Déi medezinesch Kannabis Industrie wiisst ganz rapid. D’läscht Joer huet mam Vereente Kinnekräich e vun de gréissten westleche Staaten de Prozess vun der Legaliséierung ugefaangen. Dass d’Zuel vun de Länner, déi dës Drog als Medezin lefgaliséiere klëmmt, freet d’Firmen aus Kanada ganz besonneg. Do wiisst déi gréng Drog nämlech am meeschten – zumindest wat de legale, medezinesche Bedarf ugeet. “Mir ginn dovunner aus, dass d’Europäesch Unioun de weltwäit gréisste Marché fir medezinesche Kannabis gëtt,” sou d’Tilray Firma vun Toronto. Lëtzebuerg, wat selwer dëse Schrëtt Ufank dëst Joer gaangen ass, ass eent vun de Länner, déi d’Substanz aus dem Norde vun Amerika kréien. Ufank dës Mounts huet eng onerwaarte Rupture vum Stock dofir gesuergt, dass de Gesondheetsministère d’Deeler vum Programm gestoppt huet. Applikatioune vu neie Patiente konnte net méi akzeptéiert ginn, sou de Ministère an engem Communiqué. Et konnt een och net soe, wéini dann elo genee de ganze Gesondheetsprogramm nees wäert laafen. Wärend Lëtzebuerg wuel just e klenge Prozentsaz vun dësem Marché – deen 2025 ganzer 66.3 Milliarden US Dollar soll wäert sinn – vertrëtt, esou huet de Grand-Duché hei déi selwecht Problemer wéi Kanada.
Net manner wéi e Véierels vun alle kanadesche Patienten hunn an enger rezenter Etüd, déi vun Canadians for Fair Access to Medical Marijuana (CFAMM), der Arthritis Society an der Canadian Pharmacists Association (CphA) gemaach gouf, uginn, dass et vill méi schwéier ginn ass un hir Medezin ze kommen. Bal d’Hallschent huet zouginn, dass een d’Drog alt um Schwaarzmaart kaaf huet, wou de Kannabis dann och nach vill méi bëlleg ass wéi an de legalen, ëffentleche Geschäfter. Bei de Leit mat wéineg (d.h., ënner 50,000 kanadesch Dollar) Akommes läit de Prozentsaz vun de kranke Leit, déi hir Medezin op de Schwaarzmaart siche gaange si, bei ganzer 60%. Op deem Schwaarzmaart hu si dann och net missten déi Steier bezuelen, déi vill krank Leit als “onfair” bezeechen. Wéi d’Trudeau Regierung nämlech de Kannabis legaliséiert huet, huet een eng 10-15% Steier op dem medezinesche Kannabis agefouert. Dat sollt verhënneren, dass Leit, nodeems et näischt legales esou méi gëtt, sech géifen un de medezinesche Kannabis eru maachen.
Dat Ganzt brengt gréisser Gefore mat sech. D’Gras um Schwaarzmaart ass net sou propper, wéi dat wat een an den Apdikthen oder offizielle Geschäfter ze kaafe kritt. En plus, kritt een do natierlech net déi néideg medezinesch Informatiounen. Dat ass zemools schlëmm, wann e bedenkt, dass bal 60% vun de Kanadier, déi d’Drog konsuméieren, gläichzäiteg nach (aner) Medikamenter zou sech huelen. Een Drëttel vun hinne hëlt sech guer kee medezinesche Rotschlo, an déi déi et maache kucken op ënnerschiddlech Leit. Wärend d’Baby Boomers bal kengem ausserhalb vun der Medezin vertraue, wann et ëm Informatiounen zum (medezinesche) Kanabis geet, esou vertrauen 85% vun de Jonken och engem Kolleg, dee scho mol eng Kéier medezinesch Marijuana benotzt huet, fir him do déi richteg Informatiounen ze ginn.
Net alleguerten déi kanadesch Patienten, déi mat enger Rupture an hirem Stock, souwéi mat méi héiche Käschten, hu missten eens ginn, sinn op de Schwaarzmaart gaangen. Mä souguer déi Leit hu sech Risiken ausgesat. Si hunn entweder eng vill ze kleng Dosis zou sech geholl an/oder hir aktuelle Kannabis Portioun op eng vill méi laang Zäit ausgebaut. Laut där uewe genannter Etüd hu 64% vun de Patienten dëst scho mol eng Kéier gemaach.
D’Etüd ass e Géigebild zur Aussoe vun der liberaler Trudeau Regierung, dass hir “Pläng fonktionnéieren.” A Spriecher vun der Regierung sot vru Kuerzem dem Boston Globe: “After only a few months, we have already displaced a sizeable portion of the illicit market and the rate of consumption remains unchanged.”

(Numbers: Statistics Canada)
Déi neisten Zuele vu StatisticsCanada weisen awer dass d’Regierung, där hir Zil et ass de Schwaarzmaart beim Kannabis komplett auszeläsche, nach ganz wäit ewech dovunner aus. D’Zuel vun de Leit, déi uginn hunn, hir Kannabis illegal kaaf ze hu, wëll dësen um legale Wee “ze deier” war, ass vu 27% am 1. Quartal 2019 op 34% am 2. Quartal geklommen. Dat huet d’Agence an engem Communiqué vrun e puer Woche matgedeelt. Am Ganze ass d’Zuel vun de Leit, déi Marijuana illegal kaaf hu vu 55% am Q1 op 59% am Q2 geklomme, wat dem Schwaarzmaart seng Positioun als kloer Nummer 1 weider bestätegt huet. Dat nordamerikanescht Land huet deemno de nämmlechte Problem wéi Uruguay, wat am Dezember 2013 dat éischte Land op der Welt gouf, wat de Marijuana legaliséiert huet. De Stock an den Apdikthe vum Land war no grad eemol 24 Stonne fort an d’Leit sinn zréck op de Schwaarzmaart gaangen. Bis haut keeft d’Majoritéit vun de Leit hire Kannabis um Schwaarzmaart, wéi d’Dokumentatioun vun Arte festgehalen huet.
A Kanada ass de grousse Boom fir de Schwaarzmaart e Grond firwat, an de Wieder vum Mitch Bourbonnierre, e Community Social Worker am Winnipeg, d’Gesetz zur Legaliséierung hir Resourcen am Kampf géint d’Drogenofhängegkeet schwéier belaaschten. D’Autoritéiten an dëser kanadescher Stad gleewen, dass d’Legaliséierung vun der Drog hinnen 3.5 Millioune kanadesch Dollar eleng an de Joren 2018 an 2019 wäert kaschten. Aner Gemenge, wéi Calgary an der Provënz Alberta, gi vu nach méi héiche finanzielle Käschten aus. De Buergermeeschter Nenshi mengt dass d’Gesetz der Stad iwwer 10 Millioune kanadesch Dollar an där Zäit dierft kaschten.
Elo, wou Lëtzebuerg sech prett mécht fir dat 1. Land an der Europäescher Unioun (an de UK vläit dat zweeten europäescht Land) ze gi, wat d’Gras fir erwuesse Residente legaliséiert, steet de Grand-Duché vrun de selwechte Problemer wéi Kanada an Uruguay. D’Angscht vu verschiddene Leit, dass d’Legaliséierung och en Anstieg vu jonke Leit kéint bedeiten dierft awer net berechtegt sinn. Wärend esou Ängscht verständlech sinn, esou weise Kanada (an den US Staat Colorado, deen d’Drog am Joer 2014 legaliséiert huet an där hire Chef vum Public Health and Environment Department, Dr Larry Wolk, och an där ARTE Dokumentatioun interviewt gëtt) keen esou een Impakt. Hei hunn deemno d’Legislateuren a Nordamerika, déi richteg Äntwerte fonnt.
Och de Justizminister Braz war impressionnéiert vun der kanadescher Gesetzesgebung, wéi hien d’Land am Ufank vum Joer besicht huet. D’Kanadier hätten “all déi wichteg Froe gestallt.” Et wäert een awer net einfach de kanadesche Gesetzestext “copy-pasten,” sou de Vize Premier am Interview mat RTL weider. Et wéilt een e “Lëtzebuergesche Modell” schaafen, deen alleguerten déi Froe beäntwert. Kanada dierft méi genee op de Grand-Duché kucke, fir ze gesinn, op d’Chamber an d’Regierung et fäerdeg brénge fir déi richteg Äntwert op déi eigentlech wichtegste Fro ze ginn – wéi protegéiere mer déi Leit, déi dës Drog wierklech brauche fir ze liewen?