supporter vum Farage a sengem “no-deal” Brexit vläit nach UKIP gewielt, oder Tory oder Labour. A wann een als Meenungsfuerscher de Leit eng “nei” Partei ganz spezifesch ernimms, wann ee seng Sonndesfro mécht, riskéiert een dass een de Support vun där Partei genee doduerch kënschtlech an d’Luucht setzt. A wann een d’Leit net drun erënnert, a si einfach selwer eng Partei musse nennen, kéint et natierlech och sinn, dass een de Support komplett ënnerschätzt. 

Fir seng Verloschter a Schottland, London an aner Remain Géigenden needs opzefänken muss den Johnson de Support vun der Brexit Partei an England an a Wales zimlech niddreg halen. De Premier huet e formelle “Pakt” mam Nigel Farage ausgeschloss an och déi moderat “One Nation” Konservativ Deputéiert dës Woch berouegt, dass een an engem Wahlprogramm kee No Deal géif verspriechen. Dat mécht dem Johnson seng Aufgab e gutt Stéck méi schwiereg. Mä wann ee méi genee op all d’Ëmfroe vun de leschte 4 Woche kuckt, da kéint de Punkt #4 him herno vläit ncah hellefen. Kuckt hei zemools op d’Ëmfrowäerter vun der Labour Partei an de Virsprong vun/Réckstand op déi Konservativ. (Als kleng Erënnerung ass et wuel och wichteg z’ernimmen, dass UKIP 2015, wéi de Cameron esou just eng absolut Majoritéit kritt huet, wëll hien de Liberaldemokrate bal all d’Sëtz geklaut hat, ganzer 12.6% am Land gewonnen huet.)

#6: D’Land bleift gespléckt

Dës Woch huet de Londoner Evening Standard e grousse “Poll of Polls” gemaach, an deem een 300 Ëmfroen zum Brexit analyséiert huet. D’Resultat wier kloer, schreift d’Zeitung, wou den Ex-Finanzminister George Osborne den Editor-In-Chief ass: de UK wier elo géint de Brexit. Hirt Resultat passt bal 1-zu-1 op dat vum Professor Curtice sengem aktuelle Poll of Polls, dee Remain bei 53% gesäit. Ma et muss een awer och festhalen, dass um Dag vum Referendum am Juni 2016, dee selwechte Poll of Polls Remain bei 52% gesinn huet.

Wärend 48% – genee deemno d’Resultat vu Remain am Summer 2016 – YouGov dës Woch gesot hunn, dass et an hiren Ae falsch ass, dass de UK fir de Brexit gestëmmt huet, esou sinn 80% vun de Konservative Wieler*innen a ganzer 98% vun de Brexit Wieler*innen do anerer Meenung. 90% vun der 2016 Remain Wielerschaft gleewt dass et eng falsch Decisioun war, wärend 86% vun der Brexit Wielerschaft et als richteg ugesäit. Bal 70% vu Jonken empfannen et als falsch, wärend 64% vu Senioren et als richeg Decisioun gesinn. 

A souguer bei der wichteger Fro wat um Ënn vun dësem Mount soll geschéie, falls d’Regierung a Parlament sech net op e (neien) Deal mat der Europäescher Unioun kann eenegen, ass d’Land méi wéi nëmme gespléckt, wéi eng ComRes Ëmfro vu vrun e puer Woche gewissen huet:

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.