Si war grad eemol 11 Joer jonk, wéi hien ugefaangen huet, si sexuell ze belästegen. Iwwer ee Joer laang huet den 30 Joer ale Mann d’Dawn e puer Mol vergewaltegt. Dunn ass d’Meedche schwanger ginn. Et war dat de Moment, wou seng Eltere gewuer gi si, wat geschitt ass. Déi meescht géifen an esou engem Fall wuel bei d’Police laafen an eng Plainte géint de Mann maachen. Dem Dawn seng Elteren sinn een anere Wee gaangen. Si hunn decidéiert, dass hirt dunn 13 Joer jonkt schwanger Meedchen hire Vergewalteger misst bestueden. De Mariage vum Dawn Tyree huet vrun iwwer 30 Joer statt fonnt. Ma et war weder déi éischt nach déi leschte Kéier, dass e mannerjäregt Meedchen an den USA bestued gouf. Domat mécht d’Land doheem genee dat, wat een um globale Niveau onbedéngt well op en Ënn bréngen. Den Ausseministère ënnert der Obama Regierung huet de Mariage mat Mannerjäregen an engem Bericht ënnert anerem een “Abus vun de Mencherechter” genannt. A ville Staate kennen d’Elteren ënnerschreiwe, fir dass hirt Kand sech dierf bestueden. (Esouguer wann d’Kand vrun den Autoritéite steet ze kräische, wärend Papp oder Mann de Formulaire ënnerschreiwt, kennen dës näischt maachen.) An aneren ass et, genee wéi och zu Lëtzebuerg no der Gesetzesännerung ënnert der Dräierkoalitioun, erlabt dass e Riichter de Mindestalter fir e bestëmmte Mariage kann erofsetzen. A verschiddenen US Staaten, déi der Justiz dëst Recht zou spriechen, huet ee keng ënnescht Alterslimit fir esou eng juristesch Entscheedung festgeluecht.
Esou goufe, laut Schätzungen, eleng tëschent 2000 an 2010 an den USA ronn 248,000 Kanner bestued. Wéi sou oft sinn dat an den allermeeschte Fäll Meedecher, déi, wéi zum Beispill am Staat Louisiana geschitt, 12 Joer jonk kenne sinn. De Mariage ass de “gëllenen Ticket” fir Männer, wa si sech un engem Meedche vergaangen hunn. Am South Carolina beispillsweis, wou ënnert de bal 7,000 Kanner Mariagen an de leschten 2 Joerzéngten och e 16 Joer jonkt Meedchen an e 60 Joer ale Mann war, erlabt eng spezifesch Reegel engem Vergewalteger esou net an de Prisong ze goen. Eigentlech seet dat staatlecht Gesetz, dass ee minimum 16 Joer muss hu, fir sech ze bestueden, ma wann d’Braut schwanger ass, da fält d’Altersgrenz komplett ewech. Esouguer d’Politiker am staatleche Kongress soten si wousste näischt vun dëser Gesetzeslück. Do muss een dobäi soen, dass déi staatlech Senatorin Shealy, eng Republikaner, déi sech fir d’Ënn vun der “Reegel” asetzt, 2012 déi eenzeg Fra gouf, déi am staatleche Senat souz. Am Januar dëst Joer réischt huet dunn de staatleche Senat an dat staatlecht Representantenhaus en (eegene) Gesetzesprojet unanime gestëmmt, fir dës Lück ze schléissen – an, am Fall vun der Propose vum “House” och d’Altersgrenz fir e Mariage op 18 Joer festzeleeën. Elo musse béid Kummere sech op e gemeinsamen Text eenegen, ier et da, no 1 weiderer Ofstëmmung, bei de Governor fir seng Ënnerschrëft geet.
A villen anere Staate gesinn d’Chance manner gutt aus. Kee Staat a keng Gesetzespropos weisst sou gutt, wéi schwéier et fir Organisatioune wéi Unchained At Last ass, déi sech fir e nationale Verbuet vu Kanner Hochzäiten asetzt, wéi d’Geschicht vum “Cassandra sengem Gesetz” (Cassandra’s Bill). D’Gesetzespropos ass nom Cassandra Levesque benannt, wat bei de Scouten aktiv ass a geschockt war, wéi et erausfonnt huet, dass Meedecher a sengem Alter a sengem Staat New Hampshire sech kéinte bestueden. Dat jonkt Cassandra huet eng Campagne gestart, fir dat staatelcht Gesetz z’änneren. Politiker*innen, déi mat him averstane waren, hu mam “Cassandra’s Bill” gehofft, d’Altersgrenz op 18 festzeleeën. Aner Leit an der Haptstad ware net sou frou driwwer. Den David Bates, e Republikaner deen zu deem Zäitpunkt nach am staatleche Representantenhaus souz, war ee vun deene Leit. Hien huet beklot, “We’re asking the Legislature to repeal a law that’s been on the books for over a century, that’s been working without difficulty, on the basis of a request from a minor doing a Girl Scout project.” Um Ënn huet déi republikanesch Majoritéit am Representantenhaus d’Gesetzespropos gestoppt.
Am New Jersey, wou iwwer 1,800 Kanner (2000-2010) bestuet goufen, dorënner och en 13 Joer jonkt Meedchen, ass en anere Staat, wou e Republikaner um Ënn eng Gesetzesännerung blockéiert huet. D’Gesetzespropos, déi vum elo Ex-Governor Christie gestoppt gouf, hätt d’Altersgrenz op 18 gesat. Erréischt nodeems den Demokrat Phil Murphy zum Governor gewielt gouf, an d’Politiker*innen et direkt nach eemol am Parlament probéiert hunn, gouf et een Erfolleg. Am Juni 2018 ass de “Garden State,” wéi dëse Staat genannt gëtt, deen 2. am Land ginn, deen all Mariage ënner 18 Joer verbitt. Dem Murphy säi Parteikolleg Carney hat just e puer Woche virdru säi Staat, Delaware, zum 1. am ganze Land gemaach, wou dës nei Reegel besteet. Bis haut sinn dës Ostküste-Staaten, déi eenzeg déi se ëmgesat hunn.
An Zuele weise wéi wichteg esou eng Gesetzesännerung ass. D’Wahrscheinlechkeet dass eng Fra vun hirem Mann geschloe gouf ass dräi Mol méi grouss, wann d’Fra als Meedchen, also vrun hirem 18te Gebuertsdag, bestued goufe. Den U.S. Center of Disease Control and Prevention seet souguer, dass Meedercher tëschent 16 a 19 Joer déi Grupp ass, déi am meeschte vun häuslecher Gewalt betraff ass. Hire Gesondheetszoustand gëtt méi schlecht an hire Risiko fir Kriibs oder een Häerzinfarkt ze kréie steigt ëm ganzer 23 Prozent.
Ma eng Ännerung elo mécht näischt fir déi Meedercher, déi elo rezent nach bestuet goufen. Déi Männerjäreg wende sech zwar oft alt eemol un eben esou Organisatioune wéi Unchained, ma dat ass an den allermeeschte Fäll deen einfachste Schrëtt.
Eng mannerjäreg Persoun, ob bestued oder net, déi vun doheem fortleeft ass genee dat – eng Persoun, déi fortgelaaf ass. An en Heem fir Affer vun häuslecher Gewalt kommen dës Kanner dofir net eran. Déi leenen all Persoun ënner 18 Joer of. D’Meedercher kréie wuel e Bett an engem Jugendheem, ma dierfen do och just eng kuerz Zäit (normalerweis bis zu 3 Woche) bleiwen. Vill méi schlëmm ass awer, dass déi Deeg, wéi an all “normale” Fall, benotzt gi, fir déi mannerjäreg Persoun nees heem bei “seng” groussjäreg Persoun ze kréien. D’Jugendamt kann och an där Situatioun net hellefe, well si natierlech net fir d’Preventioun vu (nach fir d’Flucht vrum) legale Mariage verantwortlech sinn. Am schlëmmsten ass awer, fir dës jonk Affer vu fraefeindlecher Gesetzesgebung, dass een och net een “einfachen” Divorce ka kréien. E Kontrakt tëschent engem Affekot an engem Mannerjäregen ass bal ëmmer null & nichtig, firwat vill vun hinne engem Kand iwwerhapt keng Servicer ubidden. Ma souguer wann en Affekot hei wëll hellefe, kéinten si net allzevill maachen. Kanner dierfe nämlech keng juristesch Prozeduren an hirem eegene Numm maachen. Unchained, déi selwer kennen a legal Problemer gerode, falls si deene Meedercher probéiert iergendwéi ze hellefen, seet, dass vill Meedercher verzweifele, soubal d’Organisatioun hinne matgedeelt huet, wéi scheinbar hoffnungslos d’Situatioun ass. Verschiddener, sou Unchained At Last, probéieren dono sech d’Liewen ze huelen an alt wéinstens esou een definitivt, wann och trauregt, Ënn erbäi ze féieren.
Kanner, déi iergendwéi Kraft fanne, fir weider bis hiren 18. Gebuertsdag ze kämpfen, hunn dann eng Méiglechkeet fir aus deem Albdraam erauszekommen. Bis zu 80% vun de Kanner Bestiednisser an den USA ginn herno nees gescheet. Verschiddener vun deene Frae hunn da méi e glécklëcht Liewen, och wa si mat grousser Wahrscheinlechkeet Problemer mat hirer mentaler Gesondheet wäerte bis un hiert Liewensënn behalen. Mä anerer kennen duerchaus nees an e weidert sexistescht Gesetz falen, wouropper den 2. Deel vun dëser Serie wäert agoen.