De Partner vum Lakisha Briggs war grad aus dem Prisong eraus komm, wéi hien am Summer 2012 vrun der Hausdier vun der jonker Fra stoung. Et war keng schéin Iwweraschung. Si hat virstelleg Angscht, zemools ëm d’Sécherheet vun hirer 3 Joer jonker Duechter. Am léiwsten hätt si den Här Bennett nees fort geschéckt ma, wéi si der New York Times a Joer méi spéit sot, hat si “keng aner Méiglechkeet wéi e bei sech eranzehuelen.” D’Police hat der jonker Mamm scho virdrun eng Kéier kloer gemaach, dass si den 112 net méi kéint uruffen. Falls d’Police nach eemol forcéiert wier, fir op en Incident op hirer Address ze reagéieren, da géif Lakisha Briggs aus hirer Wunneng fléien. Déi Mëtt-30 Joer al Fra war gefaangen an engem sexistesche legale System, dee sech rapid um lokale Plang an de leschte 25 Joer ausgebereet huet.

Supporter vun dëse sougenannte “crime-free” Zonen argumentéieren, dass dës d’Sécherheet fir an där Géigend erop setzt. Dës “nuisance” Gesetzer, déi, laut enger Etüd, an elo 44 US Staate um lokale Niveau present sinn, hëllefen den Autoritéiten an deenen Dierfer fir “schwiereg” Residenten ouni e formelle legale Prozess eraus ze puchen. Hir Geschicht geet eigentlech op d’Amerika vum Ronald Reagan an dem Kampf am Drogekrich zréck. Ma haut si vill vun hiren Affer Leit, déi an hirem Doheem Gewalt erliewen. D’Zuelen aus der Stad Milwaukee (Ohio) weisen, dass bal all 3. Fall do op häuslech Gewalt zréck geet. De Matthew Desmond, e Soziolog vun der Harvard University, deen zesumme mam Nicol Valdez vun der New Yorker Columbia University d’Daten analyséiert huet, nennt dës Gesetzeslag, déi net op d’Ëmstänn vun den 112/113 Uriff kuckt, eng Gefor “fir dat fundamentalt Mënscherecht fir d’Police ëm Hëllef ze ruffen.” Well e puer Uriff un d’Police dozou féieren, dass d’Autoritéiten Drock op e Landlord maache, fir de schwierege Locataire op d’Strooss ze setzen, huet dat natierlech och en direkten Impakt op d’Muechtverhältnisser an esou enger gewaltvoller Bezéiung. Date vun enger 2016 Etüd weise kloer, wéi dës Gesetzer en Affer vun häuslecher Gewalt nach méi vulnerabel maachen.

Dat ass och genee, wat beim Lakisha Briggs geschitt ass. Well hie wousst, dass seng Frending hir Wunneng verléiert, falls si nach eemol d’Police rifft, huet hire Partner, deen du schonns Alkohol am Blut hat, dës Muecht zu sengem Avantage genotzt. Hien huet si mental ugegraff ier dunn d’Situatioun ganz eskaléiert ass. Op eemol ass de Bennett mat engem gebrachen Äschebecher op seng Partnerin duergaang. Eng schwéierer Won um Kapp an eng ronn 10cm grousser oppener Won am Hals war séier d’Resultat. Déi jonk Fra huet missten ëm hirt Liewe kämpfen. Mä ir si dat richteg konnt maachen, huet si fir d’éischt nach missten hire Noper, deen de Sträit gesinn hat, missten ubiedelen, dach w.e.g. net d’Police ze ruffen. Kuerz drop war si vu sech, an de Noper huet séier den 112 geruff. D’Police huet de Bennett festgeholl an hie gouf spéider zu bis zu 2 Joer Prisong verurteelt. En Helikopter huet d’Briggs an eng Clinique zu Philadelphia bruecht, wou si urgent behandelt gouf. Wéi si am Gaange war, fir sech vun der Attack z’erhuelen, hunn d’Autoritéiten an hire Stad Norristown am US Staat Pennsylvania schonns d’Drock op hire Landlord gemaach. Dësen hat elo zwou Méiglechkeeten: entweder hie bezillt eng Strof vun $1,000 den Dag, a riskéiert seng Lizenz fir ze verlounen ze verléieren, oder e pucht d’Lakisha Briggs mat hirem 3 Joer ale Kand eraus. Net mol 10 Deeg no der Attack gouf alles an d’Weeër geleet, fir déi 2 Fraen eraus ze puchen.

If I called the police to get him out of my house, I’d get evicted. If I physically tried to remove him, somebody would call 911 and I’d be evicted. – Ms Briggs

D’Gesetz ass do nämlech kloer. All Member vum Haushalt – ob Täter oder Affer – mussen an dëse “crime-free” Zonen aus der Wunneng gepucht ginn. Vill vun hinne liewen dann op der Strooss. De National Network to End Domestic Violence mengt dass bal 40% vun den Affer vun häuslecher Gewalt eng Kéier opdachlos war/gëtt. Bis zu 57% vun den Affer soen, dass si den Daach iwwert hirem Kapp als direkt Konsequenz vu Gewalt am Stot verluer hunn. Haut si bal een Drëttel vun der obdachloser Bevëlkerung an den USA Familjen. Zwee Drëttel vun hinne gi vu gréisstendeels jonke Frae, déi eben oft Affer vu Gewalt goufen, geleet. An d’Liewen op der Strooss setzt d’Wahrscheinlechkeet vu weiderer Gewalt géint si natierlech an d’Luucht. Etüde weisen, dass obdachlos Fraen vill méi oft vergewaltegt gi, wéi Fraen déi een Daach iwwert dem Kapp hunn.

D’American Civil Liberties Union (ACLU) huet sech dem Lakisha Briggs säi Fall ugeholl gehat. Et wollt een, dass dëst lokal Gesetz géif ofgeschaaf ginn. Am September 2014 hu sech béid Säiten op aussergeriichtlech geeënegt. Norristown huet der Madame Briggs bal eng hallef Millioun als Kompensatioun a fir Affekote Fraise bezuelen, an hir Gesetzesgebung geännert.

“I thought calling 911 would help stop the abuse, but instead Maplewood punished me. I lost my home, my community, and my faith in police to provide protection.” – Ms Watson

Keng 2 Joer méi spéit huet e Mann am Lakewood am US Staat Ohio seng Frendin brutal attackéiert. Mat enger gebrachener Nues an enger Gehirnerschütterung ass d’Fra bei hire Nopere gelaaf, fir d’Police ze ruffen. Grad eemol 72 Stonnen huet et gedauert, du krut hire Landlord Post vun den Autoritéiten: “This activity qualifies the property as a nuisance.” (D’lescht Joer huet dëst Duerf hir Gesetzesgebung dunn och geännert.) Am Maplewood am US Staat Missouri huet Madame Watson d’Police véier Mol misste ruffe, well hiren Ex-Frënd si attackéiert huet. Hien huet mat engem Messer an hir Been gestach, an d’Broscht geschloen, a gewiergt.” Si hat awer laut dem Gesetz keen Uruff fir esou Noutfall ze gutt. Zu Maplewood hunn Affer vu Gewalt just zwee Mol bannent 6 Méint d’Recht gehat, fir den 112/113 ze ruffen. D’Watson gouf kuerzerhand aus der Stad gepucht. D’ACLU huet sech och nees dëse Fall ugeholl an d’Stad Maplewood verklot. A Joer no der Klo, huet een sech och hei konnten eengen, e.a. dorop fir d’Gesetz ofzeschaafen.

Ma nach ëmmer sinn dës awer op ville Platzen am Land aktiv. Richteg schlëmm ass et dann och, wann ee bedenkt, dass Norristown, Lakewood, a Maplewood all hir Positioun dozou just geännert hu, nodeems sech Affer beklot hunn a mat legale Konsequenze gedrot hunn. Dobäi kann een déi dräi Fraen eigentlech nach als déi “glécklech” bezzechen. Et hätt kéinte sou vill méi schlëmm sinn.

E Problem, dee Fraen am meeschten trefft

“Ech sinn oft an der Nuecht erwäscht vun dem “spin, click, spin, click” Geräich vun enger Waff, déi widder mäin Hals gedréckt gouf,” sou d’Angela géigeniwwer Everytown, déi sech fir méi staark Waffegesetzer asetzen. Et ass eng traureg Erennerung dorun, dass Waffegewalt a gréisser Schéissereie net just a Schoulen, Kinoen, Nuetsclibb, oder Akaafszentre geschéien. Vill geschéien an den eegene 4 Wänn. Iwwer 4 Milliounen Fraen, déi haut an den USA liewe, goufe scho mol eng Kéier vun hirem Partner mat enger Waff bedrot. Zum Verglach: Los Angeles, wat déi zweet gréisste Stad am Land ass, huet grad eemol 3.9 Milliounen Awunner. Op bal 1 Millioun Frae hunn déi direkt Liewenspartner scho geschoss. En faite, gëtt all 16 Stonnen eng Fra an den USA vun hirem aktuellen oder fréiere Partner ëmbruecht.

De sougenannte “Brady Bill,” wat dat lescht grousst Gesetz géint Waffegewalt war, gouf 1993 vun der Clinton Presidentschaft ëmgesat. Et enthält vill Schlupfläscher fir Krimineller. Wärend d’Gesetz zwar federal Background Checks festsetzt, wann een eng Waff wëll bei engem lizenzéierte Verkeefer kafen, esou mussen dës FBI Checks bannent 3 Geschäftsdeeg ofgeschloss ginn. Falls d’Autoritéiten dës Deadline net kennen anhalen, da muss de Verkeefer dem Mann/der Fra d’Waff egalwéi verkaafen. Politiker nennen dës Provisioun, déi deemols vun der Waffelobby NRA gepusht gouf, “Charleston loophole.” De Rassist, deen 2015 an enger schwaarzer Kierch zu Charleston am US Staat South Carolina 9 Leit ëmbruecht hat, hat dank dëser Provisioun seng Waffe ganz legal konnte kaafen, obwuel hien de Background Check soss net gepackt hätt.

“Dangerous people with guns are a threat to women. Criminals with guns. Abusers with guns. Stalkers with guns. That makes gun violence a women’s issue. For mothers, for families, for me and you.” – Gabby Giffords

Ma et hëlleft net nëmme rassistesch Massemärder, mä och Leit déi an der Bezéiung Gewalt uwenden. Date weisen elo schonns, dass 11% vun allen US Bierger, déi hiren Beckground Check net packen, an deemno keng Waff bei engem lizenzéierte Verkeefer kenne kaafen, wéinst Violatioune vun häuslecher Gewalt duerch falen. Eleng 2017 kruten awer iwwer 1,100 esou Leit wéinst dem “Charleston loophole” ganz legal trotzdeem eng Schosswaff ze kaafen. Wann e bedenkt dass Affer vun häuslecher Gewalt bis zu 5 Mol méi eng grouss Wahrscheinlechkeet hunn dass si vun hirem (fréiere) Partner ëmbruecht gi, wann dësen eng Schosswaff huet, mierkt ee wéi schiedlech dës Provisioun zemools fir d’Fraen an de Vereenegte Staaten ass.

South Carolina, deenen hir Positioun bei Kanner Bestiednisser mer jo am 1. Deel gesinn haten, ass och hei nees vir mat dobäi. Am Joer 2015 huet The Post and Courier vun Charleston d’Femicizden an hirem Staat, deen iwwerschwämmt ass mat Waffen, analyséiert. D’Reportage “Till Death Do Us Part,” deen an deem Joer och de Pulitzer Prize gewonnen huet, beschreiwt de schwéiere Wee am Kampf fir méi Schutz géint Gewalt géint Fraen. “Iwwer 300 Fraen goufen an de leschten 10 Joer vu Männer aus South Carolina erschoss, erstach, erdrosselt, erschloen, mat engem Knëppel geschloen, oder lieweg verbrannt,” sou d’Zeitung deemols, wéi dëse Südstaat alt nees, a fir déi 4. Kéier noeen, d’Nummer 1 am Land war, wat d’Morden u Fraen ugeet. Et war grad du, wéi e weidere Versuch fir e Gesetz fir Schutz géint Gewalt géint Frae nees am staatleche Parlament gescheitert war. Den Tom Corbin, e State Senator dee géint d’Reforme war well eng Provisioun an der Gesetzespropos och d’Waffe limitéiert hätt, huet seng Oppositioun mat enger Szen aus der TV Comedy Show “All in the Family” erkläert. Wann e Mann seng Fra oder (Ex-)Frëndin wéilt ëmbréngen, an e keng Schosswaff méi hätt, da géif hien eben einfach e Messer fir de Mord benotzen, sou de Republikaner. An anere Wierder: d’Schosswaffe si net wierklech Schold un dësem Problem.

E bëssche méi spéit, nodeems den Drock op d’Politiker dann dunn awer wierklech ze grouss ginn ass, huet een sech op eng kleng Reform konnten eenegen. Et huet een zemools d’Stroofe fir Täter vun häuslecher Gewalt an d’Luucht gesat. Haut, 2019, ass South Carolina de 6. geféierlechste Staat fir Fraen, firwat verschidde Politiker nees eng Kéier iwwert dës Thema am staatleche Parlament wëlle schwätzen.

Firwat huet dëse Südstaat net wierklech d’Zuel vun de Femiziden drastesch konnten erofsetzen? Do ginn et zwee Grënn. Éischtens, ass South Carolina 1 vun 41 Staaten, déi Täter vun häuslecher Gewalt net dozou verpflichten, hir Waffen déi si vrun enger Verurteelung kritt hunn, nees ofzeginn. Zweetens definéiert d’2015 Gesetz “häuslech Gewalt” als Gewalt géint een anere Member an deem Haus. Zuelen awer beleeën dass déi bestuete Männer “genee esou gutt” hir Partnerinnen ëmbrénge, wéi dat den “einfache” Frënd ka maachen. Grad eemol 20 US Staaten, sou wéi Washington D.C., hunn de sougenannten “boyfriend loophole,” deen och dem Frënd net erlabt méi Waffen ze kaafen, falls hie gewaltäteg ginn ass.

D’Resistenz

Zu Washington ass dat federalt Violence Against Women Act vu 1994, wat e.a. vum deemolege Senator Joe Biden geschriwwe gouf, am leschte Shutdown am Ufank vum Joer ausgelaaf. D’Gesetz, wat ganz e.a. vill Sue fir Crimes géint Fraen a Meedercher zu Verfügung gestallt hat a gréisser Stroofe fir Täter mat sech bruecht huet, gouf 1994 mat Stëmme vun Demokraten a Republikaner ugeholl. An de Joren 2000 an 2005 gouf et nees mat Stëmme vu béide Parteie verlängert. Et war 2012 wéi konservativ Republikaner eng éischte Kéier e Problem domat hate, fir d’Gesetz ze verlängeren. Dëst war zemools de Fall, well Gesetz och gläichgeschlechtlech Koppele natierklech geschützt huet (an dat kéint gewäert ginn, dass de federale Staat, deen zu deem Zäitpunkt esou Bestiednisser nach net unerkannt huet, esou Relatioune géif gutt heeschen) an och illegalen Immigranten an esou Situatioune Schutz bruecht huet. No engem lange Sträit huet de Kongress dunn awer 2013 d’Gesetz eng leschte Kéier verlängert. Zënter dass et elo ausgelaaf ass, goufen et e puer Versich et nees duerch d’Instanzen ze bréngen. D’NRA hat (an huet) zemools e Problem amt der Provisioun, déi eben Täter a Stalker géif Schosswaffen ewech huelen. Si hu staark géint Propos gekämpft. Ma um Ënn huet d’Representantenhaus, wou d’Demokrate d’Majoritéit hunn, d’Gesetzespropos awer gestëmmt. Dës nei Propos géif dann och de Fair Housing Act ëmännere, fir dass d’Leit och vun hirem Recht kéinte gebrauch maache, fir d’Police ëmmer no hëllefe ze froen. Bis elo huet de Senat, wou d’Republikaner d’Majoritéit hunn, refuséiert fir iwwerhapt iwwert d’Propos ofzestëmmen.

Keen Demokrat stéiert dat méi, wéi den Joe Biden. Keen Demokrat schwuatzt sou gär iwwert dat 1994 Gesetz, wéi hien. De Vize President gesäit et als säi gréissten Erfollef a senger langer Zuait am Senat un – a benotzt et wuel och gär als Géigenargument zur Kritik zum Anita Hill. Beim groussen Thema vun der Waffegewalt bleift de Mann vun Delaware awer bis elo bei den traditionellen demokratesche Positiounen. Hien ass dofir, dass gréisser Schosswaffe nees verbuede ginn an Background Checks (mat wuel dem Ënn fir “Charleston loophole” a “boyfriend loophole”) vergréissert ginn. Dat si politesch sécher Positiounen op dësem kriddelegen Thema.

Leider sinn dës, déi esou beléift bei villen Demokrate sinn, awer och net extrem nëtzlech am Kampf géint Waffegewalt. Etüde weisen dass e Verbuet vu gréissere Schosswaffe wéi AK-47 wuel “just” Zuel vun den Doudegen bei gréisseren ëffentleche Schéissereie verkléngeren. Handlech Schosswaffen, déi bal ni vun de Politiker bei deem Thema ernimmt ginn, sinn awer weiderhi fir d’Majoritéit vun den Doudegen duerch Waffen verantwortlech. Si ginn dann och éischter vun Femizid Täter benotzt, wéi déi grouss militäresch Schosswaffen. An den Ausbau vu Background Checks op privat Verkeefer (ob online, Foire oder an der Famill) ass zwar extrem populär bei der amerikanescher Bevëlkerung, mä gläich e puer Etüden hunn an de leschte Méint gewisen, dass och dës Mesure nëmme wéineg géif bréngen.

Et gëtt eng Propos, déi, wéi et momentan schéngt, do éischter kéint hëllefen. Et ass déi, déi zu Massachusetts, wou dëst ëmgesat gëtt, “gun licensing” nennt. An einfache Wierder heescht et, dass de Keefer fir d’alleréischt mol muss eng Lizenz fir eng Schosswaff muss hunn. (Ech weess, als Europäer kléngt dat zimlech logesch.) Massachusetts huet mat deem Programm déi niddregsten Quot vu Mordfäll a ganz Amerika kritt. Politesch genee esou wichteg ass och, dass dëse Programm net géint d’Verfassungsrecht vun den Amerikaner verstéisst, fir Waffen ze kafen an ze besetzen. Et mécht et ebe just méi bürokratesch, fir un eng Waff ze komme, wat da scho mol direkt (oder am Laf vum Prozess) vill Leit dovun ofhält, fir wierklech eng Schosswaff wéilten ze kaafen. D’Senatorin Elizabeth Warren, déi aktuell déi gréisste Gefor fir den Joe Biden an der Nominatioun fir d’Presidentschaft duerstellt, wëll esou e Programm aus hirem Heemeschtsstaat op nationalem Plang ëmsetzen. Et ass e weidere, wann och klenge, Kontrast tëschent den (aktuell) 2 Topfavoriten op déi demokratesch Nominatioun.

De fréiere Congressman Beto O’Rourke, dee weiderhi Problemer huet fir richteg an d’Gäng ze kommen, gouf awer um TV Debat dëse Mount deen éischten Demokrat, deen op dësem Punkt e gutt Stéck méi no lénks gaangen ass. Hie sot de Leit, dass “mir är AR-15, är AK-47” wäerten ewech huelen. Esou Militärwaffen sollte vun Zaldoten benotzt ginn, net vun Zivilisten. Staate wéi South Carolina, wou eben den Täter vun häuslecher Gewalt Schosswaffe net ewech geholl ginn, wësse wéi wichteg esou e “buyback” Programm kéint si, fir dës Epidemie op en Ënn ze bréngen. Mä wärend déi wëssenschaftlech Beweiser, genee wéi verschidden demokratesch Spender, op der Säit vum O’Rourke sinn, esou wollt kee vu senge Konkurrent een ähnlecht Argument maachen. En faite, sot de Buergermeeschter vu South Bend, Pete Buttigieg, dee, nieft Biden, Sanders a Warrenm, wuel genuch Suen huet fir wuel bis ganz zum Schluss an der Course ze bleiwen, dass dës Argument vum O’Rourke de Republikaner an der NRA hëlleft. Esou e Programm géif, esou d’Kritiker, wuel och vun der jonker konservativer Majoritéit um Supreme Court als verfassungswiddreg deklaréiert ginn. Dat kéint duerchaus geschéien, an am Moment ass keen Demokrat, och net den O’Rourke, bereet fir bei dësem Thema e weidere Schrëtt no lénks ze goen, an eng Ofschaafung vum Second Amendment ze fuerderen.

Trotz all deem Gespréich déi lescht 3 Joer vun enger “Resistance,” an de villen Artikelen a publizéiert Meenungen, dass demokratesch Aktivisten d’Partei no den Obama Joeren, an där batterer 2016 Defaite, komplett no lénks gezunn hätte, behält de fréiere President och haut nach Recht. “Progrès,” sot hie bei senger Victoire 2012, “kennt op eng sporadesch Mannéier. Et ass net ëmmer eng riicht Linn. Et ass net ëmmer en einfache Wee.”

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.